Jean-Bernard Knepper

Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg

De Jean-Bernard Knepper gebuer 1638, a gestuerwen de 14. November 1698, Lëtzebuerger Affekot an Nottär, war vun 1693 bis 1698 Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.

Jean-Bernard Knepper
Gebuer 1638
Herzogtum Lëtzebuerg
Gestuerwen 14. November 1698
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Riichter
Den Dafakt vum Louis Knepper, deem säi Pätter de Sonnekinnek war. Aus: J. Dollar 1983.

Hie war de Jong vum Dominique Knepper, dee sech den 9. Januar 1646 an d'Biergerregëster androe gelooss hat. Aus wat fir enger Par d'Famill Knepper komm ass, gouf net notéiert. De Jean-Bernard Knepper gouf vu sengem Papp op d'Universitéit vun Dôle geschéckt, fir Droit ze studéieren a krut seng Patente den 23. Mee 1660 virum Conseil vu Lëtzebuerg.

1661 huet hie sech mat der Anna-Marguerite Trippel, Duechter vun engem Schäffe vun Diddenuewen, bestuet. D'A.-M. Trippel hat sech zu Tréier néiergelooss.

1687 huet hie vu sech schwätze gedoen, wéi hien de Louis XIV., bei deem sengem Openthalt zu Lëtzebuerg gefrot huet, Pätter vu sengem Jong ze ginn. De Louis war d'accord an de klenge Bouf gouf och op den Numm Louis gedeeft.

Wärend der spuenescher Restauratioun am Joer 1698 krut hie seng Charge als Buergermeeschter nees oferkannt.

Kuckt och änneren

n]]