Toponymie
D'Toponymie (aus dem Griicheschen τόπος, tópos, "Plaz" an ὄνομα, ónoma, "Numm") ass de Studium vum Urspronk, der Bedeitung an der Evolutioun vun den Nimm vu Lokalitéiten a soss geographeschen Eenheeten.
Zu de sougenannten Toponymmen zielt een:
- Nimm fir Kontinenter, Inselen a Regiounen
- Nimm fir Länner, Provënzen a Gemengen
- Nimm fir Uertschaften a Lieu-diten
- Flouernimm
- Nimm fir Bierger an Hiwwelen
- Nimm fir Ozeaner, Mieresdeeler, Flëss, Baachen, Séier, Dëmpelen a Suppen (Hydronymmen)
D'Toponymie huet neierdéngs och ugefaange sech ëm d'Nimm vu Gebaier, Stroossen, Plazen a souguer extraterrestreschen Himmelskierper ze këmmeren.
D'Toponymmen hunn zwou Funktiounen:
- eng praktesch Funktioun: Orientéierung fir Persounen, Lokalisatioun vu Landstreecher a Parzellen;
- eng kulturell Funktioun: Evenementer, Leit oder Bräich am kollektive Bewosstsinn halen.
De sproochwëssenschaftleche Beräich vun der Toponymie setzt natierlech virun allem bei der kultureller Funktioun vun den Toponymmen un, mee wann aus praktesche Grënn reng geographesch Kennzeechen zu engem Toponym gefouert hunn da setzt se natierlech gär och do un.