Eisebunnsstreck Grondhaff-Beefort

fréier Schmuelspuerbunn zu Lëtzebuerg

D'Eisebunnsstreck Grondhaff-Beefort, déi vum „Prënz”, der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, gekierzt „PH”, exploitéiert gouf, war mat enger Längt vu 7,3 km eng vun de kierzten Eisebunnsstrecken zu Lëtzebuerg.

Eisebunnsstreck Grondhaff-Beefort
Streckekaart Grondhaff-Beefort
Linnennummer 15
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri
vu(n) Gare Grondhaff
op Gare Beefort
opgaangen 4. November 1904
zougemaach 2. Mee 1948
Technesch Donnéeën
Längt 7,367 km
Gréisst Steigung 35 ‰
Spuerbreet Meterspuer
Vitesslimitatioun 15 km/h
De leschten Zuch op der Streck (02.05.1948)
Streck PK
Grondhaff
(Uschloss un Ettelbréck-Waasserbëlleg)
0,224
1. spatz Kéier 1,825
2. spatz Kéier 3,139
3. spatz Kéier; Ofzweigung Steebréch 5,537
Beefort 7,255
7,367

Geschicht

änneren

Un Enn vum 19. Joerhonnert hunn déi meescht Männer vu Beefort an de Minnen a Fabricken an der Minettsgéigend geschafft. Well et vun doheem aus e beschwéierleche Wee zu Fouss vu 4 bis 6 km bis bei déi nächst Gare war, hunn d'Gemengeresponsabel Iwwerleeunge gefouert fir eng Léisung mat enger Zuchverbindung ze fannen, absënns nodeems 1873 d'Sauerstreck Dikrech-Iechternach opgaange war.

Grondhaff - Steebroch

änneren

Am Raum Déilje gouf et sengerzäit e puer üppeg Steebréch vun deene sech d'PH-Gesellschaft rentabel Transporter erwaarde konnt. Se louchen awer wäit vun der Sauerstreck ewech, wat den Transport deier a komplizéiert gemaach huet. Ëm 1898 huet d'PH dunn driwwer nogeduecht, eng Schmuelspuerbunn als Verbindung vun der Normalspuer bis an d'Carrièren ze bauen. D'Ëmluede vun der Schmuelspuer op d'Normalspuer sollt um Grondhaff gemaach ginn, wou dann och d'Gare vergréissert misst ginn. Am Dezember 1899 sinn déi éischt Ausmoossunge fir den Ausbau vun der Gare gemaach ginn.

Nodeems d'PH déi éischt Pläng iwwerschafft hat, gouf am September 1901 en Devis fir de Bau vun der Schmuelspuerbunn erstallt. De Verwaltungsrot vun der PH huet doropshin e Budget vu 464.000 Frang fir de Bau vun der Streck an dem Uschloss un d'Normalspuer, awer ouni d'Rullmaterial, accordéiert. Den 20. Mäerz 1902 huet d'PH offiziell bei der Regierung gefrot, fir den Uschloss bauen de däerfen. Eng Konzessioun war net néideg, well den Uschloss vun der Normalspuer iwwer kuerz Strecken un Industriebetriber am Gesetz vun 1873 mat virgesi war[1].

Den 8. Dezember 1902 goufen d'Aarbechte fir de Bau vun der Schmuelspuerbunn als « utilité publique » deklaréiert[2]. D'Detailer vum Bau goufen an engem Cahier des charges vum 1. Mäerz 1903 festgehalen an zwéin Entrepreneren aus der Géigend (Schweitzer vu Konsdref a Schiltz vum Scheedgen) kruten den Zouschlag fir d'Aarbechten.

Den éischten Deel vun der Streck - tëscht dem Grondhaff an der Carrière vun Déiljen - ass de 4. November 1904 op enger Längt vu 6 km op gaangen. Den néidegen Ausbau vun der Grondhaffer Gare gouf vun den zwou selwechten Entreprisë fir e Präis vu 493.000 Frang realiséiert.

Verlängerung op Beefort

änneren
 
Fuerplang vun 1934

En éischte Projet fir d'Verlängerung vun der Streck fir de Persouneverkéier bis op Beefort gouf schonn den 31. August 1904 vum Beeforter Gemengerot diskutéiert. Et sollt duerno awer nach sechs Joer dauere bis d'Streck opgaangen ass.

Op d'Demande vun der Gemeng Beefort, huet d'PH-Gesellschaft en Avant-projet fir d'Verlängerung bis op Beefort opgestallt. De Devis louch bei 310.000 Frang, vun deenen 114.000 Frang fir neit Rullmaterial knapps 84.000 Frang fir de Bau vun der Beeforter Gare virgesi waren. D'Gesetz fir de Bau vun der Verlängerung gouf schlussendlech de 24. Juli 1909 gestëmmt[3] an de Verwaltungsrot vun der PH huet den 22. Dezember 1909 e Kredit vun 210.000 Frang fir de Bau vun der Streck gestëmmt. Mat de Subside vum Staat (70.000 Frang) an der Gemeng Beefort (20.000 Frang) stoungen deemno 300.000 Frang zur Verfügung.

Uganks Oktober 1910 gouf mat den Aarbechten ugefaangen an e gutt Joer méi spéit, de 5. November 1911 ass den éischte Persounenzuch op der neier Streck gefuer.

Zoumaache vun der Streck

änneren

Iwwerdeems déi aner Schmuelspuerbunnen am Land vun 1934 un un de Staat iwwergaange sinn, blouf d'Streck Grondhaff-Beefort am Besëtz vum Prënz, bis se wéinst hirer Onwirtschaftlechkeet den 2. Mee 1948 zougemaach gouf.

Trëppel- a Vëloswee

änneren

Den Tracé gëtt haut nach gréisstendeels als Wanderwee profitéiert, sou zum Deel duerch d'Naturschutzgebitt Saueruecht.

Nodeems scho ronn 20 Joer driwwer diskutéiert gouf, ass am Februar 2023 bekannt gemaach ginn, datt d'Gemeng Beefort d'Geneemegung krut fir op der fréierer Eisebunnsstreck e Vëloswee ze amenagéieren. D'Aarbechte kéinten am Hierscht 2023 ufänken[4].

Technik

änneren
 
Beispill vun engem Gidderwon op engem Rullbock

Am Géigesaz zu der Uschlosslinn Dikrech-Iechternach war d'Streck tëscht dem Grondhaff a Beefort eng Schmuelspuerbunn mat enger Spuerbreet vun 1 Meter.

Et huet een eng gutt hallef Stonn gebraucht, fir op der kuerzer Streck vum Grondhaff op Beefort ze fueren. D'Streckeféierung war nämlech originell a komplizéiert. Den Zuch huet, fir de Bierg eropzekommen, am Zickzack fuere missen: d'Lokomotiv ass vijenzeg gefuer an huet den Zuch gezunn oder se ass hannerzeg gefuer an huet e gedréckt. Op all Etage war eng Plattform vun e bësse méi wéi enger Zuchlängt mat Weiche fir d'Gleis wiesselen ze kënnen.

D'Streck hat keng eege Gidderween, soudatt d'Normalspuerwaggonen op Rullbéck weidertransportéiert goufen.

Kuckt och

änneren

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Eisebunnsstreck Grondhaff-Beefort – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Artikel 5 vun der Konventioun tëscht dem Staat an der PH, als Annex vun der Loi du 25 octobre 1873, qui approuve la convention du 24 juillet 1873 entre le Gouvernement grand-ducal et la Société des chemins de fer Prince-Henri, ayant pour objet la concession de diverses lignes de chemins de fer. legilux.public.lu (25.10.1873). Gekuckt de(n) 07.11.2020.
  2. Arrêté grand-ducal du 8 décembre 1902 déclarant d'utilité publique la construction d'un chemin de fer industriel à petite section reliant les carrières de Reisdorf et de Beaufort à la station de Grundhof. legilux.public.lu (08.12.1902). Gekuckt de(n) 07.11.2020.
  3. Loi du 24 juillet 1909 concernant le prolongement jusqu'à Beaufort du chemin de fer industriel à petite section qui raccorde les carrières de Reisdorf et de Beaufort à la gare de Grundhof. legilux.public.lu (24.07.1909). Gekuckt de(n) 07.11.2020.
  4. Volker Bingenheimer, Radeln, wo einst die Dampflok fuhr, Luxemburger Wort, 16.02.2023, S. 12