Verb

Wuert, dat eng Handlung, e Geschéien oder en Zoustand bezeechent
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Verb, vum Laténgesche verbum - "Wuert", ass e Wuert, dat an der Syntax eng Handlung (bréngen, liesen, goen, lafen, léieren, …), e Geschéien (geschéien, ginn, …), oder en Zoustand (sinn, existéieren, stoen, …) bezeechent. Et gëtt gewéinlech an der Infinitivform als Grondform ernimmt.

A ville Sprooche gi Verbe flektéiert (d. h. se änneren hir Form), fir de Sujet oder fir en Aspekt auszedrécken. Weiderhi kënne se de Genus oder d'Zuel vum Sujet oder Objet erëmginn. Verben hunn Zäiten: De Present (oder Presenz), deen ausdréckt, datt eng Aktioun am Gaang ass ausgefouert ze ginn, d'Vergaangenheet, fir unzeginn, datt d'Handlung eriwwer ass, an de Futur (Zukunft) fir unzeginn, datt se geschéie wäert.