Kanton Esch-Uelzecht
Kaart | |
---|---|
![]() | |
Esch-Uelzecht | |
Chef-lieu: | Esch-Uelzecht |
Fläch: | 242,77 km² |
- Plaz: | 4. vun 12 |
Awunner: | 154.636 [1](1.01.2012) |
- Plaz: | 1. vun 12 |
Bevëlkerungsdicht: | 637 Awunner/km² |
De Kanton Esch-Uelzecht ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Südweste vu Lëtzebuerg.
E grenzt am Norden un d'Kantone Kapellen a Lëtzebuerg, am Osten un de Kanton Réimech, am Süden un déi franséisch Regioun Loutrengen an am Westen un déi belsch Provënz Lëtzebuerg.
Déi 14 Gemengen aus dem Kanton sinn:
HistoriqueÄnneren
De Kanton Esch-Uelzecht war net bei deenen éischte mat dobäi wéi e Beschloss vum 14. Fruktidor Joer III (31. August 1795) d'Kantonen zu Lëtzebuerg agefouert huet. Als Kantonalhaaptuert wier Esch-Uelzecht deemools wuel nach ze kleng gewiescht par Rapport zu aneren Uertschaften, wat sech awer mat der Zäit ännere sollt.
Sou sollt dann de 14. Juli 1830 e véiert Justizarrondissement Esch-Uelzecht entstoen, mä d'Belsch Revolutioun huet eng Ëmsetzung vun deem Projet illusoresch gi gelooss.
Doduerch huet sech nach weider gedëllegt misse ginn, bis datt eng Veruerdnung vum 12. Oktober 1841[2] tatsächlech e Kanton Esch-Uelzecht an d'Liewe geruff huet, dee sech aus dem fréiere Kanton Beetebuerg an Deeler vum fréiere Kanton Messancy zesummegesat huet. Doduerch gouf Esch-Uelzecht Kantonalhaaptuert an d'Friddensgeriicht koum och vu Beetebuerg eriwwer.
Et bleift nach z'ernimmen datt 1817 mat der Schafung vun de Milizkantonen och Esch-Uelzecht sou e Milizkanton ginn ass[3], deen awer a senge Funktiounen a Grenze ganz eegestänneg war an eréischt zanter 1846[4] mam Justizkanton iwwerenee gestëmmt huet (virdru war d'Gemeng Dippech mat beim Milizkanton Esch, d'Gemenge Fréiseng, Réiser a Péiteng dogéint net).
Kuckt ochÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ Statec Luxembourg - Population par canton et commune 1821 - 2012
- ↑ Kinneklech-Groussherzoglech Veruerdnung vum 12. Oktober 1841, N° 19, iwwer d'Fixatioun vun der Circonscriptioun vun de Friddensgeriichter an dem Ressort vun de Bezierksgeriichter, publizéiert am Memorial Nr 53 vun 1841, S. 461
- ↑ Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Februar 1817, Nr. 57, iwwer d'Andeelung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg a Milizkantonen, publizéiert am Memorial N° 12 vum 14. Mäerz 1817, S. 145
- ↑ Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Juli 1846, Nr. 1527, iwwer eng nei Andeelung vun de Milizkantonen, publizéiert am Memorial N° 48 vun 1846, S. 451