Reims (IPA: [ʀɛ̃ːs]) ass eng Stad am Nordoste vu Frankräich, ëm déi 130 km vu Paräis ewech. Si ass eng Ënnerprefecture vum Departement Marne, an der Regioun Grand Est a gëtt och Cité des Sacres genannt well hei d'franséisch Monarche gekréint goufen.

Reims
D'Gemengenhaus vu Reims

D'Gemengenhaus vu Reims
D'Gemengenhaus vu Reims
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Marne
Arrondissement Reims
Kanton Chef-lieu vun 10 Kantonen
Postcode 51100
Koordinaten 49° 15’ 05’’ N
      04° 01’ 24’’ O
Bevëlkerung  180.318 (2020)
Fläch  47,02 ha

D'Stad ass Sëtz vun engem Äerzbëschof an huet zanter 1969 och eng Universitéit. D'Geschicht vu Reims geet bis op d'Réimescht Räich zeréck.

Geographie änneren

Reims ass eng Stad am Nordoste vu Frankräich, ëm déi 130 km vu Paräis ewech, an der sougenannter Champagne crayeuse. Mat 187 206 Awunner[1] steet Reims domat op zwielefter Plaz vun de franséische Stied no hirer Awunnerzuel. Och wa Reims kee Chef-lieu ass, sou ass et dach déi gréisst Stad an der Regioun Champagne-Ardenne. Ausserdeem ass Reims d'Sous-préfecture vum Arrondissement Reims am Departement vun der Marne, Sëtz vun engem Äerzbëschof, enger Cour d'Appel, enger Akademie an enger Universitéit. Reims ass zesumme mat Troyes e wichtege Pol an der Regioun.

D'Stad läit an engem Flaachland, um Uwänner vun der Vesle, engem Zoufloss vun der Aisne, an um Aisne-Marne Kanal. Am Süden an am Westen erhieft sech d'Montagne de Reims. Vu 17 Uertschaften an der Champagne, deenen hir Wéngerten d'Appellatioun Grand-Crû hunn, sinn der eleng 9 an der Montagne de Reims ze fannen.

D'Haaptplaze vu Reims sinn d'Place Drouet-d'Erlon[2], wou een eng Konzentratioun vu Restaurantsen, Caféen a Geschäfter fënnt, am hirem Zentrum steet d'Fontaine Subé; d'Place Royale mat enger Statu vum Louis XV. an d'Place du Cardinal-Luçon virun der Kathedral mat enger Statu vum Jeanne d'Arc. Z'ernimme sinn och d'Place de la République an d'Place des Droits-de-l'Homme, déi op de grousse Boulevarde ronderëm Reims leien, an d'Entrée an den Zentrum vun der Stad sinn. D'Rue de Vesle, d'Haaptgeschäftsstrooss, leeft ënner verschidden Nimm an no engem Schema wat vum anticke Plang vu Reims ofgekuckt gouf, vum Südwesten an den Nordosten. Aner grouss Geschäftsstroossen am Zentrum sinn d'Rue de l'Étape, d'Rue du Cadran-Saint-Pierre, d'Rue des Élus an d'Rue de Talleyrand.

Geschicht änneren

 
D'Porte de Mars zu Reims (3. Joerhonnert).

Éischt Spuere vun engem bewunnte Gebitt gi bis an den Neolithikum an de Chalkolithikum zeréck. Urnen aus der Bronzezäit goufen ausgegruewen, an am ganzen Dall vun der Vesle hunn an der Eisenzäit Leit gewunnt. Ëm 80 v. Chr. hunn d'Remer um aktuelle Site vu Reims en Oppidum gebaut.

De Julius Caesar ernimmt a senge Commentairen eng Stad mam Numm Durocortorum. De Strabon schwätzt vun Durocortora. Wéi den Caesar ëmmer méi Deeler vu Gallien eruewert huet, hu sech d'Belsch zesummegedoen, fir dës Invasioun zeréckzedrécken. D'Remer allerdéngs wollten näischt vun dëser Allianz wëssen, an hu sech de Réimer ugeschloss. Dës Allianz gouf vum réimesche Senat gestëmmt, an d'Belsch hu kuerz drop géint d'réimesch Arméi verluer. 53 v. Chr. huet den Caesar de Concilium Galliae zu Durocortorum zesummegeruff, fir en Urteel iwwer d'Verschwörung vun de Senonen an de Karnuten ze fällen.

Well d'Remer hir Fidelitéit zu Roum bewisen haten, gouf Durocortorum zu de federéierte Stied gezielt, a war onofhängeg. Ënner dem Augustus goufen d'Remer zu der belscher Provënz gezielt, an Durocortorum gouf zu der Haaptstad. Ausgruewungen hu gewisen, datt Reims zu der Réimerzäit eng räich Stad war, a siwe grouss Stroosse sinn duerch d'Stad gelaf.

406 hunn d'Vandalen d'Stad eruewert a geplëmmt. D'Remer hate sech an enger chrëschtlecher Kierch verstoppt. Den hellegen Nicasius, de Bëschof vu Reims, gouf an der Kierch gekäppt. 451 sinn d'Hunnen agefall.

 
De Clovis gëtt 496 an der Kathedral vu Reims gedeeft.

Am fréie Mëttelalter ass Reims eng wichteg Stad bliwwen. 496 huet de Bëschof Remi do de Frankekinnek Clovis I. gedeeft. Heiduerch gouf Reims zu der Stad vun de Kréinunge vun de franséische Kinneken an den Äerzbëschof-Herzog zu engem Pair de France.

Ënner de Merowenger war Reims zesumme mat Metz eng vun den Haaptstied vun Austrasien. Am Joer 719 gouf Reims vum Karl Martell ausernaner geholl. Vill Monumenter hu vu fréieren Zäiten erzielt, a lues awer sécher ass et mam grousse Reims aus der gallo-réimescher Zäit biergof gaangen. 804 huet de Karel de Groussen hei de Poopst Leo III. empfaangen. 1119 gouf zu Reims e Konzil ofgehalen.

Am 16. Joerhonnert krut Reims eng Universitéit, déi awer wärend der Revolutioun zerstéiert gouf, an eréischt am 20. Joerhonnert nees opgebaut gouf.

En neien Opschwong koum am 20. Joerhonnert mat de Fligeren. Den 30. Oktober 1908 huet den Henri Farman sech eng éischt Kéier an d'Loft gewot, an dëst fir d'Streck Bouy-Reims (27 km). Déi éischt Grande semaine d'aviation de la Champagne gouf vum 20. bis 29. August 1909 organiséiert.

Am Éischte Weltkrich gouf e groussen Deel vun der Stad zerstéiert. Virun allem d'Kathedral gouf schwéier beschiedegt, a gëtt nach haut restauréiert.

An den 20er Joren ass zu Reims en neie literaresche Mouvement op d'Welt komm: Le Grand Jeu, deen haaptsächlech vu René Daumal a Roger Gilbert-Lecomte animéiert gouf.

Vun 1940 bis 1944 war Reims vun Däitschland besat, nom Enn vum Krich huet den Eisenhower hei säin Haaptquartier ageriicht. De 7. Mee 1945 huet den däitsche Marschall Alfred Jodl d'Kapitulatioun an engem Klassesall vum Collège technique et moderne (haut: Lycée Roosevelt) ënnerschriwwen.

1962 waren de Charles de Gaulle an de Konrad Adenauer zesummen an enger Mass an der Kathedral vu Reims, fir nei franséisch-däitsch Relatiounen opzebauen.

1996 ass de Poopst Jean-Paul II. op Reims komm, fir 1.500 Joer chrëschtlech Monarchie a Frankräich ze feieren. Virun iwwer 200.000 Gleewege gouf um Feld vun der Base aérienne 112 Reims-Champagne eng grouss Mass ofgehalen.

Demographie änneren

D'Awunner vu Reims gi Rémois genannt. D'Agglomeratioun (Reims Métropole) zielt 6 Gemengen: Reims, Bétheny, Bezannes, Cormontreuil, Saint-Brice-Courcelles an Tinqueux.

Awunnerentwécklung
179318001840187219141921193619541962196819751982199019992006201120162020
32 37130 00039 00070 000115 00076 785117 229121 753134 856154 534178 381177 234180 620187 206183 837180 752183 113180 318

Awunnerzuel virun 1921: Pierre Desportes, Histoire de Reims.

Bekannt Leit vu Reims änneren

Ekonomie änneren

Zu den Haaptwirtschaftssecteure vu Reims zielen:

  • Agroalimentatioun (besonnesch de Schampes) ;
  • Pharmazeutesch Industrie ;
  • Automobilindustrie;
  • Banken, Assurancen a Servicer fir Entreprisen;
  • Bautewiesen ;
  • Gesondheet a Soziales ;
  • Bildung a Fuerschung ;
  • Hotellerie a Restauratioun ;
  • Metallindustrie ;
  • Glasindustrie ;

Eng Agence fir den Developpement vun der Wirtschaft[3] gouf 2004 an d'Liewe geruff, fir Investissementer an a ronderëm Reims ze favoriséieren. Dës Agence gëtt vun der Stad Reims a vun der Handelskummer vun der Agglomeratioun Reims Métropole finanzéiert.

Reims ass ausserdeem de Sëtz vun der Handels- an Industriekummer vu Reims an Épernay, déi sech ënner anerem ëm d'Gestioun vum Hafe bekëmmert.

Schoulen änneren

Politik an Administratioun änneren

1964 huet Reims ugefaangen, sech mat de Nopeschgemengen an engem urbanen Distrikt z'associéieren an huet 1970 mat der klenger Nopeschgemeng La Neuvillette fusionéiert. Nom Gesetz zu der Interkommunalitéit vun 1999 (Gesetz Chevènement) hat den Distrikt säi Sënn verluer, an d'Gemengen hu sech eng nei Form vun Interkommunalitéit misse sichen. Well sech d'Gemengen net iwwer d'Modalitéite vun enger Communauté d'agglomération eens goufen, gouf den Distrikt den 1. Januar 2002 an eng Communauté de communes transforméiert. Eréischt den 1. Januar 2004 ass et zu engem Accord komm, an domat zu der neier Communautéit Communauté d'agglomération de Reims, déi 2005 den Numm Reims Métropole krut. An dëser Communautéit si sechs Gemengen: Bétheny, Bezannes, Cormontreuil, Reims, Saint-Brice-Courcelles, an Tinqueux.

An der Agglomeratioun Reims Métropole wunnen 218 928 Leit (1999).

Reims ass an 10 Kantonen an 8 Quartieren opgedeelt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Buergermeeschtere vu Reims.

Jumelage änneren

Kuckeswäertes änneren

 
D'Kathedral Notre-Dame vu Reims vu bannen.

Reims zielt zu de franséische Konscht- a Geschichtsstied[4] (fr.: Ville d'art et d'histoire. Nieft der gotescher Kathedral Notre-Dame, wou d'franséisch Kinneken traditionell gekréint goufen, zielt och den äerzbëscheefleche Palais du Tau, deen tëscht 1498 a 1509 gebaut gouf, zu de kuckeswäerte Plaze vu Reims. Zanter 1972 ass an dësem Gebai, dat op der Lëscht vun de Weltierwe vun der UNESCO steet, e Musée ze fannen. wou een ënner anerem den Talisman bewonnere kann, deen de Kalif Harun ar-Raschid dem Karel dem Groussen geschenkt hat.

2007 feiert d'Basilika Saint-Remi hiert dausendjäregt Jubiläum. Do leien d'Reliquie vum hellege Remi, deen de Clovis gedeeft hat.

Zu anere grousse reliéise Gebaier zielen d'Kierch Saint-Jacques, d'Basilika Sainte-Clotilde an d'Kapell Foujita.

Nach aus Réimerzäit erhale sinn d'Porte de Mars, en 33 m laangen Triumphbou, an de sougenannte Cryptoportique, eng ënnerierdesch Galerie op der Plaz, wou fréier de Forum Romanum war.

Zu Reims gëtt et och eng Partie Privathaiser, déi sougenannten Hôtels. Hei sinn z'ernimmen: den Hôtel de Brimont aus dem Joer 1897, den Hôtel Mignot aus dem Joer 1911, den Hôtel Godbert (1875) an den Hôtel Werlé.

An der Ëmgéigend vu Reims lount sech e Besuch an de Musée vum Fort de la Pompelle an an d'Schlass Condé.

Eng hallef Dose Kilometer vum Fort de Pompelle ass an der Montagne de Reims déi touristesch Plaz mat de kromme Bichen, d'Faux de Verzy.

Um Spaweck änneren

Commons: Reims – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren

  Portal Frankräich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Frankräich.

Referenzen an Notten änneren

  1. INSEE, 1999.
  2. Vun der Bevëlkerung och einfach Place d'Erlon genannt.
  3. Reims Légend'R
  4. "Liste des "villes et pays d'art et d'histoire" labellisés dans le Grand Est" um Site vum franséische Kulturministère