D'Muerbelsmillen ass eng fréier Millen a Moschterfabréck am Pafendall, wou tëscht 1922 an 1985 Moschter fabrizéiert gouf. 2010 gouf se vun der Stad Lëtzebuerg opkaf a mam Haus niewendrun a Studentewunnengen ëmgebaut.

D'Muerbelsmillen (2017)
D'Flohr-Haus.
De Millemusée.

D'Mille gouf an engem Dokument vun 1123 „Klouschtermillen“ genannt. Eréischt méi spéit krut se den Numm „Muerbelsmillen“, en Numm deen op déi schwaarz Fielswand (Muerbels, (de)Mohrfelsen) zeréckzeféieren ass, déi vis-à-vis vun der Mille bis bei d'Dräi Tierm eropgeet[1].

Geschicht änneren

Am Stëftungsdokument vum Grof Konrad aus dem Joer 1083 goung eng éischt Kéier rieds vun enger Millen, déi zum Benediktinerklouschter vun der Mënsterabtei gehéiert huet, a wou Käre gemuel goufen[2].

1501 gëtt d'Mille fir d'éischt mat hirem Numm „Muerbelsmillen“ an engem Dokument ernimmt, an deem et ëm e Rechtssträit tëscht der Stad an der Abtei iwwer d'Fëscherei an der Uelzecht gaangen ass[1].

Am Joer 1569 huet den Abt d'Millen un de Michael Schreiner verpacht[1].

D'Abtei kritt 1621 d'Fëschereirechter bei der Mille confirméiert[1].

1684 gouf et verbueden, Miel baussent der Festung ze verkafen an d'Mille gouf dunn eng Zäit laang zougemaacht, warscheinlech well se bei der Belagerung vun de franséischen Truppe beschiedegt gi war. 1705 ass d'Millen erëm opgaangen an huet dunn „Daubemillen“ ((de)Daubenmühle) geheescht[1].

1760 gouf e Feier geluecht an de Stall an d'Scheier goufe beschiedegt. Déi zwéi Brandstëfter goufe mam Doud duerch Verbrenne bestrooft[1].

Am Joer 1763 krut d'Millen en neie Piechter, de Karl Printz an d'Millen huet dunn och deem säin Numm gedroen: „Printzemillen“. 1767 war d'Millen - nom Feier vu 1760 - nees opgebaut[1].

Bei enger nächster Belagerung vun der Festung am Joer 1794 ass d'Millen nees eng Zäitchen zou gemaacht ginn[1].

An der franséischer Besatzung ënner dem Directoire gouf d'Klouschter enteegent a säi Besëtz versteet; de Jean Guillaume Seyler gouf den 18. Januar 1797 neie Proprietär, de Bernard Printz bleift als Mëller an der Millen[1]. 1822 gouf de Charles Simonis-Reis vun Arel de Besëtzer an de Nicolas Printz war de Mëller[1]. Op engem Pachtvertrag vun 1828 stinn dräi Nimm drop: Bernard Printz, Arensdorff a Philippe[1].

 
De Pafendall mat der Muerbelsmillen (1868).

Duerno goufen et nach e puermol Proprietärswiesselen: 1855 d'Famill Mathias Schouweiler déi d'Millen awer weider un d'Piechterfamill Printz verlount huet; 1880 - nodeems d'Mille wéi et schéngt wirtschaftlech net méi gutt gelaf ass - den Nottär Schumacher an 1885 den Nicolas Antoine Kieffer. 1886 huet et an der Mille gebrannt an se huet zum Deel missen nei opgebaut ginn[1].

1904 gëtt d'Millen nees verkaf, déi Kéier un den Nicolas Joachim. De Mëller war weiderhin den Nicolas Antoine Kieffer[1]. Tëscht 1885 an 1919 waren den Nicolas Antoine Kieffer an den Nicolas Joachim déi lescht Mëller, déi do Käre gemuel hunn.

1922 huet de Karl Hartmann-Sendlein d'Mille kaaft an do bis 1945 eng Moschterfabréck, d'Moutarderie luxembourgeoise, installéiert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Moutarderie de Luxembourg.

1953 gouf den Hospice civil Proprietär vum Gebai. 1976 huet d'Famill Munhowen d'Moschterfabréck iwwerholl. Dës huet 1986 hir Produktioun op den Houwald verluecht, wou se nei Produktiounsanlage gebaut hat. Dono stoung d'Gebai eng 25 Joer laang eidel.

2010 huet d'Stad Lëtzebuerg d'Mille mam Haus niewendrun, dat aus dem 18. Joerhonnert ass an no engem vu senge Bewunner Maison Flohr genannt gouf, opkaaft. Vun Abrëll 2015 bis September 2017 gouf d'Haus "op Lëtzebuergesch" sanéiert, dat heescht komplett entkäert. Vun der Mille gouf déi al Milleninstallatioun mam Millerad erhalen, si gouf als Salle pédagogique amenagéiert. Déi zwee Gebaier goufe matenee verbonnen an a Wunnenge fir 13 Studenten ëmgebaut.[3] De Ministère du Logement huet 70% vun de Renovéierungskäschte gedroen. Dat renovéiert Gebai gouf de 26. September 2017 ageweit.[4]

Zanter dem 10. Dezember 1987 steet d'Muerbelsmille mat der Maison Flohr um Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter.[5]

Um Spaweck änneren

Commons: Muerbelsmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,00 1,01 1,02 1,03 1,04 1,05 1,06 1,07 1,08 1,09 1,10 1,11 1,12 Brochure Muerbelsmillen - Al Moschterfabrick - Ancienne Moutarderie (FR, DE) Stad Lëtzebuerg, September 2017
  2. Quell, wou net anescht uginn: Evamarie Bange: "Wasserkraft im Pfaffental." in: ons stad Nr. 109, 2015, S.44-45.
  3. "En travaux: Muerbelsmillen." archiduc.lu, 26.10.2016.
  4. "Inauguration du moulin Muerbelsmillen au Pfaffenthal." gouvernement.lu, 28.09.2017 (10:10).
  5. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).