Dirkou ass eng ländlech Gemeng am Nordoste vum Niger an der Ténéréwüst. Si setzt sech aus e puer klengen Dierfer zesummen. An der Haaptuertschaft mam selwechten Numm lieft ongeféier d'Hallschent vun de ronn 14.000 Awunner (Stand: 2010).[1]

Lokalisatioun vun Dirkou am Niger

Zu Dirkou ass de Schluss vun der Strooss déi vun Agadez kënnt. An der Gemeng gëtt et en ziville Fluchhafe mat enger befestegter Pist.

Referenzen änneren

  1. stat-niger.org: Annuaire statistique des 50 ans d'indépendance du Niger