Bois du Cazier

Kuelegrouf zu Marcinelle

Bois du Cazier ass eng fréier belsch Kuelegrouf zu Marcinelle, no bei Charleroi an der Provënz Hainaut.

Bois du Cazier
D'Molettë vum Bois du Cazier 2019
Land Belsch
Gemeng Charleroi
Plaz Marcinelle
Koordinaten 50° 22’ 50.7’’ N
      04° 26’ 34’’ E
Fläch 875 ha
Baustil Industriestil
Statut Musée a Gediechtnesplaz
fréier Kuelegrouf
Datum vum Bau 1822
Proprietär Wallounesch Regioun
Um Bois du Cazier

Dat éisch Dokument an deem vun der Kuelegrouf rieds geet ass vun ass en Arrêté royal vum 30. September 1822, an deem d'Douairière Eulalie Desmanet vu Biesmes eng Konzessioun fir d'Exploitatioun vu Kuelen am Bois de Cazier kritt. Eigentlech krut déi Plaz den Numm vun der Famill Cazier relativ spéit, well an engem Deelungsakt vun 1813 tëscht dem Baron de Cazier an der Madame Desmanet ginn zwéi Bëscher ernimmt an zwar de Bonbois mat enger Fläch vun 147 ha an den Hublinbut mat 37 ha, wat domat de gréissten Deel vun der spéiderer Exploitatioun vun 237 ha war.
Den Numm Bois de Cazier gouf warscheinlech erausgesicht fir un e leschte Baron de Cazier an der Géigend vu Charleroi z'erënneren. Den 23. Abrëll 1826 haten déi zwéin Ierwe vun de Madame Desmanet d'Exploitatioun iwwerholl. Am Ufank goufe sechs Oderen exploitéiert, vun deenen d'Nimm nach iwwerliwwert sinn: Trieu des Noiles (8 palmes déck wat ongeféier engem Meter entsprécht), 5 Paumes (60 cm déck) au charbon des 4 paumes, au charbon des 5 paumes, d'Grande Veine (1.20 Meter déck) an d'Veine Dur Mur (75 cm déck). Déi Kuel gouf nëmme gebraucht fir Haiser ze hëtzen. Méi e rentable Gebrauch war eréischt méiglech wa se laang un der frëscher Loft louch.

Fosse de la Machine / Saint-Ernest änneren

1826 gouf et véier Pëtzer um Bois du Cazier wovun ee mat engem Fërdertuerm dee mat Damp gedriwwe gouf, ekipéiert war an deen dofir Fosse de la Machine genannt gouf. Iwwer den dräi anere stounge Wannen déi mat Mënschekraaft funktionéiert hunn. Déi hate keen Numm a waren och haaptsächlech do fir Prospektioun ze maachen. D'Fosse de la Machine déi spéider op Saint-Ernest gedeeft gouf war 48 Meter déif, an déi mat de manuelle Wannen tëscht 15 a 57 Meter. 1840 war de Pëtz Saint-Ernest schonn 109 Meter déif a war bei reenegem Wieder ëmmer mat Waasser geplot. De Lëftungschacht hat 67 Meter a well deen dunn op eng Sandsteenschicht mat vill Waasser gestouss ass, konnt deen net méi déif gegruewe ginn. De Saint-Ernest gouf 1856 zougemaach a mat Waasser volllafe gelooss. Seng gréist Déift deemools war 142 Meter.

1861 gouf d'Grouf vun enger Commanditgesellschaft iwwerholl mam Numm Tournay, De Decker, Brichart et Cie, déi allerdéngs déi selwecht Feeler mécht wéi hir Vigänger. E Minneningenieur vun deemools sot: elle continue malheureusement les mêmes errements de ses devanciers en creusant de nouveaux puits à faible profondeur. Déi huet decidéiert de Pëtz Saint-Ernest nees a Betrib ze huelen. Nodeems dee gefléckt an d'Waasser erausgepompelt war, gouf méi déif bis op 185 Meter gegruewen an 1862 huet d'Exploitation vun enger 2 Meter décker Schicht ugefaangen déi Grande Veine genannt gouf. 1864 war de Pëtz ewell 244 Meter déif. Déizäit gouf et nach keng mechanesch Entlëftung mat Ventilateuren an de Lofzoch gouf mat engem Loftschacht a Beweegung gehalen, andeems iwwer deem Schacht eng Feierplaz war déi mat hirem Loftverbrauch, d'Loftstréimung aktivéiert huet.

Obschonn nach genuch Kuel do war fir exploitéiert ze ginn, gouf de Pëtz 1867 nees zougemaach, well d'Entlëftung ouni Ventilateur net duergoung fir de Grisou dee sech am Fong degagéiert huet z'eliminéieren.

Cayat Baudouin / Saint-Charles änneren

1862 war eng 1 m déck Oder am Pëtz Cayat Budouin deen am Oste vun der Konzessioun gegruewe gouf, entdeckt ginn. Doropshin huet de Verwaltungsrot decidéiert fir eng nei Exploitatiounsplaz eng ronn 170 Meter ewech vun der Grouf Marcinelle-Nord unzeleeën. Déi nei Grouf Saint-Charles gouf 1868 ugeluecht an hat e Pëtz mat zwee Compartimenter, eent fir Kuelefërderung an eent fir d'Waasserextractioun.
Op enger Déift vun 175 m ass de Pëtz op d'Oder gestouss déi am Cayat Baudouin ugeschnidde gi war, souwéi op verschidden anerer wéi d'4 paumes, 5 paumes, d'70-Centimeter-Oder, eng Oder déi Ferdinande genannt gouf an déi lescht déi 10 paumes housch.
Déi Odere goufen tëscht 1871 an 1875 exploitéiert.

De 5. August 1874 gouf eng nei Gesellschaft an d'Liewe geruff de ënner dem Statut vun enger Société anonyme enregistréiert gouf. Well de ganzen ëstlechen Deel vun der Konzessioun iwwer de Pëtz Saint-Charles konnt exploitéiert ginn gouf decidéiert de Pëtz Saint-Ernest net ze restauréieren. Well awer ee Pëtz fir d'Exploitatioun net duergoung gouf proposéiert fir um hallwe Wee tëscht der Grouf Marcinelle Nord an der Grouf Réunion en neie Carreau unzeleeën. Op deem waren 2 Pëtzer vun 3 Meter Duerchmiesser virgesinn, e Ferderpëtz an e Lëftungspëtz iwwer deen och d'Waasser kéint evaquéiert ginn. Um Carreau vum Pëtz Saint-Charles gouf decidéiert de Loftschacht deenze vill eng kleng Sectioun hat, mat méi engem groussen z'ersetzen iwwer deen och Extractioun konnt gemaach ginn. Dee Pëtz gouf 28 Meter vun deem alen ewech ugeluecht. Säin Zil war och fir op déi déck Oderen ze stoussen, déi schonn an der Grouf Marcinelle Nord ugeschnidde waren.

Gläichzäiteg gouf den ale Pëtz weider ausgebaut an op 600 Meter Déift goufen nei räich Oderen entdeckt. Et gouf geschat datt eng Exploitation vun 120.000 Tonnen am Joer méiglech wier an datt déi 5 Oderen op 600 Meter nëmmen déi éischt vun enger Serie vun 12 bis 15 Odere wieren déi bis op eng Déift vun 1100 bis 1200 Meter géife goen. Mat deene Perspektive war de Bois du Cazier eng vun de bescht gestallte Grouwen am Baseng vu Charleroi.

Transportproblemer an Uschloss un d'Eisebunn änneren

Den Transport vun der Kuel bis bei den Endverbraucher war e grousse Problem fir all d'Grouwen an der Géigend. De gréissten Deel vun de Kuele gouf mat Karen op d'Gare vu Charleroi gefouert. Wéinst iwwerflësseger Manipulatioun an Ëmgeschëtts gouf e groussen Deel vun der Kuel gebrach an an onbrauchbar kleng Stécker reduzéiert. Deen Tëschentransport bis bei eng Eisebunn huet vill Aarbechtskraaft kascht grad sou wéi en Zäitverloscht.

Dofir hunn d'Minneresponsabel vun 1873 un, Eisebunnsuschlëss gefuerdert déi sou no wéi méiglech oder iwwer d'Konzessioune sollte féieren. Et huet awer bis 1881 gedauert bis Gleiser geluecht goufen déi um Fouss vum Pëtz Saint-Charles laanschtgefouert hunn an d'Gare vu Bomerée mat där vu Couillet verbonnen hunn.

Verkaf vun der Grouf 1887 änneren

Wéinst deene groussen Investissmenter besonnesch am Pëtz Saint-Charles deen 1881 op enger Déift vu 600 Meter ukomm war, mä wou nach keng Kuel gefërdert gouf, huet sech d'finanziell Lag lues a lues zougespëtzt, sou datt 1887 de Remboursement vun de geléinte Suen net méi konnt gemaach ginn. Den 21. Juli 1887 gouf eng éischt Stee gehale bei där d'Méiglechkeet bestoung fir am Zäitraum vu 14 Deeg, d'Offer ze verdeieren. De 4. August gouf dunn d'Grouf engem gewësse Léon Fontaine, no enger Verdeierung vu 50.000 Frang zougeschloen. Duerno gouf d'Kuel nees nëmmen op klengen Déiften exploitéiert well de Verwaltungsrot sech net méi fir grouss Investissementer wollt engagéieren. Sou koum et datt 1898 no engem Client fir d'Grouf gesicht gouf.

Verkaf vun 1899 änneren

1899 gouf d'Grouf de Charbonnages d'Amercoeur vu Jumet verkaaft. Dat war eng Gesellschaft déi aus der Fusioun vu véier fréiere Kuelegrouwen ervirgaange war an zwar: Notre-Dame-au-Bois och einfach Amercoeur genannt, Petite Veine, Broce an Naye-à-Bois. Déi Gesellschaft hat zënter 1745 d'Exploitatiounsrecht fir 5 Oderen um Territoire vu Jumet. De Verwaltungsrot vun där neier Gesellschaft déi dobäi entstoung huet direkt decidéiert fir d'Extactiouns- a Belëftungspëtzer méi déif ze gruewen. Well déi Aarbechte grousse Succès haten, gouf 1911 op der Sich no neien Odere bis 1000 Meter Déift gefuer. Proufbuerungen zu Nalinnes an zu Loverval gounge bis op 963 respektiv 1191 Meter.

Vergréisserung vun der Konzessioun änneren

1904 krut d'S.A. Charbonnages du Cazier d'Erlabnes fir bei hir Konzessioun déi vu Marcinell-Sud, déi se 1903 kaaft hat, ze praffen. Déi nei Gesellschaft krut den Numm Bois de Cazier et Marcinelle-Sud. Se louch ënner enger Landfläch vun 366,33 ha. 1909 gouf d'Nopeschkonzessioun Bois du Prince kaaft an am 2. Trimester 1910 ass d'Exploitatioungallerie op déi Konzessioun gestouss. D'Autorisatioun fir déi Konzessioun mat där vum Cazier ze fusionéiere gouf de 26. Abrëll 1910 accordéiert. D'Gesellschaft krut dunn den Numm Bois du Cazier-Marcinelle et du Princ. Se hat dunn eng Fläch vu 685,45 ha op der Gemenge Marcinelle, Loverval a Jamioulx. Eng Proufbuerung zu Loverval bis op 957 Meter wat op eng Serie exploitabel Odere vu bis zu 5 Meter Déckt gestouss. Am Laf vun der Zäit koumen nach verschidde kleng Extensiounen derbäi sou datt no 1922 d'Fläch op 875,12 ha eropgaange war.

Accidenter änneren

1872 änneren

Dat éischt Accident vun deem et nach e Rapport gëtt war den 30. Abrëll 1872. Wéinst enger Inspektioun vum Pëtz N°2 vum Carré Saint-Charles waren den Direkter Célestin Martin an de Steiger Léopold Tilmant an d'Grouf ofgefuer. Op der Déift vun 300 m huet ouni novollzéibar Ursaach eng Spläis vum Seel sech opgeléist, sou datt dat keen Halt méi hat an d'Këscht déi drun houng 125 m déif erofgefall ass.

1906 änneren

Dat éischt grousst Accident war de 7. August 1906, wéi néng Biergaarbechter d'Liewe verluer hunn.

1932 änneren

E Relevé vum August 1932 ernimmt sechs Blesséierter an der Grouf an 2 zwéin iwwer Dag.

1934 änneren

Am Oktober 1934 gouf et 56 Accidenter. An de Méint November, Dezember a Januar goufen 170 Accidenter gezielt, dovun 24 iwwer Dag an 146 ënner Dag. Et gouf allerdéngs dobäi festgestallt datt d'Accidenter keen direkten Zesummenhank mat der Längt vun der Aarbechtszäit haten, well déi meescht an der éischter Hallschent vun der Schicht geschitt waren.

Accident vun 1956 änneren

 
De Gedenkdag 2006, 50 Joer nom Grouwenongléck vun 1956

D'Grouf gouf traureg bekannt duerch dat gréisst Grouwenongléck dat et jee an der Belsch gouf, an zwar am Joer 1956. Ee vun den éischte Leit aus enger Rettungsmanschaft, den Angelo Berto, een Italieener, deen aus der Grouf eropkoum, huet ausgeruff: Tutti cadaveri, ee Flammänner dat selwecht: Alle dood.

Et war mueres den 8. August 1956, wéi e Feier am Pëtz Saint-Charles op 975 Meter Déift ausgebrach ass. Ee Lorry oder och nach Hond genannt, dee schlecht an der Fërderkëscht stoung, huet eng kleng Dunn ewechgerappt an dobäi en elektresche Kabel, eng Uelegleitung an eng Kanalisatioun fir Drockloft zerstéiert.

Onglécklecherweis war dat och nach just am Schacht, duerch deen d'Frëschloft an d'Galerië geblose gouf.

Duerch e Kurzschluss, dee beim Räisse vum elektresche Kabel entstane war, sinn et Fonke ginn an déi hunn den Ueleg ugestach. D'Feier, well et am Schacht vun der frëscher Loft war, huet sech du séier ausgebreet an den Damp ass an all d'Gallerië weidergeblose ginn, soudatt all d'Mineuren déi an der Grouf waren erstéckt sinn.

Bei deem Ongléck gouf et 262 Doudeger vun 12 Nationalitéiten. Si hunn 204 Wittfraen hannerlooss a 417 Kanner hate kee Papp méi. Déi am meeschte betraffen Natioun waren d'Italiener mat 136 Affer, eleng dat klengt Duerf Manopello aus den Abruzzen hat 26 Doudeger ze bekloen. D'Immigratioun vun den Italieener an d'Belsch ass och dorophin bal ganz zesummegebrach. D'Ursaach vum Ongléck geet haaptsächlech op al verbraucht Installatiounen zeréck an op d'Astelle vu Personal, dat net genuch geschoult war.

Et gouf no Schëllegen um Ongléck gesicht a 5 Leit kruten de Prozess gemaach. Wéinst widderspréchléchen Aussoe vun Experte konnt Geriicht sech net festleeën a se goufe fräigesprach. Eréischt am Appel gouf en Aarbechtsdirekter, den Adolphe Calisis zu 6 Méint Prisong mat Sursis an enger Geldstrof vun 2000 belsch Frang verurteelt. Et gouf him virgeworf en imperfekt Signalisatiounssystem toleréiert ze hunn.

D'Folge vum Ongléck waren, datt mol endlech d'Sécherheetsbestëmmunge fir d'Grouwe revidéiert goufen.

Zwee Joer nom Ongléck huet d'CECA bestëmmt, datt all déi netkompetitiv Grouwen a Wallounien solle lues a lues zougemaach ginn.

De Bois du Cazier huet 1967 seng Dieren zougemaach. Duerno louch e Joerzéngte laang brooch, gouf reegelméisseg vandaléiert an als illegalen Depot fir all méigleche Knascht benotzt an et huet vill Energie säitens deene Leit kaascht déi d'Plaz virum Ofrappen a Vergiesse rette wollten, ier déi wallounesch Regioun decidéiert huet d'Grouf als historescht Monument ze klasséieren. Net matklasséiert gouf allerdéngs de leschtgebaute bëtongs Fërdertuerm déi sougenannt Tour Foraky an dat haaptsächlech well en ni funktionéiert hat an eng Ofsécherungze vill e groussen Deel vum Restauratiounsbudget kascht hätt. E gouf ewechgerappt an haut erënnert nach just en iwwerdeckte Pëtz un d'Plaz wou e stoung.

Haut ass de Bois du Cazier eng Gediechtnesplaz an ee Musée, an deem een alles iwwer de Biergbau an d'Kuelegrouwe ka gewuer ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bois du Cazier – Biller, Videoen oder Audiodateien