Nguyễn

Familljennumm

Nguyen, op Vietnameesesch Nguyễn ( 阮 an aler Schrëft), ass dee geleefegste Familljennumm vu Leit mat vietnameeseschen Originnen. Et gëtt geschat, datt tëscht 40% a 70% vun de Vietnameese sou heeschen.

Nguyễn gëtt a klassescher Schrëft 阮 geschriwwen, wat eng Zort Leier duerstellt, déi d'Chineese Ruan nennen. Et gëtt ënnerschiddlech ausgeschwat:

Nguyen ass dee 7.-heefegsten Numm an Australien, an zu Melbourne, no Smith, esouguer deen 2.-heefegsten. Och zu Montréal ass et deen 2.-heefegsten Numm. A Frankräich kënnt en op der 54. Plaz, an an Tschechien op der 85. Zu Lëtzebuerg stoung en 2020 34-mol am Telefonsbuch.[1][2]

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Fiche "Nguyen" am Luxemburger Familiennamenatlas, lfa.uni.lu.
  2. Nguyen op editus.lu