Tréier ass eng däitsch Stad a Rheinland-Pfalz a gëllt mat senger méi wéi zweedausendjäreger Geschicht als déi eelst Stad vun Däitschland. Haut ass Tréier mat sengen ëm déi 100.000 Awunner, Bëschofssëtz an Universitéitsstad. Tréier läit an engem flaachen Deel 124 m iwwer NN vum soss enke Museldall, nëmmen e puer Kilometer vun der Lëtzebuergescher Grenz ewech.

16 v. Chr. gouf et vun de Réimer ënner dem Keeser Augustus an der Géigend vum Stammhellegtum vun de kelteschen Treverer ënnert dem Numm Augusta Treverorum gegrënnt. De Keeser Diokletian huet d'Stad mam Numm Treviris zur réimescher Keeserresidenz an Haaptstad vum westréimesche Räich ernannt. Dat antikt Tréier hat seng Héichzäit am fréie 4. Jh. ënner dem Regime vum Keeser Konstantin. Enn vum 5. Jh. vun de Franken eruewert, huet Tréier dono zum ostfränkesch-däitsche Räich gehéiert. 958 gouf déi haiteg Maartplaz, mat der Opriichtung vum Maartkräiz, zum Zentrum vun der mëttelalterlecher Stad. Am 12. Jh. goufen déi Tréierer Äerzbëscheef Kurfürsten an hunn Tréier zur Haaptstad vun hirem Kurstaat gemaach. Wärend dem Drëssegjärege Krich ass Tréier vun de Spuenier an duerno vun de Fransousen eruewert ginn. D'Stad sollt nach e puermol a franséisch Hänn falen, ier se 1815 zu Preisen gehéiert huet. Am Zweete Weltkrich gouf et zum Deel schwéier beschiedegt.

Tréier ass een eezege Fräiliichtmusée mat antiken, mëttelalterlechen an neizäitleche Gebaier, vun deenen der 1986 eng Partie op d'UNESCO-Lëscht vun de Weltierwen opgeholl goufen... > méi

Aner Artikele vun der Woch