Gemeng Walfer
D'Gemeng Walfer läit am Kanton Lëtzebuerg an ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Walfer vun där se och hiren Numm huet.
Walfer | |
---|---|
![]() | |
d'Gemengenhaus | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Walferdange de: Walferdingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | François Sauber (CSV) |
Awunner | 8.424 (1 Januar 2020) |
Fläch | 706 ha |
Koordinaten |
49° 39’ 46’’ N 06° 08’ 00’’ O |
Websäit | http://www.walferdange.lu/ |
D'Gemeng Walfer (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout) | |
GeographieÄnneren
D'Gemeng Walfer läit am Uelzechtdall a grenzt am Süden un d'Stad Lëtzebuerg, am Westen un d'Gemeng Koplescht an am Norden an Osten un d'Gemeng Steesel.
Uertschaften an der GemengÄnneren
Zur Gemeng gehéieren d'Uertschaften
an de Lieu-dit
GeschichtÄnneren
D'Gemeng Walfer besteet zanter dem 1. Januar 1851[1], virdrun hunn d'Uertschafte vun der Gemeng Walfer zu der Gemeng Steesel gehéiert.
Am Annuaire officiel 1917 fënnt ee fir d'Gemeng Walfer 1.077 Awunner, 221 bewunnten Haiser an 239 Famillen.
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
De Gemengerot vu Walfer gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.
De Schäfferot, deen aus de Gemengewalen 2011 ervirgoung, huet sech op eng DP-LSAP-Koalitioun gestäipt. Zanter deene vun 2017 ass et eng Koalitioun vun CSV an deene Gréngen. Buergermeeschter ass de François Sauber[2].
ZesummesetzungÄnneren
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
1999 | 5 | 5 | - | 3 |
2005 | 4 | 4 | 2 | 3 |
2011 | 3 | 5 | 2 | 3 |
2017 | 5 | 4 | 2 | 2 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
BuergermeeschterenÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- 1967 - 1987: Carlo Meintz
- 1988 - 1995: Erna Hennicot-Schoepges
- 1995 - 1999: Marcel Sauber
- 2000 - 2002: Carlo Meintz
- 2003 - 2015: Guy Arendt
- 2016 - 2017: Joëlle Elvinger
- zanter 2017: François Sauber
De Wope vun der GemengÄnneren
De Gemengerot vu Walfer huet an der Sëtzung vum 11. November 1983 iwwer de Wopen ofgestëmmt an en ugeholl. Duerch arrêté ministériel vum 26. Mäerz 1984 gouf de Wopen agreéiert. (Mémorial B vun 1984 Säit 454).
Am Originaltext am Mémorial gëtt de Wopen sou beschriwwen:
« D'or au renard rampant de gueules tenant de ses pattes de devant une flèche du même posée en pal, accompagné de sept billettes aussi de gueules posées en orle aux flancs et en pointe, au chef, d'azur à la porte de trois tours ouverte d'or ».
JumelagenÄnneren
Walfer ass zanter 1971 mat follgende Stied a Gemenge jumeléiert:
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Walfer ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
KuckeswäertesÄnneren
LiteraturÄnneren
- Wey, Claude, 2000. Genèse de la commune de Walferdange. In: 150 Joer Gemeng Walfer: 1851 - 2000. Walferdange: Administration communale, Vol. 2: 6-49.
Kuckt ochÄnneren
- Seismologesche Laboratoire zu Walfer
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Walfer
- Walfer Bicherdeeg
- Gare Walfer
- Elterstrachen - Op der Tonn - Foussgängerbréck zu Walfer
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um SpaweckÄnneren
Commons: Walfer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ (fr)Loi du 25 novembre 1850 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Walferdange. legilux.public.lu (11.12.1850). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
- ↑ "Koalitioun CSV-Déi Gréng: De François Sauber gëtt Buergermeeschter zu Walfer." rtl.lu, 30.10.2017, 10:10:58.