Kathoulesch Kierch

Kierch, déi de Poopst als Primat unerkennt
(Virugeleet vu(n) Réimesch-Kathoulesch Kierch)
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'kathoulesch Kierch ass eng Konfessioun vun der chrëschtlecher Relioun déi sech nom Schisma am Joer 1054 a Westeuropa entwéckelt huet. Haut ass s'iwwer d'ganz Welt verbreet (besonnesch a n Westeuropa a Latäinamerika, awer och méi a méi an Asien) a mat ongeféier 1 Milliard Unhänger déi gréisst chrëschtlech Konfessioun.

Den aktuelle Poopst Franciscus am Joer 2013

Zur kathoulescher Kierch gehéieren u sech all d'Chrëschten déi de Poopst vu Roum als "Chef" ugesinn (an déi ënne beschriwwe Glawensinhalter deelen). An eise Géigende mengt ee mat "kathoulesch Kierch" meeschtens déi "réimesch-kathoulesch Kierch", mä nieft dëser gëtt et awer och nach aner (22) kathoulesch sougenannt Deelkierchen, déi de Poopst unerkennen awer en anere Ritus hunn, z. B. déi chaldäesch-kathoulesch Kierch oder déi melkitesch griichesch-kathoulesch Kierch.

Glawensinhalter änneren

Déi essentiell Glawensinhalter fanne sech an dem apostolesche Glawensbekenntnis an an deem vun Nicäa-Konstantinopel. Dës Glawensbekenntnisser ginn och vu villen anere Konfessiounen ugeholl a gegleeft. Doraus an doriwwer eraus gi follgend Punkten ervir:

  • D'Katholicke gleewen un e Gott deen eenzeg, perséinlech, allmächteg, allwëssend an allgüteg ass; well dës Attributer net, no mënschlechen Iwwerleeungen, mat der Existenz vun Ongléck a Miser an der Welt kompatibel sinn, stellt sech d'Fro vun der Theodizee.
  • Dëse Gott ass (obschonn en eenzeg ass) dräifalteg, d. h. déi eng gëttlech Natur enthält 3 Persounen: Gott Papp, Gott Jong deen als Jesus Christus op d'Welt koum a Gott Hellege Geescht.
  • D'kathoulesch Kierch kennt 7 Sakramenter déi sichtbar Zeeche fir eng onsichtbar Realitéit sinn (Daf, Eucharistie (Kommioun), Firmung, Versöhnung (Beicht), Bestietnes, Krankesalbung a Priisterwei). Vu besonnescher Wichtegkeet ass d'Eucharistie an där fir d'Katholicke Gott real present ass.
  • D'Hellegen- a Muttergottesveréierung spillt och eng gewëss Roll am kathoulesche Glawen, si ginn nämlech als Virbiller a Vermëttler (Fürsprecher) tëscht Gott an de Mënschen ugesinn.

Moral änneren

D'Moralléier vun der kathoulescher Kierch fousst op den 10 Geboter an op den Aussoe vu Jesus Christus, besonnesch an der Biergpriedegt. Aus dësen an aneren Elementer gouf déi sougenannt chrëschtlech Sozialléier opgestallt déi op follgende Prinzipie berouet:

  • Solidaritéit: déi Räich a Staark aus der Gesellschaft musse sech ëm déi Aarm a Schwaach këmmeren.
  • Subsidiaritéit: iwwergeuerdnet Strukturen däerfe sech nëmmen ëm ënnergeuerdneter këmmere wann dës net vu sech aus dozou fäeg sinn
  • Personalitéit: déi mënschlech Persoun besteet vun hirer Empfängnis bis zu hirem leschten Otemzuch an hir däerf kee Leed ugedo ginn. Sou sinn da souwuel Ofdreiwung wéi och Euthanasie net erlaabt.
  • Gemengwuel: dat gréisst méiglecht Wuel fir souvill wéi méiglech Leit.

Et gëtt och zanter enger Zäitchen dobäi gezielt:

  • Optioun fir déi Aarm: et ass hautdesdaags méiglech den Aarmut aus der Welt ze radéieren, dofir muss all Méigleches gemaach ginn.
  • Nohaltegkeet: net op Käschte vun den zukünftege Generatioune liewen, Ëmweltschutz (als Erhale vun der Schëpfung)

Besonnesche Wäert gëtt och op d'Sexualmoral geluecht. Déi seet ausser deene Saachen déi scho bei "Personalitéit" beschriwwe sinn datt Sex déi lescht Stuf vum Sech-een-dem-anere-schenken ass an dofir just an enger bestueter Koppel erlaabt ass. Kënschtlech Kontrazeptioun ass onzoulässeg well se verhënnert déi vu Gott geschenkte Kanner z'empfänken.

Bei all deem hëlt d'kathoulesch Kierch d'Existenz vum Naturrecht un, dat am Evangelium seng Vollendung fënnt.

Selbstverständnes änneren

D'Kierch gesäit hir Aufgab an der Verherrlechung vu Gott an dëst besonnesch duerch den Déngscht un de Matmënschen. Als hir dräi Grondaufgabe betruecht se:

  • Martyria (Verkënnegung, Bezeien): de Message vum Evangelium annoncéieren an der ganzer Welt
  • Leiturgia (Feieren): an der Gemeinschaft de Message vum Evangelium commémoréien a feieren
  • Diakonia (Déngen): de Matmënschen zur Säit stoen

Hierarchie (Organisatioun) änneren

D'kathoulesch Kierch ass (pyramidal) hierarchesch opgebaut: un hirer Spëtzt steet de Poopst (als Bëschof vu Roum), hien huet u senger Säit Kardineel déi him an der Leedung vun der Universalkierch hëllefen.

De gréissten Deel op der Welt ass an territorial Diözeesen opgedeelt un deenen hirer Spëtzt jee ee Bëschof steet, dësen ass de Chef vun der Lokalkierch a sengem Diözees a verbënnt dës mat der Universalkierch.

All Diözees ass a Paren opgedeelt mat engem Paschtouer als Virsteeër dee sech konkreet ëm déi Gleeweg um Terrain ze këmmeren huet.

(Äerz-)Bistum Lëtzebuerg änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Äerzbistum Lëtzebuerg.

Kritik änneren

Kritik un den Inhalter änneren

  • Glawensinhalter

Iwwer Inhalter gëtt haaptsächlech op theologeschem Niveau gestridden, ausgehend vu Leit déi aner Weltbiller hunn, z. B. Materialismus, Deismus; et handelt sech also dacks ëm eng Metaphysikkritik. Besonnesch dacks gëtt (explizit oder implizit) d'Fro vun der Theodizee opgeworf.

  • Moral

Der Moral (besonnesch der Sexualmoral) vun der Kierch gëtt virgeworf se wier ze streng, net zäitgeméiss a géif duerch Verbidde vu Verhütungsmëttele d'Ausbreede vun AIDS favoriséieren.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Ofdreiwung an d'kathoulesch Kierch an am Artikel Homosexualitéit an d'kathoulesch Kierch

Kritik un der Institutioun änneren

Nieft enger ganzer Rei Verfeelungen am Laf vun der Geschicht (z. B. der Inquisitioun), gëtt der Kierch hir streng Hierarchie virgeworf déi d'Eegeninitiativ net favoriséiert. Des Weidere gëtt beklot et géif keng Gläichstellung vu Mann a Fra gi well d'Fraen net kennen zum Priister geweit ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Kathoulesch Kierch – Biller, Videoen oder Audiodateien