D'Ténéré ass eng Sandwüüst an der südlecher Sahara am Norde vum Niger a gëtt och d'Wüüst vun de Wüüste genannt.

Dünen tëscht Fachi a Bilma
Lag vun der Ténéré innerhalb vun der Sahara

Beschreiwung änneren

Den Numm Ténéré kënnt aus der Sprooch vun den Tuareg an heescht Land do baussen (einfach iwwersat och: Wüüst). An der Wüüsteregioun, net wäit ewech vun der Uertschaft Tiguidit, läit eng besonnesch grouss Plaz wou Dinosaurierfossilie fonnt goufen.

Den nërdlechen Deel vun der Ténéré-Wüüst ass eng flaach Kiselstengwüüst. De südlechen Deel dergéint besteet haaptsächlech aus méi oder manner héije Sanddünenzich, déi deelweis iwwer honnert Kilometer laang sinn. Am ëstlechen Deel vun der Ténéré läit de Kaouar-Dall mat den Oase Séguédine, Aney, Dirkou a Bilma. An Nord-Süd-Richtung huet deen Ofschnëtt eng Ausdeenung vun ongeféier 160 km. Am Weste gëtt d'Ténéré duerch den Aïr begrenzt. Den Aïr an de Kaouar-Dall leien ongeféier 500 km auserneen.

Nërdlech vun der Strooss Agadez-Fachi erstreckt sech zanter 1988 d'Aïr an Ténéré Naturreservat, dat zanter 1991 zesumme mat den nërdlechen Deeler vun den Aïr-Bierger zum Weltnaturierwe vun der UNESCO gehéiert. An deem Deel vun der Wüüst gëtt et 300 bis 400 m héich Sanddünen. Et ass mat 7,7 Milliounen Hektar dat gréisst Schutzgebitt vun Afrika. Zanter den Opstänn vun den Tuareg am Joer 1992 steet d'Gebitt op der Rouder Lëscht vun de Weltierwen a Gefor.

De Bam vun der Ténéré änneren

 
Den Arbre du Ténéré am Joer 1961

An der Mëtt vun der Wüüst stoung als eenzege Bam am Ëmkrees vun e puer honnert Kilometer den Arbre du Ténéré. Hie gëllt als eenzegt Bamexemplar, dat ausdrécklech op enger Kaart am Moossstaf 1:4.000.000 agezeechent ass respektiv war.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Arbre du Ténéré.

Um Spaweck änneren

Commons: Ténéré – Biller, Videoen oder Audiodateien