Cité Bibliothèque

Ëffentlech Bibliothéik zu Lëtzebuerg

D'Cité Bibliothèque, fréier Bibliothèque municipale de la Ville de Luxembourg, ass eng ëffentlech Bibliothéik déi der Stad Lëtzebuerg gehéiert.

D'Stater Bibliothéik am fréiere Ciné Cité.
D'Trapenhaus tëscht deenen dräi Niveauë vun der Bibliothéik.
De Sall mat der Luxemburgensia

Si ass am Espace culturel Cité (meeschtens einfach „Cité” genannt) an der Lantergässel (rue Génistre), e puer Meter vun der Plëss d'Arem ewech.

D'Bibliothéik ass um Rez-de-chaussée an op zwéin Niveauen drënner. Um Rez-de-chaussée sinn den Accueil, e Lieseck an Dëscher fir drop ze schaffen. D'Computerschiermer déi zanter der Ouverture 2008 do stoungen, goufen ewechgeholl, well se net vill benotzt goufen[1]. D'Bicherregaler sinn op deenen zwéi Stäck drënner.

Um 1. Stack vum Gebai gëtt et eng Lounge mat engem Bar-Restaurant (Aka Cité), um zweeten e Konferenzsall (Boule).

Nieft Bicher, ZÏatschrëften, Zeitungen, DVDen a Lauschterbicher, déi ausgeléint op der Plaz gelies kënne ginn, bitt d'Cité Bibliothèque och eng Rëtsch kulturell Aktivitéiten un, wéi Liesowender (mardis littéraires) oder Aktivitéite fir Kanner.

Geschicht änneren

Déi éischt Gemengebibliothéik zu Lëtzebuerg gouf 1905 an der Gemeng Hollerech gegrënnt. 1911 koum um Territoire vun der haiteger Stad Lëtzebuerg déi vun der Gemeng Eech derbäi. No der Fusioun vun dësen zwou Gemenge mat der Gemeng Lëtzebuerg, 1920, hu se virubestanen, ouni datt sech vill drëms gekëmmert gouf. An der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich, huet den Okkupant déi éischt Stater Bibliothéik opgemaach, d'Stadtbücherei Luxemburg, déi am 1942 Stater Stadhaus ënnenan hir Dieren opgemaach huet. D'Bestänn vun den Hollerecher an Eecher (an anere) Bibliothéike goufen dodran integréiert, ma nom Krich nees un déi zeréckginn, an d'Bibliothéik zougemaach.[2]

Et sollt bis Enn 1967 daueren, bis d'Stad Lëtzebuerg eng eege Stadbibliothéik opgemaach huet. Ausléiser war haaptsächlech, dass d'Nationalbibliothéik, déi an onzoumuttbare Konditiounen ënnerbruecht war, fir e bësse méi Plaz ze kréien, der Stad Lëtzebuerg eng 1.000 Bicher (Belletristik) geschenkt huet. Déi goufen an engem Gebai op der Theaterplaz ënnerbruecht, dat den 20. Dezember 1967 offiziell ageweit gouf.[2]

1978 waren et scho 25.000 Bicher, wéi d'Bibliothéik an den nei gebaute Centre Hamilius um Aldringer geplënnert ass, wou se, no zwou Vergréisserungen, bis Enn August 2008 bliwwen ass.

De 25. September 2008 goufen nei Raim fir d'Stater Bibliothéik am fréiere Ciné Cité ageweit, dee fir 8 Milliounen Euro ëmgebaut gi war.

De 15. Januar 2010 goufen d'Lounge mat Bar-Restaurant um éischte Stack an d'Boule um zweete Stack ageweit[3].

Zéng Joer no der Ouverture gouf d'Bibliothéik uganks September 2018 renovéiert; d'Reouverture war de 26. September 2018. Am Kader vun der Reouverture gouf och d'Skulptur Particles vun der Michèle Tonteling ageweit. Et ass eng gipse Figur déi iwwer der Haapttrap hänkt an aus eenzelen, fräischwiewenden Elementer besteet. Déi Elementer sinn Ofdréck vu Kierperdeeler vun der Famill a Bekannte vun der Kënschtlerin[1].

D'Bibliothéik an Zuelen änneren

Am Joer 2018 waren 105.000 Wierker an der Cité Bibliothèque ze fannen. Dobäi koumen eng 9.000 DVDen a 5.200 Audio-Books. D'Zuel vun de registréierte Benotzer ass vu ronn 15.000 am Joer 2009 op 25.938 Enn 2017 eropgaangen, iwwerdeems am selwechten Zäitraum d'Zuel vun den ausgeléinten Dokumenter vun 120.000 op 128.000 geklommen ass. 2017 waren am Ganze bal 150.000 Leit an d'Bibliothéik komm.[4]

Literatur änneren

  • Manon Garrido: "Cité Bibliothèque: 10 ans et toujours en mouvement." in: City. Magazine officiel de la ville de Luxembourg. Octobre 2018, p. 24-30.
  • Jean-Marie Reding, 2008. Aus der Geschichte einer Stadt- und Nationalbibliothek. ons stad 89: 21-29.
  • René Clesse, 2008. Alle guten Worte dieser Welt stehen in Büchern. Die neue Stadtbibliothek im Cité-Gebäude. ons stad 89: 4-9.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Cité Bibliothèque – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Christine Lauer, „Neues Kapitel - Nach Renovierung feiert die Cité Bibliothèque Wiedereröffnung und zehnjähriges Jubiläum“ am Wort vum 28. September 2018, S. 24
  2. 2,0 2,1 Jean-Marie Reding: "Ville du quart d'heure, anno 1905." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.1, 07.01.2022, S.14.
  3. Luxemburger Wort vum 18. Januar 2010, S. 14.
  4. Infografik in: City. Magazine officiel de la ville de Luxembourg. Octobre 2018, p.22.