De BBC Telstar Hesper (offiziell B.B.C. Telstar Hesperange-Howald) ass e lëtzebuergesche Basketballclub aus der Gemeng Hesper. De Veräi besteet zanter dem 22. Februar 1972. D'Veräinsfaarwe si blo a giel.[1],[2]

BBC Telstar Hesper
Grënnung 22. Februar 1972
President(in) Patrick Gregorius
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Hesper

De Veräin ass Member vun der FLBB. An der Saison 20/21 spillen d'Dammen an der Nationale 2 an d'Hären an der Total League.[3]

Geschicht änneren

Déi éischt Matcher goufen am Schoulhaff vun der Hesper Schoul gespillt. Vun 1977 bis 2000 war dann d'Sportshal hannert der Schoul um Houwald d'Doheem vum Club. Zanter 2000 spillt den Telstar Hesper am Centre Sportif um Hesper Holleschbierg.[4]

2020 huet d'Härenekipp vum Telstar et fir d'éischt Kéier an der Geschicht vum Veräi bis an d'Total League gepackt.[4]

Palmarès änneren

Dammen änneren

Gewënner Coupe FLBB (2003)[3],[5]

Cadettes änneren

Gewënner Coupe des Cadettes (2014)[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. FLBB. clubs.flbb.lu. Gekuckt de(n) 2020-05-15.
  2. Telstar Hesperange basketball, News, Roster, Rumors, Stats, Awards, Transactions, Details - eurobasket. Eurobasket LLC. Gekuckt de(n) 2020-05-15.
  3. 3,0 3,1 3,2 Clubs FLBB: Telstar Hesperange. Gekuckt de(n) 2020-05-15.
  4. 4,0 4,1 (fr)Historique vum Veräin
  5. Jenny Zeyen, Coupe FLBB: Basketballfest der kleinen Mannschaften. Tageblatt (2019-02-04). Gekuckt de(n) 2020-05-15.