Place de la Constitution
D'Place de la Constitution, am Volleksmond „(Bei der) Gëlle Fra“ genannt, ass eng Plaz an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se läit um Bord vum Boulevard Roosevelt (N50), op der fréierer Bastioun Beck.
Numm |
lb: (Bei der) Gëlle Fra fr: Place de la Constitution |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Uewerstad |
Koordinaten |
49° 36’ 33.4’’ N 06° 07’ 45.6’’ O |
Genannt no | Lëtzebuerger Constitutioun |
An der Mëtt vun der Plaz steet de Monument du souvenir, déi sougenannt Gëlle Fra, déi der Plaz hire Lëtzebuerger Gebrauchsnumm ginn huet. Ronderëm d'Monument si Parkplazen. D'Plaz gëtt awer och fir Volleksfester, den Oktav-Mäertchen oder de Chrëschtmaart benotzt.
Am Abrëll an am August 2019 gouf bekannt gemaach, datt d'Plaz vum Staat ëmgebaut soll ginn, fir se méi attraktiv fir d'Foussgänger ze maachen. D'Parkplazen, inklusiv déi vun den Touristebussen, solle verschwannen. D'Stad Lëtzebuerg hirersäits plangt fir e Lift z'installéieren, deen d'Plaz mam Péitrussdall verbënnt. E Concours fir d'Neigestaltung gëtt am Hierscht 2019 ausgeschriwwen.[1],[2]
Biller
änneren-
Vue op d'Gëlle Fra, riets d'Kathedral
-
Vue op d'Plaz a Richtung Weste gekuckt
-
D'Gëlle Fra an der Chrëschtzäit
-
Den Oktav-Mäertche bei der Gëlle Fra.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Place de la Constitution – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Plaz gëtt amenagéiert an et kënnt e Lift fir erof an d'Péitruss op rtl.lu den 11. Abrëll 2019.
- ↑ "Detailer presentéiert: Den neie Boulevard Roosevelt." rtl.lu, 22.08.2019 12:38.