Beetebuerg
Beetebuerg ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Süde vum Land an den Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.
Beetebuerg | |
---|---|
![]() | |
An anere Sproochen |
fr: Bettembourg de: Bettemburg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Laurent Zeimet (CSV) |
Awunner | 9.091 |
1 Januar 2021; 1 Januar 2022; 1 Januar 2023 | |
Fläch | 1.224,9 ha |
Koordinaten |
49° 31’ 39’’ N 06° 05’ 80’’ O |
Geographie Änneren
Beetebuerg läit am Uelzechtdall do wou d'Diddelengerbaach an d'Uelzecht leeft.
D'Nopeschuertschafte vu Beetebuerg sinn:
Verkéier Änneren
Eisebunn Änneren
D'Gare vu Beetebuerg gehéiert zur CFL-Linn 6 a läit op der internationaler Streck Lëtzebuerg-Dijon.
D'Rangéiergare mat 28 Sënnergleiser gouf an den 1980er Jore gebaut a krut ee Container-Terminal derbäi. Doduerch ass Beetebuerg zu engem wichtege Glidd am internationale Wuerentransport op der Nord-Süd-Achs ginn.
Stroossen an Autobunnen Änneren
Beetebuerg hänkt um Stroossennetz iwwer d'Dräikantonstrooss an d'N31 an och iwwer den CR132 an den CR163.
Laanscht Beetebuerg mat dräi Uschlëss ginn d'Autobunn A13, an d'Autobunn A3.
Zu der Beetebuerger Mobilitéit gehéieren d'RGTR-Linnen 194, 200, 304, 305 an 307 an de Flexibus vun der Gemeng Beetebuerg deen ee gratis an der Gemeng Beetebuerg benotze kann.
Kuckeswäertes zu Beetebuerg Änneren
Natur an Ëmwelt Änneren
- De Projet Naturbëschreservat Naturbësch - Beetebuerger Bësch
Kino zu Beetebuerg Änneren
Radio zu Beetebuerg Änneren
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Beetebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |