Institut national pour le patrimoine architectural

Kulturinstitut vum Lëtzebuerger Staat

Den Institut national pour le patrimoine architectural gehéiert zu de Kulturinstituter vum Staat. Et gouf duerch d'Gesetz vum 25. Februar 2022 geschaf[1] an ersetzt, resp. iwwerhëllt d'Aufgabe vum fréiere Service des sites et monuments nationaux (SSMN).

Institut national pour le patrimoine architectural
An dësem Gebai vun der Abtei Neimënster ass de Sëtz vum Institut national du patrimoine architectural
Institut national pour le patrimoine architectural
SSMN
Land Lëtzebuerg
Secteur Kultur
Leedung Patrick Sanavia
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress 26, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Ministère de la Culture
Gegrënnt 19. September 1977
Den Agank vum Gebai wou den INPA säi Sëtz huet
Unerkennung fir eng gutt Restauratioun

Geschicht änneren

Déi éischt legislativ Virschrëften iwwer d'Erhalen an de Schutz vun den nationale Landschaften a Monumenter ginn op e Gesetz vum 12. August 1927 zeréck. De Grondsteen dozou hat d'Section historique vum Institut grand-ducal geluecht, där hire President d'Regierung Reuter mat engem Gesetzesvirprojet befaasst hat, fir sou e Gesetz zu Lëtzebuerg ze schafen. Als Basis dofir huet dat franséischt Gesetz iwwer d'historesch Monumenter vun 1913 (Loi du 31 décembre 1913 sur les monuments historiques) gedéngt. Am Gesetz vun 1927 gouf d'Commission des sites et monuments nationaux an d'Liewe geruff.

Den Zweete Weltkrich, besonnesch duerch Verwüüstungen an der Ardennenoffensiv, hat vill Schied un den nationale Monumenter hannerlooss. Dat huet mat sech bruecht datt an der ëffentlecher Meenung d'Bewosstsi fir den nationale Patrimoine opgefrëscht gouf.

Duerch e ministeriellt Reglement vum 13. Mee 1971 gouf ënner dem Kulturministère de Service des monuments historiques an d'Liewe geruff. Dee Service krut d'Aufgab fir d'Moossname fir de Schutz, den Ënnerhalt an d'Restauratioun vun historesche Monumenter auszeféieren.

De Service des sites et monuments nationaux ass duerch Gesetz vum 19. September 1977 gegrënnt ginn an huet de Service des monuments historiques ersat.

D'Gesetz vun 1977 gouf duerch d'Gesetz vum 8. Dezember 1988 iwwer d'Reorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat ofgeschaaft an ersat. Dat neit Gesetz huet festgehalen datt d'Kulturinstituter vum Staat aus dem Service des sites et monuments nationaux, den Nationalarchiven, der Nationalbibliothéik, dem Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an dem Nationalmusée fir Naturgeschicht bestinn.

De 25. Februar 2022 koum d'Gesetz iwwer de Kulturpatrimoine eraus, dat d'Aufgabe vu verschiddene Kulturinstituter vum Staat nei definéiert huet an ë. a. déi vum Institut national pour patrimoine architectural, dat de Service des sites et monuments nationaux ofléist.

Aufgaben änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Am Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer d'Reorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat sinn am Artikel 7 d'Aufgabe vum Service des sites et monuments nationaux festgeluecht. Dës sinn, ë. a., d'Studéieren, d'Erhalen, d'Schützen an d'Opwäerte vum nationalen architektoneschen an industrielle Patrimoine, dorënner déi Gebaier an Objeten, déi op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter stinn; d'Ausféieren an d'Iwwerwaache vu Reparaturen un de Gebaier an Objeten op där Lëscht; de Public duerch Campagnen, Konferenzen an Ausstellunge fir den Denkmalschutz an déi geschützte Gebaier an Objeten ze sensibiliséieren, asw.

Direkteren änneren

Literatur änneren

  • Mayer, Christina: Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg. Kanton Echternach, Band 1, Ministère de la Culture, Service des sites et monuments nationaux, 2010, ISBN 978-2-495-15120-7
  • Jochen Zenthöfer a verschidden Auteuren: Monumentum: respektvolle Erneuerung historischer Bausubstanz in Luxemburg und der Grossregion, Bd.1: Praktische Denkmalpflege, Sauvegarde du Patrimoine, 2013, 144 S., ISBN 978-999590002-1
  • Jochen Zenthöfer a verschidden Auteuren: Monumentum: respektvolle Erneuerung historischer Bausubstanz in Luxemburg und der Grossregion, Bd.2: Handwerkskunse, Sauvegarde du Patrimoine, 2014, 160 S., ISBN 978-99959-0-062-5
  • Jean-Claude Schumacher: Monuments historiques de l'industrie luxembourgeoise - Denkmäler Luxemburger Industriekulltur, Service des sites et monuments nationaux, 1997, 143 S., ISBN 2-919883-00-3

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Loi Loi du 25 février 2022 relative au patrimoine culturel et modifiant: 1° la loi modifiée du 4 mars 1982 a) portant création d'un Fonds culturel national ; b) modifiant et complétant les dispositions fiscales tendant à promouvoir le mécénat et la philanthropie ; 2° la loi modifiée du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'État ; 3° la loi modifiée du 18 juillet 2018 concernant la protection de la nature et des ressources naturelles ; 4° la loi du 17 août 2018 relative à l'archivage.