Kazen (Felidae) sinn eng Famill aus der Uerdnung vun de Raubdéieren (Carnivora) aus der Klass vun de Mamendéieren (Mammalia).

Kazen
Wëll Kaz

Wëll Kaz
Wëll Kaz
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Iwwerfamill: Kazendéieren
Famill: Kazen
Wëssenschaftlechen Numm
Felidae
Fischer 1817
Ënnerfamilljen

Klengkazen
Grousskazen
Acinoychinae

Evolutioun änneren

Viru 70 Millioune Joer sinn e puer Gruppe vu Karnivoren, kleng, wiselähnlech Déieren entstanen. Virun ongeféier 50 Millioune Joer ass aus enger vun hinnen d'Gattung Miacis entstanen, déi d'Virfahre vun den haitege Raubdéieren, also och de Kazen, waren.

Anatomie änneren

Kazen hunn e muskuléise Kierper, dee si séier a kraaftvoll beweege kënnen. Déi meescht Kaze liewen a Bëscher, wou si duerch hir kräfteg viischt Been a schaarf Krallen op d'Beem klamme kënnen. Si hu kräfteg hënnescht Been mat deene si wäit an héich sprange kënnen.

Hiren Ënnerkifer kënne si just op an of beweegen a si hu laang a spatz Eckzänn an eng rau Zong.

Systematik änneren

Et gëtt ongeféier 38 Kazenaarten déi an 3 Ënnerfamilljen opgedeelt sinn:

Um Spaweck änneren

Commons: Kazen – Biller, Videoen oder Audiodateien