Gemeng Rëmeleng

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Esch-Uelzecht

Rëmeleng ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen an zanter 1907 eng vun den 12 Lëtzebuerger Stied. Et ass déi eenzeg Uertschaft an deemno och Chef-lieu vun der Gemeng.

Rëmeleng
Coat of arms rumelange luxbrg.png
Remeleng2.jpg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Rumelange
de: Rümelingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Henri Haine (LSAP)
Awunner 5.604 (1 Januar 2020)
Fläch 684 ha
Koordinaten 49° 27’ 38’’ N
      06° 01’ 50’’ O
Websäit http://www.rumelange.lu
Map Rumelange.PNG
Gemeng Rëmeleng (orange)
am Kanton Esch (rout)

Rëmeleng gëtt och d'Stad vum Roude Buedem genannt.

Uertschaften an der GemengÄnneren

Rëmeleng ass déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng, vun där si och den Numm huet.

GeographieÄnneren

D'Gemeng läit am Dall vun der Keelbaach. Mat enger Fläch vu 684 ha ass se an där Hisiicht eng vun de klengste Gemengen am Land.

Tëscht Huldang a Rëmeleng gëtt et mat 82 km déi gréisst Nord-Süd-Längt vum Lëtzebuerger Land.
An der Rëmelenger Gemeng läit dee südlechste Punkt vum Land op 49°26'52".

GeschichtÄnneren

Rëmeleng huet bis 1891 zu der Gemeng Keel gehéiert. Duerch d'Gesetz vum 27. Juni 1891[1] gouf et vu Keel ofgetrennt an ass domat zanter dem 1. Oktober 1891[2] eng onofhängeg Gemeng[3]. Zu der neier Gemeng huet nieft der Uertschaft Rëmeleng och de Weiler Uewertéiteng (Haut-Tétange) gehéiert[1]. Den éischte Buergermeeschter war den Industriellen Jean-Pierre Nau, dee seng Nominatioun de 24. Oktober 1891 krut[3][4].

Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 krut Rëmeleng den Titel Stad[5].

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

 
Rëmeleng, vu Kolscheed aus gesinn

PolitikÄnneren

De Gemengerot vu Rëmeleng gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

De Schäfferot baséiert zanter 2017 op enger Koalitioun aus LSAP a KPL. Virdrun hat d'LSAP eleng d'absolut Majoritéit.

Zesummesetzung

Joer CSV DP KPL LSAP
1999 3 - 0 7
2005 3 - 0 8
2011 3 - 1 7
2017 4 1 1 5

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

BuergermeeschterenÄnneren

KuckeswäertesÄnneren

Interkommunal SyndikaterÄnneren

D'Gemeng Rëmeleng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

JumelageÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Rumelange – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. 1,0 1,1 (fr)Loi du 27 juin 1891 concernant la création d'une nouvelle commune sous le nom de Rumelange. legilux.lu (02.07.1891). Gekuckt de(n) 15.07.2020.
  2. Art. 3 vum Gesetz dat den 2. Juli 1891 publizéiert gouf: «La présente loi ne sera exécutoire que nonante jours après sa publication»
  3. 3,00 3,01 3,02 3,03 3,04 3,05 3,06 3,07 3,08 3,09 3,10 3,11 3,12 Luxemburger Wort 1941-10-31, S. 4 (Rümelingen 50 Jahre selbständige Gemeinde).[1]
    Wolff, L. & R. Kirsch, 2008. Saviez-vous que … ? Le tout savoir sur Rumelange en plus de 500 faits marquants. In: R. Kirsch (réd.), 2008. Honnert Joer Stad Rëmeleng : 1907 – 2007. Rumelange : Collège échevinal de la ville, [2008], Leudelange, Qatena, S. 87-133.
  4. (fr)Mémorial A57/1891. legilux.public.lu (31.10.1891). Gekuckt de(n) 15.07.2020.
  5. (fr)Loi du 4 août 1907 attribuant la qualification de ville aux localités de Differdange, Dudelange, Ettelbruck et Rumelange. legilux.public.lu (10.08.1907). Gekuckt de(n) 15.07.2020.
  6. Luxemburger Wort 1944-10-17, S. 4 (Allerlei aus Rümelingen).[2]
    Escher Tageblatt 1945-06-18, S. 2 (Aus den Gemeinderäten).[3]
  7. Bodry, A. & B. Fayot, 2016. 120 Jor sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber (1896 - 2016) : dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des députés. La mémoire socialiste, Luxembourg, S. 135.
  8. Assermentation de nouveaux bourgmestres et échevins.