Vëlodrom Belair

fréiere Vëlodrom zu Lëtzebuerg


De Vëlodrom Belair war no deem dee bei der Villa Louvigny bestoung, den zweete Vëlodrom zu Lëtzebuerg. E war enger Privatinitiativ vun der Société du Parc des Sports ze verdanken. De Sekretär war 1921 de Pierre Kellner.

Vëlodrom Belair
Plaz Belair
Koordinaten 49° 36’ 41.7’’ N
      06° 06’ 34.7’’ O
Kapazitéit
Total 13.500
Sëtzplazen 3.500
Ënnergrond Bëtong
Pist 333,3 × 7 m

Am Kader vun der Arrivée vum Tour de Luxembourg war eng provisoresch Aweiung vum Vëlodrom den 28. August 1921[1] a Presenz vum Prënz Felix an den Ambassadeure vu Frankräich a vun Italien. De Vëlodrom war eng Pist aus Bëtong mat enger Längt vun 333,3 Meter. Gedeckt Tribünen a Sanitäranlage waren och installéiert ginn. De Vëlodrom mat sengem Terrain an der Mëtt war zu där Zäit anengems den eenzegen Sportstadion an der Stad. E gouf benotzt fir allerlee Manifestatiounen am sportlechen a kulturelle Beräich ofzehalen. De Racing Club Luxembourg (virun der Fusioun mam Sporting) huet do eng Zäit laang Foussballmatcher gespillt, mä, bedéngt duerch d'Bëtongspiste, hat den Terrain net déi reglementär Dimensiounen.

Well hir Ausgabe bei wäitem méi grouss ware wéi hir Recetten, gouf 1925 d' Société du Parc des Sports liquidéiert. Eng Vereenegung mam Numm Le Comité d'Initiative François Faber hat de 17. September 1925 um 19.00 Auer Leit aus dem Sportsmilieu an de Café Mille Colonnes an der Joseph-Junck-Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg an eng Versammlung geruff fir ze verhënneren datt de Vëlodrom an d'Hänn vun enger auslännescher Immobiliëfirma géif geroden. De Comité national olympique huet en Opruff gemaach fir de 24. September 1925 massiv an eng Versammlung am Hôtel de l'Ancre d'Or ze kommen, an déi d'Regierung, d'Deputéiert, d'Conseillere vun der Gemeng Lëtzebuerg a Vertrieder vun de Sportverbänn a -veräiner invitéiert goufen. An där Versammlung sollt et iwwer e méiglechen Opkaf vum Vëlodrom duerch d'Gemeng oder de Staat rieds goen.

All Beméiunge waren awer ëmsoss an eng belsch Immobiliëfirma huet den 3,5 ha grousse Komplex opkaaft. Kuerz drop gouf de Vëlodrom zougemaach, nodeem nach 1926 an 1927 d'Fête Olympique do organiséiert gouf.

Déi däitsch Zivilverwaltung huet de Vëlodrom 1941 nees an d'Rei gesat, an et koum 1942 zu enger zweeter Aweiung. Am Zweete Weltkrich konnten Nimm wéi Lull Gillen, Chris Didier an d'Bridder Warnier bei Coursse bis iwwer 10.000 Spectateuren ulackelen.

No der Befreiung war de Vëlodrom e Sammellager fir däitsch Gefaangen. Um Ufank vum Joer 1949 konnt d'Pist nees fir Coursse benotzt ginn. Dat war déi grouss Zäit vu lëtzebuergesche Coureure wéi de Kurt Warnier, Jang Ferrari an de Piste-Spezialist Lull Gillen.

De 27. Juni 1947 koum déi 3. Etapp vum Tour de France vu Bréissel op Lëtzebuerg iwwer 314 km am Belairer Vëlodrom un. Si gouf vum Italieener Aldo Ronconi gewonnen. Déi dräi Lëtzebuerger déi nach an der Course waren, Jeng Kirchen, Bim Diederich a Jean Goldschmit aus der Ekipp Lëtzebuerg-Schwäiz, koumen op d'Plazen 14, 15 a 17.

De Vëlodrom koum 1952 ënner d'Schëppe vun de Bulldozer.

An der Schäfferotserklärung huet d'Sportschäffin Anne Brasseur am Februar 2006 e Vëlodrom zu Zéisseng ugekënnegt. Als fréier Sportministesch hat si scho fir e Kredit am staatleche Fënnefjoresplang (2003-2008) gesuergt. Den neie gedeckte Vëlodrom sollt nieft dem Sportszenter Boy Konen zu Zéisseng opgeriicht ginn. Aus deem Plang gouf allerdéngs näischt an den neie Vëlodrom soll lo zu Munneref gebaut ginn.

Um Spaweck

änneren
  1. Le cycliste, nº 4a, S. 1 (28.08.1921). Gekuckt de(n) 09.01.2022.