D'Veduta vun der Festung Lëtzebuerg am Joer 1753 ass eng Panoramazeechnung déi den éisträichesch-ungareschen Offizéier Wenzel Callot am Joer 1753 am Optrag vum Josef Wenzel, Fürst vu Liechtenstein, vun der Festung Lëtzebuerg gezeechent huet. D'Fiederzeechnung am Format vu 35,3 × 213 cm war an den Archive vun der Wiener Albertina „verluer“ gaangen a gouf eréischt 2018 erëmfonnt. Si weist d'Uewer- an d'Ënnerstad vum Fort Obergrünewald aus.

Wéi och aner Veduten ass dem Callot säi Panorama vun der Festung Lëtzebuerg perspektivesch manipuléiert an och vu verschiddenen Standpunkten aus gezeechent ginn, eng Zeecheweis, déi fir Stadvuen tëscht dem 15. a 17. Joerhonnert geleefeg war.

Et ass eng hyperrealistesch Duerstellung vun der Festung mat enger Abberzuel Informatiounen iwwert d'Geologie, d'Vegetatioun, d'Landbenotzung, d'Architektur an d'Infrastruktur, awer ouni eng Spuer vu Mënschen oder Déieren. Déi ganz Zeechnung kann och net "op ee Bléck" gekuckt ginn, et muss een se wéinst dem breede Format stéckerchesweis z. B. vu lénks no riets kucken. De Callot huet sech e puer kënschtleresch Fräiheeten erlaabt, andeems en eenzel Deeler verzunn oder gekrëmmt huet fir e bessert Gesamtbild ze schafen... > méi