De Mënsch (Homo sapiens) ass der biologescher Systematik no e Plazentadéier aus der Uerdnung vun de Primaten. Hominoidea sinn och Primaten a sinn déi noost Famill zum Mënsch. D'Mënschen, wéi aner Primaten, si sozial Déieren. Si liewe generell a Gruppen, hëllefen a beschütze sech géigesäiteg a këmmeren sech ëm hir Nokommen (Kanner). De Mënsch huet en oprechte Gank, wat an der Déierewelt näischt Besonnesches ass mä ënner Mamendéiere seelen ass.

Mënsch
Eng Fra an e Mann

Eng Fra an e Mann
Eng Fra an e Mann
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordadéieren
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Theria
Iwweruerdnung: Euarchontoglires
Uerdnung: Primaten
Iwwerfamill: Hominoidea
Famill: Mënschenafen
Gattung: Homo
Aart: Mënsch
Wëssenschaftlechen Numm
Homo sapiens
L. 1758

Mënschen hunn e komplext Gehier, wat et hinnen erlaabt, Sproochen ze benotzen, Iddien ze forméieren an Emotiounen ze hunn. Dat Gehier, an de Fait datt d'Äerm net gebraucht gi fir sech fortzebeweegen, erméiglechen et dem Mënsch, Geschier ze benotzen.

Mënsche liewen op all Kontinent. Schätzungen no liewen zanter 2012 iwwer 7 Milliarde Mënschen op der Äerd.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mënsch – Biller, Videoen oder Audiodateien