Muttergottes

Titel fir dem Jesus seng Mam

Den Titel Muttergottes fir d'Jongfra Maria, dem Jesus seng Mamm, gëtt fir d'éischt um Konzil vun Ephesus am Joer 431 gebraucht. Op Griichesch ass den Titel Θεοτόκος theotókos, wuertwiertlech Gottesgebärerin. Domat huet d'Konzil dem Nestorius seng Léier verworf, datt d'Maria just de Mënsch Jesus op d'Welt bruecht huet, awer net de "Sohn Gottes". Als biblesche Beleeg fir dësen Titel gëtt Lk 1,43[1] genannt, well hei d'Elisabeth scho virun der Gebuert vum Jesus zu der Maria seet: Wie sinn ech, datt d'Mamm vu mengem Här bei mech kënnt?[2]

D'Theotokos vu Kasan, 16. Jh.

Fir d'protestantesch Chrëschten ass den Titel Muttergottes problematesch a si zéien den Titel Gottesgebärerin vir, well si respektéieren d'Maria als Mamm vum Jesus, leenen awer d'Veréierung vun der Maria of. An der Orthodoxescher Kierch ass d'Marieveréierung awer staark verbreet: Weltberüümt si Marien-Ikonen.

Zu Lëtzebuerg geet de Mariekult, also d'Muttergottesveréierung, op d'Jesuitten zeréck, a besonnesch op de Jacques Brocquart S.J., deen den 8. Dezember 1624 eng Muttergottesstatue mam Titel Tréischterin am Leed zur Veréierung virun d'Stadmauere gedroen huet.

Beispiller vu Muttergottesstatuen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Muttergottes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. bibleserver.com EU
  2. Katechismus der Katholischen Kirche, 495