D'Geschicht ass de Studium, d'Relatioun an d'Interpretatioun vun der Vergaangenheet. Den Numm huet als Urspronk dem Herodot seng Enquêten, Historiai op Griichesch awer et ass den Thukydides, dee fir d'éischt "wëssenschaftlech" Methoden an der Historiographie benotzt huet.

"Geschicht" bezeechent all d'Perioden, déi eis iwwer schrëftlech Spuere bekannt sinn, déi Periode, fir déi mir keng schrëftlech Quellen hunn, sinn d'Virgeschicht oder d'Protogeschicht.

Geschicht als Wëssenschaft änneren

Liest dozou den Artikel Historiographie.

Hëllefswëssenschaften änneren

D'Veraussetzunge ginn erfuerscht änneren

D'Quelle ginn erfuerscht änneren

Nopeschwëssenschaften änneren

Geschicht no Perioden änneren

D'Haaptperioden no deene mir d'Geschicht ënnerdeele sinn:

Bei der Modern an der Neizäit hänkt et vum Land af. Dës Terminologie ass vum franséischen iwwerholl (époque moderne, époque contemporaine), am däitschen ass et genee ëmgedréint (Neuzeit, Moderne respektiv Zeitgeschichte).

Aner Andeelungen änneren

Geschicht kann och geographesch agedeelt ginn: amerikanesch, asiatesch, ... Geschicht.

Geschicht ënnerdeelen hëlleft zwar, sech e Repère ze schafen, fir sech z'orientéieren, allerdéngs sinn och Schwieregkeeten domat verbonnen: Wou hält wat fir en Zäitalter op? Ass de Kolumbus oder de Gutenberg wichteg fir d'japanesch Geschichtsschreiwung? Wéini fänkt Zäitgeschicht un? Mat den "Zäitzeien", déi eis zur Verfügung stinn? All Andeelung a Perioden ass ëmmer diskutabel, an ass natierlech länner- oder regiounspezifesch.

Um Spaweck änneren

Commons: Geschicht – Biller, Videoen oder Audiodateien