Damvillers
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Kierch St. Maurice | |||||
Land | ![]() | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | ![]() | ||||
Arrondissement | Verdun | ||||
Kanton | Montmédy | ||||
Postcode | 55150 | ||||
Gemengecode | 55145 | ||||
Koordinaten | 49° 20’ 36’’ N 05° 24’ 02’’ O | ||||
Fläch | 1 833 ha | ||||
Bevëlkerung | 620 (1999) |
Damvillers ass eng franséisch Gemeng an der Meuse an der Regioun Grand Est.

Damvillers läit am Dall vun der Thinte op enger Héicht vun 197 bis 353 Meter. D'Uertschaft ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer e puer Departementsstroossen, vun deenen déi wichtegst d'D905 ass.
Damvillers huet fréier zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert; dohier kënnt de roude Léiw am Wopen.[1] Duerch den Traité vun de Pyrenäen ass Damvillers 1659 u Frankräich ofgetruede ginn.[2]
Bei der Belagerung vun Damvillers (1552) huet de franséische Chirurg Ambroise Paré (1510-1590) dat deemools bei Amputatioune gängeg Kauteriséiere vun der Wonn duerch d'Ofbanne vun de Bluttgefässer ersat.[3]
Beschreiwung vum WopenÄnneren
Parti: au premier, burelé d'argent et d'azur de dix pièces, au lion de gueules à double queue, armé lampassé et couronné d'or, brochant sur le tout; au deuxième, d'azur semé de fleurs de lys d'or, au bâton de gueules péri en bande.
KuckeswäertesÄnneren
- D'Kierch Saint-Maurice aus dem 12. Joerhonnert
- Reschter vu fréiere Festungen a Bastiounen
- D'Schlass Château de Murault
- Monument vum Jules Bastien-Lepage vum Rodin
- Statu vum Maréchal Gérard
- Statu vum Jules Liégeois
Perséinlechkeeten déi do op d'Welt koumenÄnneren
- Étienne Maurice Gérard, Maréchal de France
- Jules Liégeois, Jurist
- Jules Bastien-Lepage, Moler a Portraitist
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Damvillers – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Blason de Damvillers
- ↑ L. de Chardon: Damvillers et son canton: vingt siècles d'histoire. Impr. Cogerex, Verdun 1973, S. 51f.
J. Groben: Connaissance de l'ancien Duché de Luxembourg (XXX): Damvillers, une enclave luxembourgeoise en pays mosan. In: Die Warte 1999, 51(36) (25. Nov.), S. 4. - ↑ J.A. Massard: Damvillers, Mansfeld und Sohn: Ambroise Paré, der Vater der Chirurgie, und Luxemburg. Lëtzebuerger Journal 2007, Nr. 74 (17. Apr.), S. 11-12. [1]