Angola

Staat am Südweste vun Afrika


Den Angola ass e Staat a Südwestafrika.

República de Angola
Republik Angola

Fändel vun Angola

Wope vun Angola

Detailer

Detailer
National Devise: "Virtus Unita Fortior"
lat., "Vereenegt Daperkeet mécht méi staark"
Offiziell Sprooch: Portugisesch
Haaptstad: Luanda
Staatsform: Presidialrepublik
 • President: João Lourenço
 • Premierminister: Bornito de Sousa
Fläch: 1.246.700 km²
Bevëlkerung: 25.789.024 (2014)
 • Bevëlkerungsdicht: 20,7/km²
Onofhängegkeet: vu Portugal den 11. November 1975
Nationalhymn: Angola Avante
Wärung: Kwanza
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .ao
Internationalen
Telefonsprefix
:
+244

Geographie änneren

Den Angola ass eng Republik, déi a Südwestafrika läit an där hire President erweidert Pouvoiren huet (Presidialrepublik). Den angolaneschen Nationaldag fält op den 11. November, den Dag op deem 1975 déi fréier portugisech Kolonie onofhängeg gouf. Den Angola läit um Atlantik a stéisst un Namibien, Sambia an un d'Demokratesch Republik Kongo. Den Angola huet eng Exklav, Cabinda, déi tëscht der Demokratescher Republik Kongo an der Republik Kongo läit.

Demographie änneren

D'Populatioun setzt sech haaptsächlech aus Bantu-Volleksgruppen zesummen, déi hiren eegenen Dialekt schwätzen. 37 % vun der Populatioun sinn Ovimbundu, 25 % Kimbundu und 13 % Bakongo. Zueleméisseg manner staark vertruede Volleksgruppe sinn z. B. Chokwe (och Lunda), Ganguela, Nhaneca-Humbe, Ambo, Herero an Xindunga. Eppes méi wéi 2 % vun der Bevëlkerung hu gemëscht Originnen. D'Europäer, déi am meeschte vu Portugisen ofstamen, maachen 1 % vun der Populatioun aus. D'Gesondheetssituatioun ass katastrophal. 40 % vun der Populatioun hu keen oder net genuch proppert Drénkwaasser. Dofir och déi vill Kranker, déi medezinesch net genuch versuergt sinn. Den Taux vun der Kannerstierflechkeet ass den zweethéchsten an der Welt an den Angolaner gëtt duerchschnëttlech nëmme 44,6 Joer al.

Sproochen änneren

Portugisesch ass weider eng vun den offizielle Sproochen am Angola. Aner Sproochen an Dialekter sinn: Umbundu, Kimbundu, Kikongo, Tchokwe, Ngangela, Oshiwambo (Kwanyama, Ndonga) an Otjiherero.

Geschicht änneren

Angola kuckt op eng beweegt Geschicht zeréck.

Nodeem tëscht dem 7. an 9. Joerhonnert Bantu-Volleksguppe sech am Angola néiergeloss haten, ass am 14. Joerhonnert am Norden d'Kinnekräich Kongo mat der Haaptstad Mbanza Kongo gegrënnt ginn.

D'Tatsach datt de portugiseche Séimann Diogo Cão als éischten Europäer 1483 an där Regioun gelant ass, huet Angola Portugal méi no bruecht. 1576 ass déi haiteg Haaptstad Luanda gegrënnt ginn, am Angola gouf offiziell eng portugisesch Kolonie. Säi politesche Statut huet 1951 changéiert, wéi Angola eng Iwwerséiprovënz vu Portugal ginn ass. Wéi a ville Kolonie gouf et am Angola nom Zweete Weltkrich Opstänn vun nationalisteschen Organisatiounen. Si hunn 1959 ugefaangen a goufen 1964 bluddeg néiergeworf. 1975 krut Angola seng Onofhängegkeet an eng autonom Regierung, mat enger Majoritéit vu schwaarze Ministeren. Den éischte Staatschef war den Agostinho Neto, Chef vun der marxistescher MPLA.

D'Rou an de Fridden hunn net laang gedauert. Tëscht der MPLA op där enger Säit, der FNLA an der UNITA op der aner Säit, ass dunn e Biergerkrich ausgebrach an deen och eng Rei vu frieme Muechten agegraff hunn. Op der Säit vun der MPLA stounge Russland, d'DDR a Kuba. Kuba huet net nëmme, wéi Russland, Waffe geliwwert mä och Zaldoten agesat. Fir d'FNLA ass de Zaire agetratt. D'UNITA hirersäits, déi stäerkst Oppositiounsmuecht, mat dem Fräiheetskämpfer Jonas Savimbi un der Spëtz, ass vun den USA a Südafrika staark ënnerstëtzt ginn. Dee Biergerkriich huet zwee an en halleft Joerzéngt gedauert an hat 1,5 Milliounen Affer. Obschonn déi géigneresch Parteie sech 1991 op fräi Wale gëeenegt haten, ass de Biergerkriich vun der UNITA virugefouert ginn, mat dem Argument, den MPLA Walgewënner, de President José Eduardo dos Santos (MLPA) wier duerch Walbedruch un d'Muecht kom.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Angolanesche Biergerkrich .

Politik änneren

Angola ass Member vun de Vereenten Natiounen

Gréisser Stied änneren

Déi mat Ofstand gréisst Agglomeratioun am Angola ass Luanda mat 3.662.300 Awunner. (Stand 1. Januar 2005). Dat heescht datt 30 % vun der Bevëlkerung zu Luanda oder an der Ëmgéigend wunnen.

Am follgenden Tableau sinn d'Stied mat méi wéi 20.000 Awunner opgeféiert. D'Resultater baséiren op enger Vollekszielung vum 15. Dezember 1970, an enger Neiberechnung fir den 1. Januar 2005. Och d'Provënze vum Angola zu där d'Stied gehéiere sinn opgefouert.

Rang Stad Aw. 1970 Aw. 2005 Provënz
1. Luanda 475.328 2.776.125 Luanda
2. Huambo 61.885 226.177 Huambo
3. Lobito 59.528 207.957 Benguela
4. Benguela 40.996 151.235 Benguela
5. Lucapa 45.649 125.751 Lunda Norte
6. Kuito 8.941 113.624 Bié
7. Lubango 31.674 102.541 Huíla
8. Malanje 31.599 87.047 Malanje
9. Namibe 12.076 80.150 Namibe
10. Soyo k.a. 67.553 Zaire
11. Cabinda 21.124 66.020 Cabinda
12. Uíge 11.972 60.008 Uíge

Literatur änneren

  • Wright, George: The Destruction of a Nation: United States Policy Toward Angola Since 1945, Pluto Press, 1.3. 1997.
  • Newsom, David D.: The Imperial Mantle: The United States, Decolonization, and the Third World, Indiana University Press, 2001.
  • Gleijeses, Pietro: Conflicting Missions: Havana, Washington, and Africa, 1959-1976, UNC Press, 1.2. 2003, 576 Säiten.
  • Brittain, Victoria: Death of Dignity: Angola's Civil War, Pluto Press, 1.4. 1998, 128 Säiten.

Um Spaweck änneren

Commons: Angola – Biller, Videoen oder Audiodateien