Haaptsäit/Artikel vun der Woch

Dat hei ass d'Archiv vun der Rubrik "Artikel vun der Woch" op der Haaptsäit.

Heidrënner stinn 3 X 52 Schabloune mat den "Teaseren", déi am Wochenturnus, all Méinde moien um 00:00 Auer UTC, automatesch op der Haaptsäit presentéiert ginn.

Deemno dauert et 3 Joer, ier se widderholl ginn. Fir op déi vun engem anere Joer ze wiesselen, muss just op der Haaptsäit am Code {{AVDW {{LOCALWEEK}}}} de Buschtaf "R", respektiv "S" virun d'Wochenzuel bäigesat oder ewechgemaach ginn.

Fir eppes am Text vun engem Teaser z'änneren, klickt op den Text "Schabloun:AVDW_nn" (nn = eng Ziffer, déi der Kalennerwoch entsprécht), an dann op "Änneren".

Wann Der Iddien hutt fir Verweiser op weider intressant, gutt geschriwwen an illustréiert Artikelen, déi hei kéinten derbäigesat ginn, drot se wgl. hei an der Spënnchen an. Wann der genuch beienee sinn, kënne se bei déi, déi hei stinn, derbäikommen.

Merci am viraus!

Joer I änneren

Schabloun:AVDW 1

D'Thermalbad Munneref (offiziell: Centre thermal et de santé de Mondorf-les-Bains) ass dat eenzegt Thermalbad zu Lëtzebuerg a läit zum gréissten Deel (37,38 ha) um Südostrand vun der Uertschaft Munneref an der Gemeng mat dem selwechten Numm. E klengen Deel (5,25 ha) vum Domaine läit a Frankräich an der Gemeng Mondorff am Departement Moselle.

Vun 1841 bis 1846 sinn zu Munneref déi éischt Buerunge vun der Ekipp vum Sachs Karl-Gotthelf Kind duerchgefouert ginn. Schonn d'Joer drop, 1847, gouf d'Munnerëffer Thermalbad op Initiativ vum Munnerëffer Nottär Jean-Pierre Ledure gegrënnt. Seng Duechter Amélie Ledure war déi éischt Kuristin. 1878 krut d'Uertschaft d'Recht fir sech Mondorf-les-Bains respektiv Bad Mondorf ze nennen.

1886 huet de Staat d'Thermalbad vun der Société anonyme des bains de Mondorf ofkaf, déi d'Handduch geschmass hat... > méi



Schabloun:AVDW 2

De Minettstram war dee vum TICE-Syndikat bedriwwenen Tram, den tëscht 1927 an 1956 am Minett gefuer ass.

Den Deputéierten Xavier Brasseur huet de 24. Juni 1901 der Chamber e Gesetzesvirschlag gemaach, wou en de Bau vun engem elektreschen Tram proposéiert tëscht Esch, Rëmeleng, Téiteng an Diddeleng mat Niewelinne vun Diddeleng op Wuelmereng a vun Esch iwwer Däitsch-Oth op Micheville-Villerupt.

De 16. Juli 1909 ass vun der Regierung de Bau vu fënnef elektresche Schmuelspuerlinnen am Minett genehmegt ginn. Den Deputéierte Brasseur huet den 28. Abrëll 1910 bei den Debatten en neie Gesetzesvirschlag gemaach mat Linne vun Déifferdeng iwwer Esch a Rëmeleng bis op Diddeleng. Als finanzielle Bäitrag vum Staat waren 1 Millioun Frang virgesinn. D'Chamber huet dës Propos den 12. Mee 1910 gestëmmt... > méi



Schabloun:AVDW 3

De Schwan (Latäin Cygnus) ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator, dat besonnesch opfälleg um Summer- an Hierschthimmel ass.

Déi hellst Stäre bilden e markant Kräiz um Himmel. Doduerch gëtt dat Stärebild och heiansdo nërdlecht Kräiz, als Géigestéck zum Kräiz vum Süden genannt. D'Stärebild soll e Schwan, dee flitt, duerstellen. Den hellste Stär α Cygni (Deneb) soll de Schwanz symboliséieren, an d'Stäre η an β (Albireo) de laangen, am Fluch virgestreckten Hals. Am zentrale Stär γ Cygni setzen déi geschwonge Flilleken un.

Duerch d'Stärebild Cygni zitt sech dat hellt Band vun der Mëllechstrooss. Am Schwan ass och déi zweetstäerkst kosmesch Radioquell um Himmel. D'Radiosstralung geet vun enger aktiver Galaxie aus, déi den Numm Cygnus A huet.... > méi



Schabloun:AVDW 4

Werschrummschlëff
Werschrummschlëff

Kleng Lëtzebuerger Schwäiz (Petite Suisse luxembourgeoise) ass den Numm vun enger Géigend am Oste vu Lëtzebuerg. Si ëmfaasst ënner aneren d'Uertschaften Iechternach, Bäerdref, Scheedgen, Konsdref, Beefort, Grondhaff a Mëllerdall. Hiren Numm huet se wéinst de Fielsen aus Lëtzebuerger Sandsteen, déi duerch Baachen a Flëss fräigeluecht goufen. Doduerch si Fielswänn, Hielen a Schlëff entstanen, déi d'Klammsportler, Natur- a Wanderfrënn gläichermoossen unzéien.

Den Numm gëtt et zanter den 1880er Joren. Géint Enn vun den 1990er Jore sinn am Tourismusberäich Bestriewungen opkomm, hien duerch d'Bezeechnung "Regioun Mëllerdall" (Région Mullerthal) z'ersetzen, wat net onëmstridden ass, well de Mëllerdall nëmmen e klengen Deel vun der "Petite Suisse" ass an deen neie Begrëff doduerch zu Konfusioune féiere kann.

D'Hielen a Fielsvirspréng an der Géigend hu schonn an der Alsteenzäit (50.000 v. Chr.) de Mënsche Schutz gebueden. Archeologesch Fondsaachen, wéi Feilspëtzten aus Feiersteen, mä och Rëtzen an de Fielswänn weisen drops hin, datt se och an der mëttlerer Steenzäit vu Jeeër bewunnt waren. Dem „eelste Lëtzebuerger“ säi Skelett (op zirka 6.100 v. Chr. datéiert), de sougenannte Loschbur-Mann, deen de 7. Oktober 1935 um lieu-dit Loschbour ënner engem Fielsvirsprong entdeckt gouf, kann haut am Naturmusée bewonnert ginn... > méi



Schabloun:AVDW 5 "Lady Rosa of Luxembourg" ass den Numm vun engem Konschtwierk, dat vun der kroatescher Kënschtlerin Sanja Iveković geschaf gouf. Et representéiert eng verfriemt Replik vum Monument vun der Gëllener Fra (dofir och dacks "Gëlle Fra 2" genannt). 2001 huet et zu Lëtzebuerg fir zolidd Polemik gesuergt, wéi et knapps 50 Meter vum 'Original' ewech opgeriicht gouf, dat am Kader vun der Ausstellung Luxembourg, les Luxembourgeois am Stater Geschichtsmusée an am Casino Luxembourg.

D'Lady Rosa of Luxembourg ënnerscheet sech vun der Gëllener Fra an e puer wesentleche Punkten: D'Fraefigur (d'Gëlle Fra) erwaart an den Text um Sockel ass geännert ginn.

Aussoe vun der Kënschtlerin no sollt dëst Konschtwierk dozou ureegen, iwwer d’Situatioun vun der Fra an eiser Gesellschaft nozedenken. Sou ass den Numm vum Konschtwierk eng däitlech Uspillung op d'Rosa Luxemburg, eng polnesch-däitsch Politikerin, déi ermuert gouf. Och de geännerten Text spillt do eng wichteg Roll... > méi



Schabloun:AVDW 6

Manuskript "Hêmechssprõch"-Chamberried
Manuskript "Hêmechssprõch"-Chamberried

De Caspar Mathias Spoo, gebuer de 7. Januar 1837 zu Iechternach a gestuerwen de 17. Mäerz 1914 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.

Zesumme mam André Duchscher huet hien d' Société Duchscher Frères et Spoo zu Wecker gegrënnt, eng Fabréck fir Aarbechtsgeschier. Nodeems en zwee Joer als Comptabel op der Diddelenger Schmelz geschafft hat, huet e sech 1888 selbststänneg gemaach an zu Esch-Uelzecht eng Quincaillerie mat Konstruktiounsatelier opgemaach: d'Maschinenfabrik Spoo & Co.

Do donieft huet hie sech politesch engagéiert. E gouf 1893 an den Escher Gemengerot an 1896 an d'Chamber gewielt. Als Éischten huet hien, zesumme mam Michel Welter, zu Lëtzebuerg moderne Walkampf gemaach. Hien huet sech fir d'allgemengt Walrecht, fir eng sukzessiv Besteierung a fir allgemeng Sozialversécherungen agesat.

De Spoo ass och fir seng Ried an der Chambersëtzung vum 9. Dezember 1896 bekannt, an där e fir de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen am Parlament plädéiert huet... > méi



Schabloun:AVDW 7

De Kanal Charleroi-Bréissel ass e Schëffskanal an der Belsch.

En ass zougelooss fir d'Schëffsklass IV bis 1.350 Tonnen a stellt de südlechen Deel vun der ABC-Verbindung duer. De Kanal, deen 68,202 km laang ass, huet säin Ufank zu Dampremy (Gemeng Charleroi) um lénksen Uwänner vun der Sambre a säin Enn ass zu Bréissel ënner der Bréck déi vun der Place Sainctelette op de Square Sainctelette féiert.

Et ass e Scheetkanal deen de Baseng vun der Schelde mat deem vun der Sambre verbënnt. Iwwer de Canal du Centre, deen en Uschloss un de sougenannten Embranchement principal zu Houdeng-Goegnies huet, ass e mat Mons verbonnen, an doriwwer eraus beim Grand Large un de Kanal Nimy-Blaton-Péronnes an den Escaut am Südweste mat de franséische Stied Lille an Dunkerque.

Dat wichtegst Bauwierk um Kanal ass de Plan incliné vu Ronquières... > méi



Schabloun:AVDW 8

Den Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gouf vu 1775 bis 1783 tëscht den dräizéng brittesche Kolonien an Nordamerika an hirer Metropol, Groussbritannien, ausgedroen.

D'Englänner hunn d'amerikanesch Kolonisten, déi sech erhuewen hunn « insurgents » oder och « New England Patriots » gedeeft. Den amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gëtt als een Aspekt vun der Amerikanescher Revolutioun gezielt, déi de Vereenegte Staaten erlaabt huet, d'Autonomie z'erreechen, a republikanesch Institutiounen opzebauen. Als wichtege Grënnungsdatum vun der Geschicht vun dësem Land huet de Krich zanter 1777 aner europäesch Groussmiecht mat eragezunn, bei deene Frankräich eng grouss Roll gespillt huet.

De Krich goung mam Traité vu Paräis 1783 op en Enn, deen d'Onofhängegkeet vun de Vereenegte Staate vun Amerika unerkannt huet. 70.000 Loyalisten, déi zu Groussbritannie gehalen haten, hunn nom Krich missen d'Land verloossen, Déi meescht sinn a Kanada oder Groussbritannien ausgewandert, oder an d'brittesch Kolonië vun der Karibik... > méi



Schabloun:AVDW 9

Den Antoine Meyer, gebuer den 31. Mee 1801 an der Dräikinneksgaass an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 29. Abrëll 1857 zu Léck, war e Mathematiksprofesser an Auteur vun ë. a. dem éischte Buch op Lëtzebuergesch, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus, dat 1829 erauskoum.

Hie war Enseignant am Iechternacher Kolléisch, duerno op der Militärakademie zu Breda, an am Kolléisch zu Léiwen. 1832 huet hien en Doktorat an der Mathematik op der Universitéit zu Léck gemaach. Hien huet duerno ë. a. zu Bréissel op der Militärakademie an op der Université libre, an op der Universitéit vu Léck enseignéiert.

Well säi Buch dat éischt iwwerhaapt op Lëtzebuergesch war, huet de Meyer eng eegen Orthographie a Grammaire missen erfannen. 1832 huet hien zu Léiwen en zweete Band, Jong vum Schrek op de' Lezeburger Parnassus, drécke gelooss, an 1845 seng Gedichter nach eng Kéier, zesumme mat neien, als Luxemburgische Gedichte und Fabeln publizéiert. 1853 koum Oilzegt-Klang (Uelzecht-Klang) no an 1854 nach e kuerzt Règelbüchelchen vum Lezeburger Orthoegraf... > méi



Schabloun:AVDW 10

Lellgen ass eng Uertschaft an der Gemeng Kiischpelt mat 113 Awunner (2013). Virun 2006 huet Lellgen zu der Gemeng Wëlwerwolz gehéiert déi duerch d'Fusioun mat der Gemeng Kautebaach am Joer 2006 an den Numm Kiischpelt ëmgeännert ginn ass.

Lellgen läit am Dall vun der Klierf. Déi héchst Plaz beim Duerf ass mat 504 Meter um Pënzebierg op der Sektiounsgrenz mat Holztem. An der Uertschaft lafen d'Lellgerbaach an d'Pënscherbaach zesumme fir da ronn 100 Meter duerno an d'Klierf ze lafen. Aner Baachen um Territoire oder op der Grenz mat Lellgen sinn d'Hellbich, d'Jopich an d'Laaschterbaach.

Direkt laanscht d'Duerf leeft d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen. D'Gare Wëlwerwolz, déi knapps 1 km wäit ewech ass, gëtt am Stonnentakt ugefuer.

Den Ursprong vu Lellgen (Lellingen) geet warscheinlech op d'Zäit vun de Franken zeréck, Et kann awer och sinn, datt den Uert well virdrun existéiert huet a vum réimesche Laellius ofgeleet ass. Reschter vun enger réimescher Mauer, Aulegeschir, Daach- a Buedemzille sinn op Bärel, engem Flouer bei Lellgen, fonnt ginn... > méi



Schabloun:AVDW 11

Den Arbre du Ténéré ass e wichtegen Orientéierungspunkt quasi an der Mëtt vun der Ténéré-Wüst am Niger. Beim Arbre du Ténéré deelt sech d'Pist, déi vun Agadez kënnt, iwwer de Pëtz vun Achegour op Dirkou a weider südlech iwwer d'Oas Fachi op Bilma am Kaouar-Dall.

Ursprénglech war den Arbre du Ténéré eng Schiermakazie, déi als isoléiertste Bam vun der Welt gegollt huet - den eenzege Bam am Ëmkrees vu 400 km. D'Akazie gouf 1973 vun engem Camionschauffer ëmgerannt a gëtt haut am Nationalmusée vum Niger an engem eegene Pavillon ausgestallt.

Et war dee leschten iwwerliewende Bam vun enger Bamgrupp, déi entstanen ass, wéi d'Wüüst nach manner liewensfeindlech wéi hautdesdaags war. De Bam stoung fir vill Joerzéngten eleng... > méi



Schabloun:AVDW 12

D'Weilerbacher Schmelz war eng kleng Schmelz fir Goss ze produzéieren an ze verschaffen, déi tëscht 1777 a 1779 vum Abt Emmanuel Limpach baue gelooss gouf an déi bis 1953 a Betrib war. Si war ënner anerem am Besëtz vun der Abtei Iechternach a vun der Famill Servais a stoung zu Weilerbach bei Bollenduerf an der Verbandsgemeng Irrel, direkt nieft dem Weilerbacher Schlass.

D'Schmelz war éischter eng Manufaktur wéi eng Schmelz am moderne Sënn. Se huet aus enger Eisegéisserei, engem Emailléierwierk an engem Vernéckelungsatelier bestanen. Donieft gouf et e mechaneschen Atelier an en Hummerwierk. D'Produktioun hat e grousse Volet. Et goufen Eisen- a Blechkonstruktiounen hiergestallt, wéi Brécken, Diech, Gelänneren, Millewierker, Transmissiounen, Pompelen, Kelteren a landwirtschaftlech Maschinnen. Kesseliewen, Camionsachsen, Buggien a Waasserrengerer hunn zu de Spezialitéite vum Wierk gehéiert.

1904 krut d'Wierk en Uschloss op der lëtzebuergescher Säit un d'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg... > méi



Schabloun:AVDW 13

De Krich an der Vendée war, an de Joren no der Franséischer Revolutioun, méi genee ënner der Éischter Republik, e Biergerkrich tëscht den Unhänger an de Géigner vun der Revolutioun, dee vum Joer I bis zum Joer VI gedauert huet.

Wéi iwwerall a Frankräich koum et tëscht 1789 a 1792 zu Opstänn vun der Landbevëlkerung. Duerch d'Levée en masse am Joer 1793 koum et zu enger richteger Revolt, déi och Opstand an der Vendée (Insurrection vendéenne) genannt gouf. Vun enger klassescher ländlecher Jacquerie huet sech dësen Opstand zu engem Géigerevolutionäre Mouvement entwéckelt.

De Krich, deen dräi Joer gedauert huet, hat verschidde Phasen, mat engem kuerze Fridden am Fréijoer 1795. Op en Enn gaangen ass den Opstand eréischt um Ufank vum Joer 1796 no ville Kämpf, Doudegen an Zerstéierungen... > méi



Schabloun:AVDW 14

De Johann Sebastian Bach, gebuer den 21. Mäerzjul./ 31. Mäerz 1685greg. zu Eisenach, a gestuerwen den 28. Juli 1750 zu Leipzig, war en däitsche Barock-Komponist, an een zu senger Zäit berüümten Organist an Cembalist. Hie war dat Jéngst vum Johann Ambrosius Bach a senger Fra Elisabeth hiren aacht Kanner. De Bach gëllt och nach hautdesdaags als ee vun de gréisste Komponiste vun der Welt deen déi méi spéit Musek staark beaflosst huet an deem seng Wierker op der ganzer Welt vertruede sinn.

Seng haiteg Berühmtheet huet hir Wuerzelen zum engen an der Tatsaach, datt seng Wierker (zesumme mat deene vum Heinrich Schütz an den Operen an Oratorie vum Georg Friedrich Händel) déi eenzeg Barockkompositioune waren, déi um Ufank vum 20. Joerhonnert a groussem Ëmfang iwwerliwwert waren, an zum aneren huet seng konsequent Uwendung vum Kontrapunkt, verbonne mat der Affektwierkung vu senger Melodik an der Harmonik, op méi spéit Komponisten eng grouss Wierkung ausgeübt. Zanter dem 19. Joerhonnert schätze kierchlech Kreesser dem Bach seng geeschtlech Musek virum allem wéinst hirer staarker Reliéisheet. Am 20. Joerhonnert hu sech déi grouss Symphonieorchesteren an hir berüümt Dirigenten ëmmer méi sengem Instrumentalwierk ugeholl... > méi



Schabloun:AVDW 15

D'Pectinatella magnifica ass e Séisswaassermoosdéierchen, dat a Séien a Weieren oder a rouege Flëss virkënnt. Et bilt massiv, glëtscheg Kolonien, déi sech wéi Jelli ufillen, mä awer fest sinn.

Sou eng Kolonie, Zoarium genannt, besteet virun allem aus enger gelatinéiser Mass (kee Gelatine!) ronderëm déi sech déi nëmmen ongeféier 3 Millimeter grouss Eenzeldéiercher (oder Zooiden) verdeelen. Dës Zooide gruppéiere sech zu 12 bis 18 Individuen a bilden eng Aart Rosett.

D'Pectinatella magnifica staamt aus Nordamerika, a gouf warscheinlech ëm 1880 am Ballasttank vun engem Schëff an Europa importéiert. Vun Hamburg aus huet si sech no an no verbreet; am Summer 2012 gouf se och am Stauséi vun Esch-Sauer fonnt. ... > méi



Schabloun:AVDW 16

Stille dage i Clichy ass en dänesche Film vum Jens Jørgen Thorsen aus dem Joer 1970. Et ass eng Adaptatioun vum Henry Miller sengem Roman Quiet Days in Clichy aus dem Joer 1956.

Wéi och am Miller sengem Roman beschreift de Film d'Bohème-Liewe vun zwéin Amerikaner zu Paräis, déi sech et do mat Prostituéierten a Gesëffs, dat Ganzt mat e puer Liewensweisheete vereedelt, gutt goe loossen. A wéi och am Roman gëtt et eng Episod, an där déi zwéi fir e Week-end en Ausfluch op Lëtzebuerg maachen. Allerdéngs spillt de Film an der Géigewaart (deemno 1970), wärend d'Buch uganks vun den 1930er Jore spillt, déi Zäit, wou de Miller selwer zu Paräis gewunnt huet.

Zu Lëtzebuerg huet de Procureur d'État de Film den 18. Januar 1972 wéinst Verbreedung vun "Obszönitéit" saiséiere gelooss an domat eng hefteg Diskussioun ausgeléist... > méi



Schabloun:AVDW 17

Mars Science Laboratory (kuerz MSL) ass eng NASA-Missioun, déi als Zil huet, de Mars z'erfuerschen, ob a wéi wäit een en als Biosphär benotze kéint. Dofir gouf op senger Surface e Rover mam Numm Curiosity (engl. fir Virwëtz) ausgesat, dee praktesch autonom schaffe kann. En ass mat zéng Instrumenter ekipéiert, fir ë. a. Gestengs, Atmosphär a Stralung z'analyséieren. Nieft Spektrographe kommen och Kameraen a meteorologesch Instrumenter zum Asaz. D'Donnéeë ginn op d'Äerd gefunkt. De Curiosity huet eng Mass vu knapps 900 kg an d'Gréisst vun engem klengen Auto; et ass dee bis ewell gréissten Objet, deen d'Mënschen op der Marsuewerfläch deposéiert hunn.

De 26. November 2011 um 15:02 UTC war d'Sond u Bord vun enger Atlas V(541) vun der Cape Canaveral Air Force Station aus gestart, an de 6. August 2012 um 05:31 UTC um Mars gelant... > méi



Schabloun:AVDW 18

De Centre Émile-Hamilius war e Verwaltungsgebai vun der Stad Lëtzebuerg, am Zentrum vun der Stad, op der Plaz mam selwechten Numm (Place Émile-Hamilius), tëscht dem Boulevard Royal an der Aldringer Strooss. De Centre Hamilius an d'Plaz sinn nom Émile Hamilius, dem fréiere Buergermeeschter (1946-1963) vun der Stad genannt.

D'Gebai huet 1977 seng Dieren opgemaach a gouf den 9. Mäerz 1979 offiziell ageweit. Bekannt war et virun allem wéinst dem Bierger-Center vun der Stad, deen do vun 2001 bis Enn 2011 funktionéiert huet, an och der Stater Bibliothéik (vun 1978 bis 2008).

Nodeem et, zesumme mat Nopeschhaiser, 2015 ofgerappt gouf, gouf an de Joren duerno amplaz en neit Büros-, Geschäfts- a Wunnhaus mam Numm Centre Royal-Hamilius gebaut... > méi



Schabloun:AVDW 19

Melusina ass den Numm vun enger weiblecher Seeërchersfigur, déi hallef Mënsch, hallef Fësch ass. Verbreet sinn d'Soe vun der Melusina (och: Mélusine, Melusine) a Frankräich, an Däitschland an och zu Lëtzebuerg, wou s'allkéiers dem lokale Kolorit ugepasst goufen.

D'Melusina gëtt no eeleren Usiichten mat der Artemis oder der Melissa a Verbindung bruecht, vläicht och mat der syrescher Gëttin Derketo, déi de Grof Guy de Lusignan 1102 op sengem Besëtz op Zypern kenne geléiert kéint hunn.

Déi eelst Melusine-So ass aus Frankräich bekannt. Tëscht 1392-1394 huet de Jean d'Arras Mélusine ou La Noble Histoire de Lusignan geschriwwen, wouran och de Roman de Melusine virkënnt, déi op nach méi aler mëndlecher Iwwerliwwerung berout... > méi



Schabloun:AVDW 20

D'Wëll Lann vu Kënzeg ass eng Wanterlann (Tilia cordata), där hiren Alter op ronn 500 Joer geschat gëtt, woumat si ee vun deenen eelste Beem zu Lëtzebuerg ass. Si steet zu Kënzeg nieft der Maximäin-Kapell aus dem Joer 1732, net wäit vun der aler Gare vun der Atertlinn ewech.

Den Ëmfank vum Bam, op Broschthéicht gemooss, war ëm d'Joer 2000, 6,93 Meter, bei enger Gréisst vun 23 Meter. Domat ass et déi déckst Lann zu Lëtzebuerg.

Bei engem schroen Donnerwieder mat vill Wand a Knëppelsteng ass de 25. Juni 2006 deen déckste vun deenen zwéin Haaptäscht ewechgebrach, sou datt och déi aner Äscht zeréckgeschnidden hu misse ginn, an nëmme méi de Stamm an en Deel vun deem aneren Haaptaascht iwwreg blouwen... > méi



Schabloun:AVDW 21

D'Perserkricher waren am 5. Joerhonnert v. Chr. d'Versich vun de persesche Grousskinneken Dareios I. a Xerxes I., duerch militäresch Gewalt dat antikt Griicheland un hiert Räich unzeglidderen. Dës Entreprise hat, obschonn d'Perser bei wäitem iwwerleeë waren, keen Erfolleg. Vun de Griichen, déi gewonnen haten, gouf déi erfollegräich Verdeedegung vun hirem Mammeland, an och d'Affer déi si gefuerdert huet, séier zu engem nationale Mythos erhuewen, dee sech och an Theaterstécker wéi D'Perser vum Aischylos ausgedréckt huet. Dëse Mythos huet deelweis bis an d'20. Joerhonnert iwwerlieft, a gouf historesch dacks als Verdeedegung vun der Fräiheet vum Okzident géint orientalesch Despotie a Gewaltherrschaft ëmgedeit.

Se goufen duerch déi sougenannt Ionesch Revolt ausgeléist. Als Héichpunkten zielen d'Schluecht vu Marathon am éischten, an d'Schluecht vu Salamis am zweete Perserkrich. D'Néierlag vun de Perser hat grouss Auswierkungen op déi weider persesch a griichesch Geschicht. Déi wichtegst zäitgenëssesch Quell fir d'Evenementer ass den anticken Historiker Herodot, och wann een him net ëmmer all Wuert gleewe kann... > méi



Schabloun:AVDW 22

De Raymond Petit, gebuer de 16. Januar 1920 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 21. Abrëll 1942 zu Bäerdref, war e lëtzebuergesche Student a Resistenzler, deen ënner den Aliassen AC13 oder Fernand Schmitt gewierkt huet.

Hien huet am September 1940, ënnerstëtzt, ënner anerem, vu sengem Frënd Erny Gillen, zu Iechternach d'Resistenzorganisatioun L.P.L. gegrënnt. Hie gouf vun den Nazie verfollegt an huet sech, op der Flucht virun der Gestapo, den 21. Abrëll 1942 d'Liewe geholl.

Fir un hien z'erënneren, gouf 2008 zu Bäerdref eng Strooss no him genannt an e Monument opgeriicht... > méi



Schabloun:AVDW 23

D'Grammaire vun der russescher Sprooch charakteriséiert sech besonnesch duerch den Deklinatiounssystem, deen aus sechs Fäll besteet, an dem Zwéin-Aspekte-System vun de Verben ("ofgeschloss" an "net ofgeschloss").

D'Wierder gi staark flektéiert, wéi am Latäin an am Griicheschen, an hir Betounung spillt eng wichteg Roll.

Am Russesche gëtt et männlech, weiblech a sächlech Substantiven. Si ginn a sechs Fäll deklinéiert, an der Eenzuel an an der Méizuel. Doriwwer eraus ënnerscheet een am Russeschen nach tëscht liewegen an net liewege Substantiven. Déi lieweg Wierder bezeechnen eng Persoun, Mënschen, Déieren, Engelen, Gott etc. Déi net lieweg Substantiven designéieren Objeten an abstrakt Substantiven. Dës Andeelung huet e klengen Afloss op Deklinatioun.

Am Russesche gëtt et och vill friem Aflëss aus anere Sproochen. Dës Substantive ginn heiansdo net deklinéiert a sinn invariabel, souwuel an der Eenzuel wéi och an der Méizuel... > méi



Schabloun:AVDW 24

D'Walfer Gipsgrouwe si Galerien ënner dem Buedem, an der Gemeng Walfer, wou fréier Gips ofgebaut gouf.

Et ass net bekannt, wéini mam Ofbau vum Gips ugefaange ginn ass. Et ass gutt méiglech, datt d'Réimer, déi am Uelzechtdall gewunnt hunn, Gips vun do gebraucht hunn, fir hir Haiser ze bauen.

1869 koum d'Famill Irthum an de Besëtz vun den Terraine mat de Gips-Gisementer zu Heeschdref a Walfer. Se hunn ugefaangen de Gips industriell ofbauen ze loossen, fir d'éischt am Tagebau. Méi spéit gouf ënner dem Sonnebierg eng Galerie gegruewe fir de Gipsofbau. Et gouf zwou Entréeën dovun: eng an der haiteger Mercatoris-Strooss, déi fréier Gipswee genannt gouf, an eng um Wupp vun der Prince-Henri-Strooss.

Um Enn haten d'Grouwen eng Längt vun am Ganze 16 km vun deenen der 12 mat Schinnen equipéiert waren. An der Mercatoris-Strooss goufen d'Buggie mat Gipssteng vu Mënschekraaft beweegt, um Sonnebierg koum eng Dampmaschinn zum Asaz. Am Ganze ware ronn 25 Leit zu Walfer an zu Heeschdref beschäftegt... > méi



Schabloun:AVDW 25

Erënnerungstafel Fluchhafen Esch
Erënnerungstafel Fluchhafen Esch

De Fluchhafe vun Esch-Uelzecht gouf 1937 ugeluecht a war bis 1954 a Betrib. Et war deen éischten offizielle Fluchhafen zu Lëtzebuerg.

1928 hat de Lëtzebuerger Fluchpionéier Lou Hemmer erkannt, datt sech déi grouss Wiss un der nërdlecher Stadgrenz vun Esch-Uelzecht, um Flouer Lankhëlz, do wou haut de Quartier Cinquantenaire ass, gutt fir Fluchzwecker géif eegnen. 1929 koum et dunn zur Grënnung vum Veräin Escher Aéro-Club (ACE). Den 12. Mee 1929 gouf do vun deem Veräin a Presenz vun Dausende vu Virwëtzegen en éischte Fluchmeeting ofgehalen. Vun do un huet en all Joer sou ee Meeting organiséiert, bis en, no zwéi déidlechen Accidenter 1935, seng Aktivitéiten opgehalen huet.

1936 gouf en neie Veräin Aéro-Club du Bassin Minier (ACBM) gegrënnt, deen um Ausbau vum Escher Fluchfeld matgehollef huet. Et gouf och eng Fluchhafegesellschaft gegrënnt, d'Société anonyme pour l'aménagement et l'exploitation de l'aérodrome d'Esch-sur-Alzette. Dat primitiivt Fluchfeld gouf zu engem Fluchhafen ausgebaut an eng Fluchhal vu 24 x 14 Meter opgeriicht... > méi



Schabloun:AVDW 26

D'Donau ass, mat ongeféier 2857 km, no der Wolga den zweetlängste Stroum an Europa. No Däitschland an Éisträich fléisst si nach duerch aacht weider europäesch Staaten a leeft am Donaudelta an d'Schwaarzt Mier.

D'Donau ass deen eenzege groussen europäesche Floss, dee vu Westen no Oste fléisst. Se huet en Anzuchsberäich vun ongeféier 817.000 km². Och wann den ieweschte Laf vun der Donau haut verhältnesméisseg méi kleng ass, ass d'Donau geologesch méi al wéi de Rhäin, mat deem hiert Anzuchsgebitt am haitege Süddäitschland konkurréiert. Bei Immendingen kënnt et am ieweschte Flosslaf zu der Donauversickerung. Do versickert e groussen Deel vum Donauwaasser am Buedem a kënnt iwwer Hielen am Karststeen an den Aachtopf, dee méi déif läit, an deen dann an de Rhäin leeft. Well dëse grousse Montant un ënnerierdeschem Waasser sech zugläich méi a méi an de Kallekstee frësst, gëtt ugeholl, datt d'iewescht Donau enges Daags komplett zu Gonschte vum Rhäin verschwanne wäert.

Bis kuerz hanner Wien huet de Stroum éischter de Charakter vun engem Biergfloss, eréischt duerno wandelt e sech lues a lues zu engem Déiflandfloss... > méi


Schabloun:AVDW 27

Den Éisträicheschen Ierffollegkrich ass 1740 nom Doud vum Keeser Karl VI. ausgebrach, an huet bis 1748 gedauert.

Am Joer 1740 war et mam Doud vun zwéi groussen Herrscher eriwwer mam Gläichgewiicht an Europa. Nom Doud vum Friedrich Wilhelm I. vu Preise goung d'Kroun u säi Bouf, de Friedrich II., deemools 28 Joer jonk, deen de Ruff vun engem "Bel Esprit" hat, a sech haaptsächlech mat Museker, Philosophen a Poeten ofginn huet, also als "ongeféierlech" gegollt huet. Den Doud vum Keeser Karl VI. war do scho méi problematesch. D'Pragmatesch Sanktioun, duerch déi seng Duechter Maria Theresia sollt d'Territoiren vun der Monarchie ierwen, gouf net vun allen europäeschen Herrscher unerkannt. De gréisste Problem war net, wat si ierwe sollt, mä wien alles dovu profitéiere géif. Bestuet war d'Maria Theresia nämlech mam François III. vu Loutrengen, an duerch d'Ierfschaft hat dësen eng Chance zum Keeser gewielt ze ginn. Fir Frankräich hätt dat d'Habsburger als direkt Nopere bedeit, wat et op kee Fall wollt. Doriwwer eraus haten de Friedrich vu Preisen an de Karl Albrecht, Kurfürst vu Bayern, hir eege Meenunge wéi den Territoire am beschte kéint opgedeelt ginn.

Dem Friedrich II. säin Ugrëff op Schlesien am Dezember 1740 huet de Krich provozéiert. De jonke Kinnek vu Preisen huet de Moment ausgenotzt fir seng eege Lännereien op Käschte vun Éisträich ze vergréisseren, dat duerch d'Ierffolleggedeessems geschwächt war... > méi



Schabloun:AVDW 28

De Bësch zu Lëtzebuerg bedeckt eng Fläch vun 89.150 Hektar, dat si 34,3 % vun der Fläch vum Land.

Jee no Géigend weisen d'Bëscher typesch Charakteristiken op, an et kann ee se an dräi grouss Regiounen opdeelen: Déi héich Ardenne mat Bichebëscher, d'Tëschenzon mat verschiddene Bëscher, an de Museldall mat sengen thermophile Bëscher.

70 % vun de Beem an de lëtzebuergesche Bëscher si Lafbeem, wourënner Bichen (29,9 %) an Eechen (28,1 %) déi geleefegst sinn. Vun den Nolebeem ass d'Fiicht mat 22,9 % déi heefegst Aart. Nieft deenen dräi Aarte sinn eng grouss Zuel un anere Bamzorten an de lëtzebuergesche Bëscher ze fannen, notamment den Alenter, d'Hobich, d'Vullekiischt, d'Lann oder de Spierebam.

Am 1. Joerhonnert v. Chr. huet de Bësch vum haitege Lëtzebuerg zu engem zesummenhängende grousse Massiv gehéiert, dat sech vu Reims bis op Köln gezunn huet. Eng ronn 150 Joer duerno ware scho grouss Deeler tëscht de Vogesen an den Ardennen net méi matenee verbonnen... > méi



Schabloun:AVDW 29

Den Udo Jürgens an d'France Gall, Gewënner 1965 an 1966.
Den Udo Jürgens an d'France Gall, Gewënner 1965 an 1966.

Den Eurovision Song Contest (ofgekierzt: ESC, fréier besser bekannt als Grand Prix Eurovision de la Chanson) ass en internationale Museksconcours fir Komponisten a Lidderschreiwer, deen zanter 1956 all Joer vun der European Broadcasting Union organiséiert gëtt. Grondsätzlech kënnen all Memberlänner vun der EBU, zu där och e puer asiatesch an afrikanesch Staate gehéieren, matmaachen, andeems se ee Lidd an d'Course schécken.

De Concours gëtt normalerweis an deem Land organiséiert, dat de Grand Prix am Joer virdru gewonnen hat. Den Oflaf vun de Sendungen ass zimmlech standardiséiert: Am éischten Deel presentéieren d'Interpreten hir Lidder. No enger Paus gëtt dann d'Punkteverdeelung vun alle bedeelegte Länner bekannt ginn. Zum Schluss däerf de Gewënner säi Lidd eng zweet Kéier presentéieren.

Lëtzebuerg huet (via CLT/RTL) vun Ufank u bis 1993 matgemaach an am Ganze fënnefmol gewonnen. 2024 war et eng éischt Kéier nees mat derbäi ... > méi



Schabloun:AVDW 30

De Lucien Wercollier, gebuer de 26. Juli 1908 zu Hollerech a gestuerwen de 24. Abrëll 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sculpteur, dee vun 1958 un um Briddel geschafft huet. Hie gëllt als dee bedeitendste lëtzebuergesche Sculpteur vum 20. Joerhonnert.

Seng Skulpture sinn aus Holz a Steen, virun allem awer aus Bronze, Marber, Alabaster an Onyx.

Wierker vun him sinn ë. a. an de Muséeën zu Lëtzebuerg (Nationalmusée fir Geschicht a Konscht), Metz, Paräis (Musée national d'art moderne), Jerusalem (The Israel Museum), Washington D.C. (J.-F. Kennedy Center for Forming Arts) an Oxford am Ohio (Miami University Art Museum) ze gesinn.

Dem Wercollier seng éischt Aarbechte ware figurativ, vun 1952 bis 1955 awer goung hie ganz zu der abstrakter Skulptur iwwer, an där hie vum Constantin Brancusi a Jean Arp beaflosst gouf... > méi



Schabloun:AVDW 31

Jeunesse Esch
Jeunesse Esch

D'Jeunesse Esch (offiziell A.S. la Jeunesse d'Esch/Alzette) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Esch-Uelzecht. De Veräi gouf den 13. August 1907 als Football and Lawntennis Club Jeunesse de la frontière Esch/Alzette gegrënnt. 1920 krut de Club säin haitegen Numm.

D'Escher Jeunesse ass ee vun den eelsten, a mat ee vun de renoméierste Lëtzebuerger Foussballclibb. D'Jeunesse war vun Ufank un am nationale Championat mat dobäi (éischt Saison 1909/10) an huet bis op e puer seele Kéieren an der ieweschter Divisioun gespillt. D'Jeunesse ass mat zolittem Virsprong a mat 11 éischte Plazen, Lëtzebuerger Rekordmeeschter.

Déi éischt Veräinsequipe war bis ewell 28-mol Champion a koum 12-mol op eng zweet Tabelleplaz. Déi Escher stoungen och 23-mol an der Finall vun der Coupe de Luxembourg an hu se dovun 12-mol gewonnen. Nëmmen de fréieren Déifferdenger Veräin d'Red Boys huet d'Coupe nach méi dacks (15x) mat heem geholl. Am Ganzen huet d'Jeunesse aacht mol den Doublé (Champion a Coupe) gemaach, och dat ass en nationale Rekord... > méi



Schabloun:AVDW 32

D'Keramike si wärend Stroossenaarbechte protegéiert (2020). Aus Copyrightsgrënn kënnen se net op Wikipedia gewise ginn.
D'Keramike si wärend Stroossenaarbechte protegéiert (2020). Aus Copyrightsgrënn kënnen se net op Wikipedia gewise ginn.

D'Mouerenapdikt war eng stadbekannten Apdikt op der Nummer 8 an der Groussgaass an der Stad Lëtzebuerg, op der Plaz vum Roude Pëtz, um Eck vun der Groussgaass an der Casinosgaass. Si huet vum Ufank vun den 1950er Jore bis 2007 op dëser Plaz bestanen.

Déi zwou Keramike lénks a riets vun der Entrée stelle jee e Mouer duer. Si goufe vum Léon Nosbusch geschaf, warscheinlech kuerz nodeem d'Mouerenapdikt, déi virdrun an engem Gebai nobäi installéiert war, sech op dëser Plaz etabléiert hat. D'Entrée vum Gebai mat deenen zwou Keramike koum den 8. Mee 2009 op den Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter a blouf beim Ëmbau vum Gebai erhalen.

Wéi et zum Numm "Mourenapdikt" koum, doriwwer gëtt et verschidden Theorien... > méi



Schabloun:AVDW 33

Den Äisbier (Ursus maritimus), och Polarbier genannt, ass e Fleeschfrësser aus der Famill vun de Bieren (Ursidae). E lieft an den nërdleche Polarregiounen an ass enk Famill mam Bronge Bier. En ass nieft de Kamtschatkabieren an de Kodiakbieren ee vun de gréisste Fleeschfrësser op der Äerd.

Männlech erwuesse Polarbieren erreechen an der Moyenne eng Kapp-Romp-Längt vun 2,40 bis 2,60 Meter, an Eenzelfäll souguer bis 3,40 Meter; d'Schëllerhéicht ka bis zu 1,60 m sinn. D'Gewiicht variéiert tëscht 300 an 800 (am Duerchschnëtt 420 bis 500) kg. D'Gewiicht hänkt vill vum Ernierungszoustand vum Déier of: am Summer weien auserhéngert Äisbieren däitlech manner wéi wärend der Robbejuegd am Wanter.

De gielzeg-wäisse Pelz ass am äisegen Ëmfeld e gudde Camouflage. En ass och nach ganz dicht, ueleg- a waasserofweissend. Erwuesse Polarbieren hunn eng 5 bis 10 cm déck Fettcouche ënner dem Pelz. Déi baussenzeg Pelzhoer vum Äisbier sinn huel, wat zousätzlech fir eng exzellent thermesch Isolatioun suergt... > méi



Schabloun:AVDW 34

De Jean Schortgen, gebuer de 17. Februar 1880 zu Téiteng an do gestuerwen den 1. Mee 1918 bei engem Accident an der Minière "Brommeschbierg", war e lëtzebuergesche Biergaarbechter, Gewerkschaftler a Politiker.

Hien ass ganz fréi zu der Sozialdemokratescher Partei gestouss. Spéitestens am Juni 1902 gouf et zu Téiteng eng sozialdemokratesch Sektioun, an de Schortgen war Member dovun. Vun 1904 bis 1912 war de Schortgen Member vun der Parteidirektioun. An der Gewerkschaftbewegung huet hien allerdéngs keng Roll gespillt. No de Wale vum Juni 1914 war hien deen éischten Aarbechter, deen an d'Chamber gewielt gouf. Bei de Chamberwale vum 23. Dezember 1915 gouf hien erëmgewielt.

No sengem fréizäitegen Doud gouf den 2. Mee 1920 um Téitenger Kierfecht e Monument ageweit. D'Monument aus Sandsteen ass vum italieenesche Kënschtler Duilio Donzelli vun Esch-Uelzecht geschaf ginn. > méi



Schabloun:AVDW 35

De Projet vun enger Atomzentral zu Remerschen stoung tëscht 1973 an 1979 dacks am Mëttelpunkt vun der politescher Diskussioun zu Lëtzebuerg.

E war vun der Regierung Werner-Schaus II initiéiert ginn. Si hat de 16. Juli 1973 e Memorandum of understanding mat der RWE Essen ënnerschriwwen, fir eng Etude de faisablilité maachen ze loossen, fir laanscht d'Musel zu Remerschen eng Atomzentral vun enger Leeschtung vun 1.200 Megawatt ze bauen. Se sollt vun enger Firma no Lëtzebuerger Recht geplangt, gebaut a spéider bedriwwe ginn, an där de Lëtzebuerger Staat an d'RWE jee d'Hallschent vun de Parten hätten.

Déi Gesellschaft gouf den 30. Januar 1974 ënner dem Numm Société luxembourgeoise d'énergie nucléaire S.A. (kuerz: Senu) gegrënnt, an huet gläich mat de Viraarbecht vun de Pläng ugefaangen. Den TÜV Rheinland gouf vum Gesondheetsminister Camille Ney domat chargéiert, d'technesch Spezifizéierungen, déi an den Appel d'offre sollte kommen, op hir Sécherheetsrelevanz z'iwwerpréiwen.

Soubal d'Pläng vun der Regierung uganks 1973 bekannt goufen, hu sech och d'Géigner vu sou enger Atomzentral forméiert. 1974 gouf d'Biergerinitiativ Museldall (BIM) gegrënnt, déi sech 1976 mat aneren Associatiounen zum Comité national d'action pour un moratoire zesummegeschloss huet... > méi



Schabloun:AVDW 36

D'Luxemburger Wörterbuch ass en Dictionnaire vun der Lëtzebuerger Sprooch, deen tëscht 1950 an 1975 an 23 Fascicullen (mat engem Ergänzungsband 1977) erauskomm ass.

Et ass dëst, nom Lexicon der Luxemburger Umgangssprache vun 1847 an dem Wörterbuch der luxemburgischen Mundart vun 1906, deen drëtten a bis ewell gréisste lëtzebuergeschen Dictionnaire.

Seng Ufäng leien am Joer 1935, wou vu staatlecher Säit eng sougenannt Dictionnaireskommissioun agesat gi war, déi bannent der linguistescher Sektioun vum Institut grand-ducal geschafft huet. 1939 war d'Dictionnaireskommissioun souwäit domat fäerdeg, d'Wierder ze "sammelen". Mä wéinst dem Zweete Weltkrich huet et bis 1948 gedauert, bis d'Aarbechte konnte virugoen. An deem Joer ass eng nei Dictionnaireskommissioun vun der Regierung Dupong-Schaus an d'Liewe geruff ginn.

Am Februar 1950 ass dann déi éischt Liwwerung, vun A bis Aaschtert, erauskomm. Fir de Saz an den Drock war d'Dréckerei Linden zoustänneg... > méi



Schabloun:AVDW 37

D'Koffergrouf vu Stolzebuerg war eng Minière, an där bis 1944 Koffer ofgebaut gouf. Si läit annerhallwe km nordwestlech vu Stolzebuerg, am Dall vun der Klangbaach, ënner dem Goldbierg, a kann zanter 2000 nees deelweis besicht ginn.

D'Grouf geet, op 12 Stäck, bis zu 169 m ënner de Buedem. Déi längst Galerie, um 9. Stack, ass 400 m laang.

Warscheinlech hate schonn zu der Zäit vun de Kelten a vun de Réimer d'Leit Koffervirkommen do entdeckt an ofgebaut. Déi éischt schrëftlech Mentioun vun der Grouf ass vu 1717 a geet ëm d'Konzessioun vun Ofbaurechter. Bis zum Enn vum 18. Joerhonnert huet d'Grouf e puermol hire Proprietär gewiesselt. Déi éischt begleewegt Konzessioun gouf 1749 dem Franz Eduard Anton, Freiherr von Stolzemburg, zougesprach. No deem sengem Doud, 1755, war d'Grouf fir 9 Joer ausser Betrib. Da krut e gewëssen Thilman Steyer vun Tréier, d'Exploitatiounsrecht. Aus finanzielle Grënn huet hie sech mam Antoine Pescatore aus der Stad Lëtzebuerg associéiert. Vu 1768 bis 1773 war de Pescatore eenzege Konzessionär. Duerno louch d'Grouf erëm wärend Jore brooch... > méi



Schabloun:AVDW 38

De Paranal-Observatoire ass en astronomeschen Observatoire an der Atacamawüst am Norde vum Chile, um Bierg Cerro Paranal, ongeféier 120 km südlech vun der Stad Antofagasta an 12 km vun der Pazifikküst ewech. Den Observatoire gëtt vum Europäesche Südobservatoire (ESO) bedriwwen an ass d'Standplaz vum Very Large Telescope (VLT) a vum Very Large Telescope Interferometer (VLTI). Zousätzlech ginn d'Surveyteleskope VISTA a VST gebaut.

D'Atmosphär iwwer der Spëtzt vum Bierg zeechent sech duerch eng dréchen an aussergewéinlech roueg Loftstréimung aus, wat de Bierg zu enger attraktiver Plaz fir den Observatoire mécht. D'Spëtzt gouf an de fréien 1990er Jore vu senger ursprénglecher Héicht vun 2.660 op 2.635 Meter erofgesprengt, fir e Plateau fir de VLT ze schafen.

De Paranal läit wäit vun den Haaptverkéiersstroossen ewech. Den Observatoire ass vun Antofagasta aus nëmmen duerch eng Faart vun e puer Stonnen z'erreechen. Et gëtt keng Versuergungsleitungen op Paranal, all Verbrauchsgidder musse lokal gemaach oder stockéiert ginn... >méi



Schabloun:AVDW 39

De Kurt Schumacher, gebuer den 13. Oktober 1895 zu Culm a Westpreisen, haut a Polen, a gestuerwen den 20. August 1952 zu Bonn, war en däitsche Politiker.

Hie war vun 1946 bis 1952 Parteipresident vun der SPD an SPD-Fraktiounspresident am éischten Däitsche Bundestag vun 1949 bis 1952.

De Kurt Schumacher huet an der Zäit vun 1945 bis 1949 den Toun uginn wéi et dorëms gaangen ass d'SPD a Westdäitschland erëm opzebauen. An den éischte Jore vun der Bundesrepublik war de Schumacher de grousse politesche Géigespiller vum Konrad Adenauer. Och wann dem Schumacher seng politesch Virstellungen op laang Siicht zum gréissten Deel en Echec waren, gehéiert hien dach zu deene Leit, déi Gründerväter vun der Bundesrepublik Däitschland genannt ginn... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 40

D'KZ-Niewelager Thil an der franséischer Gemeng Thil am Departement Meurthe-et-Moselle war eent vun den Niewelager vum KZ Natzweiler-Struthof.

Nodeem d'Englänner an der Nuecht vum 17. op den 18. August 1943 déi däitsch Heeresversuchsanstalt Peenemünde am Norde vun der Insel Usedom bombardéiert haten, gouf d'Masseproduktioun "V1"-Fluchbomm an ënnerierdesch Fabrécke verluecht, fir déi nei Standuerter gesicht goufen. Een dovu war d'Minière vum "Syndicat de Tiercelet" zu Thil.

Am Fréijoer 1944 huet d'Organisatioun Todt mat Hëllef vun Zwangsaarbechter a Krichsprisonéier vu villen Natiounen mat dem Opbau ugefaangen. Dorënner ware 500 ungaresch Judden, déi aus dem KZ Auschwitz koumen... > méi



Schabloun:AVDW 41

Karlsruhe ass eng kreesfräi Stad a Baden-Württemberg. Historesch ass Karlsruhe Haapt- a Residenzstad vum fréiere Land Baden. D'Stad gëtt am Norden, Osten a Süde vum Landkrees Karlsruhe an am Weste vum Rhäin begrenzt, deen hei d'Grenz mat Rheinland-Pfalz mécht. Karlsruhe ass no Stuttgart a Mannheim déi drëttgréisst Stad vu Baden-Württemberg an huet eng Fläch vun ongeféier 173 km². Zanter 1950 ass Karlsruhe Sëtz vum Bundesgerichtshof an zanter 1951 vum Bundesverfassungsgericht, dowéinst huet d'Stad de Bäinumm Residenz des Rechts.

D'Bannestad gouf bei der Stadgrënnung 1715 geplangt. Am Zentrum steet den Tuerm vum Karlsruher Schlass am Schlassgaart. Dësen huet d'Form vun engem Krees an eng Strooss, den „Zirkel“ geet ronderëm. Fir ze baue goufe streng Richtline virginn, besonnesch, wat d' Bauhéicht ugeet, fir de Gesamtandrock vun der Stad méi eenheetlech ze maachen... > méi



Schabloun:AVDW 42

De Rumm-Plateau ass eng Héicht ëstlech vum Stadkär vun der Stad Lëtzebuerg, op deem e gréisseren Areal läit, dee vum Bau vun der Wenzelsmauer bis zum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg exklusiv militäresch benotzt gouf. De Plateau gëtt duerch den Uelzechtdall zu dräi Säiten hi begrenzt. E gouf vum Enn vum 14. Joerhonnert u befestegt, bis an d'19. Joerhonnert goufen déi Befestegunge weider ausgebaut.

Um Enn vum 14. Joerhonnert gouf ënner der Herrschaft vum béimesche Kinnek Wenzel II. eng Rankmauer gebaut, déi de Rumm-Plateau fir d'éischt Kéier mat an d'Festung agebonnen huet. Zu deem Zweck ass eng Befestegungsmauer gebaut ginn, déi de westlechen Deel vum Plateau ofgeschnidden huet. D'Mauer hat ufanks eng Héicht vun 9 Meter an eng Déckt vun 1,8 Meter. D'Tierm waren 12 Meter héich, an d'Mauer war duerch e Gruef vun 12 Meter Breet an 8-10 Meter Déift um Plateau virun Ugrëffer geschützt... > méi



Schabloun:AVDW 43

D'Hämelmaous-Léid ("Heemelmaus-Lidd") ass e Fueslidd am Iechternacher Dialekt. Eng Hämelmaous ass eng Hausgrill. Déi éischt Versioun vum Lidd ass 1873 entstanen an den 13. Februar an der Generalversammlung vun der Echternacher Carnevalsgesellschaft Hämelmóus an der Villa Hovelick, dem Jacobus Thill sengem Lokal, virgedroe ginn. De 16. Februar 1873 gouf den Text am "Echternacher Anzeiger" publizéiert. Dës 1. Versioun hat nëmmen dräi Strofen. An der zweeter Versioun (1884) sinn déi zwou éischt Strofe vun 1873 bäibehale ginn an et koumen nach neier dobäi.

Den Auteur vum Text ass de Professer Joseph Speck. D'Lidd gëtt gesongen op d'Weis vu Schier dreißig Jahre bist du alt, dem sougenannte Mantellied aus Lenore, engem vaterländeschem Schauspill mat Gesank vum Karl von Holtei (1798-1880), dat 1828 fir d'éischt gespillt ginn ass. D'Mantellied sengersäits gouf op d'Weis vum Vollekslidd Es waren einmal drei Reiter gefangen gesongen, déi de Carl Eberwein (1786-1868), Direkter vun der Weimarer Oper, dofir ugepasst hat... > méi



Schabloun:AVDW 44

Als Uelegschifer bezeechent ee Sedimentgestengs, dat organescht Material ënner Form vu Bitumen oder Ueleg, deen net liicht verflitt, enthält. De Prozentsaz vum organesche Material, dat de “Kerogen” bilt, läit jee no de Plazen, wou den Uelegschifer virkënnt, tëscht 10 an 30 Prozent. Den Ueleg kann duerch Destillatioun aus dem Steen isoléiert ginn.

Zu Lëtzebuerg gëtt den ënneschten Deel vum Toarcium (Lias) vun Uelegschifer gebilt, deen an zwee Haaptgebidder affleuréiert: (1) am Raum Beetebuerg - Diddeleng - Keel; (2) am Raum Monnerech - Esch-Uelzecht - Zolwer - Déifferdeng - Kënzeg - Nidderkäerjeng - Schuller.

Den Alphonse de Prémorel (1799-1888) huet sech ëm d'Mëtt vum 19. Joerhonnert fir de Gebrauch vum Uelegschifer als Brennes an als Dünger agesat. Och den Apdikter Fréd. Fischer junior (1810-1871), deen an der Stad Lëtzebuerg d'Schwanen-Apdikt hat, huet fir eng Verwäertung vum Uelegschifer plädéiert. De Cheemiker Gustave Faber huet sech Joerzéngte laang mat dem Uelegschifer beschäftegt, deelweis an Zesummenaarbecht mam Geolog Michel Lucius. Zu enger Exploitatioun vum Uelegschifer sollt et awer deemools net kommen, well si net rentabel hätt kënne sinn... > méi



Schabloun:AVDW 45

D'Franséisch Revolutioun beschreift eng Period a Frankräich vu 1789 (Stuerm op d'Bastille) bis 1799 (Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire) an där d'Monarchie ofgeschaaft an eng Republik installéiert ginn ass. An der franséischer Historiographie ass d'Revolutioun d'Trennungslinn tëscht Neizäit an Zäitgeschicht an ass domat eng vun de wichtegsten Zäsure vun der europäescher Geschichtsschreiwung.

D'Franséisch Revolutioun markéiert d'Enn vum Ancien Régime an engem Land, wat bis dohi fir seng absolutistesch Kinneke berüümt war (virun allem de Louis XIV.). Fir d'éischt Kéier an der europäescher Geschicht, zanter der Antiquitéit, gouf de Prinzip selwer vun engem monarchistesche Regime iwwerworf. De groussen Impakt vun der Franséischer Revolutioun kënnt och duerch d'Kricher déi e groussen Deel vun Europa betraff hunn, der Grënnung vu Schwëster-Republiken. Duerch d'Revolutioun goufen och vill Iddie vun de Lumières a ganz Europa verbreet.

D'Thema ass bis haut ënner Historiker ëmstridden, net zulescht wéinst de Grausamkeete vun der Terreur an dem Wee dee si ageschloen huet... > méi


Schabloun:AVDW 46

D'Fabrique Nationale d'Armes de Guerre ass eng Manufaktur zu Herstal an der Provënz Léck. Obscho si haaptsächlech als Waffefabréck bekannt ass, huet si am Laf vun hirer Entwécklung ënner anerem och Vëloen, Autoen a Motorrieder gebaut, an huet sech zanter 1919 fir d'Aeronautik intresséiert. Aus dësem Intressegebitt huet sech spéider Techspace Aero entwéckelt, eng héich qualifizéiert Firma déi Prezisiounsdeeler fir d'Rakéit Ariane liwwert, an déi am Ufank en Departement vun FN war.

Schonn 1520 hat de Lécker Erfinder Sébastien de Corbion déi éischt Pistoul gebaut. Wéi dunn d'Industrialiséierung sech weider entwéckelt huet, ass Produktioun an allen Domänen am Dall vun der Meuse wou d'Waasserkraaft konnt ausgenotzt ginn, séier an d'Luucht gaangen. Tëscht 1775 a 1783, zur Zäit vum Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich goufen z. B. zu Léck iwwer 200.000 Gewierer fir den Export an Amerika gebaut.

Wéi dunn de belsche Staat 1888 bei de Lécker Waffeproduzenten eng Commande vun 150.000 Repetitiounsgewierer gemaach huet, hunn déi sech am Joer duerno zesummegeschloss an d'Fabrique Nationale d'Armes de Guerre (FN) gegrënnt... > méi



Schabloun:AVDW 47

"Engelcher vu Schëndels" war den Numm, deen d'Lëtzebuerger Press vun deemools enger Bedruchsaffär an de Joren 1932/33 ginn huet. Si bestoung doran, datt eng 80-järeg Wittfra vu Schëndels Bréiwer vun hiren Nopesche krut, an deenen dës se gleewe gedoen hunn, se wiere vun "Engelen aus dem Himmel", an an deene se ëm Kaddoen oder Done gefrot hunn, déi ufanks bescheide waren (et goung un mat engem Dëppchen Hammbiersgebeess), mat der Zäit awer ëmmer méi substantiell goufen. Well och aner Leit am Duerf vun dësen "Engele" Post kruten, ass d'Affär schlussendlech viru Geriicht koum.

Och nom Urteel gouf et nach Leit, déi extra op Schëndels goungen, well een do "a Kontakt mat Engele" kéim.

D'Affär gouf zu hirer Zäit, besonnesch am Kader vum Geriichtsprozess, genësslech an der Press breetgetrëppelt. Och dat tragescht Nospill - déi al Dame gouf e puer Méint drop vun hirem Noper op eng grujeleg Aart a Weis erstach - huet héich Welle geschloen. Duerno gouf et roueg drëms, bis ëm 2012/13 eng Verfilmung se nees an Erënnerung bruecht huet... > méi



Schabloun:AVDW 48

D'Mylène Farmer, gebuer als Mylène Jeanne Gautier den 21. September 1961 bei Montréal a Kanada, ass eng franséisch Sängerin, Songwriterin, Schauspillerin a Schrëftstellerin.

Zanter der Mëtt vun den 1980er Joren ass si déi Sängerin, déi déi meescht Placken a Frankräich verkeeft. Hir Musek huet och e grousse Succès iwwer d'Grenze vun de franséischsproochege Länner ewech, haaptsächlech an Osteuropa. Am Ganzen huet si méi wéi 30 Millioune Placke verkaaft, dorënner 15 Milliounen Albumen. Si hält och de Rekord vun de meeschte Singlen un der Spëtzt (15) an an den Top 10 (47) vun de franséische Singlecharts (Stand: 2016).

D'Mylène Farmer mécht ganz rar ëffentlech Optrëtter a refuséiert all Informatioun iwwer hiert Privatliewen, mä huet sech mat spektakuläre Museksvideoen an Tournéeën eng speziell musikalesch Welt geschaf... > méi



Schabloun:AVDW 49

D'Rochuskapell oder Helleg-Kräiz-Kapell um Wobierg zu Biissen ass eng kathoulesch Kapell déi zum Parverband Sankt Willibrord Helpert an zu der Gemeng Biissen gehéiert.

Si ass dem hellege Kräiz an der Muttergottes (Mater Dolorosa) geweit, an net wéi de geleefegen Numm et seet, dem hellege Rochus. Schrëftlech gouf d'Kapell fir d'éischt am Joer 1686 ernimmt. An der haiteger Form gouf se 1770 nei opgebaut. 2004 gouf d'Kapell fir d'lescht renovéiert; 2010 krut s'eng Uergel, déi vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder geliwwert gouf.

Lénks vum Wee bei d'Kapell steet um Kräizwee e kënschtleresch wäertvollt Kräiz op deem een d'Joreszuel 1735 oder 1738 erkenne kann. D'Original gouf 2000 mat enger Kopie ersat a restauréiert. Et ass déi siwent a lescht Statioun vum Kräizwee dee fréier vum Duerf erop bei d'Kapell gefouert huet.

Virum Agank vun der Kapell stinn zwéi Käschtebeem (Aesculus hippocastanum L.), déi wéinst dem Zesummespill mat der Kapell zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren. Bis 1962 stounge lénks a riets vun der Kräizstatioun zwou ural Wanterlannen, mat engem Stammëmfank vun iwwer 5 m, déi als national Monumenter klasséiert waren... > méi


Schabloun:AVDW 50

Troia oder Troja (gr.: Τροία, Τροίη; lat.: Troia, Ilium; tierk.: Truva) war eng antik Stad an der Landschaft Troas am Nordweste vun der haiteger Tierkei um Hellespont (haut: Dardanellen) an der Provënz Çanakkale.

D'Stad huet den Zougank zum Schwaarze Mier kontrolléiert. D'Schëffer konnten deemools nach net géint de Wand kräizen, also hu si am Hafe vun der Festung op de gënschtege Wand gewaart. Hire Weezoll, d'Lotsen- a Schutzsteieren hunn der Stad Räichtum bruecht. Grouss Berühmtheet krut Troja an der Antiquitéit duerch d'Dichtung Ilias vum Homer, deen hei de legendären Trojanesche Krich beschriwwen huet. Nach an der Spéitantiquitéit gouf d'Plaz mat hire legendären Helden am Réimesche Räich héich veréiert. Mam Ufank vum Mëttelalter gouf Troja a seng Lag vergiess.

1873 huet den däitschen Händler an Hobby-Archeolog Heinrich Schliemann der Ëffentlechkeet matgedeelt, datt hien Troja zu Hisarlik fonnt hat; den Duerchbroch ass him awer duerch eng spektakulär Entdeckung am selwechte Joer gelongen: dee vun him selwer sougenannte Schaz vum Priamos. Dëse Schaz war laang Zäit am Musée fir d'Antiquitéit zu Berlin, a gouf nom Zweete Weltkrich an d'UdSSR verschleeft... > méi



Schabloun:AVDW 51

D'Huergäns (Grus grus), och nach Hoergäns oder Krukert genannt, ass e Vull aus der Famill vun de Kranichen (Gruidae). D'Aart gehéiert also, trotz hirem Numm, net zu de Gänsen (Anser).

D'Huergänse liewe vum Fréijoer bis an den Hierscht an de Fiichtgebidder an an de Mouere vu Skandinavien, Osteuropa an och groussen Deeler vu Sibirien. Si friesse Planzen a kleng Déieren. Hir Zuel huet an de leschte Joren zougeholl, sou datt d'Aart haut net a Gefor ass.

Am Hierscht verloossen d'Huergänsen hir Bruttgebidder am Norden a fléien a Gruppen no Süden, wou s'iwwerwanteren. Déi europäesch Huergänsen iwwerwantere virun allem am Süde vu Spuenien, an Nordafrika an zum Deel och südlech vun der Sahara. Zanter enger Rëtsch Joren iwwerwantert och eng Grupp vun hinnen um Lac du Der am Nordoste vu Frankräich an an de Landes am Naturschutzgebitt ëm d'Kueleweieren an der Géigend vu Morcenx an Arjuzanx.

Wärend dem Zuch forméieren d'Huergänse meeschtens spektakulär Gruppen, dacks a Form vun engem V oder enger Eent. Se halen da Kontakt ënnerenee mat engem charakteristesche Ruff, (de lëtzebuergeschen Numm Krukert ass vun deem Ruff ofgeleet)... > méi



Schabloun:AVDW 52

Den Geoffrey Chaucer, gebuer ëm 1343, warscheinlech zu London, an och do gestuerwen warscheinlech de 25. Oktober 1400, war en englesche Schrëftsteller an Dichter, deen als Auteur vun de Canterbury Tales berüümt ginn ass. An enger Zäit, an där d'englesch Dichtung zu engem groussen Deel nach op Latäin, Franséisch oder Anglonormannesch geschriwwe gouf, huet den Chaucer d'Sprooch vum Vollek benotzt, an huet domat d'Mëttelenglescht zu enger Literatursprooch erhuewen.

Säi Wierk ass staark vun antiken, franséischen an italieenesche Virbiller markéiert, mä et fënnt een och metresch, stilistesch an inhaltlech Neierungen, déi d'Eegestännegkeet vun der fréier englescher Literatur grënnen. Säi Wierk gëtt meeschtens an dräi Phasen agedeelt, déi seng literaresch Aflëss a seng Emanzipatioun vu senge Virbiller erëmspigelen. Dem Chaucer säi fréit Wierk gëtt als seng "franséisch", seng Wierker vun 1370 un, als "italieenesch" Phas, bezeechent. D'Canterbury Tales sinn zum gréissten Deel no 1390 a senger "englescher Phas" entstanen... > méi


Joer II änneren

Schabloun:AVDW R1

D'Juddentum spillt eng wichteg Roll an der Geschicht vu Lëtzebuerg. Nieft der Réimesch-Kathoulescher Kierch, dem Protestantismus, der Orthodoxer Kierch an dem Islam ass d'Juddentum déi fënneft gréisst Relioun. Zu Lëtzebuerg liewen ongeféier 1200 Judden. Lëtzebuerg ass domat dat eenzegt europäescht Land, an deem haut méi Judde liewen wéi virun 1933.

Déi éischt jiddesch Familljen an der deemoleger Grofschaft Lëtzebuerg hu sech ëm 1226 an 1309 zu Arel an der sougenannter Hätschegaass niddergelooss. Dësen Numm deit op de Juddenhutt hin, dee si a verschiddene Länner hu missen undoen. Ëm 1276 hu sech Judden an der Stad Lëtzebuerg niddergelooss. Mëtt 14. Joerhonnert hu wuel jiddesch Familljen am Péitrussdall gewunnt, wou och hire Kierfecht war. Méi spéit, ëm 1367, dauchen éischt Dokumenter op, déi d'Juddegaass an d'Juddepaart an der Stad ernimmen.

Hir Presenz gouf och an der Neierbuerg (1309), zu Iechternach a Ließem an der Äifel (1332), zu La Roche-en-Ardenne (1333), zu Damvillers (1345/47), wéi zu Bitburg (1334) a Baaschtnech (1353) dokumentéiert ...

> méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R2

D'Sonn, op Latäin Sol, ass de Stär am Zentrum vun eisem Planéitesystem, dat mir Sonnesystem nennen.

Eis Sonn ass fir d'Liewen op der Äerd vu fundamentaler Bedeitung. Vill wichteg Prozesser op der Äerduewerfläch, wéi d'Klima an d'Liewe selwer, ginn duerch d'Stralungsenergie vun der Sonn ugedriwwen. D'Energie vun der Sonn dréit zu 99,98 % vun allen Energiequellen zum Äerdklima bäi– de butzege Rescht gëtt aus geothermalen Hëtztquelle gespeist. Och d'Gezäite ginn zu engem Drëttel op d'Gravitatioun vun der Sonn zeréck.

D'astronomescht Zeeche fir eis Sonn ass ☉.

D'Sonn ass dee mächtegsten Himmelskierper an eisem Planéitesystem, zu deem senger Gesamtmass si mat engem Undeel vun 99,9 % bäidréit. Se huet en Duerchmiesser vun ongeféier 1,39 Millioune km (d. h. den 109-fachen Äerdduerchmiesser). Hiren duerchschnëttlechen Ofstand vun der Äerd ass ongeféier 150 Millioune Kilometer. D'Äerd kënnt bei hirem Perihel-Transit ëm den 3. Januar (2.–4. Januar) bei 147,099 Mio. km am nooste bei d'Sonn, déi gréisst Distanz huet se bei hirem Aphel-Duerchgank ëm de 5. Juli (3.–6. Juli) bei 152,096 Mio. km.

Mat hirer Uewerflächentemperatur vu 5.778 K fält d'Sonn an d'Spektralklass G2 an huet d'Liichtkraaftklass V. Si ass deemno en duerchschnëttlechen „Zwergstär“, dee giel liicht. Hiren Alter gëtt op ronn 4,57 Milliarde Joer geschat... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R3

Mesopotamien (gr. fir "tëscht de Flëss"), och Zweestroumland, bezeechent geographesch d'Gebitt ronderëm d'Flëss Euphrat an Tigris a Südost-Anatolien (Tierkei), Syrien an am Irak. Dat fruchtbart Land gëtt och dacks Wéi vun der Zivilisatioun genannt. E politesche Staat Mesopotamien huet et awer ni ginn, den Numm gouf aus Kamouditéit vu griichesche Geographen erfonnt, fir dës Regioun ze benennen.

Am Norde fänkt d'Landschaft mat den Taurusbierger un a geet bis op de Persesche Golf. Am Oste grenzen d'Bierger vum Iran an am Westen d'arabesch Wüst an den Héichplateau vu Syrien u Mesopotamien.

De Groussdeel vun der bekannter Geschicht vu Mesopotamien ass duerch d'Awanderunge vu verschiddene Vëlker markéiert. Meeschtens ass d'Regioun a vill Stadstaaten zerfall, et gouf awer och Phasen, déi vu Groussräicher dominéiert goufen, an an deenen d'Nopeschregiounen Eruewerungsfeldzich gefouert hunn... > méi


Schabloun:AVDW R4

D'Marie-Antoinette, gebuer den 2. November 1755 zu Wien als Maria Antonia Josepha Johanna vun Habsburg-Loutrengen, a gestuerwen zu Paräis de 16. Oktober 1793, war Äerzherzogin vun Éisträich, vu 1770 bis 1774 Dauphine vu Frankräich, a vun du bis 1792, als Fra vum Louis XVI., Kinnigin vu Frankräich an Navarra.

D'Fransouse waren ufanks vun hirem Charme an hirer Schéinheet beandrockt, mä geschwënn huet sech dat geännert, an der "Autrichienne" (mat Betounung op "chienne") gouf virgeheit, si wier prunksüchteg, géif friemgoen, a géif mat de Feinde vu Frankräich, besonnesch den Éisträicher, komplottéieren. D'Affär ëm d'Halsketten (mat där se näischt ze dinn hat) huet hire Ruff weider geschiedegt, a si krut spéiderhin de Spëtznumm Madame Déficit, well hir verschwenderesch Ausgaben dru Schold sollte sinn, datt et de franséische Staatsfinanze sou schlecht géing.

No der Flucht op Varennes, déi bei der Bevëlkerung ganz schlecht ukoum, gouf de Louis XVI. ofgesat, d'Monarchie ofgeschaaft an d'kinneklech Famill an den Temple-Prisong gestach. Aacht Méint nodeems hire Mann guillotinéiert gi war, gouf och der Marie Antoinette de Prozess gemaach, si hätt d'Prinzipie vun der Revolutioun verroden. Och si gouf zum Doud verurteelt an de 16. Oktober 1793 gekäppt... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R5

En TICE-Bus (MAN)
En TICE-Bus (MAN)

Den Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette, ofgekierzt TICE, ass eng lëtzebuergesch Persounentransport-Gesellschaft déi gréisstendeels am Minett operéiert.

Den TICE-Syndikat gouf duerch d'Gesetz vum 19. Mee 1914 an de groussherzogleche Beschloss vum 2. Juni 1914 gegrënnt an ass ee Syndikat vun den 9 follgende Gemengen: Diddeleng, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Keel, Käerjeng (fréier Nidderkäerjeng), Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem.

1927 bis 1956 huet den TICE de Minettstram bedriwwen; zënter 1949 fueren och Bussen, déi no an no bis 1956 d'Tramslinnen ersat hunn. Den TICE bedreift 16 Buslinne mat 111 Bussen.

365 Leit schaffen do, dorënner sinn 273 Chaufferen... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R6

D'Nimzowitsch-Indesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Si zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen E20 bis E59 klassifizéiert.

Si geet zeréck op den Theoretiker a Strateg Aaron Nimzowitsch. Hir Grondiddi besteet dodran, datt Schwaarz, amplaz den Zentrum direkt mat de Baueren ze besetzen, dem Wäiss seng Virstéiss vun de Fligelen hier hemmt. De Leefer op b4 fesselt an neutraliséiert de wäisse Sprénger, dee soss e Bauerevirmarsch am Zentrum ënnerstëtze kéint. De Bauer op e6 an de Sprénger op f6 hemmen de weidere Virmarsch vum wäissen Dammebauer, doriwwer eraus verhënnert de Sprénger op f6 d'weider Besetzung vum Zentrum duerch e4.

Schwaarz sicht d'Asymmetrie, an dat aktiivt an eegestännegt Géigespill. Am spéidere Verlaf vum Spill wäert e probéieren, jee no Spillsituatioun de gehemmte wäissen Zentrum direkt unzegräifen oder en Ugrëff an Duerchbroch un engem vun de béide Fligelen z'erzilen... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R7

Vue op Esch 2006
Vue op Esch 2006

D'Stad Esch-Uelzecht ass eng vun den 100 Gemengen zu Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm. Mat 36.625 Awunner (2023) ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.

Esch läit nërdlech vun den Ausleefer vum Pays-Haut, dem Loutrenger Plateau, um Floss Uelzecht, op der grenz mat Frankräich. Laang en einfacht Bauerendierfchen, huet Esch zënter den 1870er Joren, mat der Entdeckung vun der Minett, an der domat verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht.

D'Strukturkris am Stolsecteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn. Déi doduerch entstanen Industriebrooche ginn no an no nei bebaut: Op där vu Belval goufen zanter 2004 ronderëm déi erhalen Héichiewe nei administrativ, kulturell (Rockhal, Kino) an edukativ Gebaier (Uni Lëtzebuerg, Lycée Bel-Val) opgeriicht, sou wéi och Wunnengen, Büroen a Geschäfter. An den 2020er an 2030er Joren ass den Tour un de Brooche vun der Rouder Lëns an der Metzeschmelz... > méi



Schabloun:AVDW R8

D'Portugisesch Republik (República Portuguesa) oder och einfach nëmme Portugal, ass e Staat am Südweste vun der ibeerescher Hallefinsel. E gëtt am Westen an am Süde vum Atlanteschen Ozean, am Osten an am Norde vu Spuenien begrenzt. Donieft gehéieren zum portugisesche Staatsgebitt d'Inselgrupp vun den Azoren souwéi Madeira. Westlech vun der Haaptstad Lissabon läit Cabo da Roca, dee westlechste Punkt vum europäesche Festland.

Den Numm Portugal entstaamt dem Numm vun der Siidlung Cale am Delta vum Floss Douro. Wéi Portugal zum Réimeschen Imperium gehéiert huet, gouf Cale e wichtegen Hafen, op Latäin Portus Cale. Am Mëttelalter gouf Portus Cale zu Portucale, duerno Portugale, woubäi dëst Wuert am 7. an am 8. Joerhonnert nëmmen déi nërdlech Deeler vum Land waren.

D'Vir- an d'Fréigeschicht vum Land entsprécht zum gréissten Deel der Entwécklung an den anere Regioune vun der Ibeerescher Hallefinsel. No 450 v. Chr. gouf dat Gebitt vu Karthago eruewert an nom Zweete Punesche Krich u Roum ofgetrueden. Vun de Réimer gëtt et ënner dem Numm Lusitania zum Deel als eegestänneg Provënz verwalt. Déi réimesch Herrschaft hält op an der Vëlkerwanderungszäit. Am Joer 711 gëtt d'Land vun de Mauren eruewert, Portugal gëtt en Deel vum Kalifat vu Cordoba... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R9

Galerie vun de Mamerleeën
Galerie vun de Mamerleeën

D'Mamerleeën sinn en eenzegaartegen Ensembel vun ënnerierdesche Grotten a Galerien am Lëtzebuerger Sandsteen am Dall vun der Mamer tëscht Schëndels a Miersch. Den Ufank gëtt am Süden duerch eng besonnesch grouss Grott markéiert, déi als Huellee bekannt ass.

D'Mamerleeë sinn duerch Formatioun vu Splécken am Fiels entstane wéi se charakteristesch fir de Lëtzebuerger Sandstee sinn. Vun den natierleche Grotten aus sinn duerch mënschlech Aktivitéit zousätzlech Galerien entstan déi déif an de Fiels eragedriwwe goufe fir de Sandsteen, deen do vun enger besonnesch gudder Qualitéit ass, ofzebauen.

Et ass net gewosst, vu wiem a wéini déi Galerien ugeluecht an exploitéiert goufen. D'Plaz dierft awer schonn de Réimer bekannt gewiescht sinn. Méi sécher ass awer d'Exploitatioun iwwer länger Perioden am Mëttelalter... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R10

Odonymie, eng Ënnerkategorie vun der Toponymie, ass d'Ënnersiche vun den Odonymmen, den Eegennimm vun de Verkéiersweeër. En Odonym kann den Numm vun enger Strooss, enger Plaz, engem Wee, asw. sinn.

Gemenkerhand besteet en Odonym aus zwéin Deeler: aus engem individuellen Numm ("Pierre Dupong", "Schoul" asw.) an enger Indikatioun iwwer den Typ vum Verkéierswee ("Strooss", "Boulevard", "Avenue", ...). En Odonym ass och bal ëmmer en Element vun enger Postadress. Klassesch Odonymme sinn z. B. Haaptstrooss, Kierchewee, Schoulstrooss, asw.

Odonymme kënnen no bestëmmte Kategorië klasséiert ginnː z. B. no hirer Charakteristik ("Breedewee", "Groussgaass"), nom Typ vum Handel deen do bedriwwe gëtt oder gouf ("Krautmaart"), no den Uertschafte wou se hi féieren, no ale Flouernimm, no Hellegen oder no méi oder manner prominente Persounen, no engem Evenement oder engem Datum, oder no allgemengen Theme wéi Blummen, Beem, asw.). Se kënnen och systematesch no Buschtawen oder Zuelen duerchdeklinéiert sinn... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R11

Den Haff A Gräins
Den Haff A Gräins

Uewerpallen ass eng Uertschaft an der Gemeng Biekerech. Si war bis 1846 eng eegestänneg Gemeng. Uewerpallen läit an engem breeden Dall, um Zesummefloss vun der Pall an der Péilz. Déi gréisst Partie vum Duerf läit op Lëtzebuerger Sandsteen.

Den Numm vum Duerf ass op d'Baach Pall zeréckzeféieren. Verschidde fréier Variatioune vum Numm loossen op eng Grënnung vum Duerf zur Zäit vun der eelster fréifränkescher Zäit schléissen. Den Diggel, deen hautdesdaags zu Uewerpallen gehéiert, e puer honnert Meter vum „Zentrum“ ewech, war deemools en eegent Duerf.

Den Territoire vum haitegen Uewerpallen gouf säit dem Paleolithikum onënnerbrach besidelt. D'Siidlung war iwwer e Kiem, deen haut nach existéiert, un dat réimescht Stroossennetz ugeschloss. An den 1970er Jore gouf eng grouss réimesch Villa entdeckt, mä net ausgegruewen. Déi eelst haut nach siichtbar Reschter an der Uertschaft sinn d'Kierch, déi 1707 fäerdeg gouf, de Baurenhaff A Gräins vu 1766 an d'Kräizer déi laanscht Stroosse stinn... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R12

Eng Sonnendäischtert, Eklips oder Sonnefënsternes ass en astronomescht Ereegnes, bei deem, vun der Äerd aus gesinn, d'Sonn duerch den Äerdmound ganz oder deelweis verdeckt gëtt.

De Wénkelduerchmiesser vun der Sonn a vum Mound hu bal déi selwecht Gréisst, sou datt de Mound d'Sonn vollstänneg bedeckt a sou eng total Sonnendäischtert entstoe kann. D'Spuer vum Kärschiet vum Mound, déi dobäi op d'Äerd fält ass e puer honnert Kilometer breet. Vum Hallefschiet gëtt dogéint ongeféier d'Hallschent vun der Äerduewerflächendagessäit getraff, sou datt vun do aus d'Däischtert vun der Sonn zwar och, awer nëmme partiell gesi gëtt.

Fir datt et eng Sonnendäischtert gëtt, mussen d'Sonn, de Mound an d'Äerd méiglechst genee op enger Linn stoen. Wéinst der Ekliptik vun der Moundbunn ass dat nëmmen bei all fënneftem oder sechstem Neimound de Fall. Et gëtt verschidden Aarte vu Sonnendäischterten: partiell an total Sonnendäischterten. Zu Lëtzebuerg war déi rezentst total Sonnendäischtert den 11. August 1999 an huet ronn 140 Sekonne gedauert. Déi nächst ass eréischt de 14. Juni 2151... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R13

Déi aktuell Jean-Bertels-Statu op der aler Sauerbréck
Déi aktuell Jean-Bertels-Statu op der aler Sauerbréck
D'Jean-Bertels-Statu op der aler Sauerbréck, déi Iechternach mat Iechternacherbréck verbënnt, kann op eng mouvementéiert Geschicht zeréckkucken.

Am Abrëll 1798 gouf fir d'éischt Kéier eng Statu vum Bertels op d'Bréck gesat, déi vu sengem Grafmonument an der Iechternacher Basilika hierkoum, an déi do eng Kräizegungsgrupp ersat huet. Géint Enn vun den 1860er Jore gouf se vun Iechternacher Vandalen, déi e Patt ze vill gedronk haten, zerstéiert an an d'Sauer gehäit.

Et sollt bis den 21. September 1883 dauere bis si duerch e Wierk vum Veianer Sculpteur Michel Deutsch ersat gouf. Hir gouf an der Nuecht vum 3. op de 4. Mäerz 1939 vu besoffenen Nazien, déi provozéiere wollten, de Kapp erofgeschloen an an d'Sauer gehäit. Si konnt glécklecherweis nees gefléckt ginn.

Wéi d'Wehrmacht den 12. September 1944 d'Sauerbréck gesprengt huet, blouf de mëttelste Pilier mat der Statu stoen; si war nach intakt, gouf awer duerno am weidere Verlaf vum Krich zerstéiert... > méi Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R14

Stolpersteine ass e Projet vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig. Et si kleng messengs Commemoratiounsplacken op bëtongs Wierfele vun 10 cm Längt, déi un Affer vum Nationalsozialismus erënneren. Si gi wéi Pavéssteng do, wou déi Leit fir d'lescht fräi gewunnt hunn, an de Buedem gesat.

Dem Demnig wëll domat deene Leit, déi an de Konzentratiounslageren zu Nummeren degradéiert goufen, hir Identitéit erëmzeginn. Och kréien sou déi abstrakt Zuele vu Millioune vun Doudegen duerch eenzel, individuell Schicksaler eng konkreet Bedeitung. D'Steng leie riicht am Buedem, sou datt d'"Stolperen" symbolesch gemengt ass.

Et gëtt mëttlerweil iwwer 75.000 sou Steng an iwwer 1500 Uertschaften, virun allem an Däitschland, ma och an 25 aneren europäesche Länner. Pro Joer kommen der eng 440 neier bäi. Zu Lëtzebuerg goufe bis ewell zu Bieles, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Gréiwemaacher, um Helperknapp, zu Iechternach, Jonglënster, Munneref, Réimech a Schëffleng am ganzen 153 Stolpersteine geluecht, an zu Ettelbréck eng Stolperschwelle (Stand: September 2021)... > > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R15

D'Zitadell vu Bitche, zu Bitche am Departement Moselle, ass eng Zitadell, déi de franséische Kinnek Louis XIV uleeë gelooss huet, nodeems en d'Stad 1680 ageholl hat. De Festungsingénieur Sébastien Le Prestre de Vauban huet d'Pläng entworf, an no 14 Joer Bauzäit (1683 -1697) an 2.500.000 Livres d'Or Baukäschten, eng enorm Zomm fir déi Zäit, war d'Zitadell fäerdeg. Duerch den Traité vu Rijswijk tëscht Fransousen a Spuenier, 1697, war Bitche awer erëm un de Leopold I. vu Loutrengen gefall, an d'Zitadell huet misse geschleeft ginn. Zwee Joer laang, 1697–1698 war e flammännescht Regiment, dat extra zu deem Zweck op Bitche geschéckt gi war, domat beschäftegt, dat ganzt ofzerappen.

De Fridden tëscht Fransousen a Spuenier war awer nëmme vu kuerzer Dauer, a scho 1701 ass de Spuenesche Successiounskrich ausgebrach. Franséisch Truppen hu Bitche op en Neits besat an hunn d'Zitadell erëm nom Vauban senge Pläng opgebaut.

1736 ass Loutrengen un den exiléierte polnesche Kinnek Stanislas Leszczyński gefall, deem seng Duechter de franséische Kinnek Louis XV bestuet hat. 1738 huet hie sech engagéiert, mat der Autorisatioun vum Kinnek, d'Zitadell vu Bitche weider opzebauen a se sou zu engem Deel vum System vun de befestegte franséische Grenzstied ze maachen... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R16

Eng Arborloo op Haiti
Eng Arborloo op Haiti

Eng Arborloo ass eng einfach an ekologesch Toilette, déi een an Entwécklungslänner fënnt. Si besteet aus engem Lach, dat an de Buedem gegruewen ass an dat mat enger Plack oder engem Briet zougedeckt ass, an aus engem Opbau als Siichtschutz. Duerch e Lach an der Plack oder am Briet falen d'Exkrementer an d'Lach, a wann et voll ass gëtt e jonke Bam dra geplanzt.

Dës Zort Toilette gouf an den 1990er Joren am Simbabwe erfonnt an huet sech schnell an de ländleche Regiounen an anere waarme Länner verbreet, virun allem am Süden an am Oste vun Afrika an an der Karibik. D'Einfachheet, den niddrege Präis an déi sanitär a wirtschaftlech Virdeeler vun där Toilette hunn dozou bäigedroen, datt si vun Netregierungsorganisatiounen och an aneren afrikanesche Länner agefouert ginn ass.

Den Numm Arborloo kënnt vun "arbor", dem laténgesche Wuert fir Bam, a "loo", dem englesche Wuert fir Toilette, eng Bamtoilette deemno... > Méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R17

Panorama Haff Réimech (2011)
Panorama Haff Réimech (2011)

Den Haff Réimech ass zanter 1998 en Naturschutzgebitt vun zirka 100 ha am Dräilännereck Lëtzebuerg-Däitschland-Frankräich, an der Gemeng Schengen, dat un d'Uertschafte Rëmerschen, Wëntreng a Schwéidsbeng grenzt. Et ass eent vun de schéinsten an ekologesch wäertvollste Fiichtgebidder vu Lëtzebuerg.

Et läit am breeden Deel vum soss enke Museldall, tëscht der Musel am Osten an deene mat Wéngerte bedeckten Häng am Westen, an ass entstanen, well sech do am Laf vun de Joerhonnerten duerch reegelméisseg Iwwerschwemmunge verschidde Schichte vu Sand a Kisel an aner Sedimenter ofgelagert hunn. Dës goufen zanter den 1940er Joren industriell ofgebaut an hunn eng Landschaft mat géie Basengen, déi sech no an no mat Waasser gefëllt hunn, hannerlooss. D'Waasserqualitéit vun den am ganzen ëm déi véierzeg Baggerweieren ass exzellent, well d'Waasser gréisstendeels aus ënnerierdesche Quelle vun de Wéngerten hierkënnt... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R18

De Logo vum LCGB
De Logo vum LCGB

De Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond (LCGB) ass eng lëtzebuergesch Gewerkschaft déi den 23. Dezember 1921, vu kathouleschen Aarbechter aus dem 1903 gegrënnte Luxemburger katholischer Volksverein eraus gegrënnt gouf. Als Gewerkschaft baséiert den LCGB seng gewerkschaftspolitisch Aktioune sou op der chrëschtlecher Sozialléier.

Den LCGB ass, mat eppes iwwer 39.000 Memberen (Stand: 2013), nom OGB-L déi zweetgréisst Gewerkschaft zu Lëtzebuerg. Den LCGB ass nieft dem OGB-L an der CGFP eng vun den dräi national representative Gewerkschaften an hëlt an där Qualitéit un den Tripartitesëtzungen Deel, verhandelt mat de Patronsfederatioune Kollektivverträg oder Accorden an ass an de Gremie vun der Gesondheetskeess, der Pensiounskeess an dem Conseil économique et social (CES) vertrueden... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R19

Aprikosen
Aprikosen

D'Aprikos, ass d'Fruucht vum Aprikosebam (Prunus armeniaca) aus der Gattung Prunus an der Famill vun de Rosaceae.

Dës Steefruucht kënnt ursprénglech aus Nordost-China, vu wou se no Westen hi verbreet gouf. Den Numm vun der Spezies Armeniaca weist drop hin, datt et d'Géigend vum haitegen Armenien war, vu wou se zur Réimerzäit via Griicheland am Mëttelmierraum an a Südeuropa verbreet gouf. Méi spéit war et virun allem am ungaresche Flaachland, wou Aprikose gezillt goufen. Hautdesdaags ginn an Europa d'Aprikose virun allem a Spuenien an an Italien gezillt. D'Tierkei (absënns d'Provënz Malatya) produzéiert 85 % vun der Weltproduktioun vu gedréchenten Aprikosen an Aprikosekären.

D'Aprikosebeem gi gewéinlech 6 m, alt bis zu 10 m héich. D'Schuel vum Stamm ass glat a blénkeg roudelzeg-brong. D'Blieder si 5 bis 10 cm laang, 3 bis 7 cm breet, gréng gefierft, breet eefërmeg bis ronnelzeg oval, an uewe spatz... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R20

D'Chambersgebai oder Hôtel de la Chambre des députés, ass dat Gebai um Krautmaart an deem d'Chamber, d'Legislativorgan vum Lëtzebuerger Staat, fir gewéinlech hir Sessiounen ofhält. Et ass un de Groussherzogleche Palais ugebaut.

Virun 1860 hat d'Chamber keng gereegelt Plaz fir zesummenzekommen; dat geschouch entweeder am Palais (deen deemools ë. a. och de Sëtz vun der Regierung war) oder am Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg. 1848 huet se sech souguer an der Ettelbrécker Primärschoul versammelt. An den 1850er Jore gouf kloer, datt eng definitiv Léisung misst fonnt ginn, och well de Palais ewell just nach fir de Groussherzog a seng Famill reservéiert sollt sinn. Dofir gouf 1857 den Architekt Antoine Hartmann gefrot, en neit Gebai z'entwerfen, dat an d'Plaz vun den Haiser Wirtgen, Baustert, Hernandez an Heynen komme sollt.

De Stil ass eng Mëschung aus neo-klasseschen, neo-goteschen an neo-renaissancen-Elementer... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R21

De Frank Vincent Zappa (21.12.1940 - 4.12.1993) war en US-amerikanesche Museker a Komponist. Hien huet sech en eegent musikalesch Universum geschaf aus enger Mëschung aus Rockmusek, psychedeleschem Rock, Jazz, experimenteller Musek an zäitgenëssescher Klassik, vermëscht mat engem gudde Schotz De-Geck-mat-sech-selwer-Maachen, Humor a Performance-Konscht.

Uganks vun den 1960er Joren huet hien dacks mam Captain Beefheart zesumme gespillt. Seng éischt professionell Opname ware Soundtracke vu B-Filmer. An der Mëtt vun den 1960er Jore gouf hien de Gittarist vun der Grupp The Soul Giants, vun där hie séier de Chef gouf a s'an "The Mothers" ëmbenannt huet. 1966 koum den éischten Album vun der Band, Freak Out!, eraus.

Nieft der Rockmusek war den Zappa ëmmer och um Komponéiere vun zäitgenëssescher klassescher Musek intresséiert. Seng Plack Lumpy Gravy vun 1967 war eng éischt Verëffentlechung an déi Richtung. An den 1970er Joren huet hie sech an der éischter Hallschent méi a Richtung Jazz, duerno a Richtung Rock orientéiert... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R22

Den James Bond ass e sophistikéierte brittesche Spioun, dee vum Ian Fleming erfonnt gouf an an deem senge Bicher virkënnt (spéiderhin och an de Bicher vun aneren Auteuren). De Fleming huet säi Personnage nom amerikaneschen Ornitholog James Bond benannt, mat der Begrënnung, "[his] brief, unromantic, Anglo-Saxon, and yet very masculine name was just what I needed". De Bond huet de Codenumm "007", deen "double-ou seven" ausgeschwat gëtt, wat bedeit datt hien d'Autorisatioun huet, op senge Missioune Leit ëmzebréngen.

Vum James Bond gëtt et eng Serie vu Filmer, déi e grousse Succès kennt. Si goufe gréisstendeels vun United Artists oder MGM op de Marché bruecht. Et gëtt och eng Rei vu Videospiller déi op Filmer baséieren an e puer mat Originalskripte mat dem Personnage.

Déi vill a verschidde James Bond-Romaner a -Filmer hunn, mat de Joren, de Stil geännert: vu realistesche Spionagedramen op Science Fiction hin zu Actionfilmer ... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R23

An der Uelzechtstrooss (2014).
An der Uelzechtstrooss (2014).

D'Uelzechtstrooss ass eng Strooss zu Esch Uelzecht. Se huet hiren Ufank op der Stadhausplaz a leeft a südwestlecher Richtung iwwer d'Brillplaz ewech bis op de Prënzeréng. Si huet hiren Numm vun der Uelzecht, déi op hirer ganzer Längt ënnendrënner an engem zouene Kanal leeft. Dëse gouf tëscht 1885 an den 1910er Joren no an no ugeluecht, an de Laf vun der Uelzecht zum Deel ëmgeleet.

D'Uelzechtstrooss ass d'Haaptgeschäftsstrooss vun Esch a gouf bal op hirer ganzer Längt uganks vun den 1990er Joren als Foussgängerzon amenagéiert. Opfälleg sinn déi hellmof ugestrache stolen Dunnen, déi wéi Masten a reegelméissegen Ofstänn liicht ugewénkelt aus dem Buedem stinn.

D'Bebauung ass gréisstendeels aus den zwee éischte Joerzéngte vum 20. Joerhonnert, a sou fënnt ee vill intressant architektonesch Stiler aus där Zäit erëm ... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R24

D'Schwaarzmiergrondel (Neogobius melanostomus) ass e klengen europäesche Fësch aus der Famill vun de Gobiiden, dee souwuel am Schwaarzen- wéi och am Kaspesche Mier, an och am Brackwaasser vun de Flëss ronderëm déi zwee Mierer heemesch ass.

D'Schwaarzmiergrondel gouf ongewollt, warscheinlech mam Ballastwaasser vu Schëffer, verschleeft an huet sech duerno invasiv am Baltesche Mier, an enger Rëtsch vu mëtteleuropäesche Flëss, an och an de Groussen nordamerikanesche Séien, invasiv ausgebreet. Zu Lëtzebuerg ass d'Schwaarzmiergrondel zënter ongeféier 2010 iwwer de Rhäin an d'Musel agewandert an huet sech och do invasiv verbreet.

Am Duerchschnëtt si se ronn 15 cm laang, si kënnen awer och bis zu eppes iwwer 20 cm laang ginn. Um Réck an op de Kierpersäite si se onopfälleg beige-brong gefierft, de Bauch ass awer ganz wäiss. Laanscht d'Säitelinn ass eng Rei däischter Flecken ze gesinn. Op der viischter Réckefloss ass en opfällege ronne Fleck... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R25

E Weekräiz ass e Kräiz dat op Weekräizungen, op engem Wee oder enger Strooss, um Feld oder am Bësch stoe kann. Et kann aus verschiddenem Material sinn, wéi Steen, Holz oder Metall.

Zu Lëtzebuerg gëtt et virun allem Weekräizer aus Steen, déi d'Form vun enger rechteckeger Sail hunn, mat uewendrop engem méi breede Kappstéck, op deem eng Kräizegungszeen duergestallt ass. Dacks ass eng Joreszuel an/oder eng Opschrëft ze gesinn. Op der Sail ass och munnechmol e Relief vun engem Hellegen oder aner Dekoratiounen ze fannen. Déi eelst sinn iwwer 400 Joer al. Zum Schutz géint d'Wieder goufe verschiddener vun hinnen an eng Weekapell gesat.

En ettlech goufen opgeriicht fir un en Evenement dat op där Plaz war, z'erënneren... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R26

Belval 2013
Belval 2013

Déi fréier Frichë vu Belval sinn 122,7 ha grouss a leien um Terrain vun de Gemengen Esch-Uelzecht a Suessem, laanscht d'franséisch Grenz, op de Flouere Belval a Laangwiss.

Do war knapps ee Joerhonnert laang d'integréiert Schmelz/Stol- a Walzwierk vun Arbed-Esch-Belval, déi 1909-1913 als Adolf-Emil-Hütte gegrënnt gi war. D'Nofollgergesellschaft ArcelorMittal bedreift haut nach en Elektro-Stoluewen an e Walzwierk um ëstlechen Deel vun deem Terrain. Deen am Weste gëtt, nodeems do 1996 dee leschten Héichuewen ausgemaach gouf, zanter 2001 duerch d'Gesellschaft Agora, an där de Staat an d'Arbed vertruede sinn, no engem Masterplang vu Jo Coenen & Co urbanistesch entwéckelt, fir dass um Enn eng 7.000 Leit do wunnen an der 25.000 do schaffen kënnen. Fir déi staatlech Infrastrukturen, haaptsächlech d'Gebaier vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation, ass de Fonds Belval, en ëffentlecht Etablissement, zoustänneg. De Rescht si privat finanzéiert Projeten.

Zanter 2004 si Wunnengen, Geschäfter, Büroen, Kultur-, Erzéiungs- a Fuerschungsariichtungen entstanen, respektiv nach am Bau. 2015 ass d'Uni Lëtzebuerg an hiert neit Gebai, d'Maison du savoir, geplënnert... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R27

Den Europäeschen Heckefräsch (Hyla arborea), meeschtens einfach Heckefräsch genannt, ass e Fräsch aus der Famill vun den Heckefräschen am breede Sënn (Hylidae). Se heeschen esou well se sech meeschtens op de Blieder an an den Äscht vun Hecken an aneren Traisch ronderëm hiert Gewässer ophalen.

Den Europäeschen Heckefräsch ass mat e puer Ënneraarten iwwer ganz Mëttel- a Südeuropa bis a Griicheland an och d'Tierkei, an am Oste bis a Russland, bis bei de Floss Don, verbreet. D'Heckefräsche klotere flénk an der Vegetatioun rondererëm. Dat ass méiglech well se un den Extremitéite vun hire Fangeren an Zéiwen opfälleg Haftballen hunn.

Zu Lëtzebuerg war den Heckefräsch am Ufank vum 20. Joerhonnert iwwer d'ganzt Land verspreet ze fannen. No 1980 ass de Bestand drastesch zeréckgaangen. Mëtt der 1990er Jore gouf d'Aart nëmme méi op dräi Plazen fonnt. Dorposhin huet den Naturschutzsyndikat SICONA am Guttland eng ganz Rëtsch nei Dëmpele geschaf a gläichzäiteg anerer fir d'Erhale vum Heckefräsch optimiséiert, sou datt 2000 den Heckefräsch nees op 16 Plazen am Land konnt nogewise ginn. An de Joren dono hu sech d'Liewensbedingungen awer nees verschlechtert... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R28

Den NR 34 am Tramsmiusé
Den NR 34 am Tramsmiusé

De fréiere Stater Tram war en Tram, deen tëscht 1875 an 1964 um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg a verschiddenen Nopeschgemenge gefuer ass.

1874 krut dem Charles de Féral seng Firma Société anonyme du Tramway luxembourgeois (SATL) d'Konzessioun, fir e Päerdsram ze bauen an z'exploitéieren. Den 21. Februar 1875 konnt d'Streck Gare - Kolléisch (Ënneschtgaass) ageweit ginn. Am August 1875 gouf et dräi Linnen.

De Päerdstram gouf 1908 ofgeléist an duerch en elektreschen Tram ersat, dee vun der der Stad Lëtzebuerg selwer bedriwwe gouf. Dësen hat am Ufank vun den 1930er Joren den Héichpunkt vu senger Popularitéit erreecht: 1930 goufen 8,25 Mio Leit transportéiert, 1937 hat de Schinnereseau seng maximal Ausdeenung vu 37,8 km.

Vun den 1950er Joren u gouf den Tramsbetrieb no an no duerch Buslinnen ersat. Nei Quartiere kruten direkt Bus- a keng Tramslinnen. De 5. September 1964 ass op der Linn 11 dee leschten Tram gefuer... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R29

D'Vulleparlament am Gréngewald (Original Schreifweis: D'Fulleparlamènt am Gréngewald) ass e politesch-satirescht Gedicht an 21 Strophen op Lëtzebuergesch vum Edmond de la Fontaine, genannt Dicks (1823-1891). Et gouf de 5. November 1848 anonym am Volksfreund publizéiert, enger Zeitung, déi vun der Regierung de la Fontaine ënnerstëtzt gouf.

Den Dicks, Fils vum Regierungspresident Théodore de la Fontaine, huet mam Vulleparlament dat bekannt Vollekslidd Vullenhochzäit nogedicht. Hien dreift doran de Spunnes mat 15 Deputéierten, déi - mat Ausnam vum August Collart a Vendelin Jurion - zu der Oppositioun an der Chamber gehéiert hunn a domat "Géigner" vu sengem Papp waren, andeems en se als Vullen duerstellt.

An dësem Gedicht trëtt den Dicks als Géigner vun de progressiv-liberalen a volleksnoen Deputéiert op. Duerch dat neit agefouert Walrecht am Joer 1848 si fir d'éischt Kéier Deputéiert am Parlament vertrueden, déi weeder zu der kultivéierter Bourgeoisie nach zum Besëtzbiergertum gehéieren. Des Weidere weist hie mam Gedicht seng Mëssuechtung fir de parlamentareschen a demokratesche System... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R30

D'Plëss d'Arem, dacks och nëmme Plëss genannt, offiziell Place d'Armes, ass eng Plaz an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg. Si gouf, mat de Stroosse ronderëm, am 17. Joerhonnert ënnert dem Gouverneur de Monterey ugeluecht, nodeems de Militäringenieur Louvigny 95 Haiser an der Ënnerstad ofrappe gelooss hat, fir d'Festung ze verstäerken, an dofir hir Awunner an d'Uewerstad ëmquartéiert goufen. D'Plëss an déi néi Stroosse goufen den 10. August 1671 feierlech ageweit.

Se gouf vun Ufank u bis an d'19. Joerhonnert als Paradeplaz benotzt. Dono huet d'Bourgeoisie d’Plaz vun de Zaldoten ageholl, a just Concerte vun der Militärmusek hunn nach un déi militäresch Vergaangenheet erënnert. Den éischte Kiosk ass 1875 um ale Parvis vun der Haaptwuecht opgeriicht ginn, déi op der Ostsäit stoung. Dës gouf ofgerappt fir 1909/10 den Zerkel ze bauen. Op der Westsäit steet dee fréieren Hotel de Gerden aus der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert, an deem haut d'Cour des comptes ass. Am fréiere Gaart dovun ass 1903 d'Dicks-Lentz-Monument opgerlicht ginn zu Éiere vun de Lëtzebuerger "Nationaldichter" Dicks a Michel Lentz; d'Plaz gouf 1969 nom Jan Palach genannt... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R31

Bissau ass d'Haaptstad vum westafrikanesche Land Guinea-Bissau a vun der autonomer Regioun Bissau. 2007 goufen eppes iwwer 400.000 Awunner gezielt. Et ass déi gréisst Stad am Land an och de gréissten Hafen an den administrativen a militäreschen Zentrum vu Guinea-Bissau.

Bissau läit direkt op der Atlantikküst, virum Bissagos-Archipel um Delta vum Rio Geba. Et gouf 1687 vun de Portugisen als befestegten Hafen a regionalen Handelszentrum gegrënnt. 1942 ass d'Stad dunn och no Bolama déi nei Haaptstad vu Portugisesch-Guinea ginn.

Wärend dem Biergerkrich (1998-1999) goufe vill Haiser zu Bissau zerstéiert, ënner anerem de Presidentepalais an de franséische Kulturzentrum, dee mëttlerweil erëm opgebaut gouf. Trotzdeem ass de Stadkär nach ëmmer ënnerentwéckelt. Am Zentrum ass d'Plaz vun den Nationalhelden (Praça dos Herois Nacionais), ronderëm stinn déi meescht Ministèren a Banken, d'Klinik Simão Mendes (déi gréisst am Land), d'Geriicht, de Kierfecht an den nationale Stadion Estádio Lino Correia, an deem Plaz fir 12.000 Leit ass... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R32

De Fluchhafe Lëtzebuerg, offiziell: Aéroport de Luxembourg, läit um Findel ronn 7 km nordëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, um Territoire vun de Gemenge Sandweiler, Nidderaanwen a Lëtzebuerg. De Begrëff Findel gëtt dann och dacks als Metonymie fir de Fluchhafe gebraucht.

D'Bedreiwergesellschafte vum Fluchhafe Lëtzebuerg-Findel sinn d'Luxairport, eng Société anonyme, déi zu 100 % dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, an d'Administration de la navigation aérienne (ANA), déi dem Nohaltegkeetsministère ënnerstallt ass.

Mat senge 4,88 % vum PIB (2014) zielt en zu engem wichtege Faktor vun der Ekonomie am Land. En ass d'Heemechtsbase vun der Luxair, der Cargolux, der Luxembourg Air Rescue an der Luxaviation.

D'Haaptpassagéierinfrastruktur besteet aus zwou Aerogaren, mat enger Capacitéit vun am Ganzen 3,6 Millioune Passagéier am Joer... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R33

De Peter van Eyck, gebuer de 16. Juli 1913 zu Steinwehr a Pommern (Polen) als Peter Götz von Eick, a gestuerwen de 15. Juli 1969 zu Männedorf bei Zürich an der Schwäiz, war en däitsch-amerikanesche Museker a Schauspiller.

De Peter van Eyck huet an iwwer 90 Kinos- an TV-Filmer matgespillt. Hie war a Filmer vu bedeitende Regisseure wéi Billy Wilder, Douglas Sirk, Helmut Käutner, Henri-Georges Clouzot, Fritz Lang an Orson Welles ze gesinn.

Hie kënnt aus enger adleger Famill aus Pommern (haut Polen). No senger Première an engem ofgebrachene Museksstudium ass hien an eng ganz Rëtsch Länner gereest, dorënner 1937 a Kuba, an ass dunn zu New York bliwwen, wou en am Ufank als Barpianist geschafft huet. Ausserdeem huet hie fir Revuë komponéiert a geschriwwen. Eng Zäitchen huet hien als dem Irving Berlin säi Produktionsassistent geschafft, a fir den Orson Welles als Regieassistent. En Job als Camionschauffeur huet hie bis op Hollywood bruecht, wou en de Billy Wilder erëmbegéint huet, deen e scho vu Berlin hier kannt hat. Deen huet him e puer kleng Rollen a Filmer organiséiert, dacks Figuren, déi Däitscher waren, och alt Nazien... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R34

Den Athénée de Luxembourg, och nach De Kolléisch oder Stater Kolléisch genannt, ass e klassesche Lycée um Campus Geesseknäppchen an der Stad Lëtzebuerg.

De Kolléisch gouf 1603 vun de Jesuitten als Collège des Jesuites gegrënnt an ass déi eelst Secondaire-Schoul zu Lëtzebuerg. 1775, ënner der Maria Theresia vun Éisträich gouf aus dem Jesuijtekolléisch de Kinnekleche Kolléisch, an de Klerus huet d'Roll vun de Jesuitten iwwerholl. No der franséischer Besatzung 1795 an der Annexioun vum deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg un d'Republik Frankräich 1797 gouf doraus eng École Centrale, 1802 en Ecole secondaire, 1808 e Collège municipal (communal), an 1815-1817, no der Néierlag vum Napoleon, e Gymnasium. 1817 gouf d'Schoul zum Athénée royal grand-ducal ernannt, an nom Ewechfale vun der Personalunioun mat Holland, 1890, zum Athénée grand-ducal.

Bis 1964 war d'Schoul an der Ënneschtgaass nieft der Kathedral, an de Gebaier, an deene bis 2019 d'Nationalbibliothek dran ass. 1964 koum de Kolléisch an en deemools neit Gebai um Geesseknäppchen... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R35

D'Schëld E,18a weist den Ufank vun enger Vëlosstrooss zu Lëtzebuerg un
D'Schëld E,18a weist den Ufank vun enger Vëlosstrooss zu Lëtzebuerg un
Eng Vëlosstrooss ass en Deel vun der ëffentlecher Verkéiersfläch, deen haaptsächlech fir de Vëlosverkéier geduecht, awer net exklusiv derfir reservéiert ass. Vëlosstroosse sinn haaptsächlech fir kleng Gemenge geduecht oder fir urbanistesch Situatiounen déi et net erlaben eng Vëlospist unzeleeën, well et ze enk ass.

Zu Lëtzebuerg gouf de Begrëff vun der Vëlosstrooss am Abrëll 2018 agefouert. Den Ufank an d'Enn vun der Vëlosstrooss si mat de Schëlter E,18a an E,18aa gezeechent.

De Verkéier ass do op 30 km/h limitéiert; d'Trajete vun de motoriséierte Gefierer déi do fueren, mussen um kierzte Wee gemaach ginn, se dierfen d'Cycliste weeder iwwerhuelen, nach a Gefor bréngen oder se behënneren, a se musse stoe bleiwe wann et néideg ass. An der Vëlosstrooss ass et verbueden ze stationéieren, ausser wa speziell Plazen agezeechent sinn.

Och an der Belsch, an Holland, an Däitschland an an Éisträich ass dat Konzept ënnert dem Numm rue cyclable, fietsstraat oder Fahrradstraße bekannt... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R36

Lellgen ass eng Uertschaft mat 113 Awunner (2013) an der Gemeng Kiischpelt (bis 2006: Gemeng Wëlwerwolz).

Et läit am Dall vun der Klierf. Déi héchst Plaz beim d'Duerf ass mat 504 Meter um Pënzebierg op der Sektiounsgrenz mat Holztem. An der Uertschaft lafen d'Lellgerbaach an d'Pënscherbaach zesumme fir da ronn 100 Meter duerno an d'Klierf ze lafen. Aner Baache sinn d'Hellbich, d'Jopich an d'Laaschterbaach.

Den Ursprong vu Lellgen (Lellingen) geet op d'Zäit vun de Muselfranken zeréck, deenen hir Siidlungen dacks op –ingen geendegt hunn; deemno engem Lallo seng Sippschaft. Et kann awer och sinn, datt den Uert vum réimesche Laellius ofgeleet ass, well d'Géigend schonns zur Réimerzäit besidelt war.

1985 gouf Lellge vum Service des sites et monuments zu engem Modellduerf ausgeruff, Haiser an Häff goufe restauréiert, an eng 100 nei Beem an ëm déi 3000 verschidden Traisch ugeplanzt. Lelljen ass bekannt fir déi wëll Narzissen (Narcissus pseudonarcissus; "Lorblumm") déi am Bësch um Lor wuessen... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R37

AM Manternacher Fiels
AM Manternacher Fiels

D'Manternacher Fiels ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Manternach a Mäertert, am Sirdall tëscht den zwou Uertschaften. Et ass Bëschgebitt, wouvun zirka 132 ha zanter 2000 ënner Naturschutz stinn. Am Kader vun der EU-Habitatdirectiv gehéiert den Dall tëscht Manternach an der Fielsmillen mat 171 ha gläichzäiteg zum europäeschem Natura 2000-Netz vu schützenswäerte Gebidder.

Si ass besonnesch bekannt fir hire bemierkenswäerte Griechtebësch. D'Sir huet sech do Laf vun der Zäit duerch d'Waasserkraaft an d'Schichte vum Muschelkallek agedéift an den Dall geschaf. Duerch déi geologesch a klimatesch Bedéngungen an déi fréier Kulturlandschaft mat Wéngerten a Bongerte besteet den Dall haut aus engem villsäitegen, awer nach bal ganz mat Bësch bedecktem Gebitt. Ekologesch interessant ass deen no Norden exposéierten Hank vun der Fielsmillen, dee vum Manternacher Griechtebësch ageholl gëtt. Eng aner Bëschgesellschaft an der Reserv ass den thermophilen Eechebësch, dee sech um Südhank vun der Muschelkallek-Fielswand erstreckt. Weider bitt den naturnoe Waasserlaf vun der Sir en amphibesche Liewensraum.

E Léierpad, mat Depart bei der Sirdallbréck oder zu Manternach, erkläert op 17 Panneauen déi natur- a kulturhistoresch Aspekter vun der Manternacher Fiels... > méi


Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R38

Gebai vun den Assurances sociales
Gebai vun den Assurances sociales

D'Ufäng vum Wuelfaartsstaat zu Lëtzebuerg kënnen am fréien 20. Joerhonnert festgemaach ginn. Zu enger Zäit an där d'Lëtzebuerger Ekonomie vun der Siderurgie dominéiert gouf, huet sech d'Regierung Eyschen mat der Aféierung vun der Sozialversécherung um soziale Modell vum Däitsche Keeserräich, um sougenannte Bismarck-Modell, inspiréiert an dësen zu Lëtzebuerg agefouert: Fir d'éischt d'Krankeversécherung (1901) an d'Aarbechtsonfallversécherung (1902), eppes méi spéit och d'Invaliden- an d'Renteversécherung (1911).

An den 1950er an 1960er Jore gouf de Sozialversécherungssystem non an no och op Aarbechter, Employeuren a Selbstänneger ausgedeent. Gläichermoosse war och den Agrarsecteur vun dëser Erweiderung betraff. An den 1960er an 1970er Jore koum et am Renten- a Gesondheetssystem zu weidere Reformen. Besonnesch am Rentesystem huet dëst zu enger Standardiséierung vun den Uspréch an der Finanzéierung vun der Rent gefouert. Gläichermoosse koum et zu enger Verbesserung vun de Rechter fir Preretraitéierter. D'Verantwortung vun der Organisatioun vum Lëtzebuerger Sozialsystem louch zu där Zäit virun allem beim Patronat an den Aarbechter, déi déi entspriechend Fonge verwalt hunn. Zënter den 1970er Jore bedeelegt sech och de Staat un der Finanzéierung vun dësem System. D'1980er an 1990er Jore goufe vun déif gräifenden Harmoniséierungsprogrammer gepräägt... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R39

Tréier ass eng däitsch Stad a Rheinland-Pfalz a gëllt mat senger méi wéi zweedausendjäreger Geschicht als déi eelst Stad vun Däitschland. Haut ass Tréier mat sengen ëm déi 100.000 Awunner, Bëschofssëtz an Universitéitsstad. Tréier läit an engem flaachen Deel 124 m iwwer NN vum soss enke Museldall, nëmmen e puer Kilometer vun der Lëtzebuergescher Grenz ewech.

16 v. Chr. gouf et vun de Réimer ënner dem Keeser Augustus an der Géigend vum Stammhellegtum vun de kelteschen Treverer ënnert dem Numm Augusta Treverorum gegrënnt. De Keeser Diokletian huet d'Stad mam Numm Treviris zur réimescher Keeserresidenz an Haaptstad vum westréimesche Räich ernannt. Dat antikt Tréier hat seng Héichzäit am fréie 4. Jh. ënner dem Regime vum Keeser Konstantin. Enn vum 5. Jh. vun de Franken eruewert, huet Tréier dono zum ostfränkesch-däitsche Räich gehéiert. 958 gouf déi haiteg Maartplaz, mat der Opriichtung vum Maartkräiz, zum Zentrum vun der mëttelalterlecher Stad. Am 12. Jh. goufen déi Tréierer Äerzbëscheef Kurfürsten an hunn Tréier zur Haaptstad vun hirem Kurstaat gemaach. Wärend dem Drëssegjärege Krich ass Tréier vun de Spuenier an duerno vun de Fransousen eruewert ginn. D'Stad sollt nach e puermol a franséisch Hänn falen, ier se 1815 zu Preisen gehéiert huet. Am Zweete Weltkrich gouf et zum Deel schwéier beschiedegt.

Tréier ass een eezege Fräiliichtmusée mat antiken, mëttelalterlechen an neizäitleche Gebaier, vun deenen der 1986 eng Partie op d'UNESCO-Lëscht vun de Weltierwen opgeholl goufen... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R40

D'Nationalstrooss 10 oder N10 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Réimech, Gréiwemaacher, Iechternach, Dikrech, Veianen a Klierf. Si féiert vun der däitscher Grenz zu Schengen laanscht d'Musel, d'Sauer an d'Our bis op Maarnech wou se Uschloss un d'N7 an d'N18 huet. Si huet eng Gesamtlängt vun ca. 113 km an ass domat déi längst Nationalstrooss am Land.

D'N10 fänkt un op der däitscher Grenz zu Schengen op der Bréck iwwer d'Musel, wou se un déi däitsch B407 ugeschloss ass. Vun do leeft se an nërdlecher Richtung laanscht d'Musel, ënner der Autobunn A13 erduerch, weider laanscht Wëntreng, Schwéidsbeng a Bech-Maacher bis op Réimech, wou se sech mat der N2 kräizt. Weider geet se laanscht Stadbriedemes, Hëttermillen, Éinen, Wuermeldeng, Ohn a Meechtem bis op Gréiwemaacher, wou se an d'N1 iwwergeet. Zesumme mat der N1 geet se laanscht Mäertert bis op Waasserbëlleg, wou se op der Kräizung vun der Grand-Rue mat der Rue des Bergers no lënks ofbéit a sech nees vun der N1 trennt... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R41

Den Uerdinger war en Autorail aus der Waggon-Fabrik Uerdingen, a vun deem et tëscht 1950 an 1971 am Ganze 1.492 Stéck, an zwou Baureien (VT 95 a VT 98) gebaut goufen. Dës liicht, zwee-achseg Gefierer sinn an den 1950er an Ufanks der 60er Joren och um lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz gelaf.

Besonnesch bekannt war en op klenge Strecken an op der Atertlinn. Duerch säi kuerzen Achsenofstand vu 4,5 m sinn d'Schléi, déi beim Iwwerfuere vun de Schinneverbindungen entstane sinn, zimmlech direkt weidergeleet ginn, woufir den Uerdinger dacks Stuckeler vernannt gouf.

D'CFL huet 1951 10 VT 95 Autorailen an 10 VB-Remorquen a Betrib geholl, fir 8 Dampmaschinnen, 29 Persouneween an 8 Fourgonen z'ersetzen. Si kruten d'CFL-Nummeren Z 151 bis Z 160 an d'Remorquen Z 1051 bis Z 1060... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R42

D'Iwwerreschter vun der Réimervilla vu Giewel, am Bëschelchen Miecher tëscht Giewel, Simmer a Nouspelt, goufen 1964 vum Georges Kayser entdeckt. No sengem Doud hunn D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher, eng Ekipp vu Fräiwëllegen, d'Ausgruewungen, déi hien ugefaangen hat, weidergefouert. Bis haut sinn op där 5 Hektar grousser Plaz 7 stenge Gebaier an 2 Pëtzer fräigeluecht ginn. D'Villa louch laanscht enger klenger réimescher Niewestrooss vum Kiem vu Reims op Tréier.

D'Villa ass, an hirer Ufanksphas, en typescht Beispill vun engem gréissere galloréimesche Akerbau-Betrib aus der Provënz Gallia Belgica. Aner handwierklech Beruffer wéi Schräiner, Schmadd, Schouster a Kuelebrenner, sinn duerch Fondstécker oder Strukture beluecht. Austereschuelen, Pärelen, Tréierer Sprochbecher, Schlaangefuedemglas, Fënsterglas, Amphore mat spueneschem Wäin, Wandmolereie mat floralem Muster zeie vun engem gewësse Luxus.

Wärend der Zäit vun der Vëlkerwanderung goufen d'Gebaier um Enn vum 4. oder ufanks vum 5. Joerhonnert verlooss, a sinn dono zesummegefall... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R43

Déi Russesch-orthodox Péiter-a-Paul Kierch ass déi eenzeg russesch-orthodox Kierch zu Lëtzebuerg. Hire Bau geet op d'Initiativ vum Pater Serge Puch (ru: Сергей Пух) zeréck, deen dofir an der ganzer Welt Done gesammelt huet. D'Gemeng Lëtzebuerg huet den Terrain zur Verfügung gestallt.

D'Kierch ass a véier Joer gebaut ginn a gouf den 12. Juli 1982 konsekréiert. Si steet an der Jean-Pierre-Probst-Strooss um Lampertsbierg, an der Stad Lëtzebuerg.

Déi fënnef Kuppelen hunn eng genee Bedeitung: D'gëlle Mëttelkuppel stellt Christus duer, déi aner Kuppelen a bloer Faarf déi véier Evangelisten. Et gouf och uecht gedoen, d'Kennzeechen an d'Proportioune vun orthodoxen Tempelen ze respektéieren, d'Bannenariichtung mat den Ikone feelerfräi no de Virstellunge vun den orthodoxe Chrëschte ze gestalten... > > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R44

Cassini-Huygens ass den Numm vun enger Missioun vun zwou Raumsonden, déi gebaut goufen, fir de Planéit Saturn, seng Réng a seng Mounden z'erfuerschen. De Cassini war en Orbiter, deen am Opdrag vun der NASA gebaut gouf an den seng Observatiounen aus enger Ëmlafbunn eraus gemaach huet. Den Huygens gouf am Optrag vun der ESA als Lander gebaut an ass am Laf vun der Missioun vum Cassini ofgekoppelt ginn, fir um Moudn Titan ze landen, an esou Informatiounen iwwer seng Atmosphär a seng Surface zu sammelen.

Déi zwou Sonden, déi uneneegekopplet waren, goufen de 15. Oktober 1997 vum Launch Complex 40 op Cape Canaveral mat enger Titan-IVB-Rakéit gestart. Den 1. Juli 2004 ass de Cassini an den Orbit vum Saturn ageschwenkt, an de 14. Januar 2005 ass den Huygens, dräi Wochen nodeems e sech vum Cassini getrennt hat, um Titan gelant, an huet 72 Minutte laang Daten op d¨Äerd geschéckt. Dem Huygens seng Missioun gouf e puermol verlängert a goung definitiv op en Enn, wéi en de 15. September 2017 an d'Saturnatmosphär agetrueden an dobäi vergloust ass... > > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R45

Leo Belgicus' (1617)
Leo Belgicus' (1617)

De Begrëff Belsch (resp. Belgica, Belgae, Belgique, asw.) gouf am Laf vun der Zäit fir eng méi oder wéineger grouss Géigend a fir ënnerschiddlech Mënschegruppen benotzt.

De Begrëff Belgium, deen de Julius Caesar a senge Commentarii de Bello Gallico gebraucht, schéngt nëmme fir e klengen Deel am Südweste vum Territoire vun de Belgae ze gëllen, ongeféier an der Géigend vun Amiens, Beauvais an Arras. Eppes méi spéit gëtt d'Wuert Belgica méi am Sënn vum Gebitt, wou d'Belgae doheem si benotzt. An de Joerhonnerten dono steet d'Wuert grosso modo fir de Raum tëscht der Seine, der Marne, dem Rhäin an dem Nordmier, mat Tréier (Belgica I) a Reims (Belgica II) als Haaptstied. Spéider erstreckt sech d'Belgica och mol iwwer d'Géigend vum Mëttelrhäin bis an déi haiteg Schwäiz eran.

Am spéiden 9. Joerhonnert gouf dem Lothar II. säin Zwëscheräich Lotharingien als Gallia Belgica oder einfach als Belgica bezeechent. Zu der Zäit vum Philippe III. (15. Jh.), gouf mam Begrëff Gallia Belgica den Ensembel vun alle Principautéite bezeechent, déi bis dohi vum Haus Burgund tëscht Frankräich an dem däitsche Keeserräich gesammelt gi waren, dorënner och d'Herzogtum Lëtzebuerg... > > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R46

D'Muerbelsmillen (2017)
D'Muerbelsmillen (2017)

D'Muerbelsmillen ass eng fréier Millen a Moschterfabréck am Pafendall, wou tëscht 1922 an 1985 Moschter fabrizéiert gouf.

D'Mille gouf an engem Dokument vun 1123 „Klouschtermillen“ genannt. 1501 gouf se fir d'éischt mat hirem Numm „Muerbelsmillen“ an engem Dokument ernimmt. Den Numm "Mohrfels" wier op déi schwaarz Fielswand vis-à-vis vun der Millen zeréckzeféieren.

Nodeems se no der Belagerung vun de franséischen Truppe eng Zäitchen zou war, goung se 1705 erëm als "Daubemillen" op. Vu 1763 bis an d'19. Joerhonnert era war d'Famill Printz neie Piechter, sou datt d'Millen ewell "Printzemille" genannt gouf. Nodeems s'am 19. Jh. e puermol de Proprietär oder Piechter gewiesselt hat, waren tëscht 1885 an 1919 den Nicolas Kieffer an den Nicolas Joachim déi lescht Mëller, déi do Käre gemuel hunn. Dono gouf, vun 1922 bis 1985, an der Mille Moschter gemuel a konditionéiert.

2010 gouf d'Millen, déi zanter der Mëtt vun den 1980er Joren eidel stoung, vun der Stad Lëtzebuerg opkaf a mam Haus niewendrun a Studentewunnengen ëmgebaut... > > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R47

Lokalisatioun vun Angola (rout) an Afrika
Lokalisatioun vun Angola (rout) an Afrika

Den angolanesche Biergerkrich war e Biergerkrich an Angola. En huet direkt no dem Land senger Onofhängegkeet vu Portugal am November 1975 ugefaangen a mat Ënnerbriechunge bis 2002 gedauert. Am Wesentleche war de Biergerkrich e Muechtkampf tëscht den zwou fréieren Onofhängegkeetsbeweegungen, dem Movimento Popular de Libertação de Angola (MPLA, Volleksbeweegung fir d'Befreiung vun Angola) an der União Nacional para a Independência Total de Angola (UNITA, Nationalunioun fir déi komplett Onofhängegkeet vun Angola). Am Kontext vum Kale Krich war et awer och gläichzäiteg e Stellvertriederkrich mat wäitleefeger indirekter Bedeelegung vun der Sowjetunioun, Kuba, Südafrika, de Vereenegte Staaten an anere Länner.

Wéi d'MPLA 2002 de Krich gewonnen hat, ware méi wéi 500.000 Leit gestuerwen an iwwer eng Millioun Leit bannent dem Land deplacéiert. De Krich hat dem Land seng Infrastruktur zerstéiert a seng ëffentlech Verwaltung, seng Entreprisen a seng reliéis Institutioune staark beschiedegt... > > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R48

Déi al Sauerbréck zu Iechternach ass eng Boubréck mat 4 Béi, mat de Spanwäite vu lénks op riets 14,00 m - 28,10 m - 12,50 m - 13,30 m. Si féiert iwwer d'Sauer a verbënnt déi lëtzebuergesch N11 zu Iechternach mat der däitscher L1 zu Iechternacherbréck, an doriwwer eraus mat der B257 / E29. Hir laang Geschicht reecht bis an d'Réimerzäit zeréck. Urkundlech gouf d'Bréck eng éischt Kéier am Joer 1296 ernimmt.

Déi aktuell Grenzbréck gouf déi de 5. Januar 1950 ageweit, nodeems se géint Enn vum Zweete Weltkrich gréisstendeels zerstéiert an duerno nees opgebaut ginn ass. 1980 gouf d'Bréck eng éischt Kéier sanéiert, weider Entretiensaarbechte goufen 1986 gemaach.

Dat fréiert Douaneshaischen op der lëtzebuergescher Säit war géint 1920 no engem Plang vum Dikrecher Bezierksingenieur Léon Suttor opgeriicht ginn... > > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R49

Blat mat Tentakelen
Blat mat Tentakelen

D'Drosera rotundifolia ass eng Planzenaart vun der Famill vun den Droseraceae. Et ass eng karnivor Planz, déi a Westeuropa rar ass.

D'Planz ass méijäreg an entwéckelt sech aus enger sougenannter Wanterknosp (oder Hibernakel). Si kann eng 5 bis 20 Zentimeter héich ginn an huet Blatstiller vun 1 bis 7 cm Längt, op deene ronnelzeg Blieder sinn, déi en Duerchmiesser vun 0,5 bis 1,8 Zentimeter hunn. Op all Blat sëtzen eng 200 ganz reng roudelzeg Tentakelen, déi un hirer Spëtzt e pechecht Sekret ausscheeden, mat deem Insekte gefaange ginn (Mustiken oder Mécken, geleeëntlech och alt méi grousser, wéi Päiperleken oder Libellen).

An dësem Sekret sinn Enzymer, déi Eewäisser splécke kënnen a Seechomessesaier. Wann en Insekt gefaangen ass, da bewege sech d'Tentakelen an d'Mëtt vum Blat. No enger 2 Stonnen rullt d'Blat sech zesummen, sou datt nach méi Verdauungsdrüsen a Kontakt mat der Beit komme kënnen. No e puer Deeg ass d'Verdauung eriwwer, an d'Blat gëtt nees flaach. Just de Chitinpanzer vun der Beit gëtt net verdaut... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R50

D'Michel-Rodange-Monument um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg, dat meeschtens einfach de Fiisschen genannt gëtt, ass e Monument zu Éiere vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Michel Rodange (1827-1876). Et gouf de 26. Juni 1932 offiziell ageweit.

D'Monument huet d'Form vun engem Buer, deen an d'Balustrad agebaut ass, déi tëscht dem Stadhaus an der Trap déi an d'Ënneschtgaass erofgeet, steet. Et ass aus hellem Sandsteen gebaut.

Uewen um Monument sëtzt de Fiisschen, den Haaptpersonnage aus dem Rodange sengem bekanntste Wierk, de Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst. E gouf vum François Demuth an Ernest Grosber sculptéiert, nom Modell vun engem däitsche Schéiferhond. D'Original gouf am November 1979 gestuel, wouropshin et 1981 duerch eng Kopie ersat gouf... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R51

D'Metzerlach ass e Lieu-dit zu Zolwer an der Gemeng Suessem. Et handelt sech haaptsächlech ëm déi haiteg Metzerlacherstrooss (rue Metzerlach, CR174) déi vu Bieles aus a Richtung Déifferdeng féiert.

D'Flouernimm Metzerwee, Metzerhéicht a Metzerlach hu scho bestanen, ier 1925 e gewësse Kayser vun Esch dat éischt Haus um Eck vun der Metzerlacher- an Éilerengerstrooss gebaut huet. D'Famille Bonomo an Zarotti, déi geschwënn nokoumen, wéi och Zanutto a Koster, ginn zu den "Grënner" vum Metzerlach gezielt.

An de Joren tëscht 1928 an 1931 hunn eng Partie vun improviséierten Entrepreneuren (Cella, Solci, De Nardo an Dousemont) drop an derwidder Haiser gebaut. De 7. Februar 1929 ass dem Dafregëster no dat éischt Kand offiziell am Metzerlach op d'Welt koum.

Bis 1932-33 hunn d'Awunner d'Waasser missen op Zolwer an den ëffentlech Bur siche goen. De Stroum gouf eréischt an de Joren 1934-35 verluecht… > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R52

D' Kapell Fautelfiels ass eng Kapell an enger natierlecher Grott vun enger markanter Fielsformatioun am Lëtzebuerger Sandsteen, dem Fautelfiels, an de Bëscher ëstlech vun Hielem an der Gemeng Luerenzweiler.

Et ass gutt méiglech, datt déi Grott schonn an der Steenzäit als Kultplaz oder als Wunnecht benotzt gouf. Et gëtt och ugeholl, datt s'am 17. Joerhonnert vu Kuelebrenner benotzt gouf, déi an der Ëmgéigend geschafft hunn. Den Numm geet warscheinlech op dat aalt wallounescht Wuert faulde zeréck, dat eng Kueleplaz bezeechent. An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun krut d'Grott hire reliéise Charakter, wéi se vu verfollegte Leit als Stopp benotzt gouf. Et goufen och Massen do gehale mat engem Altor, deen an déi lénks Säitemauer agehae gouf.

Géint 1840 goufen an der Grott e barocken Altor a Statuen aus der aler Kierch vu Blaaschent installéiert, dorënner eng vun der Tréischterin am Leed. Iwwer der Aganksdier stoung an enger Nisch eng Hellegefigur mat engem oppene Buch an der Hand. D'Kapell an der Grott gouf an der Zäit vill besicht an heiansdo goufe Massen do gelies. Wéinst Vandalismus ass d'Kapell zanter de 1970er Joren déi meeschten Zäit zougespaart... > > méi

Aner Artikele vun der Woch


Joer III änneren

Schabloun:AVDW S1

De Stater Tram besteet aus enger Tramslinn (T1), déi vun der Firma LuxTram S.A. bedriwwe gëtt an där hiert éischt Deelstéck den 10. Dezember 2017 opgoung.

No jorelaangen Diskussiounen a Geplangs huet d'Chamber de 4. Juni 2014 mat 56 vu 60 Stëmmen e Gesetz gestëmmt, fir en Tram vun der Luxexpo op d'Stater Gare ze bauen. Den 18. September 2015 goung et lass mam Bau. Als éischt gouf den Tramsschapp hannert der Luxexpo gebaut. Bei der Renovéierung vun der Rouder an der Neier Bréck, 2014-2017, gouf Plaz fir Trammsschinne gemaach. Déi éischt Schinne goufen am Juli 2016 an der Avenue Kennedy verluecht.

D'Linn gëtt da mat Urbos 3-Ramme vun der spuenescher Firma CAF exploitéiert, déi Plaz hu fir bis zu 450 Leit pro Ramm. Am Stadzentrum fueren d'Zich ouni Catenaire a ginn do mat Stroum aus Superkondensatoren ugedriwwen.

D'Streck gouf bis September 2022 dräimol verlängert a féiert virleefeg op enger Längt vun enger 8 km vun der Luxexpo iwwer de Kierchbierg, d'Stäreplaz, den Hamilius an d'Gare bis bei de Lycée Bouneweeg. 2024 soll déi definitiv Streck tëscht dem Fluchhafe Findel an dem Stadion vu Lëtzebuerg opgoen. Zu deem Ament huet d'Linn da 24 Statiounen op ronn 16 Kilometer.

Weider Linnen, ë. a. laanscht d'Areler Strooss a laanscht Autobunn A4, solle méi spéit nokommen... > méi



Schabloun:AVDW S2

am Mee 2018
am Mee 2018

De Ban de Gasperich oder Gaasperecher Bann, vun de Promoteuren virzochsweis Cloche d'or genannt, ass een Deel vun der Stad Lëtzebuerg op deem zanter 2012 en neie Quartier entsteet. E läit am Süde vum südleche Stater Wunnquartier Gaasperech; westlech grenzt en un d'Cloche d'or, déi och zu Gaasperech gehéiert, an am Osten un d'Zone d'activités um Houwald (Gemeng Hesper).

D'Haaptverkéiersoder vum Ban de Gasperich, de Boulevard de Kockelscheuer, ass den 28. August 2017 ageweit ginn. Vun Enn 2023 u soll de Stater Tram driwwer fueren. D'Bréck iwwer d'Autobunn A6, fir d'Verlängerung laanscht den Nationale Foussball- a Rugbystadion gouf 2018-2019 gebaut.

Als éischt Gebai ass am September 2014 de Crystal Park, de Sëtz vun der Auditfirma PwC Lëtzebuerg, fäerdeg ginn. Am September 2017 huet, no 3 Joer Bauzäit, dat neit Gebai vum franséischsproochege Lycée Vauban seng Dieren opgemaach, an den 68 Meter héije Waassertuerm ass am Mäerz 2018 a Betrib geholl ginn. 2019 goungen den Akafszentrum mam Supermarché Auchan op, 2021 de Centre national d'incendie et de secours, an am Mee 2023 gouf och dee ronn 15 Hektar grousse Gaasperecher Park fäerdeg ... > méi



Schabloun:AVDW S3

Maus - A survivor's tale ass eng schwaarz-wäiss Graphic Novel an zwéin Deeler vum Art Spiegelman, an deem hien autobiographesch d'Geschicht vu sengem Papp, dem Vladek, a senger verstuerwener Mamm, der Anja, an der Zäit vum Holocaust erzielt. Den éischten Deel, My father bleeds history, ass 1986 erauskomm, deen zweeten, And here my troubles began, 1991.

De Comic ass kee Comic mat gezeechente Mënschen, mä d'Figuren an der Geschicht si Mais, déi d'Judden duerstellen, Schwäi fir d'Polen a Kaze fir d'Nazien. Am Fall wou d'Judde sech als ethnesch Polen ausginn, sinn déi als Mais mat enger Schwéngsmask duergestallt.  Am zweeten Deel vum Buch komme weider Nationalitéite wéi z. B. d'Fransousen als Fräschen oder d'Britten als Fësch dobäi.

De ganze Comic vermëttelt Wëssen a reell Erliefnesser. Den Art Spiegelman huet et fäerdegbruecht, de Comic als Medium vu Wëssens- a Kulturvermëttlung ze benotzen. De Kënschtler krut dowéinst bis 2015 24 Auszeechnungen, dorënner 1992 de Pulitzer-Präis/Special Citations and Awards... > méi



Schabloun:AVDW S4

Wrocław [ˈvrɔtswaf], op Däitsch Breslau, ass eng Stad am Südweste vu Polen. Mat iwwer 630.000 Awunner ass et no Warschau, Kraków a Łódź déi véiertgréisst Stad am Land, an d'Haaptstad vun der Woiwodschaft Nidderschlesien (Dolnośląskie).

Wrocław huet eng Fläch vun 293 Quadratkilometer, op enger Héicht vun ca. 111 Meter tëscht de Kocie Góry ("Kazebierger") am Norden an de Sudeten am Süden. Et läit op der Oder, wou dës véier Nieweflëss ophëlt. Do derbäi kommen eng Rëtsch Kanäl, soudatt d'Stad op 12 Insele läit, déi mat iwwer 100 Brécke verbonne sinn, wat hir de Spëtznumm "Venedeg vu Polen" abruecht huet.

Am Laf vun der Geschicht huet Wrocław ufanks zu Polen, dann zu Béimen a kuerz zu Ungarn, resp. zu Éisträich, dono zu Preisen a méi spéit zum Däitsche Räich, an zënter 1945 nees zu Polen gehéiert.

Wrocław ass haut eng bedeitend Universitéitsstad. 150.000 Studente sinn do op Héichschoulen an Universitéiten ageschriwwen. Déi gréisst sinn d'Uniwersytet Wrocławski (UWr) an d'Politechnika Wrocławska (Wroclaw University of Science and Technology).

2016 war Wrocław, mat San Sebastian, Europäesch Kulturhaaptstad... > méi



Schabloun:AVDW S5

Archeologesch Ausgruewungen um Pëtzel
Archeologesch Ausgruewungen um Pëtzel

De Vicus Ricciacus (och: Ricciacum) ass eng archeologesch Plaz zu Duelem, a war fréier eng galloréimesch Siidlung (Vicus) an der Provënz Gallia Belgica. Se war als Relais routier op der Via Agrippa ëm 17 v. Chr. gegrënnt ginn.

No enger laanger Wuelstandsphas, wou d'Uertschaft 1.500 bis 2.000 Awunner hat, ass se an der zweeter Hallschent vum 3. Joerhonnert e puermol vun de Germanen ugegraff an deelweis zerstéiert ginn. Bis am Ufank vum 5. Joerhonnert war d'Siidlung awer duerchgängeg bewunnt a gouf eréischt duerno opginn.

De Ricciacum beandrockt wéinst senge groussen ëffentleche Gebaier, déi der Uertschaft d'Ausgesi vun enger réimescher Klengstad ginn. Dozou zielen e galloréimeschen Theater, e groussen Tempelbezierk vun op d'mannst 5 Tempelen, an ëffentlech Thermen. Och Griewerfelder, Meilesteng an e Stroossenhellegtum goufe vun Archeologen entdeckt, souwéi och soss Fondsaachen, vun deenen der zwou haut am Musée du Louvre sinn... > méi



Schabloun:AVDW S6

D'Fockeschlass (och Nassauer Schlass) war eng Buerg aus dem Mëttelalter zu Käerch, déi am 18. Joerhonnert opgi gouf a vun där haut näischt méi ze gesinn ass, just e puer Toponymmen erënneren nach drun, wéi z. B. de Fockegaart, d'Fockenuecht an de Fockebësch.

Käerch hat am Mëttelalter zwou Buergen an zwou Herrschaften. Nieft dem Fockeschlass gouf et zu Käerch och nach d'Waasserbuerg (oder -schlass) vun der fréierer Herrschaft vu Rollengen (haut Käercher Schlass). D'Fockenherrschaft war fir déi nidder Geriichtsbarkeet zoustänneg an de Besëtzer vum Fockegutt gouf oft als Mathär (Co-seigneur) vu Käerch bezeechent. D'Buerg, spéider Schlass, hat mat der Fockemillen am Äischdall hir eege Bannmillen.

D'mëttelalterlech Geschicht vun de Familljen vun der Fockenherrschaft hat Verbindungen an Uertschaften wéi Bäreldeng, Recken bei Miersch, Esch-op-der-Huurt am Areler Land, Wolkreng bei Diddenuewen. Ënner de Virfaren vun der leschter bekannter Damm, déi d'Fockeschlass am 18. Jh. bewunnt huet, dem Odilia-Therese d'Huart, ass mam Christophe vu Baden, e Statthalter vun der Maarkgrofschaft Baden-Roudemaacher, ze fannen... > méi



Schabloun:AVDW S7

Anatomie vun enger erwuessener weiblecher Culex pipiens
Anatomie vun enger erwuessener weiblecher Culex pipiens

D'Mustiken (Culicidae) sinn eng Famill vun Insekten an der Uerdnung vun den Diptera (mat zwéi Flilleken). An Europa gëtt et 104 Aarten, vun deenen déi meescht och a Mëtteleuropa ze fanne sinn. Zu Lëtzebuerg goufe bis ewell 28 verschidden Aarten identifizéiert. Weltwäit gëtt et méi wéi 3.670 Mustikenaarten. Et gëtt der bal iwwerall; si feele just an der Antarktis an op e puer isoléierten ozeaneschen Inselen, wéi z. B. Island. Besonnesch grouss suppeg Gebidder, wéi een s'an der d'Tundra an an der Taiga fënnt, sinn ideal Bruttplaze fir Mustiken.

Erwuesse Mustiken si feingliddereg Insekte mat zwéi Flilleken, déi seele méi grouss wéi 15 Millimeter ginn. Hir Gréisst ass ofhängeg vun der Aart, si gëtt awer och vun der Ernierung an hiren Entwécklungsstadie beaflosst. Hir Flilleke bestinn aus feinem, hautaartegem Geweebe, deelweis mat Schuppe beluecht, a wéi all d'Dipteren hu si zwou Halteren (Schwéngkolben). Hir Antenne si mëttellaang a villgliddereg, si hunn e Stiechrüssel ongeféier vun der selwechter Längt, e schlanke Kierper a laang Been. Mustike weien ongeféier 2 bis 2,5 Milligramm.... > méi



Schabloun:AVDW S8

Capitani ass eng lëtzebuergesch Televisiounsserie vum Thierry Faber (Iddi), Eric Lamhène a Christophe Wagner (Co-Zeenaristen), där hir éischt Saison tëscht dem 1. Oktober an dem 17. Dezember 2019 op RTL Tele Lëtzebuerg gewise gouf. Zanter Februar 2021 ass s'och weltwäit op Netflix ze gesinn.

Déi éischt 12 Episodë goufen am Summer 2018 ënner der Regie vum Christophe Wagner, dunn nach mam Aarbechtstitel De Bësch, gedréint. Haaptpersonage vun dëser Krimiserie ass de Luc Capitani (gespillt vum Luc Schiltz), en Inspekter vun der Police judiciaire aus dem Süde vum Land. An der éischter Staffel vun 12-mol 28 Minutten enquêtéiert hien zu Mënscht (Manscheid), engem (fiktiven) Duerf am Éislek, iwwert den Doud vum Jenny Engel, dat do am Bësch um Bord vun engem Fiels fonnt gouf. Him zur Säit steet déi jonk Polizistin Elsa Ley (Sophie Mousel) vun do aus der Géigend.

Nom grousse Succès gouf tëscht Mäerz a Juni 2021 eng zweet Saison gedréint. Dës gouf am Februar-Mäerz 2022, och nees an 12 Episode vun enger halwer Stonn op RTL Tele Lëtzebuerg, a vu Juli un och nees op Netflix, gewisen. Se spillt op der Stater Gare, wou de Capitani undercover iwwer de Muerd un enger Prostituéierter enquêtéiert, iwwerdeems d'Ley enger Drogeband op der Spuer ass. Hir Weeër kräize sech nees... > méi



Schabloun:AVDW S9

Stephansdoum
Stephansdoum

De Stephansdoum zu Wien ass zanter 1365 Doumkierch (Sëtz vun engem Doumkapitel), zanter 1469/1479 Kathedral (Bëschofssëtz) an zanter 1723 Metropolitankierch vum Äerzbëschof vu Wien.

D'Gebai ass 107 m laang a 34 m breet. Den Doum ass eent vun de wichtegste gotesche Gebaier an Éisträich; Deeler vum spéitromanesche Bau vun 1230/40-1263 sinn och haut nach erhalen. Den Doum huet véier Tierm: den héchsten dovun ass de Südtuerm mat 136,4 m. En ass en architektonescht Meeschterwierk vun der deemoleger Zäit - trotz senger impressionnanter Héicht ass d'Fëllement nëmmen 1,5 m déif. Ausserdeem steet den Tuerm komplett fräi.

Den Ufank vum Doum geet op d'Joer 1137 zeréck, aus deem den Tauschvertrag von Mautern tëscht dem Maarkgrof Leopold IV.]] an dem Bëschof vu Passau iwwerliwwert ass. Dobäi goufe Lännereien ausgetosch, fir et dem Bëschof z'erméiglechen, baussent der deemoleger Stad eng Kierch ze bauen, déi dem hellege Stephan geweit si sollt - dem Patréiner vun der Bëschofskierch vu Passau.

Déi éischt Kierch gouf am Joer 1147 fäerdeg a war fir déi deemoleg Stad vëlleg iwwerdimensionéiert. Tëscht 1230-1245 ass e weidere spéitromanesche Bau entstanen, vun deem d'Westwierk erhalen ass. Dat besteet aus den zwéin Heedentierm an dertëscht der Risepaart. Tëscht 1304 an 1340 gouf e vergréisserte Chouer gebaut, elo schonn am gotesche Stil... > méi



Schabloun:AVDW S10

D'Schlass Kockelscheier a seng Dependancë leien am Kockelsbësch, nërdlech vun der Uertschaft Kockelscheier, um Gebitt vun de Gemenge Lëtzebuerg an Hesper.

Den haut 130 Hektar groussen Domän gouf schonns 1352 ernimmt. En ass 1623 vun de Jesuitten aus dem Kolléisch kaaft ginn. 1781 koum en duerch eng Stee an de Besëtz vun der Famill Boch. Wéi dee 1799 gedeelt gouf, krut de Jean Boch-Buschmann den Domän Kockelscheier. 1819 goung en un dem Jean-François säi Schwoer Bonaventure Dutreux-Boch iwwer, an 1858 un deem säi Bouf Auguste Dutreux.

1864 huet deem säi Jong Tony ugefaangen dat haitegt Schlass Kockelscheier ze bauen. Am Zweete Weltkrich hat den Nazi-Okkupant am Schlass eng Führerschule installéiert.

Tëscht 1880 an 1895 huet e gewësse Welter eleng ronderëm en Deel vum Domän eng stenge Mauer gebaut... > méi



Schabloun:AVDW S11

Iechternach (lokal: Eechternoach) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen; eng vun den 12 Stied am Land a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm.

Schonn am 1. Joerhonnert no Christus hu Réimer an der Géigend gewunnt, wéi d'Reschter vun enger Réimervilla beim haitegen Iechternacher Séi haut nach weisen. D'Grënnung vun der Stad Iechternach geet op d'Joer 698 no Christus zeréck. Den englesche Missionnaire Willibrord krut vun der Irmina vun Oeren (bei Tréier) e Stéck Supp geschenkt, wou hie säi Klouschter kéint opriichten. D'Abtei Iechternach war bekannt fir hire Scriptorium, an deem ënner anerem de Codex Aureus Epternacensis, an de Codex Aureus Escorialensis, zwou gëlle Bibelen (Evangeliaren), ëm d'Mëtt vum 11. Joerhonnert geschriwwen a gemoolt gi sinn.

Duerch dat Klouschter gouf Iechternach séier zu enger wichteger Handels- an Handwierkergemeng, déi 1236 vun der Ermesinde d'Stadrecht krut. An der Besatzungszäit duerch d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun ass d'Abtei verkaaft ginn. Si gouf zu enger Parzeläinsbrennerei ëmfunktionéiert an d'Tierm vun der Basilika hunn als Schaarschtecher gedéngt. Spéider war s'eng Kasär, duerno nëmmen nach eng Ruin. Mat Hëllef vum Willibrordus-Bauveräin gouf d'Basilika erëm opgebaut... > méi



Schabloun:AVDW S12

D'Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax (Vespa velutina nigrithorax) ass eng Ënneraart vun der Vespa velutina, bannent der Gattung Runnen (Vespa) an der Famill vun de Falenharespelen (Vespidae). Et ass e generalistesche Raiber vu mëttelgrousse bis groussen Insekten an en Aasfrësser vu Wierbeldéieren.

Si ass 17-22 mm laang. D'Gesiicht an den hënneschten Deel vum Hannerleif si giel bis orange gefierft, d'Féiss (Tarsen) gielzeg, déi aner Kierperdeeler si gréisstendeels vun däischterer schwaarz-bronger Faarf. D'Nascht ass 60 x 80 cm grouss an hänkt meeschtens an héije Beem (bis 10 m), mat engem klenge Lach op der Säit als Entrée.

D'Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax staamt, wéi hiren Numm et seet, ursprénglech aus Asien, méi genee aus dem Süde vu China, Taiwan, Indien an Indonesien; mä s'ass zënter 2004 an Europa invasiv. Si gouf dofir am Joer 2016 op d'Lëscht vun den invasive gebittsfriemen Aarte vu Bedeitung fir d'Europäesch Unioun opgeholl, wat implizéiert, datt d'Memberlänner all néideg Schrëtt ënnerhuele musse fir ze verhënneren, datt d'Aart ongewollt agefouert oder verbreet gëtt. Uganks September 2020 gouf si fir d'éischt zu Lëtzebuerg nogewisen... > méi



Schabloun:AVDW S13

D'Klouschter Märjendall läit an der Uertschaft Mariendall, am Äischdall. Et gouf 1232 vum Theodoric, Här vu Miersch an Truchsess vun der Ermesinde, fir adleg Joffere gegrënnt.

D'Klouschter, dat am Ufank nach ganz aarm war, huet sech séier ermaach wéi d'Yolanda vu Veianen 1258 déi zweet Priorin gouf. Duerch en ettlech Schenkungen vun de -Grofe vu Veianen, vu wou d'Yolanda hierkoum, a vu Lëtzebuerg, an deenen hierer Grofschaft d'Klouschter louch, huet de Mariendall e groussen Opschwonk erlieft. D'Yolanda huet eng Bibliothéik ariichte gelooss a sou fir eng wirtschaftlech a kulturell Bléi am Klouschter gesuergt. Ënner hirer Leedung gouf och déi gotesch Klouschterkierch gebaut, vun där haut näischt méi ze gesinn ass. Si gouf 1296 geweit. Ënner dem Altor vun dëser Kierch war och der Yolanda hiert Graf.

1314 huet déi nei Priorin Margréit vu Lëtzebuerg, Schwëster vum Lëtzebuerger Grof a Keeser Heinrich VII., d'Augustinerreegel opginn (déi zesoen d'Basis vun der Dominikanerreegel ass) an d'Klouschter huet sech du just nach exklusiv a streng un d'Dominikanerreegel gehalen...

> méi


Schabloun:AVDW S14

Den Andy Bausch, gebuer den 12. Abrëll 1959 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Hien ass deen éischte Lëtzebuerger Regisseur, deen och international Succès hat. Zanterhier huet hien eng Rëtsch Spillfilmer gedréint, wourënner Troublemaker (1989), Le club des chômeurs (2003) a Rusty Boys (2017) e grousse Succès haten. Bis zu sengem Doud huet de Schauspiller Thierry van Werveke (1958-2009) a bal all dem Bausch senge fiktive Wierker matgespillt. Den Andy Bausch ass ausserdeem Auteur vun enger ganzer Rei Documentairen zu Lëtzebuerger Themen, dorënner Portraite vu Museker an anekdotesch Erënnerungen u verschidde Perioden aus dem 20. Joerhonnert.

Doriwwer eraus huet hien an den 1990er Joren eng Rëtsch Episode vu Serien op der däitscher Tëlee gedréint... > méi



Schabloun:AVDW S15

Näerden ass eng Uertschaft an der Gemeng Biekerech am Kanton Réiden. Se läit am Dall vun der Näerdener Baach och Wobech genannt, op enger Héicht vun 270 m.

D'Iwwerreschter vun enger aler Réimervilla tëscht Näerden a Rippweiler beleeën awer datt scho fréi Leit an deem Streech gewunnt hunn. Den Duerfnumm, mat senger Endung op '-ingen', weist op eng (Nei)grënnug a fränkescher Zäit hin. 1245 daucht et ënner dem Numm Nurdingen oder Nerdingen a Charten op. Aus engem Dokument vun 1317 geet ervir, datt Näerden dunn ënnert enger ganzer Rei Härschaften a Kléischter opgeelt war. D'Abtei vu Clairefontaine hat d'Grondhärschaft an d'Geriichtsbarkeet. D'Patronatsrecht hat d'Märjendaller Klouschter, mam Recht op de groussen Zéngten (Feldfriichten), iwwerdeems den Här vun Useldeng Usproch op de klengen Zéngten (Friichten aus dem Gaart) hat.

Ëm 1570 geet rieds vun enger Kapell zu Näerden, déi dem Hellegen Dionysius (Denis) geweit war. 1656 als Folleg vu jorzéngtelaange Kricher a vun der Peschtepedimie vu 1636, gouf et zu Näerden just nach 6 Stéit... > méi



Schabloun:AVDW S16

Den Hôtel des Invalides (kuerz Les Invalides) ass e Komplex vu Gebaier zu Paräis am 7. Arrondissement. E gouf ursprénglech als Hôtel royal des Invalides op Uerder vum Kinnek Louis XIV. tëscht 1670 a 1676, no de Pläng vum Libéral Bruant a Jules Hardouin-Mansart, als en Heem fir invalid Zaldote gebaut.

Haut gëtt de Komplex vun der Institution nationale des Invalides géréiert, zu deem och eng Kathedral (Saint-Louis-des-Invalides), eng Militärnekropol, Monumenter a Muséeë gehéieren, dorënner de Musée de l’Armée, en Doum mam Sarkophag vum Napoléon I., souwéi de Griewer vun aneren héije Militärleit... > méi



Schabloun:AVDW S17

D'Bréck vu Miersch, och nach Laangbréck genannt, ass eng Schréiseelbréck op der Nationalstrooss 7 déi Bierschbech mat Miersch verbënnt.

Vum Rond-point (N7, rue Lohr, Fielser Strooss) zu Bierschbech aus geet d'Bréck liicht biergop an dréit an engem liichte Bou nordwestlech a Richtung Miersch. Se féiert iwwer d'Uelzecht, d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen an dann an enger liichter Descente laanscht den Depot vun der Bauverwaltung am Weste bis op Miersch op d'Kräizung mat der rue Grande-Duchesse Charlotte an der rue de la Gare.

D'Bréck mat der interner Nummer O.A. 202 vun de Ponts et Chaussées huet eng Längt vun ongeféier 285 Meter.

Déi al Bréck, aus virgespaantem Bëtong, déi kuerz nom Zweete Weltkrich gebaut gouf, ass wéinst hirem schlechten Zoustand, soui wéi och am Kader vun engem neien Amenagement vun de Stroossen, tëscht 2014 an 2016 ersat ginn... > méi



Schabloun:AVDW S18

D'Maria (betounen op der éischter Silb; Latäin fir „Mierer“, Singular: d'Mare) sinn donkel Déifflächen um Äerdmound (bal nëmmen op der viischter Moundsäit), déi 16 Prozent vun der Mounduewerfläch bedecken. Si kruten hiren Numm, well se fréier fir Mierer gehale goufen. Si bestinn aus 3,1 bis 3,8 Milliarde Joer alem donkele Basalt, hunn nëmme wéineg Krateren a si vun enger 2 bis 8 Meter décker Regolithschicht bedeckt, déi räich un Eisen a Magnesium ass. Mat Ausnam vun de Krateren hu se nëmme wéineg Héichtenënnerscheeder; maximal 100 Meter.

D'Maria si méiglecherweis duerch grouss Aschléi an der Fréiphas vum Mound entstanen. Well an deem Entwécklungsstadium de Mantel nach flësseg war, si s'uschléissend mat Lava (Lunabas) aus dem Moundkär vollgelaf. Bei de Strukturen, déi "Séien", "Suppen" a "Buchte" genannt ginn, handelt et sech och ëm basaltesch Déifflächen, deenen hir Entsteeungsgeschicht vergläichbar ass mat där vun de Maria.

D'Maria hunn Nimm wéi Mare Nectaris ("Nektarmier"), Mare Anguis ("Schlaange-Mier"), Mare Moscoviense ("Moskau-Mier") oder Mare Tranquillitatis ("Mier vun der Rou")... > méi



Schabloun:AVDW S19

D'Doudeg Fra ass eng Plaz am Gréngewald, um ëstleche Wupp vun der Gemeng Walfer. Se läit op enger Héicht vun zirka 407 m, ongeféier 750 m nordwestlech vum Stafelter an 350 m. südëstlech vun deem Punkt wou den CR125 op den CR126 stéisst.

Den Urspronk vum Lieu-dit ass net eendeiteg gekläert: Enger Theorie no kéint et sech ëm eng Kultplaz aus prehistorescher Zäit handelen, an der Géigend vu Quellen a Pëtzer, laanscht e Kiem, deen op virkeltesch Urspréng zeréckgeet, a wou der Traditioun no Äscht geaffert goufen. D'Grouss Mamm, als Gëttin vun der Fruchtbarkeet, kéint als Doudefra, d. h. als Wiechterin vun den Doudegen an hirem Schouss, do veréiert gi sinn.

Eng aner Deitung seet, datt mat der Doudeger Fra d'Elisabeth vu Görlitz gemengt wier. Si hat d'Herzogtum Lëtzebuerg 1409 vun hirem Monnonk, dem Sigismund, als Pand kritt, huet dat awer, well se selwe verschëlt war, un de Philippe II. vun der Bourgogne misse verkafen. Dëst wier 1441 am Gréngewald geschitt, woubäi d'Elisabeth nom Verkaf gesot soll hunn: "Lo sinn ech eng doudeg Fra" (am Sënn vun fir näischt méi ze gebrauchen) ... > méi



Schabloun:AVDW S20

De Grousse groen Neimäerder (Lanius excubitor), ass e Vugel aus der Famill vun de Laniidae, deen an den temperéierten a subarkteschen Zone vun Nordamerika an Eurasien, an och zum Deel an Zentralasie verbreet ass.

De Grousse groen Neimäerder lieft an hallefoppene Landschafte mat Hecken an eenzele Beem. En ass ongeféier sou grouss wéi eng Märel. Den allgemengen Androck ass dee vun engem gro-wäiss-schwaarze Vugel mat laange Schwanzfiederen. Vum Schniewel aus leeft op all Säit eng schwaarz Sträif duerch d'A.

Säi lëtzebuergeschen Numm weist op seng Ernierung hin, déi bal ausschliisslech aus Déiere besteet, meeschtens Wullmais a Spëtzmais. Et ass e Standvugel am Süde vu sengem Verbreedungsgebitt, méi nërdlech gëtt en zum Zuchvugel, woubäi d'Zuchdistanz vu Süden no Norden zouhëlt.

Zu Lëtzebuerg ass de Grousse groen Neimäerder d'ganzt Joer iwwer ze gesinn. Seng Zuel huet an de leschte Joerzéngte staark ofgeholl; de Bestand gouf 2010 op nëmme méi 50-90 Bruttkoppelen am ganze Land geschat ... > méi



Schabloun:AVDW S21

De fréiere Refuge Sankt Maximin an der Stad Lëtzebuerg, um Eck vun der Ënneschtgaass mat der Clairefontaine-Plaz, ass zanter Juli 2019 de Sëtz vum Staatsminister.

D'Gebai gouf 1751 als e sougenannte Refuge vum 79. Abt vun der Benediktinerabtei Sankt Maximin vun Tréier, dem Willibrord Scheffer, baue gelooss. Et huet e Virgängerbau op der selwechter Plaz ersat, deen de 74. Abt vu St Maximin, dem Maximin vu Gülich 1663 opriichte gelooss hat, a vun deem bis op 2 Wopesteng, déi an den 1930er Joren op den 2 Giewele vum Gebai agemauert goufen, näischt erhalen ass. Duerch seng gewalteg Dimensiounen a seng majestätesch Fassad zur Ënneschtgaass hin, déi all aner Gebailechkeeten an der Ëmgéigend iwwertraff huet, huet dat neit Gebai d'Muecht vun der Tréierer Abtei ausgedréckt.

D'Gebai gouf 1797 als Staatsbesëtz verkaaft. Méi spéit hat den Drécker an Editeur Claude Lamort seng Dréckerei dran. 1839 ass et un den Däitsche Bond ofgetruede ginn, a blouf bis 1867 dem Festungsgouverneur vun der preisescher Garnisoun säi Sëtz. Vun 1867 u gouf et als Regierungsgebai a Sëtz vun der Lëtzebuerger Regierung benotzt. Vun 1945 bis 2017 hat den Ausseministère do säi Sëtz ... > méi


Schabloun:AVDW S22

D'Afrikanesch Entwécklungsbank (op Franséisch: Banque africaine de développement; BAD; op Englesch: African Development Bank; AfDB) ass eng regional, multilateral Entwécklungsbank fir den afrikanesche Kontinent mat Sëtz zu Abidjan an der Côte d'Ivoire. Hiert Zil ass d'wirtschaftlech an d'sozialpolitesch Entwécklung am afrikanesche Raum duerch d'Finanzéierung vu bestëmmte Projete virunzedreiwen. Dobäi ginn d'Prioritéiten op déi méi aarm Länner a spezifesch Secteure gesat, wéi zum Beispill Infrastruktur, Landwirtschaft oder de private Secteur.

1963 gouf zu Khartum am Sudan d'Ofkommes fir d'Bank ze grënnen adoptéiert an den 1. Juli 1966 huet se ugefaange mat schaffen. Obwuel d'AfDB ufanks als pur afrikanesch Institutioun gegrënnt gouf, kënnen zanter 1982 och net-afrikanesch Länner zouzeloosse fir sou Zougank zu weidere Kapitalquellen ze hunn. 78 Länner si Member vun der Bank, dorënner alleguer d'afrikanesch a 24 net-afrikanesch Länner. Enn 2010 huet d'AfDB Suen am Wäert vu ronn 12 Milliarden US-Dollar geréiert, dovun ëm déi 7 Milliarden USD an de verschiddene Portefeuilleë vun der AfDB selwer an 4,94 Milliarden USD am Afrikaneschen Entwécklungsfong.

2014 hunn de lëtzebuergesche Finanzminister Pierre Gramegna an de Bankpresident Donald Kaberuka en Accord iwwer d'Memberschaft vu Lëtzebuerg ënnerschriwwen, an deem festgehale gouf datt d'Land iwwer déi nächst 8 Joer 25 Milliounen Euro wäert investéieren... > méi



Schabloun:AVDW S23

D'Aarnescht ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Nidderaanwen. Um kallekräichem Hank am Nordoste vun der Uertschaft Ueweraanwen erstreckt sech en ofwiesselungsräicht Gebitt mat Hallefdréchewisen, wouvun zirka 75 ha zanter 1988 ënner Naturschutz stinn. Schonns 1973 war d'Aarnescht an den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroe ginn. Op Initiativ vum Professer Léopold Reichling gouf s'als eent vun den éischten Naturschutzgebidder zu Lëtzebuerg ausgewisen.

Se zeechent sech aus duerch e kallek- an tounräiche Buedem, deen nierstoffaarm an dréchen ass, an d'Hëtzt gär späichert. Dës geologesch a klimatesch Bedéngungen hunn en aarteräichen a villsäitege Liewensraum geschaf, dee sech haaptsächlech duerch Hallefdréchewisen auszeechent. D'Aarnescht ass besonnesch bekannt fir seng Orchideeën, där et hei iwwer zwanzeg Aarte ginn. Weider bléien do vill aner Planzenaarten, wat vill Insekten unzitt, (dorënner eng 136 Päiperlekszorten, eng 22 Grillen an Heesprénger, an 102 verschidde Wanzenaarten) déi nees fir hiren Deel kleng Déieren ernieren, wat sengersäits d'Gräifvullen appreciéieren.

E 4 km laangen Naturléierpad féiert duerch d'Aarnescht... > méi



Schabloun:AVDW S24

Bois du Cazier ass eng fréier belsch Kuelegrouf zu Marcinelle, an der Gemeng Charleroi an der Provënz Hainaut.

Dat éischt Dokument an deem vun der Kuelegrouf rieds geet ass vun 1822. Den Numm Bois de Cazier gouf warscheinlech erausgesicht fir un e leschte Baron de Cazier an der Géigend vu Charleroi z'erënneren. 1826 gouf et véier Pëtzer um Bois du Cazier, wovun ee mat engem Fërdertuerm dee mat Damp gedriwwe gouf, ekipéiert war an deen dofir Fosse de la Machine genannt gouf. E gouf spéider op Saint-Ernest gedeeft gouf war ufanks 48 Meter déif, ma gouf bis 1864 no an no op 244 Meter verdéift. 1867 gouf en nees zougemaach, well d'Entlëftung ouni Ventilateur net méi duergoung.

1868 gouf en neie Pëtz, Saint-Charles, ugeluecht, deen an de Joren dono ausgbaut gouf, well a 600 Meter Déift nei räich Oderen entdeckt goufen, déi eng Exploitation vun 120.000 Tonnen am Joer erméiglecht hunn. Ausserdem gouf tëscht de Grouwe Marcinelle Nord a Réunion en neie Carreau ugeluecht. De Besëtzer huet, wéinst den héijen Investissementszommen, och e puermol gewiesselt,

D'Grouf gouf traureg bekannt duerch dat gréisst Grouwenongléck dat et jee an der Belsch gouf, den 8. August 1956. E Feier war am Pëtz Saint-Charles op 975 Meter Déift ausgebrach an huet sech séier ausgebreet, woubäi den Damp an all d'Gallerië weidergeblose gouf, soudatt all d'Mineuren déi an der Grouf waren erstéckt sinn. Et waren dëst 262 Doudeger vun 12 Nationalitéiten, dovun iwwer d'Hallschecht Italieener... > méi


Schabloun:AVDW S25

CinEast oder CinÉast ("Ciné East" ausgeschwat), mam laangen Numm Festival du film d'Europe centrale et orientale, ass e Filmfestival, deen zanter 2008 all Joer am Oktober zu Lëtzebuerg op verschiddene Plazen organiséiert gëtt.

En ass op Filmer aus Mëttel- an Osteuropa spezialiséiert, woubäi d'Zuel vun de Länner, déi ofgedeckt ginn, no an no gewuess ass. Ausser Spillfilmer ginn och Documentairen, Animatiouns- a Kuerzfilmer presentéiert. Nieft de Projektiounen (generell tëscht 50 a 65 verschidde Spillfilmer an 30 Kuerzfilmer) bitt de Festival och Debatten, Concerten, Ausstellungen, kulinaresch Evenementer an Animatioune fir Kanner.

Déi bescht Filmer gi vun enger Jury a verschiddene Kategorien erausgesicht. Eng international Jury wielt d'Gewënner vum Grousse Präis ("Grand Prix") a vum Spezialpräis, eng aner Jury aus Filmkritiker verdeelt de Kritikerpräis, an och de Public wielt d'Gewënner vum Publikumspräis a véier Kategorien. De Festival gëtt vu Fräiwëllegen organiséiert... > méi


Schabloun:AVDW S26

De Centre culturel "Schungfabrik" zu Téiteng ass de Kulturzenter vun der Gemeng Keel. Den Numm krut e vun der Schongfabrick, déi vun 1913 bis 1966 am Gebai gefouert gouf.

De Mathias Hubert (1859-1946), e Schouster zu Téiteng, huet, wéinst der héijer Nofro vu sengen zolitte Schong, 1912-1913 op sengem Grondstéck an der Géigend vun der Neiwiss, zesumme mat sengem Brudder eng Schongfabrick baue gelooss. Dës hat ufanks 34 Betribsmaschinnen, déi duerch en Dieselmotor ugedrwwe goufen. 1917 hu 70 Leit an der Fabrik geschafft, an den Hubert huet decidéiert, se ze vergréisseren. Haaptprodukt ware Sécherheetsschong mat stolen Nuesen, déi am Biergbau an an der Industrie gebraucht goufen.

1964 gouf d'Schongfabrick vun der Firma Romika iwwerholl. Duerch den Asaz vu moderne Maschinnen ass d'Zuel vun den Aarbechter op 37 erofgaangen. Ma schonn 2 Joer duerno huet se fir ëmmer zougemaach. Am Gebai war nach eng Zäit en Depot fir Bürosmiwwelen, ier et 1980 vun der Gemeng opkaf gouf. D'Gemeng huet et renovéiere gelooss, sou dass 1990 de Kulturzentrum ageweit konnt ginn. D'Gebai steet op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter ... > méi


Schabloun:AVDW S27

Als Revisioune vun der Lëtzebuerger Constitutioun tëscht 2021 an 2023 ass d'Reform vun der Lëtzebuerger Constitutioun ze verstoen, déi a véier Voleten duerchgefouert gouf. All Volet entsprécht enger eenzeler Proposition de révision fir déi en duebele Vott an der Chamber virgesinn ass.

Där viraus gaange war eng Revisiounspropositioun, déi hirersäits schonn op jorelaanger Virbereedungsaarbecht baséiert huet, an déi 2009 an der Chamber deposéiert gouf. D'Institutiounekommissioun huet an de Joren duerno nach weider dru geschafft. De Konsens, deen 2018 bestoung fir eng „nei Verfassung” ze schreiwe gouf duerno a Fro gestallt an et ass sech dunn drop gëeenegt gi fir éischter eng substantiell Reform vun der aktuell gëlteger Verfassung ze maachen. Dës geschouch a véier Etappen.

Enn Dezember 2022 waren déi véier Propositioune fir d'Verfassungsrevisioun mat de Stëmme vun den dräi Regierungsparteien (LSAP, DP, Déi Gréng) an der CSV mat de Piraten ugeholl. D'Deputéiert vun Déi Lénk hu sech enthalen an d'ADR huet dergéint gestëmmt. Déi nei Bestëmmunge goufen de 17. Januar 2023 vum Groussherzog ënnerschriwwen an den 18. Januar am Mémorial publizéiert

Déi nei Constitutioun gëllt vum 1. Juli 2023 un... > méi


Schabloun:AVDW S28

Den FC Blo-Wäiss Izeg a.s.b.l. ass e lëtzebuergesche Foussballveräin vun Izeg.

E gouf 1941 als "FC Blô-Weiss Itzég" gegrënnt, a gläich drop an "FK Blau-Weiß Itzig" zwangsëmbenannt. 1944 gouf dësen nees an "FC Blo-Weiss Itzeg" zeréckbenannt.

Vun 1919-1923 an eng zweet Kéier vun 1926-1928 gouf et e weidere Foussballclub zu Izeg, dësst ënnert dem Numm "FC Excelsior Itzig".

Den FC Blo-Wäiss Izeg huet 850 Memberen, dovu 716 lizenzéiert Sportler (281 Senioren/Veteranen, 76 Dammen, 359 Jugendlizenzen). E spillt seng Heem-Matcher um Stade Albert-Kongs. D'Clubfaarwe si blo a wäiss.

An der Saison 2022/23 spillt d'1. Ekipp vun de Männer an der 1. Divisioun / 2. Bezierk, an d'Dammenekipp an der 1. Liga. D'Izeger Dammenekipp huet sech zanter 2006 e puermol mat anere Veräiner zesummegedoen an als Entente um Championnat deelgeholl... > méi


Schabloun:AVDW S29

Den (134340) Pluto ass en Zwergplanéit an de prominentsten Objet vun der Kuiperceinture. En ass nom réimesche Gott vun der Ënnerwelt genannt. D'astronomescht Symbol vum Pluto ass .

De Pluto ass méi kleng wéi eisen Äerdmound a beweegt sech op enger elliptescher Bunn ëm d'Sonn. D'Form vun der Bunn wäicht däitlech vun de Planéitebunnen of. E brauch fir eng Ëmdréiung ronderëm d'Sonn 247,68 Joer.

Vu senger Entdeckung den 18. Februar 1930 bis zu senger Neidefinitioun de 24. August 2006 ass de Pluto vun der IAU vum néngten a leschte Planéit vun eisem Sonnesystem zu engem Klengplanéit mat der Nummer 134340 zeréckklasséiert ginn. Weider goufen nom Pluto déi nei definéiert Klasse vu Plutoiden a Plutinoe genannt.

Am Juli 2015 ass d'Raumsond New Horizons, no 10 Joer Rees, op 9600 Kilometer Distanz laanscht de Pluto an dann op enger Distanz vun 27.000 Kilometer laanscht säi Mound Charon geflunn. Nieft dem Charon sinn nach 4 aner Mounde bekannt ... > méi


Schabloun:AVDW S30

De Läb ass eng lëtzebuergesch Hip-Hop- a Rap-Band aus dem Süde vum Land. Si gouf am Summer 2006 vun 3 jonke Minettsdäpp an d'Liewe geruff: dem Corbi (rap & beats), dem David Fluit (rap, beats & scratches) an dem Spenko (beats & scratches).

Wärend 3 Joer ware s'an enger klassescher MC-DJ-Formatioun op de Bünen ënnerwee, bis se 2010 zu der éischter Hip-Hop-Liveband vu Lëtzebuerg mat reale Museker goufen, andeems eng 5 Museker bei d'Band derbäikoumen, déi och all dat eent oder anert Stéck bäigedroen hunn. 2011 gouf hiren éischten Album D'Stëbslong am Club-Sall vun der Rockhal virgestallt. Dat Joer si s'och mam OPL, am Kader vun der Fête de la Musique, opgetrueden. Bis 2023 huet De Läb zwéi weider Albumen a véier EPe publizéiert.

Hir Texter hu gréisstendeels e gesellschaftskriteschen Hannergrond, ëmmer begleet vun engem gudden Hauch Ironie a Sarkasmus. Hir Soundfaarf ass vu Samples beaflosst, déi si dacks vu Schallplacken huelen... > méi


Schabloun:AVDW S31

D'Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg an der Stad Lëtzebuerg ass eng réimesch-kathoulesch Kierch am goteschen an neigotesche Stil aus dem 17. an 20. Joerhonnert. Si ass d'Kierch vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg a gehéiert zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg. Se läit tëscht der Ënneschtgaass an dem Boulevard F.D. Roosevelt a markéiert mat hiren dräi spatzen Tierm d'Stadbild vun der Uewerstad.

D'Kierch gouf tëscht 1613 a 1621 vun de Jesuitten nieft hirer Schoul, dem Kolléisch, gebaut. Vun 1935 bis 1938 gouf si op déi haiteg Gréisst ausgebaut. Den Numm Notre-Dame krut se 1844, zur Kathedral gouf se 1870, wéi Lëtzebuerg zu enger eegener Diözes gouf.

Zanter 1794, wéi eng Statu vun der Tréischterin am Leed aus der deemoleger Kapell um Glacis dohi bruecht gouf, ass d'Kierchd'Pilgerplaz vun der Muttergottesoktav ... > > méi


Schabloun:AVDW S32

De Vëlodukt vun Esch-Uelzecht op de Belval ass eng Bréck fir Foussgänger a Vëlosfuerer, déi zur Vëlospist PC8 gehéiert an am Dezember 2022 opgaangen ass. Se geet zu Esch am Quartier Uecht, An der Schmelz fort, leeft iwwer den Terrain vun ArcelorMittal a kënnt um Belval bei der Avenue des Sidérurgistes eraus. Mat hire ronn 1500 Meter (dovun der 300 fir d'Rampen) gëlt s'als déi längst Vëlosbréck an Europa.

D'Streck ass a fënnef Lousen agedeelt. Deen éischte féiert laanscht d'Strooss, geet dann am Beräich deen "Allee" genannt gëtt, an enger Pente vu 5 %, biergop bis op déi eigentlech Bréck. Deen Deel, "Promenade" a "Schmez" genannt, läit op metalle Peiler, op enger Héicht vu 7,5 m, parallel mat de Schinne vun der Wierksbunn. Déi nërdlech Säit, a roudelzecher Faarf gehalen, ass fir Vëlosfuerer, déi südlech, déi moschtergiel ass, ass fir Foussgänger.

Kuerz virum Belval kënnen d'Cyclisten iwwer eng Ramp bis bei d'Avenue des Sidérurgistes fueren, iwwerdeems d'Foussgänger iwwer eng Trap oder mam Lift direkt an der Avenue du Rock'n'roll erauskomme kënnen... > méi


Schabloun:AVDW S33

D'Igeler Sail ass en 23 m héicht Peilergrafmonument aus der Réimerzäit, dat zu Igel op der Musel steet. Et ass dat Monument vu senger Zort nërdlech vun den Alpen dat am beschten erhalen ass, a steet dowéinst op der Unesco-Lëscht vun de Weltkulturierwen.

D'Igeler Sail gouf an der éischter Hallschent vum 3. Joerhonnert vun der Famill vun de Secundinier gebaut, déi zu Augusta Treverorum (haut Tréier) mat Duch gehandelt hunn. Nieft hirer primärer Funktioun, un déi Doudeg vun där Famill z'erënneren huet se sou och nach 'Rklamm' fir där hir Duchentreprise gemaach.

D'Monument, dat ursprénglech faarweg war, ass follgendermoosse vun ënnen no uewen opgebaut: Basis mat Träppleker, Sockel, Haaptdeel, Fris, Attika, dräieckege Giewel. D'Sail gëtt ofgeschloss mat enger Representatioun vum Ganymed, dee vum Jupiter sengem Aadler entfouert gëtt. Den Text vum Haaptbild erzielt iwwer d'Liewe vun de Verstuerwene vun der Famill. D'Bild weist, wéi den zweete Bouf vum Securus him a sengem Brudder Aventinus Äddi seet. Op den anere Säite vum Haaptdeel sinn, wéi och am Giewel, Zeenen aus der griichescher Mythologie duergestallt... > méi


Schabloun:AVDW S34

De Grénge Leguan (Iguana iguana) ass e Reptill aus der Famill vun de Leguanen (Iguanidae), deem säi Verbeedungsgebitt sech vum mëttlere Süd- bis iwwer ganz Mëttelamerika zitt.

Vum Kapp bis zum Enn vum Schwanz ass e ronn 1,5 Meter, seele bis zu 2,2 Meter laang. Dobei ass de Schwanz eppes méi wéi duebel sou laang wéi de Kierper. D'Grondfaarf vum Kierper variéiert vu gréng iwwer gro-gréng bis zu brong-gréng. D'Männercher sinn dacks zum Deel rout gefierft. Ënner dem Kënn ass e grousse Lappen ze gesinn, dee beim Imponéieren, besonnesch och wärend der Reproduktiounszäit, ausgebreet a vun der Säit gewise gëtt, wouduerch de Kierper méi imposant ausgesäit. Iwwer de ganze Réck an och de viischten Deel vum Schwanz sti laang Stachelen.

Déi Gréng Leguane sinn dagaktiv an hale sech meescht an de Beem op, wou se Blieder a Friichte friessen. Do wou se sech sécher viru Friessfeinde fillen, hale se sech och um Buedem op. Bei Gefor loosse se sech gär vun engem Aascht erof an d'Waasser falen an dauchen ënner... > méi


Schabloun:AVDW S35

D'Siderurgie, also d'Eisen- a Stolindustrie zu Lëtzebuerg ass en Industriesecteur, deen (Stand 2020) knapps 2 % vum PIB ausmécht.

An der Vergaangenheet, vun ca. 1890 un a bal dat ganzt 20. Joerhonnert erduerch, huet den Export vun Eisen- a Stolprodukter eng aussergewéinlech wichteg Roll an der Ekonomie vu Lëtzebuerg gespillt, a war, zesumme mat der Extraktioun vun der Minett, d'Basis vum wirtschaftleche Wuelstand vum Land am 20. Joerhonnert: Lëtzebuerg stoung bei wäitem un der Weltspëtzt, wat d'Produktioun vu Stol an Eisen pro Awunner a Joer (12 bis 15 Tonnen) betrëfft.

D'Entwécklung vun der Siderurgie war méiglech, wéinst de Minettslageren um südleche Bord vum Land (Deel vum Loutrenger Minettsbaseng), an dem Investissement an d'Veraarbechtung, virum Éischte Weltkrich vun däitsche Stolkonzerner, an dono vu belsch-franséischem Kapital.

An den zwee éischte Joerzéngte vum 20. Joerhonnert war Lëtzebuerg weltwäit op sechster Plaz, wat de Volume vu produzéiertem Stol an Eisen ugeet, an d'Arbed war ënner den 10 gréisste Stolkonzerner. Vun den 1960er Joren un huet d'Roll vun der Siderurgie an der Ekonomie vum Land, relativ gekuckt, ugefaangen ofzehuelen, ma besonnesch vun 1974 un, wéi déi éischt Stolkris an Europa ausgebrach ass, goung d'Produktioun däitlech erof (bis 1992 ëm 50 %), an d'Zuel vun de Beschäftegten ass vu bal 30.000 op knapps 10.000 gefall... > méi


Schabloun:AVDW S36

Bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 zu Lëtzebuerg goufen 51 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt. D'Legislatur huet aus den uerdentleche Sessiounen 1945/46, 1946/47 an 1947/48 bestanen.

Et waren déi éischt Chamberwalen nom Enn vum Zweete Weltkrich. Fir d'Zäit tëscht der Liberatioun, am September 1944, an de Walen, hat d'Regierung eng sougenannt Assemblée consultative ageruff, an där en Deel vun den Deputéierten déi 1934 an 1937 gewielt gi waren, a Vertrieder aus der Zivilgesellschaft, absënns der Resistenz, vertruede waren. Déi hat awer keng legislativ Pouvoiren, d. h. se konnt selwer keng Gesetzer stëmmen, just d'Regierung 'beroden'.

Déi véier Parteien, déi den 21. Oktober 1945 déi meescht Deputéiert kruten, hunn an der Folleg vun dëse Walen d'Regierung vun der Nationaler Unioun gestallt. Domat war séchergestallt, datt déi néideg Gesetzer, fir d'Nokrichszäit ze reegelen an z'organiséieren, an engem grousse Konsens zustane kéimen.

De 16. November 1945 ass déi nei gewielt Chamber fir d'éischt zesummekomm. Net all gewielt Kandidate konnten hiert Mandat untrieden... > méi


Schabloun:AVDW S37

La Clef du cabinet des princes de l'Europe ou recuëil historique & politique sur les matieres du tems war déi éischt Zeitung, déi zu Lëtzebuerg erauskomm ass. Déi éischt Nummer koum den 1. Juli 1704 op de Maart. Se ass vun do un all Mount erauskomm, ouni Ënnerbriechung, bis am Juli 1794.

Hanner där Entreprise stoungen am Ufank de Libraire, Drécker a Journalist Claude Jordan (gebuer ëm 1659) an den Drécker André Chevalier (1660-1747), deen an der Stad Lëtzebuerg eng Dréckerei hat. Déi zwéin hu sech 1704 zesummegedoen, fir, nom Beispill vun de Gazettes de Hollande, vu Lëtzebuerg aus, eng Zeitung fir Loutrengen (dat deemools vu Frankräich onofhängeg war) an de franséische Marché ze produzéieren. E Lëtzebuerger Maart war deemools quasi inexistent.

Wéi am Titel ugedeit, sollt d'Zeitung Abléck ginn hanner d'Kulisse vun de Regierungscabineten, wou iwwer Krich a Fridden an Europa decidéiert gouf (et war grad Spueneschen Ierffollegkrich). D'Struktur war ëmmer déi selwecht: International Nouvellen, klasséiert no de Kinnekräicher. Da gouf et eng Rubrik Klatsch an Aktuelles (Zeremonien, Klappjuegten, wou de Kinnek matgemaach huet, d'Gebuert vu Prënzekanner, asw.), an eng iwwer d'Kritik vun neie Bicher. No an no sinn awer och ëmmer méi Noriichten aus regionale Parlamenter, oder Artikelen iwwer opgekläerte Philosophen, déi den Absolutismus bekämpft hunn, dra gedréckt ginn... > méi


Schabloun:AVDW S38

D'Mansfeld-Gebai, en historescht Gebai an der Stad Lëtzebuerg, ass zanter 2017 de Sëtz vum Ausseministère vun der Lëtzebuerger Regierung.

Deen eelsten Deel vum Gebai laanscht déi haiteg rue du Palais de Justice, gouf 1545 als Privathaus gebaut. 1564 huet de spuenesche Kinnek Philippe II. de Besëtz kaaft an en zum Sëtz vum Gouverneur, deemools de Péiter Ernest vu Mansfeld, gemaach. Iwwer 2 Joerhonnert, bis 1795, war et de Palais vum Gouverneur vun der Festung Lëtzebuerg.

Am 19. Joerhonnert gouf d'Gebai vu verschiddene Verwaltunge benotzt. 1886 gouf et, no Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt zu engem Geriichtspalais ëmgebaut, an déi monumental Fassad aus Sandsteen, zanterhier d'Haaptentrée, koum derbäi. D'Funktioun vum Geriichtspalais gouf bis 2008 bäibehalen, wéi d'Cité judiciaire fäerdeg gouf an d'Geriicht dohi verluecht gouf. No Renovatiounsaarbechten ass 2017 den Ausseministère erageplënnert, an d'Gebai krut dunn den offiziellen Numm Bâtiment Mansfeld... > méi


Schabloun:AVDW S39

D'Feieromes, och Feiersalamander genannt (Salamandra salamandra), ass eng europäesch Amphibienaart aus der Famill vun de Salamandridae.

D'Aart kënnt a groussen Deeler vun Europa vir, bis op eng Héicht vu 600 bis 800 Meter, ausser a Skandinavien, Groussbritannien, Irland an Nordosteuropa. Feieromesse liewen a Lafbëscher mat proppere Baachleef; si si meeschtens nuets aktiv a verstoppe sech am Dag ënnert Blieder oder a Splécken an Hielen. Si erniere sech vu klengem Gedéiesch - Insekten, Wierm, Schleeken, kleng Fräschen, asw.

Si kënne vu Kapp bis de Wupp vum Schwanz 23 Zentimeter grouss ginn an eng 40 Gramm weien. Si hunn eng glat, pechschwaarz Haut, op där um Réck giel bis orange Sträifen oder Tëppelen ze gesi sinn. Dës opfälleg Faarf déngt dozou, Friessfeinden ofzeschrecken, an op hir Gëftegkeet hinzeweisen... > méi


Schabloun:AVDW S40

D'Gare vu Lëtzebuerg ass eng Gare an der Stad Lëtzebuerg vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Et ass déi gréisst Gare am Land, an déi mat de meeschte Passagéier.

D'Gare gëtt vun den CFL-Strecken 1, 3, 4, 5, 6 a 7 ugefuer, déi zum Deel Uschloss un de Reseau vun den dräi Nopeschlänner hunn.

D'Gebai aus dem Joer 1912, am Miseler Barock, ass eent vun den imposantste Gebaier an der Stad. Et gouf 1989 als nationaalt Monument klasséiert. De Virgängerbau vun 1858/59 huet missen aus Holz ginn, fir am Fall vun enger Belagerung vun der Festung kënnen ofgebrannt ze ginn. D'Festung war och de Grond, firwat de Standuert baussent dovun, um (deemolegem) Hollerecher Territoire gebaut gouf.

No der Gare gouf och d'Plaz virdrun - d'Garer Plaz - an de Quartier ronderëm - de Garer Quartier - genannt. Eng Foussgängerbréck iwwer d'Schinnen nieft der Gare verbënnt de Garer Quartier direkt mat Bouneweg... > méi


Schabloun:AVDW S41

De Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst (an Originalschreifweis: Renert oder de Fuuß am Frack an a Ma'nsgrëßt) ass eng Fabel vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Michel Rodange, déi 1872 fir d'éischt erauskoum.

De Renert ass eng Déierefabel, déi um Johann Wolfgang von Goethe sengem Reinecke Fuchs baséiert. Virdergrënneg geet et ëm d'Geschicht vum Fuuss Renert, deen déi aner Déiere veruuzt (och alt der doutmécht), dofir e puermol viru Geriicht gestallt gëtt, zum Schluss awer vum Kinnek, dee sech och vum Fuuss ëmgaachele léisst, geadelt gëtt. Mä d'Geschicht ass just de "Virwand", fir d'gesellschaftlech a politesch Zoustänn satiresch ze beschreiwen oder ze parodéieren: Wéi Lëtzebuerg, am Kader vun der Lëtzebuerg-Kris, bal vun engem vu sengen Nopere geschléckt gouf an d'Industriebesëtzer (déi bal all och gläichzäiteg Politiker waren) zerstridden hunn, wou s'am beschten ewechkéimen; d'Hypokrisie vun der deemools nach allmächteger kathoulescher Kierch, z. B. an der Affär vum Paschtouer vu Maarnech, engem sou gutt et goung vertuschte Pedophilieskandal, a wéi déi einfach Leit (duergestallt duerch kleng Déieren - Mais, Vigel, och alt Schof) ëmmer nees déi Domm dobäi waren.

Well vill Bierger an och d'Kierch sech getrëppelt gefillt hunn, gouf d'Buch laang doutgeschwigen an souguer zenséiert. Haut awer gëtt de Renert als dat gréisst Stéck Literatur a Lëtzebuerger Sprooch vum 19. Joerhonnert ugesinn... > méi


Schabloun:AVDW S42

Fuerplang vun 1934
Fuerplang vun 1934

D'Eisebunnsstreck Grondhaff-Beefort, déi vun der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, kuerz de Prënz oder PH, exploitéiert gouf, war mat enger Längt vu 7,3 km eng vun de kierzten Eisebunnsstrecken zu Lëtzebuerg.

Wéi 1873 d'Sauerstreck Dikrech-Iechternach opgaange war, koum d'Iddi eng éischt Kéier op, eng Ofzweigung op Beefort ze maachen, fir de Männer vun do, vun deenen der eng ettlech an de Minièren am Süde geschafft hunn, et méi liicht ze maachen dohin ze kommen.

Et sollt awer bis 1902 daueren, ier d'Aarbechte fir de Bau vun der Schmuelspuerbunn als utilité publique deklaréiert goufen a finanzéiert konnte ginn.

Den éischten Deel vun der Streck - tëscht dem Grondhaff an der Carrière vun Déiljen - ass de 4. November 1904 op enger Längt vu 6 km opgaangen. D'Verlängerung vun der Streck fir de Persouneverkéier bis op Beefort ass eréischt 1911 a Betrib geholl ginn... > méi


Schabloun:AVDW S43

D'Septembermassakere waren eng Rei vun Hiriichtungen, déi sech vum 2. bis 7. September 1792 am revolutionäre Frankräich ofgespillt hunn. Et ass eng vun den däischtersten Episode vun der Franséischer Revolutioun. Zu de Massakere koum et net nëmmen zu Paräis, mä och an anere Stied vum Land, wéi zum Beispill zu Orléans, Meaux oder Reims.

Zanter dem 20. Abrëll 1792 war Frankräich am Krich géint Éisträich. D'preisesch Arméie waren den 23. August zu Lonkech, a Verdun gouf belagert. Zu Paräis koum et zu enger Panik. Rumeure sinn ronderëm gaangen, datt d'Géigner vun der Revolutioun aus hire Prisongen eraus e Komplott géife plangen. D'Sans-culottes hunn no enger huerteger Gerechtegkeet verlaangt, fir dem 'Komplott' en Enn ze setzen.

D'Massakeren hu mam Erwierge vun 23 refractairë Paschtéier am Prisong vun der Abbaye ugefaangen. Eng Grupp huet sech duerno weider op de Wee an d'Klouschter vu Carmes gemaach, wou se 150 gefaange Paschtéier ëmbruecht hunn. D'Grupp ass duerno nees zeréck an d'Abtei gaangen, an huet e "Geriicht" installéiert. Nodeem iwwer 300 Persounen e "Prozess" gemaach gouf, goufen och si higeriicht... > méi


Schabloun:AVDW S44

D'Péitruss-Kasematte si Kasematten an der Stad Lëtzebuerg, déi an enger Visite accompagnée besicht kënne ginn.

Hiren Urspronk geet op d'Zäit zeréck, wéi d'Spuenier d'mëttelalterlech Festungswierker moderniséiert hunn a grouss Bastioune wéi d'Bastioun Beck gebaut hunn, op där hirer Plattform déi haiteg Place de la Constitution (Gëlle Fra) läit. Fir d'Bastioun ze verstäerken hu se 1673/74 e Verdeedegungswierk (Ravelin) a Form vun engem Hallefmound gebaut, de Ravelin Beck-Jost, och nach Ravelin du Pâté oder "Paschtéitche" genannt.

Hir haiteg Form geet op de Kont vum franséische Festungsingenieur Vauban. Ënnert der Éisträichescher Herrschaft gouf bannen am Bastioun Beck eng Trap ugeluecht iwwer déi een erof an de Péitrussdall koum, an duerch e Passage an der Bourbon-Schleis déi aner Säit erop an de Fort Bourbon. Tëscht 1746 a 1751 hunn d'Éisträicher d'Kasematten ugeluecht déi als Batterie de la Pétrusse bezeechent goufen. Et goufen haaptsächlech bommesécher Artilleriekasematten ënnert der Paschtéitchen an de Fiels gehaen.

Nom Schleefe vun der Festung goufen d'Péitruss-Kasematten als Schéissstand an de Ravelin Paschtéitche als Zuuchtplaz vu Champignonen genotzt. Wärend de béide Weltkricher goufen d'Péitruss- (an d'Bock-)Kasematten als Schutzbunker benotzt.

Zanter 1933 si se op fir touristesch Visitten... > méi


Schabloun:AVDW S45

De Charles "Pete" Conrad, Jr., gebuer den 2. Juni 1930 zu Philadelphia, am Pennsylvania, a gestuerwen den 8. Juli 1999 zu Ojai, a Kalifornien, war en US-amerikaneschen Astronaut.

De Conrad huet nach als Schüler de Piloteschäi gemaach. No sengem Lycées-Ofschloss 1949 huet hien op der Princeton Universitéit Loftfaarttechnik studéiert, a krut och e Stipendium vun der US-Marinn, wou hie Pilot gouf. Méi spéit gouf hien do Instrukter a vun 1957 un, Testpilot.

1962 gouf hie vun der NASA zeréckbehalen fir fir hir zukünfteg Missiounen ausgebilt ze ginn. Hie gouf Pilot fir d'Missioun Gemini 5 (1965), Ersatzkommandant vu Gemini 8 (1968), bei där fir d'éischt eng Kopplung am Weltraum gemaach gouf, a Kommandant vum Fluch Gemini 11 (1966). Direkt dono gouf de Conrad an den Apollo-Projet versat. Do gouf hien, mam Richard Gordon a mam Alan Bean als Member vun der Ekipp vun Apollo 12 nominéiert. Den 19. November 1969 sinn de Conrad an de Bean mat der Moundfär Intrepid am Ozean vun de Stierm gelant. De Conrad ass als éischten erausgeklommen, a war domat den drëtte Mënsch um Äerdmound... > méi


Schabloun:AVDW S46

D'Hollerecher Schluechthaus ass e fréiert Schluechthaus am Stater Quartier Hollerech, dat haut fir kulturell a sportlech Zwecker benotzt gëtt.

Wéi d'Gemeng Hollerech 1920 an d'Gemeng Lëtzebuerg integréiert gouf, ass d'Entscheedung getraff ginn, en neit zentraalt Schluechthaus mat Killanlagen an engem Véimaart ze bauen. Als Standuert gouf Hollerech gewielt, wou en Areal vu véier Hektar zur Verfügung stoung, dat un dat aalt Schluechthaus gegrenzt huet. Et ass den 30. Dezember 1929 a Betrib gaangen a gouf den 20. Juni 1930 offiziell vum Buergermeeschter Gaston Diderich ageweit.

Iwwer déi nächst 50 Joer ass d'Hollerecher Schluechthaus reegelméisseg erweidert an op den neiste Stand gesat ginn. 1980 goufen am Schluechthaus all Joer 4.000 Tonne Fleesch produzéiert. Den 1. August 1997 gouf d'Schluechthaus fir zerguttst zougemaach. D'Gebaier hu sech lues a lues zu engem Treffpunkt vun der Lëtzebuerger Inlineskate- a Graffiti-Zeen etabléiert an et gouf en Indoor-Skatepark amenagéiert an deem och Inline-Kompetitiounen a Graffiti-Jams organiséiert goufen.

Zanter 2020 gëtt u Pläng fir dat zukünftegt „Schluechthaus“ geschafft, déi virgesinn, datt de Skatepark bestoe bleift, an doriwwer eraus Kultur, Sport, Commerce an en intergenerationelle Projet, sou wéi och e Creative Hub Plaz dra fanne sollen... > méi


Schabloun:AVDW S47

D'Natalie Zemon Davis, gebuer den 8. November 1928 zu Detroit, a gestuerwen den 21. Oktober 2023 zu Toronto, war eng kanadesch-US-amerikanesch Historikerin.

Si gëllt als Pionéierin an der Sozialgeschicht an ass bekannt fir hir Rekonstruktioune vum Liewe vun "normale" Leit, zum Beispill Verkeefer, Aarbechter a Baueren aus dem 16. a 17. Joerhonnert an Europa. Zu hire bekanntste Wierker zielen Society and Culture in Early Modern France (1975) an The Return of Martin Guerre (1983).

D'Natalie Zemon Davis huet Bicher an iwwer 80 Artikelen verëffentlecht, dovun e groussen Deel iwwer d'Sozial- a Kulturgeschicht vu Frankräich am 16. Joerhonnert.

2010 krut si den Internationale Holberg-Gedenkpräis fir hir narrativ Approche un d'Geschicht z'éieren... > méi


Schabloun:AVDW S48

D' Schlass vu Montsoreau (fr.: Château de Montsoreau) ass e Schlass op der Loire, bei der Uertschaft Montsoreau um lénksen Uwänner vun der Loire, am Departement Maine-et-Loire.

Et steet op enger strategescher wichteger Plaz, ronn annerhallwe Kilometer flossof vum Zesummefloss vun der Loire an der Vienne, um Schnëttpunkt vun den dräi Regiounen Anjou , Poitou an Touraine. D'Gebai ass eng Mëschung tëscht Festung a Loschtschlass an et ass dat eenzegt Loire-Schlass dat direkt um Uwänner vun der Loire gebaut gouf. Et gouf an der Renaissance vum Jean II. vu Chambes gebaut. 1862 gouf et als Monument historique klasséiert. An der Tëschekrichszäit gouf d'Schlass, dat delabréiert war, restauréiert. Mat anere Loire-Schläser gouf et 2000 op d'Lëscht vun de Weltierwe vun der Unesco opgeholl. Haut ass et e Musée fir zäitgenëssesch Konscht.

D'Schlass vu Montsoreau ass 1845/46 am Alexandre Dumas sengem Roman La Dame de Monsoreau veréiwegt ginn... > méi


Schabloun:AVDW S49

Brout ass en traditionellt Liewensmëttel, dat aus engem Deeg vu gemuele Kären (Miel), Waasser, jee nodeem engem Dreifmëttel, Salz an eventuell anere Bestandeeler gebak gëtt.

Et gëtt zwou Grondzorte vu Brout: däers aus gesaiertem Deeg an däers aus ongesaiertem. Bei gesaiertem Brout, där zu Lëtzebuerg geleefegster Zort, gëtt en Dreifmëttel (Hief oder Deessem) an de Broutdeeg gemëscht. Dëse geet virun a beim Baken "op", doduerch gëtt d'Brout mëll a lëfteg bannendran.

An der orientalescher Kiche ass Fluedebrout aus ongesaiertem Deeg beléift, an Indien gëtt et déi méi kleng Varianten dovu wéi Chapati oder Papadam, a Pakistan gëtt Puri gebak. A Südostasie kënnt d'Brout kaum vir, an Nordchina awer schonn, a Form vu gedëmpten Hiefdeegbréidercher. An Australie sinn Damper eng Spezialitéit. Aus Mexiko kommen Tortillaen aus Maismiel, an Afrika gëtt Fluede-Brout aus gemuelenem Maniok, Mill oder Mais gebak.

An Europa gëtt et mat am meeschte verschidden Zorte Brout. Eleng beim däitsche Bäckereiverband sinn iwwer 300 Zorte registréiert. D'franséisch Baguette ass zanter 2022 immateriell Kulturierfschaft vun der Unesco. Zu Lëtzebuerg gëtt Brout souwuel no der däitscher, wéi der franséischer a belscher Baktraditioun gebak.

Nieft senger Roll als Liewensmëttel huet d'Brout och eng grouss symbolesch a spirituell Bedeitung... > méi


Schabloun:AVDW S50

Den Europäeschen Hues (Lepus europaeus) ass e Mamendéier aus der Famill vun den Huesen (Leporidae).

E kënnt a groussen Deeler vu Europa vir bis eriwwer an de Südweste vu Sibirien an den Nordweste vun der Mongolei, a lieft an oppenen an hallefoppenene Landschaften. An Europa sinn d'Huesen zanter den 1960er Joren, ë.a. wéinst ëmmer méi intensiver Landwirtschaft, seng Zuelen, deelweis staark, réckleefeg.

Europäesch Huese gi vu Kapp bis Hënner ronn 40 bis 60 cm laang, a bis zu 2,5–6,4 kg schwéier. De Pelz ass um Réck variabel gielzeg-gro, ockerbrong oder brongrout mat giele Schattéierungen an hei an do dënne schwaarze Putschen. Laanscht d'Säit ass en éischter raschtgiel oder roudelzeg brong. De Kapp, den Hals, d'Broscht an d'Bee sinn hellbrong, de Bauch ass crèmewäiss. D'Ouere si groelzeg an hunn op der Spëtzt e schwaarze Fleck.

Den Europäeschen Hues ass virun allem nuets an an der Schummerecht aktiv. Baussent der Verkoppelungszäit sinn d'Déieren Eenzelgänger a verbréngen den Dag geduckt an hirem Leeër, enger Kaul am Buedem, wou se net wibbelen a bei Gefor eréischt am leschte Moment fortlafen. Da kënne s'op enger kuerzer Distanz bis zu 70 km an der Stonn lafen a bis zu 2 m héich sprangen... > méi


Schabloun:AVDW S51

D'Nummereschëlter fir motoriséiert Stroossegefierer an hir Remorquen déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn, si prinzipiell giel mat schwaarzen Zifferen an / oder Buschtawen. Um lénkse Bord ass gemenkerhand de bloe Logo vun der EU mat de giele Stären an de Lännercode „L“ a wäisser Faarf.

D'Plackennummer déi bei der Immatrikulatioun zougedeelt gëtt, ass entweeder aus der lafender Serie oder et ass eng personaliséiert Nummer; se ass zanter dem 1. November 2023 ëmmer enger Persoun zougedeelt, egal ob et sech ëm eng personaliséiert Nummer handelt oder net.

Verschidde speziell Serië si fir d'Immatrikulatioun vu bestëmmte Kategorië vu Gefierer oder fir bestëmmt Zwecker reservéiert.

Zanter dem 1. Februar 1907 mussen all Gefier zwee Nummereschëlter mat enger lafender Nummer hunn. Vum Mäerz 1972 u kann d'Plackennummer virun den Zifferen eng oder méi laténgesch Majuskelen hunn. Zanter Januar 1974 muss bei nei- oder ëmgemellte Gefierer d'Schëld giel a réckstralend si mat schwaarzer Opschrëft; virdru war et schwaarz mat wäisser Schrëft... > méi


Schabloun:AVDW S52

D'Veduta vun der Festung Lëtzebuerg am Joer 1753 ass eng Panoramazeechnung déi den éisträichesch-ungareschen Offizéier Wenzel Callot am Joer 1753 am Optrag vum Josef Wenzel, Fürst vu Liechtenstein, vun der Festung Lëtzebuerg gezeechent huet. D'Fiederzeechnung am Format vu 35,3 × 213 cm war an den Archive vun der Wiener Albertina „verluer“ gaangen a gouf eréischt 2018 erëmfonnt. Si weist d'Uewer- an d'Ënnerstad vum Fort Obergrünewald aus.

Wéi och aner Veduten ass dem Callot säi Panorama vun der Festung Lëtzebuerg perspektivesch manipuléiert an och vu verschiddenen Standpunkten aus gezeechent ginn, eng Zeecheweis, déi fir Stadvuen tëscht dem 15. a 17. Joerhonnert geleefeg war.

Et ass eng hyperrealistesch Duerstellung vun der Festung mat enger Abberzuel Informatiounen iwwert d'Geologie, d'Vegetatioun, d'Landbenotzung, d'Architektur an d'Infrastruktur, awer ouni eng Spuer vu Mënschen oder Déieren. Déi ganz Zeechnung kann och net "op ee Bléck" gekuckt ginn, et muss een se wéinst dem breede Format stéckerchesweis z. B. vu lénks no riets kucken. De Callot huet sech e puer kënschtleresch Fräiheeten erlaabt, andeems en eenzel Deeler verzunn oder gekrëmmt huet fir e bessert Gesamtbild ze schafen... > méi