De Wenzel II. vu Lëtzebuerg (genannt "de Lidderegen", och Wenzeslaus, (fr) Wenceslas oder Venceslas); gebuer de 26. Februar 1361 zu Nürnberg a gestuerwen de 16. August 1419 op der Buerg Wenzelstein ((cs) Nový hrad u Kunratic, haut Stad Prag) war vu senger Kréinung als zweejärege Bouf 1363 bis zu sengem Doud 1419 als Václav IV. oder Wenzel IV. Kinnek vu Béimen a vun 1376 bis zu senger Ofsetzung 1400 als Wenzel Kinnek vum Hellege Réimesche Räich. Vun 1373 bis 1378 war en och nach Kurfürst vu Brandenburg, a vun 1383 bis 1419 Herzog vu Lëtzebuerg. E war noenee mat der Johanna vu Bayern a mat der Sophie vu Bayern bestuet; déi zwéi Stéit waren ouni Kanner.

Wenzel II.
Titelen
Herzog vu Lëtzebuerg
Zäit 1383 bis 1419
Virgänger Wenzel I.
Nofollger Sigismund
Biographie
Gebuer 26. Februar 1361 jul.
Nürnberg
Gestuerwen 16. August 1419 jul.
Papp Karel I. vu Lëtzebuerg
Geschwëster Johann vu Görlitz, Anne vu Béimen, Sigismund vu Lëtzebuerg

De Wenzel war den eelste Jong vum Keeser Karel IV. aus deem sengem drëtte Bestietnes mat der Anna vu Schweidnitz. Vu Kand u war hien als Haaptierwe virgesinn; en hat just zwee Joer, wéi en zum Kinnek vu Béimen gekréint gouf. Nom Doud vu sengem Papp 1378, koum de Wenzel op den Troun vum Hellege Réimesche Räich.

Nom Doud vu sengem Monni Wenzel I., 1383, gouf en och, bis zu sengem Doud, Herzog vu Lëtzebuerg. De 26. Februar 1388 huet hien d'Herzogtum un de Jobst vu Mieren verpfänd. Nom Doud vum Jobst, 1411, huet hie probéiert, dat réckgängeg ze maachen, mä huet seng Muecht zu Lëtzebuerg schonn 1412 nees un den Antoine vun der Bourgogne ofginn, de Mann vu senger Niess Elisabeth vu Görlitz.

De Wenzel gëtt allgemeng als Tockskapp, Paranoiker an Tyrann beschriwwen, dee fir Klengegkeete Leit hiriichte gelooss huet (kuckt den Artikel Bommenzinnes), sech et bei sou ongeféier jiddwerengem verduerwen huet mat deem en ze dinn hat, an dee sech soss deeglaang mat senge Muppen an engem Zëmmer agespaart huet. Vum diplomatesche Geschéck vu sengem Papp hat en net vill mat op de Wee kritt.

Do derbäi koum, datt e sech sou gutt wéi guer net ëm d'Räichsaffäre gekëmmert huet. Hien huet sech och net drëm beméit, sech vum Poopst zum Keeser kréinen ze loossen. Den 20. August 1400 haten d'Kurfürsten es genuch an hunn de Wenzel, als Lidderhanes, deen et net wierdeg ass, d'Räich ënner sech ze hunn, fir ofgesat erkläert.

Bis zu sengem Doud ass en awer béimesche Kinnek bliwwen. Mä och do war en net beléift. D'Hussiten, déi 1419 Prag eruewert hunn, haten ënner anerem och dowéinst Succès domat, well vill Leit sech hinnen aus Antipathie géintiwwer dem Wenzel ugeschloss hunn. De Wenzel ass fortgelaf, mä kuerz drop gestuerwen.

Säi Brudder Sigismund, dee scho 1410 däitsche Kinnek gi war, huet du seng Nofolleg als Kinnek vu Béimen ugetrueden.

Literatur änneren

  • Haag, Emil, 2011. Vencelas IV *1361 1419, le fils prodige, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 136-145.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Virgänger:
Wenzel I.
Herzog vu Lëtzebuerg
1383 - 1419
Nofollger:
Sigismund
Virgänger:
Karel I.
Kinnek vun Däitschland
1378 - 1400
Nofollger:
Sigismund
Virgänger:
Karel I.
Kinnek vu Béimen
1363 - 1419
Nofollger:
Sigismund

Um Spaweck änneren

Commons: Wenceslaus, King of the Romans – Biller, Videoen oder Audiodateien