D'Taurus-Bierger, oder kuerz Taurus (Tierkesch: Toros Dağları, Algriichesch: Ὄρη Ταύρου) sinn eng Biergketten am Süde vun Anatolien (Tierkei). Si leien tëscht der Küsteregioun laanscht d'Mëttelmier an dem Anatolesche Plateau. D'Ketten erstreckt sech vum Eğirdi-Séi am Weste bis an d'Géigend vun de Quellgebidder vum Euphrat a vum Tigris am Osten. Si gehéieren zur eurasescher Apidenceinture.

Demirkazık an de Provënz Niğde.

D'Taurusbierger ginn, vu Westen no Osten, an dräi Ketten ënnerdeelt:

  • de Westlechen Taurus (Batı Toroslar)
    • Akdağlar, Bey-Bierger, Bierg Katrancık, Bierg Geyik
  • Zentralen Taurus (Orta Toroslar)
  • Südëstlechen Taurus (Güneydoğu Toroslar)
    • Nurhak-Bierger, Malatya-Bierger, Maden-Bierger, Genç-Bierger, Bitlis-Bierger.

Um Spaweck änneren

Commons: Taurus mountains – Biller, Videoen oder Audiodateien