D'Feieromes, och: Feiersalamander (Salamandra salamandra) ass eng europäesch Amphibienaart aus der Famill vun de Salamandridae.

Feieromes
Feiersalamander

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Amphibien
Uerdnung: Schwanzlurchen (Caudata)
Famill: Echt Salamanderen (Salamandridae)
Gattung: Salamanderen (Salamandra)
Wëssenschaftlechen Numm
Salamandra salamandra
Linnaeus, 1758)
Ënneraarten
  • Salamandra salamandra alfredschmidti
  • Salamandra salamandra almanzoris
  • Salamandra salamandra bejarae
  • Salamandra salamandra bernardezi
  • Salamandra salamandra beschkovi
  • Salamandra salamandra crespoi
  • Salamandra salamandra fastuosa
  • Salamandra salamandra galliaca
  • Salamandra salamandra gigliolii
  • Salamandra salamandra morenica
  • Salamandra sal. salamandra – Gefleckter F.
  • Salamandra sal. terrestris – Gebänderter F.
  • Salamandra salamandra werneri

Feieromesse liewen a Lafbëscher mat proppere Baachleef. Si si meeschtens nuets aktiv a verstoppe sech am Dag ënnert Blieder oder a Splécken an Hielen.

Verbreedung an Europa

D'Aart kënnt a groussen Deeler vun Europa vir, bis op eng Héicht vu 600 bis 800 Meter, ausser de Mesetae vu Spuenien, a Skandinavien, Groussbritannien, Irland an Nordosteuropa.

D'Feieromes erniert sech vu klengem Gedéiesch - Insekten, Wierm, Schleeken, kleng Fräschen, asw.

Beschreiwung änneren

Mëtteleuropäesch Feieromesse kënne vu Kapp bis de Wupp vum Schwanz 23 Zentimeter grouss ginn an eng 40 Gramm weien.

Si hunn eng glat, pechschwaarz Haut, op där um Réck giel bis orange Sträifen oder Tëppelen ze gesi sinn.

Dës opfälleg Faarf déngt dozou, Friessfeinden ofzeschrecken, an op hir Gëftegkeet hinzeweisen. Si kënne bei Gefor duerch hir Hautdrüsen Sekreter versprëtzen, déi zu den Alkaloide gehéieren. Ausser Hautbrenne maachen dës an der Reegel keng grouss Schied beim Mënsch.

D'Feiersalamandere kënnen iwwer 20 Joer al ginn, a Gefaangenschaft alt bis zu 50. Si ginn an 2 bis 4 Joer geschlechtsräif. Si verkoppele sech, andeems de Männchen, dee sech e Weibche mat de viischte Patte gekroopt huet, e Pak Som op de Buedem setzt an d'Weibchen dësen duerch seng Kloak ophëllt. D'Larven entwéckle sech dann eng 9 Méint am Weibche sengem Bauch; wa se bis prett sinn, setzt et s'an engem rouege Fléissgewässer aus. No 3 bis 6 Méint kënnt et dann zu der Metamorphos zu engem Landdéier, dat mat Longen otemt.

Lëtzebuergesch Nimm änneren

Zu Veianen heescht d'Aart Gepëppelte Mëmmel. Den Henri Klees féiert follgend Nimm op: Gëfteg Ärgäns, Däiwel, Feierechs, Feiermännchen, Giel Edrëss, Déck Eidemetz, Ëllem, Ëlm, Gielemännchen, Gielschneider, Krokodill, Piirpelmëll, Piirpleche Mëll, Mëmmel, Mill, Mëllem, Pierpelmol, Ollem, Onk, Muerdéier, Gëlle Schnedder.[1]

Galerie änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Feieromes – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Cf. Klees 1981 an der Literatur.