Gemeng Péiteng

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Esch-Uelzecht

D'Gemeng Péiteng ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Péiteng vun där se och hiren Numm huet.

Péiteng
Coat of arms petange luxbrg.png
Stadhaus Péiteng 01.jpg
Stadhaus vu Péiteng (2015)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Pétange
de: Petingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Pierre Mellina (CSV)
Awunner 20.084
  1 Januar 2021
Fläch 1.193 ha
Héicht 279 m
Koordinaten 49° 33’ 23’’ N
      5° 52’ 37’’ O
Websäit https://www.petange.lu
Map Pétange.PNG
D'Gemeng Péiteng (orange) am Kanton Esch (rout)

D'Gemeng Péiteng ass haut mat hire knapps 12 km² eng vun de flächeméisseg klengste Gemengen am Land. Mat 20.084 Awunner (1 Januar 2021) ass et awer awunnerméisseg déi fënneftgréisst.
Den Auslännerundeel louch 2010 bei 44,66 % [1].

Uertschaften an der GemengÄnneren

GeographieÄnneren

D'Gemeng Péiteng läit am Dall vun der Kuer an ass ëmgi vun de Gemenge Käerjeng (fréier Nidderkäerjeng) an Déifferdeng lëtzebuergersäits, de Gemenge Longsduerf (fr: Longlaville) an Zounen (fr: Saulnes) op franséischer Säit an Éibeng (fr: Aubange) op der belscher Säit.

VerkéierÄnneren

D'Gemeng Péiteng läit un de Linne 6 a 7 vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Un de Stroosseverkéier ass d'Gemeng ugeschloss duerch d'Nationalstroossen N5, N5B, N5C, N5F, N31, den CR176 an den CR111.

Soss ass d'Gemeng nach un den ëffentleche Persounentransport ugeschloss iwwer d'Buslinnen 1, 3, 13 a 14 vum TICE a verschidde Linne vum RGTR.

GeschichtÄnneren

1601 gouf d'Grenz tëscht Loutrengen a Lëtzebuerg festgeluecht: Péiteng huet dunn zu Lëtzebuerg, Rodange a Rolleng zu Loutrengen a Bar gehéiert. Zanter 1795 besteet d'Gemeng Péiteng a senger haiteger Form (Péiteng, Rodange a Rolleng (fr. Lamadelaine). De Bevëlkerungszouwuess am 19. Joerhonnert ass geschitt, wéi op den Héichte ronderëm Péiteng d'Minett exploitéiert ginn ass, wéi d'Rodanger Schmelz entstanen ass, a wéi d'Eisebunn gebaut gouf.

1906 gouf eng Gas-Beliichtung an de Stroosse vun der Gemeng a Betrib geholl.
1912 gouf d'Gemeng un d'interkommunaalt Waassernetz an
1931 un d'elektrescht Stroumnetz ugeschloss.

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

PolitikÄnneren

De Gemengerot vu Péiteng gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2011 aus 17 Conseilleren zesummen.

ZesummesetzungÄnneren

Joer ADR CSV DP gréng LSAP Lénk Kons. PPLU
1999 0 8 1 - 6 - - -
2005 0 7 1 1 6 - - -
2011 1 8 1 2 5 - - -
2017 0 8 1 2 4 0 0 2

Quell: Inneministère / RTL.lu elections.lu

BuergermeeschterenÄnneren

  • 1796 - 1798: Pierre Berquin, Rodange
  • 1798: Franz Thill, Rolleng
  • 1798: Nicolas Gloutin, Rodange
  • 1798 - 1800: Nicolas Thill, Rolleng
  • 1800 - 1801: Pierre Berquin
  • 1801 - 1806: Nicolas Gloutin
  • 1806 - 1810: Nicolas Bosseler, Rolleng
  • 1810 - 1811: Jean Baptiste Dehaye, Rodange
  • 1811 - 1814: François Thill sen., Rolleng
  • 1814 – 1819: Johannes Everling, Péiteng
  • 1819 - 1829: Dominique Nothomb, Péiteng
  • 1830 - 1832: Jean-Pierre Nothomb
  • 1833 - 1836: François Thill sen.
  • 1836 - 1848: Jean-Henry Reichling, Péiteng[2]
  • 1848 - 1854: François Thill sen.
  • 1854 - 1858: Pierre Tockert, Rolleng
  • 1858 - 1861: Jean Kauffmann, Péiteng
  • 1861 - 1873: Pierre Kirpach, Péiteng
  • 1873 - 1891: François Thill jun., Rolleng
  • 1891 - 1906: Jean Thill, Rolleng
  • 1906 - 1918: Jean Waxweiler, Péiteng
  • 1918 - 1921: Mathias Heinen, Péiteng
  • 1921 - 1922: Jean-Pierre Kirchen, Péiteng
  • 1925 - 1934: Marcel Schintgen, Péiteng
 
De Kulturzentrum Wax

Interkommunal SyndikaterÄnneren

D'Gemeng Péiteng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

WopenÄnneren

De Wope vun der Gemeng Péiteng gouf am Gemengerot den 21. Mee 1976 ugeholl. Den Arrêté ministeriel ass vum 15. November 1976, publizéiert am Mémorial B vun 1976 op Säit 1425.

Offiziell Beschreiwung: "Coupé, en chef d'azur à deux bars adossés d'or, cantonnés de quatre croisettes recroisettées au pied fiché du même; en pointe de gueules au lion d'or; à la fasce bretessée d'argent brochant sur la partition."

JumelagenÄnneren

Péiteng ass jumeléiert mat:

LiteraturÄnneren

  • De Geschichtsfuerscher aus der Gemeng Péiteng: eine Chronik aus der Dreiländerecke Petingen-Rollingen-Rodingen. Jg. 1, Nr. 1 (Jan. 2006), Péiteng: Amis de l'histoire de la commune. 24 cm, all Mount

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Péiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Péiteng aktuell, Informatiounsblat vun der Gemeng Péiteng, N° 87 - Mäerz 2010
  2. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  3. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX