Alexis Heck
lëtzebuergesche Pionéier vum Tourismus
Dësen Tourismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Alexis Heck, gebuer den 18. Februar 1830 zu Dikrech an do gestuerwen de 6. Februar 1908, war en Hotelsbesëtzer an e Pionéier vum Tourismus zu Lëtzebuerg an der Mëtt vum 19. Joerhonnert. Hien huet zu Dikrech den Hôtel des Ardennes bedriwwen.
Alexis Heck | |
---|---|
Gebuer |
18. Februar 1830 Dikrech |
Gestuerwen |
6. Februar 1908 Dikrech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Hotelier |
Famill | |
Kanner | Félix Heck |
Zu London an zu Antwerpen huet den Alexis Heck Plakater ophänke gelooss, fir Reklamm fir Lëtzebuerg ze maachen. Hien huet ëm 1893 en Touristeguide op Englesch erausbruecht: The Grand Duchy of Luxembourg: A short Handbook for Travellers.
Hien ass de Papp vum Félix Heck.
Nom Alexis Heck genannt
änneren- bis 2018 de Lycée technique hôtelier Alexis-Heck, déi sougenannt Hotelsschoul zu Dikrech;
- eng Strooss zu Dikrech, d'Rue Alexis-Heck;
- e Cocktail, den Alexis-Heck, aus follgenden Ingredienten zesummegesat:
- 4 cl Cognac
- 2 cl Grand Marnier
- 2 cl Père Blanc
- 2 cl Cinzano Dry (Wermut).
Wierk
änneren- Heck, Alexis, [ca 1893]. The Grand Duchy of Luxembourg: a short handbook for Travellers[1]
Literatur
änneren- David, Aloyse & Marc Weydert, 2000. Alexis Heck, Begründer des Luxemburger Tourismus: 50 LTH. 249 S. LTHAH, Diekirch. Service des imprimés de l'État, Luxembourg.
- Jeck, Marc, 2008. Alexis Heck - der ideale Hotelier. Am 6. Februar 1908 starb der Vater des Luxemburger Tourismus im Alter von 77 Jahren in seiner Heimatstadt Diekirch. Die Warte, Nr. 2209 vum 31. Januar 2008, S. 11, ill.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Marc Jeck: "Les débuts du tourisme au Grand-Duché de Luxembourg. Au temps où le Luxembourg était à 6 heures 30 de Paris." in: Articulo – Journal of Urban Research 2008.
Referenzen
änneren- ↑ The Grand Duchy of Luxembourg: a short handbook for Travellers. 60 p. Hôtel des Ardennes, Diekirch.