Kleng Lëtzebuerger Schwäiz

Géigend am Oste vu Lëtzebuerg

Kleng Lëtzebuerger Schwäiz (Petite Suisse luxembourgeoise) ass eng Géigend am Oste vu Lëtzebuerg. Si ëmfaasst ënner aneren d'Uertschaften Iechternach, Bäerdref, Scheedgen, Konsdref, Beefort, Grondhaff a Mëllerdall déi an am Ganze fënnef Gemenge mat enger Gesamtfläch vun 105,1 km² leien[1]. Hiren Numm huet d'Géigend wéinst de Fielsen aus Lëtzebuerger Sandsteen, déi duerch Baachen a Flëss fräigeluecht goufen. Doduerch si Fielswänn, Hielen a Schlëff entstanen, déi d'Klammsportler, Natur- a Wanderfrënn gläichermoossen unzéien.

Kleng Lëtzebuerger Schwäiz
De Schéissendëmpel, eent vun de meeschtfotograféierte Motiver
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Plaz Bäerdref, Beefort, Grondhaff, Konsdref, Mëllerdall, Scheedgen
Koordinaten 49°47'21,34"N, 6°18'39,96"O
Dimensiounen a Geographie
Fläch 105,1 km²
Markant Plazen Amphitheater Breechkaul
Noumerleeën
Raiberhiel
Schéissendëmpel
Wollefsschlucht
Flëss Sauer, Schwaarz Iernz, Halerbaach, Konsdrëfferbaach, Lauterbuererbaach
D'Wollefsschlucht bei Iechternach op enger aler Postkaart
Fielsformatioun an der Äsbech
Wou de Klammsport an der Wanterbaach bei Bäerdref erlaabt ass

Den Numm „Petite Suisse luxembourgeoise / Kleine Luxemburger Schweiz“ gëtt et zanter den 1880er Joren. Géint Enn vun den 1990er Jore sinn am Tourismusberäich Bestriewungen opkomm, hien duerch d'Bezeechnung „Regioun Mëllerdall“ (Région Mullerthal) z'ersetzen, wat net onëmstridden ass, well de Mëllerdall nëmmen e klengen Deel vun der "Petite Suisse" ass an deen neie Begrëff doduerch zu Konfusioune féiere kann.

Zu der nei definéierter „Regioun Mëllerdall/Petite Suisse“ gehéiere 15 Gemengen, déi sech am Grupp Leader Müllerthal, deen zanter 2003 existéiert, regruppéiert hunn; et sinn dat d'Gemengen Ärenzdall, Bäerdref, Bech, Beefort, Iechternach, Konsdref, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Noumer, Reisduerf, Rouspert-Mompech a Waldbëlleg. Dës Gemengen decken eng Gesamtfläch vun 310,90 km² of[2].

2016 gouf zousätzlech den Naturpark Mëllerdall gegrënnt, deen déi selwecht Gemengen, bis op Ärenzdall a Reisduerf, ëmfaasst.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Naturpark Mëllerdall.

Geschicht änneren

D'Hielen a Fielsvirspréng an der Géigend hu schonn an der Alsteenzäit (50.000 v. Chr.) de Mënsche Schutz gebueden. Archeologesch Fondsaachen, wéi Feilspëtzten aus Feiersteen, mä och Rëtzen an de Fielswänn weisen drop hin, datt s'och an der Mëttlsteenzäit (Mesolithikum, 8.200-4.500 v. Chr.) vu Jeeër bewunnt waren. Dem „eelste Lëtzebuerger“ säi Skelett (op zirka 6.100 v. Chr. datéiert), deen de 7. Oktober 1935 um lieu-dit Loschbour ënner engem Fielsvirsprong entdeckt gouf, kann haut am Naturmusée bewonnert ginn[3].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Loschbur-Mann an am Artikel Loschbur-Fra

D'Réimer hunn d'Fielsen als Steebroch benotzt. Am Mëttelalter goufen do d'Millesteng fir déi sëllege Millen an der Ëmgéigend gewonnen (kuckt den Numm „Mëllerdall“). Zeien dovu sinn z. B. d'Huellay, d'Pitteschkummer an den Amphitheater bei Bäerdref. Zu Bäerdref steet och de Véiergëttersteen, op deem réimesch Gottheeten ze gesi sinn, an deen interessanterweis an der Kierch ënner dem Altor steet.

Zanter dem 19. Joerhonnert lackelt dës Géigend Touristen un. Dovun zeien z. B. d'Nimm vu verschiddene Fielsformatiounen, déi aus dem Krimkrich (Perekop, Malakoff-Tuerm) respektiv dem tierkesch-russesche Krich vun 1877-1878 (Schipkapass) stamen[4]. Haut gëtt et 40 km Trëppelweeër.

Fir ze verhënneren, datt d'Natur ze vill verschampeléiert gëtt, an déi fragil Vegetatioun zu Schued kënnt, ass de Klammsport reglementéiert. Leit, déi gär klamme ginn, mussen eng Demande beim Ëmweltministère maachen an däerfen dat nëmmen op ausgewisene Plazen an der Wanterbaach bei Bäerdref.

D'Kleng Lëtzebuerger Schwäiz ass Deel vum Däitsch-Lëtzebuergeschen Naturpark.

Den Numm änneren

A Sachsen gouf et zanter dem Enn vum 18. Joerhonnert de Begrëff „Sächsische Schweiz[5].

Ufanks dem 19. Joerhonnert war d'Schwäiz mat hire romantesche Séien a Bierger um gudde Wee, fir déi touristesch Destinatioun „par excellence“ an Europa ze ginn. A mat der Schwäiz verglach ze ginn, war fir all Géigend an Europa schmeechelhaft.

A sengem Buch Légendes des Artistes, dat 1842 erauskomm ass a wou ë. a. d'Legend vum Laange Veit erzielt gëtt, huet de Jacques Collin de Plancy d'Iechternacher Géigend an engem Zock mat der Schwäiz ernimmt: „C'est la Suisse des Pays-Bas que cette contrée romantique“[6][7]. Den Hiwäis op Holland ergëtt sech doraus, datt deemools den hollännesche Kinnek och Groussherzog vu Lëtzebuerg war, an et fir e Friemen net onbedéngt kloer war, datt Lëtzebuerg keen Deel vun Holland war.

Wéini den Numm „Kleng Lëtzebuerger Schwäiz“ fir d'éischt gebraucht ginn ass, konnt nach net eendeiteg erausfonnt ginn. Méiglecherweis gëtt et en Zesummenhang mat engem Artikel, deen 1879 an der hollännescher Zeitung Nieuwe Amsterdamse Courant publizéiert an 1880 vum Henri Adolphe Reuland a sengem Guide Das romantische Ernztal oder Fels und seine Umgegend ernimmt gouf. Deen Artikel huet d'Verschéinerungsaarbechten, déi an dem Joer 1879 am Mëllerdall gemaach gi sinn, beschriwwen a sot als Conclusioun, datt de Mëllerdall elo mat den Haaptattraktioune vun der Sächsescher Schwäiz konkurréiere kéint. Domat war eng éischt Kéier den Numm „Schwäiz“ mat dem Mëllerdall a Verbindung bruecht ginn[8][9].

De Verglach mat der Sächsescher Schwäiz ass och vum hollänneschen Auteur vu Reesliteratur Marie Adrien Perk gemaach ginn. Awer net fir de Mëllerdall, mä fir d'Sandsteefielse vum Wee, dee vun der Fiels duerch den Dall vun der Manzebaach bei d'Meesebuerger Schlass féiert. „Alles herinnert u aan de Saksische Schweitz“ (Alles erënnert iech un d'Sächsech Schwäiz), schreift de Perk 1880 a senge Schetsen uit Luxemburg (Skizzen aus Lëtzebuerg)[5],[10]. D'gedanklech Verbindung vun der Lëtzebuerger Sandsteegéigend an der Schwäiz louch deemools also an der Loft, och wa se nach net op eng bestëmmte Plaz fixéiert war.

Den Echternacher Anzeiger vum 19. Mee 1881 huet e Bericht aus der Trier'schen Zeitung iwwer d'Excursioun, déi de wëssenschaftleche Veräi vun Tréier de 15. Mee op Iechternach gemaach hat, iwwerholl, an deem och de Verglach mat der Sächsescher Schwäiz ze fannen ass, déi Kéier fir d'Géigend vun Iechternach: „Die Umgebung von Echternach kann dreist mit der sächsischen Schweiz oder anderen berühmten Gegenden Deutschlands rivalisiren (…).“[5]. An engem Artikel an der Metzer Zeitung, deen den Echternacher Anzeiger den 20. Oktober 1881 publizéiert huet[11], gëtt och de Verglach mat der Sächsescher Schwäiz an der Iechternacher Géigend gemaach[7].

 
Den Hautfar Hymenophyllum tunbrigense.

De Begrëff „Lëtzebuerger Schwäiz“ ass awer nach net an den Touristeguide vun der Géigend aus dem Ufank vun den 1880er Joren ze fannen. Och net an dem Grand-Duché de Luxembourg historique et pittoresque vum Dr. Jean-Pierre Glaesener (1885), deen op der Säit 405 d'Presenz vum Far Hymenophyllum tunbrigense an de säitlechen Däller vum Mëllerdall ernimmt an dobäi schreift, datt dëse raren Hautfar och an der „Suisse saxonne“ virkéim, där hir Fielslandschaft eng grouss Analogie mam Mëllerdall presentéiere géif[5]. En direkten Hiwäis op den Numm „Lëtzebuerger Schwäiz“ fënnt een awer net beim Glaesener[9]. Eng Relatioun tëscht dem Glaesener senger Analogie mat der Sächsescher Schwäiz an dem spéideren Numm „Lëtzebuerger Schwäiz“, wéi alt gemengt ginn ass[12], léisst sech also net etabléieren.

Méi en direkten Hiwäis op d'Schwäiz als solch ass an engem Artikel ze fannen, deen am Mee 1880 am “Echternacher Anzeiger” publizéiert ginn ass; do geet vu schweizergleichen Naturschönheiten rieds am Kontext “Äsbech”-Dall an “Huel Lee” (Hohllay)[13]. Dat eelst bis dato bekannt Dokument, wou de Begrëff “Lëtzebuerger Schwäiz” virkënnt, ass eng topographesch Kaart fir Touristen aus dem Joer 1889, déi den Titel Petite Suisse Luxembourgeoise. Carte de la Sûre inférieure dréit. Hiren Auteur war de Jean-Pierre Schmit, a si ass an der Imprimerie « Les Arts Graphiques » zu Bréissel gedréckt ginn[9]. Si ass am Lëtzebuerger Nationalarchiv ze fannen[14]. Eng verklengert monochrom Reproduktioun vun der Kaart ass an dem Buch Die Stadt Echternach: die kleine Luxemburger Schweiz, dat den Émile Borschette 1997 erausginn huet, ze gesinn[15].

Vun den 1890er Joren u gi Bezeechnunge wéi „Luxemburger Schweiz“, „Kleine Luxemburger Schweiz“, „Suisse Luxembourgeoise“ a „Petite Suisse Luxembourgeoise“ allgemeng gebraucht[9], och iwwer d'Grenze vum Land eraus. Sou kënnt d'Expressioun „Petite Suisse luxembourgeoise“ an dem Artikel Le Grand-Duché de Luxembourg vum Georges Rodenbach am Supplément littéraire vum Figaro (Paräis) vum 6. Dezember 1890 vir[5]; de Kontext ass allerdéngs e bësse konfus[16]. D'Luxemburger Wort huet deen Artikel kuerz duerno ofgedréckt[17].

Am Joer 1898 huet den Iechternacher Fotograf Jacques Marie Bellwald en Album-Guide mam Titel La Petite Suisse Luxembourgeoise erausginn[5]; am Laf vun de Joren huet hien och eng Hellewull vu Postkaarte mat der Legend „Petite Suisse Luxembourgeoise“ resp. „Kleine Luxemburger Schweiz“ an den Handel bruecht.

Domat ass awer nach ëmmer net kloer, wie schlussendlech den Numm „Petite Suisse“ erfonnt huet. Am Guide vum Iechternacher Verschéinerungsveräin aus dem Joer 1907 liest een, d'Hollänner, déi bekanntlech déi éischt Touristen am Lëtzebuerger Land waren, hätten de Begrëff „Luxemburger Schweiz“ fir d'éischt gebraucht[9]. Wat jiddefalls net stëmmt ass d'Behaaptung, de Mëllerdall hätt vun 1859[18] oder souguer schonn vu kuerz no 1814[19] un den Numm „Kleine Luxemburger Schweiz“ gedroen.

Am 2. Weltkrich huet den däitschen Okkupant sech um Hiwäis op d'Schwäiz gestéiert, an Enn Januar 1942 ass an der Zeitung déi nei Bezeechnung "Echternacher Felsenland" opgedaucht, déi d'Nazie vun elo un an der Plaz vun der "Luxemburger Schweiz" imposéiert hunn[20]. An enger aussergewéinlecher Sitzung, den 8. Februar 1942 am Veräinshaus zu Iechternach, déi den Iechternacher Amtsbürgermeister Christian Stock aberuff hat, sinn d'Gemengepäpp vun Iechternach, Beefort, Bäerdref, Mompech a Rouspert offiziell iwwer deen neien Numm informéiert ginn, an datt hir Gemenge vun elo un, wat den Tourismus ubelaangt, am „Fremdenverkehrsamt des Amtes Echternach“ regruppéiert wieren[21].

Tourismus änneren

En Netz vun Trëppelweeër, besteet aus dem 112 km laange Mëllerdall Trail an de sëllege lokale Wanderweeër laanscht d' Fielsen an dacks souguer erop oder duerch d'Splécken. Op vill Plaze kënnt een och mam Mountainbike, an an de Fielse laanscht d'Wanterbaach bei Bäerdref kann ee klammen.

Populatioun a Wirtschaft änneren

D'Populatioun ass an de leschte 40 Joer ëm 50% geklomm, an an de Gemenge Beefort a Fiels ëm 76%. 57,7% vun der Fläch gëtt fir d'Landwirtschaft benotzt, awer d'Zuel vun de Bauerenhaff geet staark zeréck. 38,5% si Bëscher. D'wirtschaftlech Struktur zeechent sech duerch kleng a mëttelgrouss Betriber aus; nëmmen d'Stad Iechternach huet en Industrieberäich an nëmmen Iechternach, Beefort an d'Fiels bidden eng komplett Gamm vu Versuergung a Servicer un. Zu Beefort, an der Fiels an zu Iechternach si Jugendherbergen. Vill Wanderweeër, Vëlosweeër a Picknickberäicher si fir Touristen zur Verfügung. Et gëtt Spuere vu kelteschen a réimesche Siidlungen, Buergen zu Befort an an der Fiels, a Schlässer zu Fëschbech, Meesebuerg a Rouspert. Déi grouss Evenementer konzentréiere sech an de Summerméint, wéi zum Beispill den internationale Festival "Classical Music" zu Iechternach, "Art in Beaufort" an d'Biennale de Beaufort. Et gëtt e klenge Musée iwwer déi fréier Textilindustrie an der Fiels. Bei Bäerdref ass en natierlechen Amphitheater am Bësch.

Literatur änneren

Historesch Biller änneren

Vum Charles Bernhoeft, 1891 änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mullerthal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Subdivisions territoriales. statistiques.public.lu (01.01.2018). Gekuckt de(n) 21.03.2021.
  2. Leader Mullerthal Gearchiveerd op 2011-09-12. Gekuckt de(n) 2011-06-26.
  3. F. Le Brun-Ricalens, L. Brou, F. Valotteau, J. Metzler & C. Gaeng, 2005. Préhistoire et protohistoire au Luxembourg. Luxembourg, Musée national d'histoire et d'art, S. 80ss.
  4. Kuck an der Literatur: Massard 2016.
  5. 5,0 5,1 5,2 5,3 5,4 5,5 Massard, J.A., 2011. La Petite Suisse Luxembourgeoise, histoire et histoire naturelle d'une région exceptionnelle. Conférence organisée par la Ville d'Echternach en collaboration avec les Amitiés françaises Echternach qui a eu lieu à Echternach, le 17 juin 2011, à 20 heures, dans la salle des fêtes de l'école fondamentale (école primaire). Diaporama (PowerPoint) [1]. Notes et commentaires [2].
  6. Collin de Plancy, J.A.S., 1842. Légendes des artistes. J. W. Ten Hagen, La Haye, S. 148 [3].
  7. 7,0 7,1 Massard, J.A., 2011. Wie die Echternacher Wolfsschlucht zu ihrem Namen kam. Lëtzebuerger Journal 2011, Nr. 82 (28. Abrëll), S. 20-21. PDF (Text mat Foussnotten a Quellen: PDF)
  8. J.A. Massard: Aspects historiques de l'histoire naturelle du Mullerthal et de ses environs. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 2001, S. 37.
  9. 9,0 9,1 9,2 9,3 9,4 J.A. Massard: Müllerthal und Kleine Luxemburger Schweiz: Natur und Tourismus im Luxemburger Sandsteingebiet im historischen Rückblick. In: Y. Krippel (Hrsg.): Die Kleine Luxemburger Schweiz: Geheimnisvolle Felsenlandschaft im Wandel der Zeit. 1. Aufl. Société des naturalistes luxembourgeois, Musée national d'histoire naturelle, Administration des eaux et forêts, Luxemburg 2005, S. 26f.
  10. Marie Adrien Perk: Schetsen uit Luxemburg. Haarlem: H. D. Tjeenk Willink, 1880, S. 83.
  11. Echternacher Anzeiger 1881, Nr. 83 (20. Oktober): 2.
  12. Greetings from Luxembourg: un voyage à travers le monde du tourisme. Exposition 26.04. - 12.10.2008. Musée d'histoire de la ville, Luxembourg 2008, S. 63.
    Jeck, M., 2008: Les débuts du tourisme au Grand-Duché de Luxembourg. Au temps où le Luxembourg était à 6 heures 30 de Paris. Articulo - Journal of Urban Research [Online], Briefings, 2008, Online since 10 July 2008, connection on 16 April 2011. [4]
  13. Echternacher Anzeiger 1880, Nr. 40 (16. Mai): 1. Cf. Massard, J.A., 2012. Die Geschichte des Echternacher Verschönerungsvereins. 1880 wurde in Echternach Luxemburgs erster Verkehrsverein gegründet. Echternach, S. 10 [5].
  14. Nationalarchiv: P-41 Petite Suisse Luxembourgeoise - Carte de la Sûre Inférieure, 1889 (Document) [6]
  15. Borschette, E. (Hrsg.), 1997. Die Stadt Echternach: die kleine Luxemburger Schweiz: ihre Landschaft, ihre Dörfer, ihre einmaligen Schönheiten in alten, nostalgischen Bildern. Borschette, Christnach, S. 288/289.
  16. Le Figaro, Supplément littéraire du dimanche, No 49, 6 décembre 1890, p. 194-195. [7]
  17. Luxemburger Wort 1890, Nr. [343] (9. Dezember): 2; [8] Nr. 344 (10. Dezember): 2. [9]
  18. Linden, A. & G. Thewes, 2008. Tourismus und nationale Identität. In: Ons Stad. - Luxembourg. - N° 88 (juillet 2008), S. 5. [10]
  19. Mayer, C., 2010. Kanton Echternach. Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Bd. 1. Ein Katalog der erhaltenswerten Kulturgüter und Ensembles. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, Luxembourg, S. 53.
  20. Luxemburg als Fremdenverkehrsgebiet. Luxemburger Wort 1942, Nr. 29 (29. Januar), S. 3. [11]
  21. Außergewöhnliche Ratsherrensitzung in Echternach. Luxemburger Wort 1942, Nr. 43 (12. Februar), S. 4. [12]
    Von Mosel und Sauer. Echternach: Sitzung der Ratsherren. Escher Tageblatt 1942, Nr. 38 (12. Februar), S. 4. [13]
    Massard, J.A., 2012. Die Geschichte des Echternacher Verschönerungsvereins. 1880 wurde in Echternach Luxemburgs erster Verkehrsverein gegründet. Echternach, S. 64-66 [14].
    Kuckt och: Hilgert, R., 2011. Tourismuswerbung im dritten Kriegsjahr: in Zeiten des Friedens Öslinger Schinken. Lëtzebuerger Land, 27. Mee 2011. [15] — Kauthen, P., 1997. Das Leben der Echternacher Bevölkerung unter der deutschen Besatzung (1940-1944). In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1996, S. 177.