D'Septembermassakere waren eng Rei vun Hiriichtungen, déi sech vum 2. bis 7. September 1792 am revolutionäre Frankräich ofgespillt hunn. Et ass eng vun den däischtersten Episode vun der Franséischer Revolutioun. D'Historiker si sech net iwwer d'Motiver eens, déi d'Leit dozou bruecht hunn, d'Prisonéier op grausam Manéier hinzeriichten. Zu de Massakere koum et net nëmmen zu Paräis, mä och an anere Stied vum Land, wéi zum Beispill zu Orléans, Meaux oder Reims, mä si hate net déi selwecht Ausmoosse wéi an der Haaptstad.

D'Massakere waren och ee vun den éischten Derapage vun der Franséischer Revolutioun. Well et e ganzt kontroverst Theema ass, sinn d'Historiker sech nach ëmmer net eens. Verschiddener schreiwen an enger marxistescher Visioun iwwer d'Revolutioun (Albert Soboul), anerer gesinn doran d'Limite vun der populärer Muecht (François Furet).

De Karl Wilhelm Ferdinand vu Braunschweig

Zanter dem 20. Abrëll 1792 war Frankräich am Krich géint Éisträich. D'preisesch Arméie waren den 23. August zu Lonkéch a Verdun gouf belagert. Zu Paräis koum et zu enger Panik: duerch d'Manifest vu Braunschweig de 25. Juli hat den Herzog vu Braunschweig sech ongeschéckt ausgedréckt: wa sech d'Fransousen net géifen erginn, an zu enger kinneklecher Uerdnung géifen zeréckkommen, géifen d'Preise Paräis enger « exécution militaire et une subversion totale » ausliwweren.

Verschiddener wollten d'republikanesch Institutiounen an d'Provënz transferéieren, an d'Haaptstad evakuéieren. Den Danton war energesch géint dës Léisung. Et koum zu der Iddi vun engem Feind am Land selwer. Rumeure sinn ëmgaangen, datt d'Géigner vun der Revolutioun aus hire Prisongen eraus e Komplott géife plangen. Si wieren domat schëlleg nach virun de Menacë vum Herzog vu Braunschweig. D'Sans-culottes hunn no enger huerteger Gerechtegkeet verlaangt, fir dem Komplott en Enn ze setzen.

Den Deroulement vun de Septembermassakeren änneren

D'Massakeren hu mam Erwierge vun 23 refractaire Paschtéier am Prisong vun der Abbaye duerch Marseiller a bretonesch Federéiert ugefaangen. Eng Grupp huet sech duerno weider op de Wee an d'Klouschter vu Carmes gemaach, wou 150 Paschtéier agespaart gi waren. Wéi d'Mäerder ukomm sinn, waren d'Paschtéier op de Knéien an der Kapell, wou si ëmbruecht goufen. D'Grupp ass duerno nees zeréck an d'Abtei gaangen, an huet e "Geriicht" installéiert. Nodeem iwwer 300 Persounen e "Prozess" gemaach gouf, goufe si higeriicht. De Stanislas-Marie Maillard huet een nom anere verurteelt, deen him virgefouert gouf. De Massaker huet déi ganz Nuecht iwwer gedauert.

De selwechten Dag goufe 4 Paschtéier an der Kierch Saint-Paul Saint-Louis am Marais higeriicht.

D'Massakere gounge wärend 5 Deeg an den Nopeschprisonge weider: an der Conciergerie, dem Prisong vum Grand-Châtelet, der Force, der Salpêtrière, dem Bicêtre, an am Prisong vu Carmes.

 
De Jean-Paul Marat

Mä domat war net genuch. De Marat huet sech gewënscht, datt sech déi bluddeg "Geriichter" géifen a ganz Frankräich verbreeden. Hien huet op sengen Drockerpressen e Schreiwes drécke gelooss, datéiert op den 3. September, an deem hien d'Exactioune guttgeheescht huet, a weider d'Leit ugestachelt huet:

« La Commune de Paris se hâte d'informer ses frères de tous les départements qu'une partie des conspirateurs féroces détenus dans les prisons a été mise à mort par le peuple ; actes de justice qui lui ont paru indispensables, pour retenir par la terreur les légions de traîtres cachés dans ses murs, au moment où il allait marcher à l'ennemi ; et sans doute la nation entière, après la longue suite de trahisons qui l'ont conduite sur les bords de l'abîme, s'empressera d'adopter ce moyen si nécessaire de salut public, et tous les Français s'écrieront comme les Parisiens: "Nous marchons à l'ennemi ; mais nous ne laisserons pas derrière nous ces brigands, pour égorger nos enfants et nos femmes. »

Sou koum et zu Hiriichtungen zu Orléans, Meaux a Reims mä et war Näischt am Verglach mat deem wat sech zu Paräis ofgespillt huet.

Et ware seele Brigangen mä generell kleng Händler oder Handwierker, déi bei de Massakere matgemaach hunn. De 4. September hunn d'Mäerder an der Salpétrière Prostituéiert vergewaltegt an ëmbruecht, an och net viru Geckeger a Weesekanner halt gemaach.

D'Massakere vum September 1792 hunn am Ganzen tëscht 1000 a 1400 Affer gefuerdert, ronn d'Hallschent vun de Prisonéier zu Paräis.

Responsabilitéit vum Pouvoir änneren

D'Roll déi de Gouvernement an dëser Affär gespillt huet, ass net kloer: waren d'Opstänn spontan oder goufen d'Massaker vum Pouvoir encouragéiert, wann net souguer organiséiert ?

 
De Georges Jacques Danton

D'Wierder, déi den Danton den 2. September 1792 benotzt huet, si fir ëmmer am Gediechtnes vun de Leit bliwwen:

« De l'audace, encore de l'audace, toujours de l'audace »

Den Danton war Justizminister am provisoreschen exekutive Conseil, dee 6 Memberen (Ministeren) hat. Dëse Conseil war vun der Assemblée législative den Owend vum 10. August 1792 an d'Liewe geruff ginn.

D'Commune vu Paräis an d'Assemblée législative waren an engem Sträit ëm d'Muecht a Frankräich deen d'Land an engem Biergerkrichszoustand net ze gouvernéiere gemaach huet. De Gouvernement vun der Republik war ënner de verschidde Faktiounen ëmstridden, a keen huet gezéckt, kontradiktoresch Initiativen z'ergräifen, fir deem aneren ze schueden. Fir d'Commune war d'Muecht an den Hänn vum Comité de surveillance op deen den Danton an de Marat e groussen Afloss haten.

D'Commune hat decidéiert eng Arméi vu 60 000 Mann op d'Been ze stellen, fir géint d'Preise virzegoen. Offiziell wollt si d'Stied net ouni Verdeedegung aus Angscht virun de Géigner vun der Revolutioun loossen ; eigentlech war si sech am Kloren, datt déi meescht Fräiwëlleg zu den Extremiste gezielt hunn, a mat hinne fort un der Front hätt d'Muecht nees kënnen an d'Hänn vun de Moderéierte falen. D'Commune hat scho vill Leit einfach sou festhuele gelooss, mä huet gezéckt, iwwer si ze riichten, wéi et spéider wärend der Terreur de Fall war. D'Commune hat also en Interessi, fir d'Leit gewäerden ze loossen. Dat erkläert och de Fait, datt den Danton näischt gesot huet, fir säin Afloss an der Commune ze behalen.

Zanter dem Stuerm op d'Bastille huet de Marat d'Iddi vertrueden, datt eng effikass Politik fir mat der Vergaangenheet ofzeschléissen nëmme kéint gefouert ginn, wann d'Käpp géife rullen. Säi Journal war ee vun de virulenteste vun der franséischer Haaptstad, an hien huet e grousse Prestige zanter der Arrestatioun vum Louis XVI. genoss.

Fir de Marat war déi Episod e strategeschen Opstand, deen déi Moderéiert virun e fait accompli gestallt huet, an e Réckzuch onméiglech gemaach huet, andeems d'Géigner eliminéiert goufen, d'Moderéiert zu Komplize vun engem Massaker (a wann et nëmmen duerch de Fait geschitt ass, datt si näischt ënnerholl hunn) a fir eng Atmosphär vun Terror ze schafen.

D'Massakeren hunn effektiv den extremistesche Patriote gehollef an de Marat an den Danton hu bei der Wal triumphéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren