D'Ilias ass en Eepos, deen am 8. Joerhonnert v. Chr. vum griicheschen Dichter Homer geschriwwe gouf. Si ass bis haut ee vun de bedeitendste Wierker vun der Weltliteratur an do derbäi och nach dat eelst.

Mat Hëllef vun der Athene triumphéiert den Achilles iwwer den Hektor

De kompletten Eepos ass a Versform verfaasst ginn. D'Ilias besteet am Ganzen aus 15693 Verser. D'Metrik vun deene Verse gëtt am Allgemengen als daktyleschen Hexameter bezeechent.

Handlung vun der Ilias änneren

D'Ilias beschreift 40 Deeg aus dem Krich ëm Troja, deen 10 Joer gedauert huet. Bannent deene 40 Deeg ginn d'Haaptkampfhandlungen ausgefouert, dorënner gëtt och vum Doud vun den atteschen Heroen, dem Patroklos an dem Achilles, awer och vun den Helden op trojanescher Säit, de bekanntste vun hinnen dem Hektor, erzielt. An der Ilias gëtt och de berüümten Trick vum Odysseus mam hëlzene Päerd beschriwwen, mat deem senger Hëllef d'Invasoren an d'Festung Troja andrénge konnten.

D'Ilias zeechent sech besonnesch duerch eng staark Charakterbeschreiwung vun de verschiddene Protagonisten aus.

Literatur änneren

  • Homer: Ilias. Übertragen von Raoul Schrott. München, Hanser 2008, ISBN 978-3-446-23046-0.
  • Homer: Ilias. Neufassung von Raoul Schrott. Deutschlandfunk, Der Hörverlag 2008, 21 CD's, 1.180 Minutten, ISBN 978-3-86717-188-5

Um Spaweck änneren

Commons: Ilias – Biller, Videoen oder Audiodateien