E Vokal (oder eng Voyelle) bezeechent an der Phonetik e Laut vun der mënschlecher Sprooch, deen duerch en ongehënnerte Stroum vu Loft duerch d'Hielen, déi iwwer der Schléck leien, d. h. d'Mond- an Nuesenhiel, entsteet. Déi Hielen déngen als Resonanzkierper, an hir Form an d'Quantitéit vun der Loft, déi derduerch ginn, bestëmmen d'Qualitéit vum Vokal.

E Vokal ass am geneeë Sënn vum Wuert e vokalesche Laut, also e Phon: eng Eenheet vun der geschwater Sprooch. Buschtawen vun der geschriwwener Sprooch wéi A, E, I, O, U si Vokalbuschtawen, ginn awer am allgemenge Sproochgebrauch och als „Vokal“ bezeechent.

De Vokale géintiwwer stinn d'Konsonanten, bei deenen de Loftstroum gehënnert gëtt.

Eegenschafte vun engem VokalÄnneren

 

De Klang vun de Vokalen hänkt vun der Zuel, der Form an dem Volume vun de Resonanzkierperen of, duerch déi déi ausgeotemt Loft fléisst:

  1. Zuel vun de Resonatoren:
    • Wann déi ganz Loft duerch de Mond ausgestouss gëtt, schwätzt ee vun orale Vokalen
      • a, ee, i ;
    • wann en Deel vun der Loft duerch d'Nues ausgestouss gëtt, schwätzt ee vun nasale Vokalen:
    • wann d'Lëpsen no vir gestreckt ginn, entsteet en Huelraum tëscht hinnen an den Zänn; dës Labialhiel ass deen drëtte Resonator. D'Vokaler, déi sou entstinn, nennt een gerënnt.
      • Graphemer: u, ü, ö, o.
  2. Déift vum Artikulatiounspunkt:
    • wann dee viischten Deel vun der Zong dem viischten Deel vum Gumm entgéintgewëlleft gëtt, nennt een dat "déi viischt Vokaler"
      • ee, ü, a
    • wann den hënneschten Deel vun der Zong dem hënneschten Deel vum Gumm entgéintgewëlleft gëtt, schwätzt ee vun "hënneschte Vokaler"
      • o, u
    • wann de mëttelsten Deel vun der Zong sech dem mëttelsten Deel vum Gumm entgéintwëlleft, schwätzt ee vun zentralen" oder "mëttelste Vokaler":
      • ë
  3. Gréisst vun der Mondhiel, déi virun allem dovun ofhänkt, wéi wäit de Mond op ass. Et gëtt véier Ëffnungsgraden:
    • 1. Grad: Vokalen, déi "zou" sinn, oder mat minimaler Oppenheet: (Beispill: i)
    • 2. Grad: "Hallef-zoue" Vokaler: (Beispill: ee);
    • 3. Grad: "Hallef-oppe" Vokaler: (Beispill: ä);
    • 4. Grad: "oppe" Vokaler: (Beispill: a).

Heidrënner sinn déi gängegst Vokaler gewisen (transkribéiert an d'Internationaalt Phonetescht Alphabet no den dräi Charakteristiken, wéi se hei uewendriwwer beschriwwe sinn.

  Vokaler Kuckt och: IPA, Konsonanten  
Viischt Vokaler Mëttels Vokaler Hënnescht Vokaler
Héich Vokaler i y ɨ ʉ ɯ u
Héich ënnescht Vokaler ɪ ʏ ʊ
Iewescht mëttels Vokaler e ø ɘ ɵ ɤ o
Mëttels Vokaler ǝ
Ënnescht mëttels Vokaler ɛ œ ɜ ɞ ʌ ɔ
Déif iewescht Vokaler æ ɐ
Déif Vokaler a ɶ ɑ ɒ
Wann zwee Symboler am selwechten Haische stinn, dann ass dee lénksen en net-gerënnten,
an dee rietsen e gerënnte Vokal.
Bei den zentrale Vokaler ass d'labial Resonanz net spezifiéiert.

Vokalen am LëtzebuergeschenÄnneren

An der Lëtzebuerger Sprooch gëtt et follgend Vokalen (Vokalbuschtawen):

MonophthongenÄnneren

Monophthongen am Lëtzebuergeschen
Vokal IPA Vokalquantität Beispill Aussprooch wéi am Franséischen fir…
a [ɑ] kuerz Palais Paris
[aː] laang glat homard
e [eː] laang Freed aimer
[e] kuerz Bréck ganz kuerzen é
[æ] kuerz rennen Rennes
[ə] kuerz liesen rendre
[ə] kuerz hëllefen je, me, te
i [i] kuerz gitt! pli
[iː] laang siwen rire
o [o] kuerz Sonn mot
[oː] laang droleg drôle
u [u] kuerz Hutt coupe
[uː] laang Tut cour
[y] kuerz Chute a franséische Wierder
[yː] laang Contenu a franséische Wierder
y [i] kuerz Ägypten wéi am Franséischen
[iː] laang Yves wéi am Franséischen
Ëmlauten
ä [æ] kuerz Kätt wéi ‹e› am Franséischen: dette
[ɛ] laang fäeg wéi ‹ai› am Franséischen: claire
ë [ə] kuerz fëmmen
ö [ø] laang Fön wéi ‹eu› am Franséischen: bleu
ü [y] kuerz gedüngt wéi ‹u› am Franséischen: chute
[yː] laang Bün wéi ‹u› am Franséischen: mur
  • Ö / ö an Ü / ü gëtt et just a Wierder déi aus dem Däitsche geléint sinn.
  • Fir geléinte Wierder aus dem Franséische sinn zousätzlech nach déi dräi Nasalvokalen [ɛ̃] (Timber), [ɑ̃] (Arrangement) an [ɔ̃] (Bonbon) unzehuelen. Donieft kënnen heiansdo och weider phoneetesch Eegenschafte vum Franséischen an d'Lëtzebuergescht iwwerholl ginn, z. B. den [wɑ] an Toilette. D'Aussprooch an d’Schreifweis riichte sech an deene Fäll nom Franséischen.

DiphthongenÄnneren

Am Lëtzebuergesche gëtt et dës aacht Duebellauter: ‹ai›, ‹äi›, ‹au›, ‹ei›, ‹éi›, ‹ie›, ‹ou›, ‹eu›.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Diphthong.

DigraphenÄnneren

Wierder mat follgenden Digraphen déi aus dem Franséischen oder Englesche kommen, behalen hir ursprénglech Aussprooch:

Digraphen
Digraph Beispill
ai Accent aigu, Fait, Baisse
au Taux
eu Pneu, Neveu
ie Epicerie, Regie
oi Coiffer, Besoin
ou Coup, Clou, Blackout

Nasal VokalenÄnneren

D'Nasalvokale gi wéi am Franséischen ausgeschwat: Chamber, Member, Annonce, Invité, Verdun, Enveloppe.

LiteraturÄnneren

  • Grammaire de la langue luxembourgeoise, Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse, Luxembourg 2005, Nouvelle édition entièrement révisée et actualisée, Luxembourg 2020, 2e tirage, Luxembourg 2022 ISBN 978-99959-1-206-2


Um SpaweckÄnneren

  • D'Lëtzebuerger Orthografie, Redaktioun: Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) an Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), © Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2019, Editeur: SCRIPT an ZLS, Dréckerei: EXEPRO, 5. Oplo, Lëtzebuerg 2022, ISBN 978-99959-1-163-8