Wörterbuch der luxemburgischen Mundart

D'Wörterbuch der luxemburgischen Mundart ass en Dictionnaire vun der Lëtzebuerger Sprooch, deen 1906 publizéiert gouf.

Dësen ass, nom Lexicon der Luxemburger Umgangssprache vun 1847, deen zweete lëtzebuergeschen Dictionnaire deen erauskomm ass, an deen éischte vun "offizieller" Säit.

Déi lëtzebuergesch Lemmata ginn op Däitsch, heiansdo mat franséischer Iwwersetzung, erkläert; och Virnimm, Uertschaftsnimm, Spréchwierder a Riedensaarte sinn dran ze fannen.

Seng Schafung goung op eng Decisioun vun der Chamber vum 19. Februar 1897 zeréck, déi der Regierung e Kredit vun 3000 Frang zougestanen huet, "behufs Sammlung und Aufzeichnung unseres nationalen Sprachschatzes".[1]

D'Begrënnung war, datt d'"Wogen der geschichtlichen Bewegungen" déi aus der geographescher Lag vu Lëtzebuerg resultéiere géifen, "[...] die Reinheit und Ursprünglichkeit [unserer heimischen Mundart] trüben" géifen, besonnesch duerch Léinwierder aus dem Héichdäitschen an dem Franséischen. Dofir misst de Bestand vu Wierder "geséchert" a "gerett" ginn an den "zersetzenden Einflüssen" entgéintgewierkt ginn.

Eng Kommissioun gouf op d'Been gestallt, déi sech aus dem Nicolas Gredt, dem Regierungsconseiller Henrion, dem Charles Mullendorff, dem Henri Schliep, dem Caspar Mathias Spoo, dem Konsul Weber an dem Nicolas van Werveke zesummegesat huet. Méi spéit koumen den Inspekter Paul Clemen, den André Duchscher an de Willy Goergen dobäi.

Et hu misse 15 Sëtzungen organiséiert ginn, fir sech op eng Orthographie z'eenegen.

Als Grondlag vum Korpus hunn ë. a. Manuskripter vum Joseph Weber an Edmond de la Fontaine (Dicks), an och dem Jean-François Gangler säi Lexicon der Luxemburger Umgangssprache gedéngt. En hätt sollen "aus den entlegensten Winkeln des Landes" mat "tatkräftiger Beihülfe" aus der Bevëlkerung zesummegedroe ginn; et koumen awer nëmmen 43 vun 186 Froebéi, déi doruechter verschéckt gi waren, hannescht. Sou gouf dann drop verzicht, ze versichen, all Niewendialekter ofzedecken a sech op d'"Elzmundart" (den Dialekt aus dem Uelzechtdall, deen herno "Koinè" sollt genannt ginn) konzentréiert.

D'Auteuren hunn et dofir och nëmmen als e Provisorium gesinn, an dovu geschwat, datt "demnächst" e "streng wëssenschaftlech" ausgeschafften Dictionnaire soll geschaf ginn, deen net nëmmen den aktuelle Sproochbestand, mä och historesch Dokumenter mat verschaffe sollt, a geographesch "sämtliche Mundarten des früheren Herzogtums Luxemburg vor seiner Zerstückelung im Jahre 1659, sowie die von den sogenannten siebenbürgischen Sachsen an den entlegensten östlichen Marksteinen des deutschen Sprachgebiets" ofdecke sollt.

Zu sou engem Dictionnaire ass et bis haut net komm; et sollt bal 50 Joer dauren, ier déi éischt Liwwerunge vum nächste lëtzebuergeschen Dictionnaire, dem Luxemburger Wörterbuch, erauskoumen.

2008 gouf d'Wörterbuch der luxemburgischen Mundart, dat joerzéngtelaang vergraff war, vum Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises vun der Uni Lëtzebuerg, an Zesummenaarbecht mam Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften op der Universitéit Tréier, als Online-Datebank publiziéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Dës a weider Zitater a Beschreiwungen zum Entstoen sinn aus dem "Vorwort".