Wolz (Uertschaft)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Wolz zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wolz (Homonymie). |
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Wolz (lokal: Wooltz[2]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Wolz an am Kanton Wolz.
Wolz Wooltz | |
---|---|
![]() Vue op Wolz | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Wiltz de: Wiltz |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Fränk Arndt (LSAP) |
Awunner | 4808[1] |
01.03.2015 | |
Koordinaten |
49° 57’ 52.50’’ N 05° 56’ 06.63’’ O |
D'Uertschaft Wolz ass eng Handels-, Industrie- a Schoulstad am Norde vu Lëtzebuerg, déi international virun Allem duerch hire Festival bekannt ass. Regional bekannt ass Wolz duerch säi Lycée, säi Spidol a seng Industriezonen. Bei de lusophone Bierger zu Lëtzebuerg ass Wolz bekannt wéinst der Pressioun bei d'Fatima um Hougeriicht tëscht Wolz an Näertrech, déi all Joer op Christi Himmelfaart ass.
GeographieÄnneren
GeschichtÄnneren
De 25. Dezember 1944 gouf Wolz an der Ardennenoffensiv vun den Amerikaner zréckeruerwert; de Lëtzebuerger Fändel um zerschossene Spidol.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
...
Am Januar 2017 gouf e grousse Bauprojet virgestallt, woubäi op der 33 Hektar grousser Industriebrooch vun der fréierer Gierwerei Ideal, ronderëm eng renaturéiert Wolz, bis 2030 eng 2000 Leit solle liewen a schaffen, a bis zu 300 Aarbechtsplaze am neie Quartier entstoe sollen. 700 Wunnenge wäerten am Quartier genannt "Wunnen mat der Wooltz" gebaut ginn, iwwerdeems an engem zweete Quartier mam Numm "Haargarten" 300 Wunnenge geplangt sinn.[3]
KuckeswäertesÄnneren
- Schlass Wolz
- Jardin de Wiltz
- Nationaalt Streikmonument: zur Erënnerung un de Streik vum 31. August an 1. September 1942
- Notre-Dame vu Fatima
- Rodange-Renert-Kulturwee mat dem Michel-Rodange-Monument am Schoulbierg
- Musée vun der Ardennenoffensiv
- Brauerei- a Gierwereimusée Wolz
- Blosmuseksmusée an der Villa Faber
- Justizkräiz bei der Gemeng
- Kierch Wolz
- Kierch Nidderwolz
KulturellesÄnneren
- De Kino Prabbeli (Kino)
- De Wolzer Festival all Joer am Juni-Juli;
- d'"Gënzefest" all Joer op Päischtméindeg. E Cortège mat der Gënzekinnigin zitt vun der Uewerstad erof an d'Ënnerstad vu Wolz.
BillerÄnneren
En M4 Sherman-Tank aus dem Zweete Weltkrich zu Wolz.
Vue op d'Wëlzer Schlass. Zeechnung vum Nicolas Liez.
Foto vum Charles Bernhoeft, 1891
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Wolz (Uertschaft) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng a Stad Wolz
- Wolzer Festival
- Lycée du Nord
- Radio LNW - De Radio vum Lycée du Nord zu Wolz
- Wolzer Scouten
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Awunnerzuel op der Websäit vun der Gemeng
- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ "Broochen - Deel 5: Freier Liederfabrick zu Wolz." rtl.lu, 17.08.2018, 20:21:42.