Éisträich

Staat a Mëtteleuropa


D'Republik Éisträich ass e federale Staat a Mëtteleuropa. D'Land ass zanter 1955 Member vun der UNO an zanter 1995 Member vun der Europäescher Unioun an hat do och d'Presidence wärend dem zweete Semester 1998, am éischte Semester 2006 an am zweete Semester 2018. Nërdlech grenzt Éisträich un Däitschland an Tschechien, am Osten un d'Slowakei an un Ungarn, am Süden u Slowenien an un Italien an am Westen un d'Schwäiz an u Liechtenstein.

Republik Österreich

Fändel vun Éisträich

Wope vun Éisträich

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Däitsch, Regionalsproochen: Kroatesch, Sloweenesch, Ungaresch
Haaptstad: Wien
 • Koordinaten: 48° 13’ 00’’ N
      16° 22’ 00’’ O
Staatsform: Republik
 • President: Alexander Van der Bellen
 • Kanzler: Karl Nehammer (ÖVP)
Fläch: 83.882,56 km² (112.)
Bevëlkerung: 8.932.664 [1] (93.)
 • Bevëlkerungsdicht: 106/km²
Onofhängegkeet: 27. Juli 1955
Nationalfeierdag: 26. Oktober
Nationalhymn: Land der Berge, Land am Strome
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .at
Internationalen
Telefonsprefix
:
+43

Geschicht änneren

Haaptartikel: Geschicht vun Éisträich

Franken- an Ostfrankeräich änneren

Grouss Gebidder vum haitegen Éisträich hunn am spéiden 8. Joerhonnert zum bayresche Stammesherzogtum am fränkesche Räich vum Karel dem Groussen gehéiert. Am follgenden Ostfrankeräich, an der Regioun vum haitegen Nidderéisträich, war zanter 856 eng Marchia Orientalis de Karolenger ënnerstallt. Dës Grenzmark am Südoste vum Räich gouf d'Keimzell vum spéideren Éisträich. Dëst Gebitt goung 907 allerdéngs un Ungarn verluer. Eréischt no der Schluecht um Lechfeld 955 konnt dat ostfränkescht Räich nees no Osten expandéieren an et sinn Herzogtemer a Markgrofschaften entstanen. Domat ass och eng weider Well vu bajuwarescher (bayrescher) Siidlungsaktivitéit ugaangen.

Hellegt Réimescht Räich (962–1806) änneren

 
Friedrich I. Barbarossa
 
1683, Zweet Belagerung vu Wien duerch d'Osmanen

Am Joer 976 gouf d'Marchia Orientalis vum Keeser Otto II. engem Babenberger-Grof iwwerschriwwen. An engem Akt vun 996 gouf des Marchia Orientalis fir d'éischt Ostarrichi genannt; Aussprooch a Schreifweis hu méi spéit zu Österreich gefouert. D'Gebitt gouf och als Ostland (lat. Austria) oder Osterland bekannt an 1156 vum Keeser Friedrich I. (Barbarossa) zu engem Herzogtum erhuewen.

No de Babenberger koume vun 1278 un d'Habsburger, déi bis 1526 hiert Herrschaftsgebitt weider ausgedeent hunn an en Äerzherzogtum geschaaft hunn, wat e bedeitende Faktor am Hellege Réimesche Räich ginn ass. Schonn déi spéit Babenberger haten d'Steiermark mat Éisträich verbonnen, d'Habsburger hu vun do aus mat der Erwerbung vu Kärnten, Tiroul, Krain an anere Gebidder e Lännerkomplex an den Ostalpe geschaaft, deen Herrschaft zu Österreich genannt ginn ass. Ab 1438 huet d'Fürstenhaus bal ouni Paus déi däitsch Kinnekskroun an déi domatverbonne Keeserkroun a sengen Hänn gehat.

Vum spéide 15. Joerhonnert bis 1690 waren d'habsburgesch Länner vu permanenten Ausernanersetzunge mam Osmanesche Räich geprägt. D'Reformatioun vun der Kierch konnt sech am Ufank séier duerchsetzen, mä gouf awer am Laf vum 17. Joerhonnert zeréckgedrängt. 1713 gouf mat der Pragmatescher Sanktioun fir d'éischt ee Grondgesetz fir all Länner a Kraaft gesat. Am Éisträicheschen Ierffollegkrich konnt dat neit Haus Habsburg-Loutrengen d'Ierflänner gréisstendeels fir sech behaapten.

D'Kricher géint den Napoleon a seng Kréinung vum Keeser 1804 hunn dozou gefouert, datt de Keeser Franz II. den Titel als Keeser Franz I. vun Éisträich fir seng Ierflänner ugeholl huet an 1806 ënner dem Drock vum Napoleon op d'Keeserkroun vum Hellege Réimesche Räich verzicht huet.

Keesertum Éisträich (1804–1867) an Éisträich-Ungarn (1867–1918) änneren

 
Keeser Franz Joseph I.

Dat neit Keeserräich Éisträich war e Villvëlkerstaat, an deem ausser däitsch och ungaresch, italieenesch, tschechesch, polnesch, ukrainesch, rumänesch, kroatesch, serbesch, slowakesch a sloweenesch geschwat ginn ass. Mat de Gebidder déi virdrun zum Hellege Réimesche Räich gehéiert haten, huet et vun 1815 un zum Däitsche Bond gehéiert, wou den éisträicheschen Emissär an der Bundesversammlung de Virsëtz hat.

An der Revolutioun vun 1848 wollten d'Vëlker vun der Monarchie d'Onofhängegkeet; nëmmen d'k.a.k. Arméi ënner dem Radetzky, Jellačić a Windisch-Graetz hunn d'Iwwerliewe vun der Monarchie geséchert; den 2. Dezember 1848 kënnt de Keeser Franz Joseph I. op den Troun.

An der Schluecht vu Solferino 1859 goung d'Virherrschaft an Italien, an an der Schluecht vu Königgrätz 1866 d'Virherrschaft am Däitsche Bond verluer. De Keeser huet d'Bannepolitik missen déifgräifend reforméieren a seng (neo-)absolutistesch Regierungsweis opginn. Trotz senger zéier Resistenz gouf et eng Ëmwandlung an eng konstitutionell Monarchie. Dee mat Ungarn erreechten Ausgläich vun 1867 huet aus der éisträichescher Monarchie, d'éisträichesch-ungaresch Duebelmonarchie gemaach. Déi Preferenz fir d'Ungarn géintiwwer den anere Vëlker vun der Monarchie huet d'Nationalitéitskonflikter nëmme weider ugedriwwen, an hunn d'Räich sou wäit bruecht, datt een et bal net méi regéiere konnt. Ausgeléist vum Attentat u Sarajevo koum et 1914 zum Éischte Weltkrich an 1918 zum Enn vun der „keeserlech-kinneklecher Monarchie”.

I. Republik (1918–1938) an Drëtt Räich (1938–1945) änneren

Éisträich-Ungarn gouf opgeléist. Op dem Gebitt vun der Duebelmonarchie wou gréisstendeels Mënsche mat däitscher Mammesprooch gewunnt hunn, ass d'Republik „Däitschéisträich” entstanen, woubäi verschidde Gebidder, an deenen och eng grouss Bevëlkerungszuel däitsch geschwat huet, ofgetrennt goufen (z. B.: Egerland, Südmähren, Südtiroul). Am Traité vu Saint-Germain gouf de Staatsnumm „Däitschéisträich” an dee vu ville gewënschten Zesummeschloss mat der Däitscher Republik ënnersot. Den 21. Oktober 1919 gouf den Numm op „Republik Österreich“ geännert an 1920 gouf eng nei éisträichesch Constitutioun ausgeschafft. An de follgende Joren hunn déi schlecht Wirtschaftslag a politesch Ausernanersetzungen Éisträich ëmmer méi déif an d'Kris gefouert.

Nodeem de Bundeskanzler Engelbert Dollfuss 1933 den Nationalrot opgeléist hat, gouf an Éisträich eng austrofaschistesch Diktatur a Form vun engem autoritäre Ständestaat etabléiert. Am Februar 1934 hunn d'Ausernanersetzungen tëscht der Partei un der Muecht, de Chrëschtlechsozialen (Vaterländische Front), an de Sozialdemokraten am Éisträichesche Biergerkrich hire gewaltsamen Héichpunkt erreecht. E puer Méint méi spéit koum et zum Juliputsch duerch Unhänger vun der an Éisträich zanter 1933 verbuedener NSDAP. Verschiddene Putschisten ass et gelongen an d'Bundeskanzleramt ze kommen, wou den Dollfuss sou schwéier blesséiert gouf, datt e kuerz duerno gestuerwen ass. De Putschversuch ass allerdéngs net gelongen. Neie Bundeskanzler gouf de Kurt Schuschnigg.

1938 koum et zum Uschloss un d'Däitscht Räich an domat zu der Zäit vun der nationalsozialistescher Herrschaft an Éisträich. Éisträich ass am Ufank als Land bestoe bliwwen, gouf awer vum Mee 1939 un a siwe Reichsgauer an ee Verwaltungsbezierk (Vorarlberg) opgedeelt. Éisträich gouf als „Ostmark” a kuerz duerno als „Alpen- und Donaugaue” bezeechent. De gebiertegen Éisträicher Adolf Hitler huet no berufflechem Echec a senger Heemecht seng politesch Carrière an Däitschland weidergefouert, an huet all Hiweiser op eng Eegestännegkeet vun Éisträich verschwanne gedoen. 1939 brécht den Zweete Weltkrich aus, an dat féiert zum Ënnergang vum Drëtte Räich.

II. Republik (zanter 1945) änneren

Nom Enn vum Krich 1945, der Néierlag vum Groussdäitsche Räich, gouf Éisträich als onofhängege Staat nees hiergestallt. Schonn de 27. Abrëll ass eng provisoresch Staatsregierung mam Karl Renner als Staatskanzler zesummekomm, an huet d'Republik nees ausgeruff. Nom Doud vum Renner gouf den Theodor Körner als Kandidat vun der SPÖ de 27. Mee 1951 zum Bundespresident gewielt. Dat war déi éischt Vollekswal vun engem Staatschef an der éisträichescher Geschicht.

Bis 1955 war dat neit Éisträich, genee wéi d'Nokrichsdäitschland a Besatzungszonen opgedeelt. Mat der Ënnerzeechnung vum Staatsvertrag de 15. Mee 1955 duerch d'Bundesregierung a Vertrieder vun de Gewënner mam Bekenntnis respektiv der Verflichtung zur Neutralitéit a keen neien Uschloss unzestriewen, krut d'Republik hir voll Souveränitéit.

Bis de 25. Oktober 1955 hunn och déi lescht alliéiert Truppen d'Land verlooss. E puer Deeg drop gouf d'„Éisträichesch Neutralitéit” am Nationalrot a Form vun engem Verfaassungsgesetz festgeschriwwen. Zanter 1965 ass de 26. Oktober, als Erënnerung un de Beschloss vun der Neutralitéit, éisträicheschen Nationalfeierdag.

1960 war d'Republik Matgrënner vun der EFTA, déi e Wirtschaftszesummenhalt ugestrieft huet. Duerch d'Neutralitéit konnte souwuel mat de westleche Länner wéi och mam deemolegen Ostblock gutt kulturell a wirtschaftlech Relatioune geknëppt ginn, wat dem Land an der Zäit vum "Wiederaufbau" gehollef huet. Nom Enn vum Kale Krich 1991 gouf d'strikt Neutralitéit zwar e bësse méi labber gesinn, mä d'ugemoossen Interpretatioun vun der Neutralitéit an der verännerter Weltuerdnung ass zanterhier en ëmstriddent bannepolitescht Theema. 1995 ass Éisträich der EU bäigetrueden. 1999 gouf d'Wärung, den Schilling als Buchgeld ofgeschaaft an Éisträich huet den 1. Januar 2002, zesumme mat aneren EU-Staaten, den Euro agefouert.

Geographie änneren

 
Topographie
 
Österreich

Haaptartikel: Geographie vun Éisträich.

Éisträich erstreckt sech an westëstlecher Richtung iwwer maximal 573 km, an nordsüdlecher Richtung iwwer 294 km.

Landschaft änneren

Ongeféier 60 Prozent vum Land bestinn aus Bierger a gehéieren zu den Ostalpen (virun allem d'Tirouler Zentralalpen, Hohe Tauern an Niedere Tauern, Nërdlech Kalkalpen, Südlech Kalkalpen a Wienerwald). An Uewer- an Nidderéisträich läit - schonn nërdlech vun der Donau - d'Béimesch Mass, al Rumpfbierger, déi och an Tschechien an a Bayern weiderginn, an op der Ostgrenz an d'Kleng Karpaten.

D'grouss flaach Géigende leien am Oste laanscht d'Donau, virun allem d'Alpenvorland an d'Wiener Becken mam Marchfeld, souwéi an der südlecher Steiermark, déi wéinst hirer Änlechkeet an der Landschaft mat der Toskana och dacks Steiresch Toskana genannt gëtt.

Vun der Gesamtfläch vun Éisträich (83.871,1 km²) entfält ongeféier e Véierel op Déif- an Hiwwellänner. Nëmmen 32 % leie méi déif wéi 500 m. 43 % vun der Landfläch bestinn aus Bësch.

Déi fënnef Grousslandschafte vun Éisträich:

déifste Punkt: Hedwighof (Gemeng Apetlon - Burgenland) 114 m

 
Grossglockner

Déi zéng héchst Bierger vun Éisträich sinn:

Numm Héicht Bierger
1. Grossglockner 3798 m Hohe Tauern
2. Wildspitze 3774 m Ötztaler Alpen
3. Weisskugel 3738 m Ötztaler Alpen
4. Grossvenediger 3666 m Hohe Tauern
5. Hinterer Brochkogel 3628 m Ötztaler Alpen
6. Hintere Schwärze 3624 m Ötztaler Alpen
7. Similaun 3599 m Ötztaler Alpen
8. Grosses Wiesbachhorn 3564 m Hohe Tauern
9. Rainer Horn 3560 m Hohe Tauern
10. Grosser Ramolkogel 3550 m Ötztaler Alpen

Séien änneren

 
Neusiedler Séi bei Podersdorf

De gréisste Séi ass den Neusiedler Séi am Burgenland, dee mat ongeféier 77 % vu senger ganzer Fläch vun 315 km² an Éisträich läit, gefollegt vum Atterséi mat 46 km² an dem Traunséi mat 24 km² an Ueweréisträich. Och de grousse Bodensee mat senge 536 km² am Dräilännereck mat Däitschland (Freistaat Bayern a Land Baden-Württemberg) an der Schwäiz läit zu engem klengen Deel op éisträicheschem Staatsgebitt. Allerdéngs sinn d'Staatsgrenzen am Bodensee net genee bestëmmt.

Fir de Summertourismus an Éisträich hunn d'Séien nieft de Bierger déi gréisst Bedeitung, besonnesch d'Kärntner Séien an déi vum Salzkammergut. Déi bekanntst vun dëse Séie sinn de Wörtherséi, de Millstätter Séi, den Ossiacher Séi an de Weissenséi. Weider bekannt Séie sinn de Moundséi an de Wolfgangséi op der Grenz vu Salzburg mat Ueweréisträich.

Kuckt och: Lëscht vun de Séien an Éisträich

Flëss änneren

De gréissten Deel vun Éisträich, 80.566 km², gëtt iwwer d'Donau an d'Schwaarze Mier entwässert, nëmme kleng Gebidder iwwer de Rhäin (2.366 km²) oder d'Elbe (918 km²) an d'Nordséi. Grouss Nieweflëss vun der Donau si (vu Weste no Osten):

D'Mur entwässert de Salzburger Lungau, d'Steiermark a leeft a Kroatien an d'Drau, déi Kärnten an Osttiroul entwässert. D'Drau leeft a Kroatien an d'Donau.

Klima änneren

 
Klapotetz an der Südsteiermark

D'éisträichescht Klima ass gekennzeechent vun der Wiesselwierkung vum ozeanesche Klima mam kontinentalen, respektiv Pannonesche Klima. Duerch d'Eegenheete vun dëse Klimatyppen ass den Oste vun Éisträich duerch kal Wanteren a waarm Summere gepräägt an et fält ganzjäreg nëmme méisseg Néierschlag. De Weste vum Land ënnerläit an der Reegel manner strenge Gesetzer, de Wanter ass meeschtens méi mëll an de Summer éischter waarm. Hei leien och d'Géigende mam héchsten Néierschlag. Duerch d'geographesch Lag kënnt et och nach zu enger weiderer Klimazon, d'Alpint Klima, wat an de Bierger de Wanter méi streng wéi am Osten dee méi déif läit, ausfale léisst. Eng aner Charakteristik sinn déi geleeëntlech Nord- a Südaflëss, déi engersäits polar Keelt, anerersäits Saharastëbs mat sech brénge kënnen.

Ganz allgemeng gëtt Éisträich dem mëtteleuropäeschen Iwwergangsklima zougerechent, mat Rücksicht op d'Alpen am Zentrum an am Westen an d'Pannonescht Déifland am Osten.

Temperaturen änneren

Wann e stabilt Héich aus dem Oste wierkt (Idealfall „Omega-Héich“ an der Form vum leschte Buschtaf aus dem griicheschen Alphabet) kann ee mat laangem Sonneschäi rechnen, an enger Hëtzt déi bis zu 2 Wochen dauert. Am Wanter bewierkt dëst Héich Sonn a Keelt (bis -20 °C). D'Sonn schéngt ongeféier 10 bis 20 Prozent méi laang wéi zum Beispill an Norddäitschland.

D'Hëtztperiod geet vu Mëtt Oktober bis Mëtt Abrëll a verursaacht en héijen Energieverbrauch.

  • Déifst Temperaturen déi an Éisträich gemooss goufen: Observatoire Sonnblick, -37,2 °C (1. Januar 1905); Zwettl (NÖ), -36,6 °C (11. Februar 1929)
  • Héchst Temperatur déi an Éisträich gemooss gouf: Dellach im Drautal (K), + 39,7 °C (27. Juli 1983)

Néierschlag änneren

Well d'ozeanescht Klima vu Westen no Oste méi schwaach gëtt, hëlt och den Néierschlag an der selwechter Richtung of. Sou sinn zu Wien d'Néierschléi nëmmen nach hallef sou héich wéi zu Salzburg, an an den ëstlechen a südëstlechen Deeler vum Land mécht sech d'pannonescht Kontinentalklima bemierkbar, wat deelweis am südleche Séiegebitt mediterran beaflosst gëtt.

Ganzjäreg zeechne sech d'Gebidder laanscht den Alpenkamm duerch héich Néierschléi aus, well bei Déifdrocklage fiicht Loftstréim aus dem Norden oder Süden opgestaut an als Néierschlag ofgebaut ginn. Dëst bewierkt am Wanter grouss Schnéimassen an de Bierger an Däller, souwéi an den Nord- respektiv Südstaugebidder, am Summer awer kënne grouss Masse vu Reen Muren an Iwwerschwemmunge bewierken. Den héchsten Néierschlag fënnt een am Alpenvorland souwéi am Tirouler Ënnerland, an der Ausserfern an dem Bregenzer Bësch. Do fale bis zu 3.000 mm Reen oder Schnéi pro Joer (Duerchschnëtt 900 mm).

Am Fréijoer an am Hierscht ass vu Schnéi bis zu grousser Wäermt alles méiglech. Well d'Dagestemperaturen am Juli an am August net seele bis oder iwwer 30 °C klammen an d'Loftfiichtegkeet meeschtens relativ héich ass, kënnt et dacks zu der Bildung vu Quellwolleken an duerch den Alpestau zu Donnerwiederen.

An de leschte Jore war Éisträich, sou wéi seng Nopeschlänner, heefeg Affer vu Wiederkapriolen, déi vu villen Experten op eng Klimaerwiermung zeréckgefouert ginn (d'Duerchschnëttstemperature gi permanent no uewe verbessert). Duerch hefteg Reefäll gouf et méi wéi eng Kéier schlëmm Iwwerschwemmungen a Vermurungen, déi och Doudesaffer gefuerdert hunn. Geleeëntlech koum et zu orkanaartege Stierm a gewaltege Schnéifäll, déi dozou gefouert hunn, datt vill Uertschafte vun der Baussewelt ofgeschnidde gi sinn, an d'Zuel vun de Lawinen zougeholl huet.

Bundeslänner änneren

 
Éisträichesch Bundeslänner

Déi néng éisträichesch Bundeslänner sinn a 84 Bezierker an a 15 Statutarstied opgedeelt. D'Bezierker sinn a Gemengen agedeelt.

Bundesland Haaptstad Bevëlkerung Fläch
a km²
Bevëlker-
ungsdicht -
an [1/km²]
Stied aner
Gemengen
1. Burgenland Eisenstadt 276.419 3.965 69,7 13 158
2. Kärnten Klagenfurt 559.440 9.536 58,7 17 115
3. Nidderéisträich St. Pölten 1,552.848 19.178 81,0 74 499
4. Ueweréisträich Linz 1,387.086 11.982 115,8 29 416
5. Salzburg Salzburg 521.238 7.154 72,9 10 109
6. Steiermark Graz 1,190.574 16.392 72,6 34 509
7. Tiroul Innsbruck 683.317 12.648 54,0 11 268
8. Vorarlberg Bregenz 356.590 2.601 137,1 5 91
9. Wien Wien 1,631.082 415 3.831,9 1 0

Stied änneren

 
Wien A23
 
Salzburger Aalstad
 
Bregenz a Bodensee

Dat mat Ofstand gréisst Siidlungsgebitt an Éisträich ass d'Metropolregioun Wien mat enger Awunnerzuel vun 2.853.903 (Stand 1. Januar 2019)[2]. Domat konzentréiert sech e Véierel vun der Bevëlkerung vum Land an der Haaptstadregioun. An Éisträich hu ronn 200 Gemengen d'Stadrecht. E grousse Problem, virun allem a wirtschaftlech schwaache Géigenden ass d'Auswanderung vun der ländlecher Bevëlkerung an d'Stied.

Fir eng Oplëschtung vun alle Stied, sou wéi de grousse Stadregiounen, kuckt: Lëscht vun de Stied an Éisträich

Distanzen (Loftlinn) änneren

Politik änneren

Ekonomie änneren

Bevëlkerung a Sprooch änneren

Bevëlkerungsentwécklung änneren

 
Bevëlkerungsentwécklung x1000

Déi éischt Vollekszielung, déi den haitege Krittären entsprécht, gouf an de Joren 1869/1870 an Éisträich-Ungarn duerchgefouert. Zanter mam Zielen ugefaange gouf, ass d'Awunnerzuel um Gebitt vum haitegen Éisträich bis virum Éischte Weltkrich (leschten Zielung virum Krich 1913) an d'Luucht gaangen. Bis zum Zesummebroch vun Éisträich-Ungarn war de staarke Wuesstem an der Bevëlkerung um Gebitt vum haitegen Éisträich zu engem groussen Deel op Zouwanderungen an de Krounlänner zeréckzeféieren, déi sech an de Groussstied, a virun allem zu Wien, néiergelooss hunn. Bei der éischter Zielung nom Krich war d'Bevëlkerung ëm 347.000 zeréckgaangen. Mä schonn 1920 war d'Zuel nees ëm 35.000 Persounen an d'Luucht gaangen, an huet dat bis 1935 bäibehalen. Tëscht 1934 an 1935 war den Zouwuess nëmmen nach 1.000 Persounen, an tëscht 1935 an 1936 ass d'Zuel fir d'éischt Kéier zanter dem Éischte Weltkrich nees erofgaangen, nämlech ëm ronn 3.000 Persounen. D'Bevëlkerungszuel ass bis 1939 weider erofgaangen, déi lescht Zielung virum Zweete Weltkrich huet 6.653.000 Persoune gezielt. Dëst ass e Réckgank vun 108.000 Mënschen am Verglach zum héchste Stand vu 6.761.000 am Joer 1935. Wéi 1946 déi éischt Awunnerzuelen nom Enn vum Krich op der Grondlag vun de Liewensmëttelkaarten ermëttelt goufen, konnt eng Awunnerzuel vu ronn 7.000.000 notéiert ginn, wat en neien Héichpunkt ausgemaach huet - trotz de grousse Verloschter am Krich.

Bevëlkerungs-
entwécklung
Datum Awunner
ëm 1527 1.500.000
ëm 1600 1.800.000
ëm 1700 2.100.000
1754 2.728.000
1780 2.970.000
1790 3.046.000
1800 3.064.000
1810 3.054.000
1821 3.202.000
1830 3.476.500
1840 3.649.700
1850 3.879.700
1857 4.075.500
1870 4.520.000
1880 4.941.000
1890 5.394.000
1900 5.973.000
1910 6.614.000
1913 6.767.000
1919 6.420.000
1930 6.684.000
1939 6.653.000
1951 6.935.000
1961 7.086.000
1971 7.500.000
1981 7.569.000
1991 7.755.000
2001 8.043.000
2004 8.175.000
2010 8.351.643
2019 8.858.775

Bis 1953 ass d'Awunnerzuel weider erofgaangen, ëm ronn 672.000 op 6.928.000 Persounen. Mä et goung nees biergop, an en neien Héchststand gouf am Joer 1974 erreecht, wéi 7.599.000 Persounen an Éisträich gelieft hunn. An de follgende sechs Joer ass d'Bevëlkerung - mat Ausnam vum Joer 1976 - nees liicht zeréckgaangen, an 1980 gi 7.549.000 Persoune gezielt. Um Ufank vun den 80er Joren hu sech Zouwuess a Réckgang ofgewiesselt, bis 1987 d'Bevëlkerung nees wierklech an d'Luucht gaangen ass. Zanter den 90er Joren ass d'Awunnerzuel weider eropgaangen, an um Enn vum Joer 2004 goufen 8.175.000 Awunner gezielt.

Liewenserwaardung änneren

Déi duerchschnëttlech Liewenserwaardung an Éisträich steet zur Zäit (2005) bei de Fraen 82,1 Joer a bei de Männer 76,4 Joer (am Verglach 1971: 75,7 Fraen an 73,3 Männer). D'Kannerstierflechkeet steet bei 0,45 %.

Sprooch änneren

Däitsch ass d'Amts- a Mammesprooch vun ongeféier 98 % vun der éisträichescher Bevëlkerung. Et gëtt zwar keng éisträichesch Héichsprooch, mä déi éisträichesch Variant vum Houdäitsche weist dach verschidden Ofwäichunge vun de Varianten, déi an aneren däitschsproochege Länner benotzt ginn. Dës sinn am Éisträichesche Wierderbuch zesummegefaasst a stinn iwwer dem Duden als amtlecht Reegelwierk. Déi däitsch Sprooch gëtt villfach a Form vun engem vun de villen uewerdäitschen Dialekter geschwat, déi zu de Mondartfamille vum

  • Alemanneschen (geschwat zu Vorarlberg souwéi dem Tirouler Ausserfern) a
  • Bairesche (geschwat an allen anere Bundeslänner) gehéieren. Siwe Milliounen Éisträicher schwätzen ee mëttel- oder südbaireschen Dialekt.

Donieft gi slawesch an aner Sprooche vun autochthone Mannerheete geschwat. Déi al burgenlandkroatesch, sloweenesch an ungaresch Deeler vun der Bevëlkerung an Éisträich hunn en Usproch op Schoulunterrecht an der Mammesprooch an op den Amtsweeër. Burgenlandkroatesch a Sloweenesch sinn zousätzlech Amtssproochen an de Verwaltungs- a Geriichtsbezierker vun der Steiermark, vum Burgenland a Kärnten mat kroatescher oder sloweenescher, respektiv gemëschter Bevëlkerung. An de Gemengen Oberpullendorf, Oberwart, Rotenturm an Unterwart ass Ungaresch nieft Däitsch eng gläichberechtegt Amtssprooch.

Och déi al Roma-Bevëlkerung huet hir eege Sprooch.

Ausserdeem liewen 35.000 Jéinen an Éisträich, wouvun awer nëmmen nach 3.500 ëmmer op der Rull sinn. Si goufen an den 1960er Joren am Burgenland, am Mühlviertel, am Waldviertel, um Hausruck, an den Doudege Bierger, an de Seetaler Alpen a Fischbacher Alpen ugesidelt.

Kultur änneren

Éisträich ass international als grouss Kulturnatioun bekannt a bréngt seng grouss Traditioun an alle kulturelle Beräicher virun allem mat der Liewensweis vu sengen Awunner, der Architektur de Kuckeswäerte Plazen a sengem zum Ausdrock. Stéchwierder wéi Wiener Kaffeehauskultur a Kabarettszen si fir Éisträich geneesou typesch wéi de beléifte Wantersport, de Flair vu senge Stied a Begrëffer wéi Heuriger oder Festspiller. Vill Bauwierker an Éisträich zielen zum UNESCO Weltkulturierwen. Am Joer 2003 war Graz Kulturhaaptstad vun Europa. Fir d'Verbreedung vun der éisträichescher Kultur am Ausland ass d'Éisträichescht Kulturforum zoustänneg.

Perséinlechkeeten änneren

 
Wolfgang Amadeus Mozart

D'Länner vum fréieren Habsburgerräich hunn eng Rei Kënschtler aus alle kulturelle Beräicher ervirbruecht, virun allem an der Musek. Zu de berüümtste Komponiste vun hirer Zäit zielen ënner anerem de Wolfgang Amadeus Mozart, de Joseph Haydn, de Franz Schubert, den Anton Bruckner an de Johann Strauss, deen als ee Grënner vum Wiener Walzer gëllt. Dëser Traditioun sinn am Rayon vun der klassescher Musek och vill berüümten Dirigente wéi Erich Kleiber, Herbert von Karajan, Karl Böhm oder Nikolaus Harnoncourt nogaangen.

Aus dem haitegen Éisträich hu Sänger wéi Peter Alexander, Hans Hölzl alias Falco an Udo Jürgens an de leschte Joerzéngte geneesou eng international Bekanntheet erreecht wéi d'Museker Joe Zawinul an Friedrich Gulda.

Zu de bekanntsten (al-)éisträichesche Schrëftsteller ziele Franz Grillparzer, Joseph Roth, Johann Nestroy, Robert Musil, Karl Kraus, Friedrich Torberg, Felix Mitterer, Thomas Bernhard a Peter Handke, wéi och d'Bertha von Suttner déi 1905 de Friddensnobelpräis krut, an d'Elfriede Jelinek (Literaturnobelpräis 2004). Zu de bekanntste Schrëftsteller vun den éisträichesche Volleksgruppen zielen Janko Ferk, Gustav Janus a Florjan Lipus, dee vum Peter Handke op Däitsch iwwersat gouf.

An de Sparte Film an Theater sinn ënner anerem Max Reinhardt, Karl Farkas, Curd Jürgens, Maximilian Schell, Romy Schneider, Senta Berger, Oskar Werner, O. W. Fischer, Otto Schenk, Klaus Maria Brandauer, Martin Kusej berüümt. Bekannt Filmregisseure ware respektiv sinn ë. a. Erich von Stroheim, Billy Wilder, Fritz Lang, Josef von Sternberg, Otto Preminger, Robert Dornhelm, Michael Haneke, Ulrich Seidl, Hans Weingartner.

Film an Theater änneren

D'éisträichescht Filmwiesen zielt ëm 1900 zu de weltwäit aktiivsten. Éisträichesch Stommfilmer goufe weltwäit exportéiert. D'Bedeitung vun der Filmindustrie, déi am Wuesstem war, huet allerdéngs nom Éischte Weltkrich ofgeholl, a koum zu engem absolutten Déifpunkt am Zweete Weltkrich. Duerno gouf haaptsächlech fir den éisträicheschen an däitschsproochege Maart produzéiert. An de spéiden 1960er Jore koumen eng sëlleg Heimatfilmer op de Maart, wou Schauspiller wéi Peter Alexander, Gunther Philipp, Marika Rökk oder Hans Moser am ganze Land beléift waren. E wesentleche Regisseur, deem seng Carrière iwwer 50 Joer gedauert huet, war de Franz Antel.

An den 1980er-Jore sinn eng Partie Kultserie wéi Ein echter Wiener geht nicht unter oder Kottan ermittelt entstanen. Och Televisiounsshowe waren deemools beléift a Moderatore wéi Heinz Conrads waren Liblinge vun der Natioun. An den 1980er Jore gouf och de Karl Moik mat senger Sendung Musikantenstadl am ganzen däitschsproochege Raum bekannt.

An de leschte Joren huet sech ëmmer méi eng Zort Neien Éisträichesche Film entwéckelt. Meeschtens sinn et jonk a knapps bekannt Regisseuren a Schauspiller, déi kreativ Filmer mat dacks sozial- oder gesellschaftskriteschen Inhalt dréinen. International gëtt dëst ëmmer méi bekannt, a sou muncher konnt schonn e Filmpräis mat heem huelen. Verhale kann een op dësem Gebitt Michael Haneke (Die Klavierspielerin, Caché), Ulrich Seidl (Hundstage), Barbara Albert (Nordrand), Michael Glawogger (Slumming), Jessica Hausner (Hotel), Wolfgang Murnberger (Silentium), Paul Rosdy, Stefan Ruzowitzky (Anatomie) oder Hans Weingartner (Die fetten Jahre sind vorbei).

De Stefan Ruzowitzky huet 2008 mat sengem Film Die Fälscher den Oscar fir de beschte friemsproochege Film gewonnen. Dat war och den éischten a bis elo eenzegen Auslandsoscar, deen an Éisträich gaangen ass.

E besonnesche kulturelle Stellewäert huet an Éisträich d'Kabarett-Zeen. Bekannt Kabarettiste sinn ënner anerem Lukas Resetarits, Josef Hader, Alfred Dorfer, Roland Düringer an Alf Poier.

Festspiller änneren

Literatur änneren

Haaptartikel: Éisträichesch Literatur

Musek änneren

 
Anton Bruckner

Éisträich ass virun allem fir seng grouss Komponiste vun de leschte Joerhonnerte bekannt. Besonnesch d'18. an d'19. Joerhonnert waren a musikalescher Hisiicht eng Epoch déi gepräägt huet, wéi sech ënner de Komponisten déi hei gewierkt hunn (Beethoven, Mozart, Schubert, Joseph Haydn uvm.) d'Stilrichtung vun der Wiener Klassik entwéckelt huet. Wien war deemools eng Haaptstad vun der Musek - besonnesch duerch den Haff vun de Regenten an der Dynastie vun den Habsburger. Wien deemools an der Musek en Numm hat, huet zu Wien Concerte ginn. Wärend d'Musek vun der Wiener Klassik meeschtens als Ënnerhalung an am Optrag vum Adel gespillt gouf, huet sech d'Musek am 19. Joerhonnert och fir d'Biergertum opgemaach. Do goufen d'Wierker vun der Strauss-Dynastie - wéi Johann Strauss' Radetzkymarsch oder d'Tritsch Tratsch Polka vu sengem Jong, déi gär op Baler wéi dem Wiener Opernball gespillt ginn - populär an hunn och haut nach nieft der Wiener Klassik eng wichteg Plaz. An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert hunn och déi grouss Sinfoniker Anton Bruckner a Johannes Brahms zu Wien gewierkt. Ëm d'Joerhonnertwenn gouf d'éisträichescht Musekliewe vu Komponiste wéi Gustav Mahler (Dirigent vun der Wiener Haffoper 1897-1907), Alexander von Zemlinsky, Franz Schmidt a Joseph Marx markéiert. E bedeitenden Afloss op d'Musek vun der Moderne hunn d'Komponiste vun der Neier Wiener Schoul gehat, virun allem Arnold Schönberg, Anton Webern an Alban Berg.

Vollekskultur a Bräich änneren

Traditionell gëtt Silvester um Hallefnuecht, nodeem d'Pummerin (Klack vum Stephansdoum) gelaud gouf, dat neit Joer mat engem Donauwalzer begréisst.

Éisträichesch Iesskultur änneren

 
Sachertorte

Haaptartikel: Éisträichesch Kichen, Wiener Kichen

Éisträich ass bekannt fir seng grouss Auswiel un traditionelle Platen a Mielspeisen. Zu de bekanntste Plate gehéiert de berüümte Wiener Schnitzel, d'Tirouler Speckkniddelen, den Tafelspitz, d'Kärntner Kasnudeln an all Zorte vu Kniddelen. Zu de berüümteste Séissegkeeten zielt virun allem d'Mozartkugel, d'Sachertorte, d'Linzertorte, Salzburger Nockerln a verschidde Strudelvariatiounen.

Sport änneren

Wantersport änneren

Summersport änneren

Veräinssport änneren

International Sportveranstaltungen änneren

Kuckeswäertes änneren

Infrastruktur änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Statistik Austria – Bevölkerung zu Jahresbeginn 2002–2021 nach Gemeinden (Gebietsstand 1.1.2021)
  2. Bevölkerung am 1. Januar nach breite Altersgruppe, Geschlecht und Metropolregionen op europa.eu, gekuckt de 25. Abrëll 2020

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Éisträich – Biller, Videoen oder Audiodateien