Vëlospist PC8

Itinéraire cyclable de la terre rouge
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Vëlospist PC8, och nach Pist vum Roude Buedem, offiziell Itinéraire cyclable de la terre rouge, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].

Vëlospist PC8
offiziellen Numm Itinéraire cyclable de la terre rouge
Lëtzebuerger Numm Pist vum Roude Buedem
vu(n) Bieles
op Téiteng
Längt 21,97 km
déifste Punkt Keel
héchste Punkt Keel
Land Lëtzebuerg

StreckÄnneren

D'PC8 ass 21,97 km laang a féiert vu Bieles op Téiteng. Den déifste Punkt (280,36 m) ass zu Keel (Kneipe-Gäertchen) an den héchsten (423,54 m) ass och zu Keel (Holzebierg)[2].

Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Péiteng, Rolleng, Bieles, Esch-Uelzecht, Rëmeleng, Téiteng, Bireng a Beetebuerg.

De 6. Dezember 2019 gouf ugekënnegt, datt den Deel vun der PC8 tëscht Belval an dem Zentrum vun Esch fir d'Kulturhaaptstad bis 2022 soll realiséiert ginn. Den zwee Kilometer laange Wee gëtt fir Foussgänger a Cycliste gebaut a féiert op enger Längt vun 1,2 km iwwer eng Bréck, bei där et sech ëm déi längst Foussgänger- / Vëlosbréck an Europa handele wäert[3][4]. Mat den Aarbechte soll am Hierscht 2020 ugefaange ginn[5].

Uschlëss un aner PistenÄnneren

D'Pist vum Roude Buedem huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

BemierkungenÄnneren

BillerÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Vëlospist PC8 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn
  3. PC8/Vëloexpresswee: un nouveau pas vers un réseau de qualité op gouvernement.lu de 6. Dezember 2019, gekuckt de 7. Dezember 2019
  4. Vëlosexpresswee: Von Belval ins Zentrum von Esch op wort.lu de 6. Dezember 2019, gekuckt de 7. Dezember 2019
  5. Frank Weyrich, „Radweg in den Startlöchern“, Luxemburger Wort 10.08.2020, S. 18