Diddenuewen

franséisch Gemeng

Diddenuewen (fr.: Thionville; de.: Diedenhofen) ass eng franséisch Stad am Departement Moselle an den Haaptuert vun zwéin Arrondissementer an zwéi Kantonen.

Thionville
lb: Diddenuewen
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Diddenuewen
Kanton Thionville
Yutz (fir Garche & Kœking)
Postcode 57100
Gemengecode 57672
Koordinaten 49° 21’ 32’’ N
      06° 10’ 09’’ O
Fläch  4.986 ha
Bevëlkerung  41.795 (2007)
Klackentuerm zu Diddenuewen
An der Stad Diddenuewen

Geographie

änneren

Diddenuewen läit am Dall vun der Musel, a mat Ausnam vum Quartier mat der Gare läit d'Stad ganz um lénksen Uwänner.

D'Stad Diddenuewen huet sech staark duerch Fusioune mat Nopeschgemenge vergréissert:

Nopeschuertschaften: Algrange, Angevillers, Entreng, Kettenuewen, Grouss-Hetteng, Fléischengen, Illange, Munnhuewen, Tierwen, Yutz.

Geschicht

änneren

Diddenuewen gëtt fir d'éischt Kéier an enger Chronik vum Joer 753 als Theodonis Villa ernimmt. Deemools war et nach nëmmen eng Pfalz vum fränkeschen Herrscher. No an no ass Diddenuewen zu enger Stad erugewuess, krut 1239 ee Fräiheetsbréif an huet bis zum Joer 1659 zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert: duerch den Traité vun de Pyrenäen, deen tëscht dem Louis XIV. a Spuenien ënnerschriwwe gouf, koum Diddenuewen mat sengem Ëmland u Frankräich.

Tëscht der franséischer Nidderlag vun 1870/71, no där dat 2. Däitscht Räich 1871 zu Versailles ausgeruff gouf, huet Diddenuewen bis November 1918, am Kader vum annektéierten Elsass-Loutrengen, zu Däitschland musse gehéieren. Vun 1918 u gehéiert Diddenuewen zu Frankräich, wann ee vun der däitscher Re-Annektéierung am Zweete Weltkrich emol ofgesäit.

Demographie

änneren
 
Stadhaus vu Diddenuewen

Wärend der Industrieller Revolutioun ass d'Bevëlkerungszuel vun Diddenuewe schëtzeg an d'Luucht gaangen. Wéinst dem ekonomesche Réckgank an den 1970er Joren huet se dunn awer nees ofgeholl, wat souguer nach haut an der Agglomeratioun sou weidergeet, wann och e wéineg méi lues. Diddenuewe selwer a seng Faubourgen hunn zanter den 90er Joren awer nees zougeluecht, virun allem duerch eng nei Populatioun vu Frontalieren, déi all Dag a Richtung Lëtzebuerg schaffe fiert. Doduerch sinn zu Diddenuewen d'Immobiliepräisser och däitlech geklommen, mä ëmmer nach net grad sou staark wéi zu Lëtzebuerg selwer.

Literatur

änneren
  • Guillaume Ferdinand Teissier, Histoire de Thionville suivie de divers mémoires ; Metz (Verronnais, imprimeur-libraire-éditeur), 1828.
  • Gabriel Stiller, Un siècle d'histoire thionvilloise 1559-1659 ; Metz (éd. Le Lorrain), 1959; 224 Säiten.
  • Paul Noël, Thionville, cité méconnue ; Région de Thionville - Études historiques, Heft 18; Diddenuewen (Librairie Pierron-Marx) & Sarreguemines (Imprimerie Pierron), 1989.
  • François Roth (sous la direction de), Histoire de Thionville ; Metz (éd. Serpenoise) & Diddenuewen (Gérard Klopp éd.), 1995.
  • Philippe Stachowski, Une région frontalière entre Luxembourg et Lorraine 1500-1789 ; Lëtzebuerg & Diddenuewen (Gérard Klopp, éditeur-imprimeur), 2011; 299 Säiten (ill.); ISBN 2-911992-70-9

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Diddenuewen – Biller, Videoen oder Audiodateien