Cape Canaveral Air Force Station
D'Cape Canaveral Air Force Station (CCAFS) ass e Rakéitestartareal vun der U.S. Air Force um Kap Canaveral a Florida, nërdlech vu Cocoa Beach.
Wärend dem Zweete Weltkrich gouf dat Gebitt vun der Air Force als Fluchplaz gebraucht. An den 1950er Jore goufen do hei schonn éischt Rakéitestarte getest. Déi éischt bemannt Raumflich vun der USA (Mercury-, Gemini- an Apollo 7) si vun do gestart ginn. Zanter dem Fluch vun Apollo 8 am Dezember 1968 sinn all bemannt Rakéite vun den USA an der Weltraumgare vun der NASA déi norwestlech donieft läit, dem Kennedy Space Center gestart ginn. Vun do gi Starte mat enger Bunnschréi vun 28 Grad bis 57 Grad gemaach. Satellitte mat enger Bunnschréi vu méi wéi 56 Grad gi vun der Vandenberg Air Force Base op der Westküst gestart. D'Startanlage vum Space Shuttle sinn net op der Cape Canaveral Air Force Station, mä niewendrun um Terrain vum Kennedy Space Center.
Geschicht
ännerenAm September 1948 gouf den Terrain ëm Cape Canaveral als Banana River Naval Air Station a Betrib geholl. Den 11. Mee 1949 gouf den Areal erausgesicht, fir d'Startkapazitéite vu White Sands (WSMR) an New Mexico ze vergréisseren.
Zu Éiere vum US-President John F. Kennedy gouf d'Cape Canaveral Air Force Station 1964 a Cape Kennedy Air Force Station ëmgedeeft. 1973 krut d'Basis nees déi al Bezeechnung zeréck. Den Numm gouf awer 1992 nees geännert: d'CCAFS hat du fir aacht Joer Cape Canaveral Air Station (CCAS) geheescht. Am Mäerz 2000 ännert d'US-Loftwaff den Numm nees zeréck, fir de militäresche Status ze verdäitlechen. Zanterhier dréit d'Gebitt nees d'Bezeechnung Cape Canaveral Air Force Station.
Den éischte Start vu Cape Canaveral war de 24. Juli 1950. Eng Bumper 8 war um 14:28 UTC vum Startkomplex LC-3 vun der CCAFS gestart. Bei der Bumper-8-Rakéit huet et sech ëm eng V2 gehandelt, déi ëm eng amerikanesch Uewerstuf vergréissert war.
An der Zäit vun 1956 u goufen en ettlech Starte mat Jupiter-, Vanguard-, Thor- an Atlas-Rakéite gemaach.
Mat enger Jupiter-Rakéit gouf den 31. Januar 1958 den éischten US-amerikanesche Satellit Explorer 1 an de Weltraum geschoss. Op Basis vu Redstone- an d'Atlas-Rakéite gouf mat dem Mercury-Programm den éischte bemannte Programm ënner der Leedung vun der 1958 gegrënnter NASA entwéckelt. Déi éischt bemannt Rakéit (Mercury-Redstone 3) gouf de 5. Mee 1961 mat der Mission Freedom 7 fit e ballistesche Fluch gestart. Op Basis vun der Titan 2 goung et mam bemannte Programm mat Gemini weider.
Mat LC-34 an LC-37 entstoungen um nërdlechen Areal déi éischt reng NASA-Startrampe fir d'Saturn/Apollo-Missiounen. Kuerz duerno gouf dann och de Startkomplex LC-39 mat dräi Startplazen, vun deenen zwar nëmmen zwou gebaut goufen, fir d'Saturn V geplangt. Bei engem Test vun der Apollo 1 de 27. Januar 1967 koum et zu enger Katastroph op der Startramp, bei där d'Crew (Virgil Grissom, Edward White a Roger Chaffee) ëmt d'Liewe koumen.
Vun der LC-34 gouf den 11. Oktober 1968 déi éischt bemannt Apollo-Missioun (Apollo 7) gestart. De 16. Juli 1969 war mat dem Start vun LC-39A d'Apollo 11 mat dem Fluch zum Mound an der éischter bemannter Moundlandung gestart.
De 16. Abrëll 1984 gouf d'Air Force Station als National Historic Landmark an d'nationaal Monumentlëscht opgeholl.
Startrampen
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Cape Canaveral Air Force Station – Biller, Videoen oder Audiodateien |