Centre national d'incendie et de secours

De Centre national d'incendie et de secours (gekierzt: CNIS) ass den nationale Rettungszenter fir de Corps grand-ducal d'incendie et de secours. Den Zenter läit zu Gaasperech um Boulevard de Kockelscheuer, beim Rond-point Gluck.

Centre national d'incendie et de secours
De westleche Block vum CNIS am Juli 2021
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Gaasperech
Adress 3, boulevard de Kockelscheuer
L-1821 Lëtzebuerg
Koordinaten 49°35'4,40"N, 6°7'54,06"O
Architekt(en) Böge Lindner K2 Architekten
Statut Rettungszentrum
Den 12. September 2021 sinn d'Stater Pompjeeë am Cortège vun der Areler Strooss op Gaasperech geplënnert.

Den CNIS ass d'Häerzstéck vun der Reform vum nationale Rettungswiesen[1]. E besteet aus zwéin Deeler: een Deel (Zon 1) mat der Kasär fir d'fräiwëlleg an d'Beruffspompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg, fir d'Verwaltung vun de Rettungsdéngschter, d'Noutruffzentral 112 a fir den Institut national de formation des services de secours. Am zweeten Deel sinn déi technesch Installatiounen an déi fir déi sportlech a praktesch Ausbildung fir d'Pompjeeë. Dorënner sinn eng Tunnelsimulatiounsanlag, en Ambulanzsimulator, en Übungsweier, en Dirty Classroom, eng Hal mat enger Otemschutz-Übungsstreck, e Brandhaus an e Realbrandcontainer[2]. Ausserdeem huet d'Gebai e 35 Meter héije Schlauchtuerm.

Den Immeubel besteet aus der Kasär an de Garage vun de Beruffspompjeeën op enger Fläch vun 11.340 m². D'Verwaltungsgebaier sinn op 2.600 m² an alles wat mat der Ausbildung ze dinn huet op 3.800 m² ënnerbruecht.

Den Architekteconcours fir den Zenter ze bauen ass am Juni 2014 ausgeschriwwe ginn; de Büro Böge Lindner K2 Architekten krut den Zouschlag[2]. De Projet de loi fir de Bau an d'Finanzéierung vum CNIS gouf de 24. Mäerz 2015 deposéiert. Op den Dag genee zwee Joer méi spéit, de 24. Mäerz 2017, gouf de Grondstee fir den Zenter geluecht. De Bau hätt sollen Enn 2020 fäerdeg sinn; déi éischt Servicer sinn awer eréischt den 1. Juli 2021 erageplënnert[3]. Den 12. September 2021 sinn Rettungsdéngschter vum Stater CIS aus der Kasär op der Areler Strooss op Gaasperech geplënnert an zwéi Méint duerno ass och d'Noutruffzentral 112 do ageweit ginn[4][5].

De 5. Mee 2022 gouf dat ganzt Gebai dann, a Presenz vu 400 Eieregäscht ageweit. Den Architekteconcours fir den Zenter ze bauen ass am Juni 2014 ausgeschriwwe ginn; de Büro Böge Lindner K2 Architekten krut den Zouschlag[2]. De Projet de loi fir de Bau an d'Finanzéierung vum CNIS gouf de 24. Mäerz 2015 deposéiert. Op den Dag genee zwee Joer méi spéit, de 24. Mäerz 2017, gouf de Grondstee fir den Zenter geluecht. De Bau hätt sollen Enn 2020 fäerdeg sinn; déi éischt Servicer sinn awer eréischt den 1. Juli 2021 erageplënnert[3]. Den 12. September 2021 sinn Rettungsdéngschter vum Stater CIS aus der Kasär op der Areler Strooss op Gaasperech geplënnert an zwéi Méint duerno ass och d'Noutruffzentral 112 do ageweit ginn[4][5] De 5. Mee 2022 gouf dat ganzt Gebai dann, a Presenz vu 400 Eieregäscht, vum Groussherzog an der Inneministesch Taina Bofferding ageweit.[6]

De Käschtepunkt gouf op eppes méi wéi 140 Milliounen Euro geschat: 121 Milliounen Euro fir d'Zon 1, déi vun der Stater Gemeng virfinanzéiert an duerno vum Staat zu 45 % zeréckbezuelt ginn an 19,4 Milliounen Euro fir d'Zon 2, déi integral vum Staat bezuelt gëtt.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Centre national d'incendie et de secours – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Sou huet den Inneminister Dan Kersch den Zenter a senger Ried genannt, déi hien de 24. Mäerz 2017 gehalen huet wéi de Grondstee geluecht gouf.
  2. 2,0 2,1 2,2 "Das Flaggschiff des Rettuingswesens." wort.lu, 25. August 2018.
  3. 3,0 3,1 Um Instagram-Profil vum CGDIS: „3 Joer feiert de CGDIS haut um 1. Juli säi Bestoen. 3, boulevard de Kockelscheuer - L-1821 Luxembourg ass och ab haut déi nei offiziell Adress vum CGDIS am Centre National d'Incendie et de Secours (CNIS).“
  4. 4,0 4,1 Mise en service du CSU-112 au Centre National d'Incendie et de Secours (CNIS). 112.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-11-16.
  5. 5,0 5,1 Gaasperech: Offiziell Aweiung vun der neier Noutruffzentral. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-11-16.
  6. Ryck Thill: "Feierlech Aweiung vum CNIS zu Gaasperech." rtl.lu, 05.05.2022.