Strooss
Eng Strooss (vum lat.: [via] strata, „Pawees-Wee“) ass generell e Stéck Land vu variabeler, awer meeschtens grousser Längt, an enger befestegter Uewerfläch, déi d'Zirkulatioun vu Persounen a Gefierer tëscht verschiddenen Uertschaften oder Deeler vun Uertschafte vereinfacht.

Et kann een ënnerscheeden tëscht Stroosse bannent enger Uertschaft (Duerfstrooss, stättesch Strooss), bei deene meeschtens op enger oder op béide Säite Gebaier stinn, déi normalerweis mat engem Trëttoir vun der Strooss getrennt sinn, an de Stroossen, déi duerch d'Landschaft lafen (Landstrooss) an d'Uertschafte matenee verbannen.
Bei ville Stroossen, besonnesch bei deene bannent enger Uertschaft, sinn am Buedemberäich ënner der befestegter Uewerfläch Installatioune wéi d'Kanalisatioun, Waasser-, Stroum, Gas- an Telefonsleitungen.
D'Gesamtheet vun de Stroossen op engem bestëmmte Gebitt gëtt als Stroossennetz bezeechent.
Situatioun zu Lëtzebuerg
ännerenGesetzlech Bestëmmungen
ännerenDat wat ëmgangssproochlech als „Strooss“ bezeechent gëtt, ass am Code de la route als (fr) chaussée definéiert an ass deen Deel vun der ëffentlecher Strooss, dee mat engem festen Uewerbau (meeschtens Makadamm) amenagéiert gëtt a fir d'Zirkulatioun vun de Gefierer geduecht ass. Dozou gehéieren och d'Parksträifen, d'Bushalten déi an enger Abuchtung leien, d'Schinnebett – wann et eng Eenheet mam Rescht vun der Strooss bilt – an déi Deeler vun enger Bus- oder Tramsgare, op deenen d'Bussen oder d'Tramme fueren.
„(fr)1.4. chaussée: partie de la voie publique pourvue d’un revêtement dur et aménagée pour la circulation des véhicules, y compris les bandes de stationnement, les encoches d’arrêt d’autobus, les parties de la voie publique munies de rails faisant corps avec le revêtement et sur lesquels circulent les véhicules sur rails ainsi que les parties de la voie publique dévolues à la circulation et aux manœuvres des autobus ou des tramways situées dans une gare routière.[1]“
Dobäi ass d'Chaussée ee vun de Bestanddeeler déi dem Code de la route no zur „ëffentlecher Strooss“ gehéieren:
„(fr)1.1. voie publique: toute l'emprise d'une route ou d'un chemin ouverts à la circulation publique comprenant la chaussée, les trottoirs, les accotements et les dépendances, y inclus les talus, les buttes antibruit et les chemins d'exploitation nécessaires à l'entretien de ces dépendances; les places publiques, les pistes cyclables et les chemins pour piétons font également partie de la voie publique.[2]“
Kategorië vu Stroossen
ännerenZu Lëtzebuerg gëtt et verschidde gesetzlech Kategorië vu Stroossen:
Déi dräi Stroossekategorië gi vun der staatlecher Stroossebauverwaltung (Administration des ponts et chaussées) gebaut an ënnerhalen. All aner Stroosse gi vun der Gemengeverwaltung vun där Gemeng op där hirem Gebitt d'Strooss läit, gebaut an ënnerhalen. Et sinn dat virum allem d'Stroosse bannent den Uertschaften a méi zweetrangeg Verbindungsstroossen tëschent den Uertschaften.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Stroossen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955, Art. 2 (PDF) Punkt 1.4. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 26.03.2025.
- ↑ idem 1.4