Lycée classique d'Echternach
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lycée classique d'Echternach, kuerz LCE genannt, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul zu Iechternach. Entgéint sengem Numm funktionéiert de Lycée net nëmmen als Classique, mä och als General.
De Lycée am fréieren Iechternacher Klouschter | |
Iechternacher Lycée (LCELCE) | |
---|---|
Typ | Secondairesschoul, ëffentlech Schoul |
Regimm | Classique, General |
Land | Lëtzebuerg |
Leedung | Coryse Hubert |
Schülerzuel | 1.161 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 1841 |
Um Spaweck | https://www.lce.lu/ |
De Lycée ass am Gebai vun der fréierer Iechternacher Abtei.
Historique
ännerenDe Willibrord, Grënner vun der Iechternacher Abtei, hat schonn 697 / 698 eng Schoul an der Abtei gegrënnt, sou datt den Iechternacher Lycée gär als eelst Schoul vum Land bezeechent gëtt[1].
1841 gouf de Progymnase d'Echternach gegrënnt, aus deem mam Gesetz vum 23. Juli 1848[2] d'École moyenne et industrielle d'Echternach ginn ass. D'Reform vun 1869 huet de Progymnase nees retabléiert[3], deen dann de 17. Abrëll 1900[4] zum Gymnase d'Echternach ginn ass.
Duerch den Arrêté grand-ducal vum 30. Juni 1945[5] krut d'Schoul dunn den aktuellen Numm Lycée classique d'Echternach.
Ursprénglech nëmme fir Jongen accessibel, ass de Lycée zanter 1969 och fir Meedercher op[6].
Direkteren
änneren- 1841 - 1854: Jacques Missy
- 1854 - 1866: François Müller
- 1866 - 1878: Mathieu Michel
- 1878 - 1879: Théodore Witry
- 1879 - 1881: Auguste Mullendorff
- 1882 - 1896: Jacques Schmitz
- 1896 - 1908: Jean Thill
- 1908 - 1911: Martin d'Huart
- 1911 - 1914: Nicolas Sevenig
- 1914 - 1933: Jean-Pierre Kauder
- 1933 - 1941: Nicolas Goetzinger
- Am Zweete Weltkrich, vun 1941 bis 1944, gouf d'Direktioun vun der Schoul vum Josef Dijong iwwerholl.
- 1945 - 1946: Charles Becker (Direkter faisant fonction)
- 1946 - 1951: Jean Limpach
- 1951 - 1968: Mathias Thinnes (bis 1973 Direkter en titre)
- 1968 - 1973: Jean Schon (Sous-Direkter an Direkter faisant fonction)
- 1973 - 1980: Jean Schon (bis 1988 Direkter en titre)
- 1980 - 1988: Fernand Bauer (Sous-Direkter an Direkter faisant fonction)
- 1988 - 2003: Fernand Bauer
- 2003 - 2023: Henri Trauffler
- Zanter 2023: Coryse Hubert
Internat
ännerenZur Schoul gehéiert och en Internat.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Institution Saint-Willibrord.
Literatur zum Theema
änneren- Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch 1841 - 1991, Lycée classique d'Echternach, 1992
- Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 2. Das Gymnasium in Echternach. S. 20-29, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8
Kuckt och
änneren- Secondairesschoulen zu Lëtzebuerg
- Elie Music Award, e lëtzebuergesche Musekspräis, deen 2007 vu Schüler aus dem Iechternacher Lycée organiséiert gouf
Um Spaweck
ännerenCommons: Lycée classique d'Echternach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Cadre historique – Lycée Classique d'Echternach. www.lce.lu. Gekuckt de(n) 24.09.2022.
- ↑ LOI sur l'Enseignement supérieur et moyen, du 23 juillet 1848, n° 1. legilux.lu (23.07.1848). Gekuckt de(n) 24.09.2022.
- ↑ Festschrëft 1992, S. 92ss.
- ↑ Loi du 17 avril 1900 concernant la transformation du progymnase d'Echternach en gymnase complet et la fixation du traitement du directeur de l'école industrielle et commerciale de l'Athénée. legilux.lu (17.04.1900). Gekuckt de(n) 24.09.2022.
- ↑ Arrêté grand-ducal du 30 juin 1945 portant nouvelle dénomination des Gymnases de Luxembourg, Diekirch et Echternach. lefgilux.lu (30.06.1945). Gekuckt de(n) 24.09.2020.
- ↑ Règlement grand-ducal du 27 juin 1969 portant création de classes mixtes au Lycée classique de Diekirch, au Lycée classique d'Echternach et au Nouveau Lycée de Luxembourg. legilux.lu (27.06.1969). Gekuckt de(n) 24.09.2022.