E Plutoid ass en transneptunesche Zwergplanéit.

Kënschtleresch Duerstellung vun de véier Plutoiden an hire Mounden (iewescht Rei) nieft weidere grousse bekannten transneptuneschen Objeten am richtege Moossstaf par Rapport zur Äerd

No der Entscheedung vun der Internationaler Astronomischer Unioun (IAU) vum 11. Juni 2008[1] sinn d'Plutoiden eng Ënnerklass vun den Zwergplanéiten. Si mussen also eng Ëmlafbunn ëm d'Sonn hunn a genuch Mass besëtzen, fir duerch déi eege Gravitatioun eng hydrostatesch Gläichgewiichtsform (bal kugelfërmeg Gestalt) unzehuelen. Geneesou däerfe si hiren Orbit net vun aneren Objete berengegt hunn, sou wéi et bei Planéiten de Fall ass, an et däerf sech bei hinnen net ëm e Satellit handelen. Am Ënnerscheed zu den Zwergplanéite kënnt als zousätzleche Krittär fir d'Plutoiden nach dobäi, datt déi grouss Hallefachs vun hirer Bunn ëm d'Sonn déi vum Neptun iwwertreffe muss.

Dat heescht, datt den Zwergplanéit Ceres net als Plutoid bezeechent gëtt, well hien an der Haaptasteroidenceinture tëscht dem Mars an dem Jupiter ass a sech dofir net bausse vun der Neptunbunn ophält.

D'Zwergplanéiten, déi zum Zäitpunkt vun der Definitioun de Plutoidestatus kruten, waren de Pluto an deen eppes méi groussen Eris. Et ass allerdéngs unzehuelen, datt nach weider Plutoiden am Beräich hanner der Neptunëmlafbunn entdeckt ginn.

Benennungsprozess änneren

An engem vun der International Astronomical Union's Committee on Small Body Nomenclature (CSBN) an der IAU Working Group for Planetary System Nomenclature (WGPSN) geféiertem Benennungsprozess sollen dobäi an Zukunft all Himmelskierper vum Sonnesystem als Plutoide betruecht ginn, wou déi grouss Hallefachs méi grouss ass, wéi déi vum Neptun an dem seng absolut Hellegkeet méi grouss ass wéi +1 Mag ass. D'Astufung als Zwergplanéit resp. d'Réckstufung zum Asteroid gëtt am Kader vu weiderféierenden Observatioune verifizéiert. Doduerch goufen de Makemake[2] an den Haumea och der Kategorie vun de Plutoiden zougeschriwwen.

Lëscht vun de Plutoiden änneren

Kandidaten:

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. IAU 2008 Plutoid chosen as name for Solar System objects like Pluto, 11. Juni 2008, Paris
  2. IAU 2008 Fourth dwarf planet named Makemake, 17. Juli 2008, Paris