D'Rochuskapell oder Helleg-Kräiz-Kapell um Wobierg zu Biissen ass eng kathoulesch Kapell déi zum Parverband Sankt Willibrord Helpert an zu der Gemeng Biissen gehéiert.

Si ass dem hellege Kräiz an der Muttergottes (Mater Dolorosa) geweit, an net wéi de geleefegen Numm et seet, dem hellege Rochus. Schrëftlech gouf d'Kapell fir d'éischt am Joer 1686 ernimmt. An der haiteger Form gouf se 1770 nei opgebaut. 2004 gouf d'Kapell fir d'lescht renovéiert; 2010 krut s'eng Uergel, déi vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder geliwwert gouf.

Lénks vum Wee bei d'Kapell steet um Kräizwee e kënschtleresch wäertvollt Kräiz op deem een d'Joreszuel 1735 oder 1738 erkenne kann. D'Original gouf 2000 mat enger Kopie ersat a restauréiert. Et ass déi siwent a lescht Statioun vum Kräizwee dee fréier vum Duerf erop bei d'Kapell gefouert huet.

Virum Agank vun der Kapell stinn zwéi Käschtebeem (Aesculus hippocastanum L.), déi wéinst dem Zesummespill mat der Kapell zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren. Bis 1962 stounge lénks a riets vun der Kräizstatioun zwou ural Wanterlannen, mat engem Stammëmfank vun iwwer 5 m, déi als national Monumenter klasséiert waren... > méi