Aischylos

griicheschen Tragediendichter

Den Aischylos, (griichesch Αισχύλος), och Eeschylos, Aeschylos, oder Æschylos geschriwwen, gebuer 525/524 v. Chr. zu Eleusis, Attika a gestuerwe 456 v. Chr. zu Gela op Sizilien), war en Tragediendichter aus dem ale Griicheland.

Den Aischylos

Nieft dem Euripides an dem Sophokles war den Aischylos de wichtegsten Tragediendichter an der griichescher Antiquitéit.

Den Aischylos koum als Jong vum Euphorion an enger aler Adelsfamill op d'Welt. Als jonke Mann huet hien de Stuerz vun der Tyrannis vun de Bouwe vum Peisistratos an d'demokratesch Reforme vum Kleisthenes materliewt. Scho fréi huet hie sech fir d'Drame vu Choirilos a Pratinas begeeschtert, souwéi fir d'Dichtkonscht vun Agathokles an Apollodor. Eng Legend erzielt, datt den Dionysos selwer hien am Dram zum Dichter gemaach huet. Bei senge fréie Stécker huet hien och selwer als Schauspiller matgemaach. Am Alter vu fënnefanzwanzeg Joer huet hie bei den Dionysien, engem Dichterconcours zu Athen, matgemaach, mä huet awer net gewonnen.

Als Zaldot war hie 490 v. Chr. fir Athen bei der Schluecht vu Marathon géint d'Perser derbäi, wou hie säi Brudder verluer huet. No der Zerstéierung vun Athen am Joer 480 v. Chr. ass hien op engem vun de griichesche Krichsschëffer un der Schluecht vu Salamis bedeelegt.

Hien ass e puermol op Sizilien gereest, sou och 475 v. Chr. nodeem de Kinnek Hieron I. vu Syrakus hien agelueden hat, an huet hei Bekanntschaft mat de Lyriker Simonides, Pindar a Bakchylides gemaach. Fir de Kinnek Hieron huet hien d'Festspill Aitnaiai (lëtz.: D'Ätnäerinnen) geschriwwen.

Zu Athen war 472 v. Chr. d'Première vu sengem Drama Persai, an deem hien op eng dramatesch Aart a Weis seng Krichserfarunge verschafft huet, an hie gewënnt domat den éischte Präis bei den Dionysien. Am Wettsträit mam Sophokles muss hie sech am Joer 468 v. Chr. geschloe ginn, mä kann awer um Enn vu sengem Liewen op dräizéng Victoire bei den Dionysien zeréckkucken.

Vu senger leschter Sizilierees ass den Aischylos net méi zeréckkomm. Hien ass ëm 456 v. Chr. zu Gela gestuerwen, wou hien och begruewe läit. Der Legend no gouf hien duerch eng Deckelsmouk erschloen, déi en Aadler fale gelooss hat. D'Epigramm op sengem Graf seet Follgendes:

Αἰσχύλον Εὐφορίωνος Ἀθηναῖον τόδε κεῦθει Den Aischylos läit hei begruewen, de Jong vum Euphorion, dem Athener.
μνῆμα καταφθίμενον πυροφόροιο Γέλας· An der fruuchträicher Stad Gela huet den Doud hie bezwongen.
ἀλκὴν δ' εὐδόκιμον Mαραθώνιον ἄλσος ἄν εἴποι Mä vu senger Kraaft ass den Hain zu Marathon Zeien, dee berüümten,
καὶ βαθυχαιτήεις Μῆδος ἐπιστάμενος. Wou de Perser mat de ville Krausele si préife konnt.

Zu Athen gouf no der Noriicht vu sengem Doud beschloss, seng Dramen och weiderhin (ausser Konkurrenz) un de Concoursen deelhuelen ze loossen.

Déi wichtegst Quelle fir d'Liewe vum Aischylos sinn eng iwwerliwwert Liewensbeschreiwung a verschiddenen Texthandschrëften, den Artikel am byzantinesche Lexikon Suda an d'Artikelen 48, 50 a 59 an der Parescher Chronik, dem sougenannte Marmor Parium.

Am Joer 406 v. Chr. huet den Aristophanes a sengem Kaméidisstéck Bátrachoi den Aischylos am Wettsträit mat dem Euripides zu engem Vertrieder vun enger aler Zäit an zum Virbild vum trageschen Dichter gemaach. An der Mëtt vum 4. Joerhonnert v. Chr. gouf seng Statu nieft deene vu Sophokles an Euripides am Theater vum Dionysos opgestallt.

Seng Aféierung vun engem zweete Schauspiller huet duerch den Dialog, dee sou méiglech war, de griicheschen Theater revolutionéiert. Mä och duerch Sprooch, Stil an d'Wal vum Mythos als Theema vun der griichescher Tragedie huet den Aischylos seng Nofollger staark beaflosst. Seng Charaktere ware keng gewéinlech Mënschen aus dem Vollek, mä hu sech duerch iwwermënschlech Leidenschaft a Charakterstäerkt, awer och duerch hir Sprooch ervirgehuewen.

Säi Wierk

änneren
 
Aeschyli Tragoediae septem, 1552

Erhale Wierker

änneren

No der Iwwerliwwerung ginn nonzeg Dramen op den Aischylos zeréck, vun deenen awer nëmmen néngasiwenzeg dem Numm no bekannt sinn. Déi besonnesch héich gelueften zwanzeg Satyrspiller si verluergaangen, vun den Tragedie sinn der nëmme siwe vollstänneg erhalen. Vu senge Fréiwierker bis zu der Trilogie Orestie, déi hie kuerz viru sengem Doud fäerdeggestallt huet, kann een eng däitlech kënschtlecher Entwécklung gesinn.

Fragmenter

änneren
  • Aigyptioi (463 v. Chr.)
  • Aitnaiai (D'Ätnäerinnen)
  • Amymone (Satyrspill, 463 v. Chr.)
  • Argeioi
  • Argo
  • Athamas
  • Bacchai
  • Bassarai
  • Danaides (463 v. Chr.)
  • Diktyoulkoi (Satyrspill)
  • Edonoi
  • Eleusinioi
  • Epigonoi
  • Glaukos Pontios
  • Glaukos Potnieus (472 v. Chr.)
  • Heliades
  • Herakleidai
  • Hiereiai
  • Iphigeneia
  • Ixion
  • Kabeiroi
  • Kares / Europe
  • Kressai
  • Laios (467 v. Chr.)
  • Leon
  • Lykourgeia
  • Lykourgos
  • Memnon
  • Myrmidones (D'Myrmidonen)
  • Mysoi (D'Nyser)
  • Neaniskoi
  • Nemea
  • Nereides
  • Niobe
  • Oidipous (467 v. Chr.)
  • Oplon Krisis
  • Oreithyia
  • Ostologoi
  • Palamedes
  • Pentheus
  • Perraibides
  • Penelope
  • Philoktetes
  • Phineus (472 v. Chr.)
  • Phorkides
  • Phryges / Hektoros Lytra
  • Prometheus Lyomenos
  • Prometheus Pyrkaios (472 v. Chr.)
  • Prometheus Pyrphoros
  • Proteus (458 v. Chr.)
  • Psychagogoi
  • Psychostasia
  • Salaminiai
  • Semele / Hydrophoroi
  • Sisyphos Drapetes
  • Sisphos Petrokylistes
  • Sphinx (467 v. Chr.)
  • Telephos
  • Theoroi / Isthmiastai
  • Threissai
  • Toxotides
  • Trophoi
  • Xantriai

Um Spaweck

änneren
Commons: Aischylos – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.